Heilige Theresia

D’Theresia ass rëm zréck zu Uesweller


Home GoBack Print Kontakt

Nodeems si Enn 2021 aus ongeklärten Ursaache beschiedegt gi wor, ass d’Statue vun der helleger Theresia vu Lisieux - Sainte Thérèse de l’Enfant Jésus et de la Sainte Face wéi si offiziell heescht - elo den 29. August neess zréck op hierer Plaz am klenge Park op der Zëmpelbaach bei der Strooss tëscht Iechternach an Uesweller. « Je veux passer mon ciel à faire du bien sur la terre. » « Après ma mort, je ferai tomber une pluie de roses » esou hat déi 24jähreg Schwëster, déi mat 15 Joer an de Karmel vun hirer Stad Lisieux antriede wollt, virun hierem Doud gesot. Däer Rousen, déi si mam Kräiz am Grapp huet an um Sockel skulptéiert sinn, huet et och zu Uesweller gereent, wëll als Merci gouf dës Statue vu 1940 opgeriicht an dee klenge Park vun der Famill Schaminé-Weydert op hierem Privatgrond aménagéiert. Dankenswäerterweis hunn d’Nokomme vun der Stëfterfamill sëch d’Restauratioun vun der Skulptur bekëmmert. Geplangt ass, datt dee klengen Domäne vun der Gemeng iwwerholl gëtt.

Häerzlech Invitatioun fir
d’Mass mat Aweiung vun der restauréierter Theresienstatu
Sonndes, den 2. Oktober 2022 um 10.30 Auer op der Zëmpelbaach
(tëscht Uesweller an Iechternach).
Duerno invitéiert d’Gemeng op e Patt.

Bei guddem Wieder ass d’Aweiung, d’Mass an de Patt op der Plaz. Bei schlechtem Wieder fënnt just d’Aweiung op der Plaz statt. Uschléissend gëtt zu Uesweller an der Kierch d’Mass gefeiert an de Patt gëtt am Centre culturel „A Lannen“ servéiert.

Eng ganz extra Aluedung un all Thérèsen, Theresiaen, Tessyen etc. vu no a fäeren fir deen Dag bei hier Namenspatréinesch op Ueswëller ze kommen!


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement