Liicht schenken a Liicht geschenkt kréien...
“Und das Licht leuchtet in der Finsternis,
und die Finsternis hat es nicht erfasst”
(Joh 1,5).
“Simeon nahm das Kind in seine Arme
und pries Gott mit den Worten:
Nun lässt du, Herr, deinen Knecht,
wie du gesagt hast, in Frieden scheiden.
Denn meine Augen haben das Heil gesehen,
das du vor allen Völkern bereitet hast,
ein Licht das die Heiden erleuchtet,
und Herrlichkeit für dein Volk Israel”
(Lk 2, 28-32).
D’Liicht
begleet ons, duerch d’Chrëschtzäit bis hin zum Fest vun der “Darstellung des Herrn”
oder Liichtmëssdag. Ëmmer erëm geet an den Texter aus der Helleger Schrëft rieds
vum Liicht, vum Liicht dat méi staark ass wéi d’Däischtert vum Liewen, vum
Liicht dat d’Mënschen erliicht. Sécher dréckt dëst eng déif Sehnsucht vum
Mënsch aus, de Wonsch, eppes ze hunn, wat eist Liewen hell mécht. Jidderee sehnt sech no Gléck a Fridden, no Freed a Wuelergoën.
Wat kann eist Liewen hell maachen, och an eiser iwwerflächlecher,
hektescher Zäit? Mir hu vill Saachen, déi den Uschäi ginn, dass si eist Liewen
hell maache géingen. Mir kënnen eis mat villem, wat no bausse gutt ausgesäit,
tréischten an driwwer ewechtäuschen, dass mir a Wierklechkeet dach awer no
eppes méi Déiwem sichen, no eppes wat eis ënnerlech stäerkt, ee Liicht, wat eis
vu bannen eraus Kraaft gëtt fir d’Welt mat aneren Aen ze kucken. Jesus Christus
ka fir eis sou e Liicht sinn, e Liicht, wat eis vu banne stäerkt an eis d’Welt
mat aneren Ae kucke léisst.
Wat gesi mir mat dësen aneren Aen? Mir gesi vläicht Mënschen
an Nout, mir gesi Mënschen déi krank sinn, mir gesinn eeler Mënschen, Mënschen,
déi drop waarden, dass mir hinnen eng Hand reechen, dass mir hir Hand halen.
Mir kënne fir si Liicht sinn, mee si sinn, genau sou, och Liicht fir eis.
Liicht schenken a Liicht geschenkt kréien, dat gehéiert zesummen.
Wa mir
dës Saache wouer huelen, dann hu mir och en anere Bléck, wa mir Freed erliewen,
wa mir zesumme laachen a Gemeinschaft wierklech an éierlech deelen. Dëst Liicht
an eisem Liewen huet dann net nëmmen eis Aen, mee och eist Häerz verännert.
Ech war dëser Deeg op der Weilerbaach am Flüchtlingsheem. Do
wunne méi wéi 100 Leit, am Moment virun allem aus de baltësche Länner. Et si
Famillje mat Kanner. Si sinn déi meeschten Zäit am Flüchtlingsheem oder direkt
ron-derëm. D’Kanner hunn déi Méiglechkeet op der Weilerbach selwer an d’Schoul
ze goen. Si hunn dann och e Spillzëmmer, wou ongeféier sou vill Spillsaache si
wéi mir der doheem hunn, wa mir zwee oder dräi Kanner hunn. Si deelen déi
Spillsaachen zu 40 oder 50 Kanner. Dëst ass nëmmen een Detail dee menge ver-ännerten
Aen opgefall ass. An deenen nächste Méint komme 46 Mënschen, Famillje matt
Kanner, aus Syrien. Wéini genee si kommen, ass nach net kloer, et bleiwen nach
adminstrativ a rechtlech Froen ze klären.
Flüchtlinge
kommen an eist Land aus wirtschaftlechen oder politesche Grënn. Et ass en
delikat Eruntaaschten un d’Liewe vun anere Mënschen, déi dacks Schreckleches
erliewt hunn, an dat hei mol net onbedéngt deene Persounen dat erziele kënnen,
zu deene si eigentlech Vertrauen hätte vum Gefill hier, déi awer hir Sprooch
net onbedengt schwätzen. Hir Kierperhaltung, hir Ae loosse Verschiddenes aus hirem
Liewen erahnen. Hier Ae kënne midd oder traureg sinn, si kënnen awer och frou
an dankbar liichten duerch e klengen, bescheidene Geste vun Zouwennung. Dat ass
e Geschenk, e Liicht fir eis!
Am Moment gehéieren dës méi wéi honnert Persounen, Famillje
matt Kanner, mat hierer Liewensgeschicht an hirem Liewen, zu der neier,
grousser Par. Wéi mir méi no a Kontakt komme kënnen, wéi mir eng Hand reeche
sollen, wéi mir mat hinnen an de Krees vu “Liicht schenken a Liicht geschenkt
kréien” erakomme kënnen, dat wäert d’Zukunft ons soen.
Hutt Dir am Moment
Spillsaache mat deene kee méi spillt oder Kleeder déi Äre Kanner oder Iech ze
kleng sinn, op der Weilerbach freeë sech Mënschen drop. Solle mir net eng gemeinsam Aktioun maachen an dem
Flüchtlingsheem e bësselche vun eisem Liicht zoukomme loossen? Wär dat eppes
fir eis kommend Faaschtenzäit?
Fir all Idee sinn ech op,
méi dozou an eisem nächste Parbréif!
Josiane Mirkes, Parassistentin,
(621 26 32 56 oder josiane.mirkes@education.lu)