|
12. Sonndeg am Joereskrees B - 19./20.6.2021
Léif Matchrëschten! A Gebuergenheet sinn, a Sécherheet sinn, dat ass ee grousse Wonsch vun eis Mënschen. Als gleeweg Mënschen wënsche mir eis dat sécherlech och vu Gott. An da kommen Nout a Suergen, jo Krankheet an Doud. Mir froen eis, wou Gott ass an dem Leed vun der Welt. Wéi dacks begéinen eis am perséinleche Liewen Misär, Krisen, Krankheet an Doud? Wou ass do Gott? Wou ass hien an de Kricher, an de Katastrophen, an der Aarmut? Këmmert sech Gott nach ëm eis? Haut héiere mir am Evangelium d’Geschicht vum Stuerm um Séi. De Jesus louch vir am Boot an huet sech ausgerout. Si ruffen hien an hien hëlleft. Ruffe mir hien elo och fir eis em Hëllef an der Nout vun der Zäit an och an eise perséinlechen Suergen. Kyrie
Här, Jesus Christus, du bass mat eis ënnerwee an de Stierm vun der Zäit. Ufanksgebiet
Hellegen Gott, hëllef eis, datt mir ëmmer däin Numm an Éieren halen an dech gär hunn. Du entzéis dech kengem, dee fest op dech vertraut an an denger Léift verwuerzelt ass. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, déi Jong, eisen Här a Brudder, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen. Fais-nous vivre à tout moment, Seigneur, dans l’amour et le respect de ton saint nom, toi qui ne cesses jamais de guider ceux que tu enracines solidement dans ton amour. Guter Gott, je tiefer wir in die Geheimnisse der Schöpfung und der Natur eindringen, desto mehr staunen wir über deine Größe und Weisheit. Öffne unsere Augen und Ohren, damit wir in allem Geschaffenen dich erkennen, und schenke uns ein hörendes Herz, damit wir dich immer mehr lieben lernen. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn. Liesungen: Ijob 38, 1.8-11 / 2 Kor 5,14-17 / Mk 4,35-41 Lesung aus dem Buch Ijob. Kv Danken sollen alle dem Herrn; denn seine Huld währt ewig. Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde ein Korinth. Halleluja. Halleluja. Ein großer Prophet wurde unter uns erweckt: Gott hat sein Volk heimgesucht. Halleluja Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre de Job. R/ Rendez grâce au Seigneur : Il est bon ! Éternel est son amour ! Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Un grand prophète s’est levé parmi nous, et Dieu a visité son peuple. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt
An engem Interview déi lescht Woch huet eisen Äerzbëschof-Kardinol mam Bléck op d’Reaktioun vun der Kierch op d’Corona-Krise dat hei gesot: „Wir haben geschaut, wie wir Leute mit Video-Messen und Ähnlichem erreichen. Aber ich spreche jetzt so viele Menschen, die wirklich tiefe Angst hatten. Dahinter steckte Angst vor dem Tod. Eine Studie in Luxemburg hat gezeigt, dass die auch bei Jugendlichen sehr ausgeprägt war. Wir als Kirche hätten mehr über Tod und Auferstehung von Jesus Christus sprechen müssen - in Worten, die die Leute verstehen.“ Mënschen haten an hunn Angscht an der Pandemie. Dat ass ganz offensichtlech. D’Mënsche reagéieren natierlech ganz ënnerschiddlech. Déi eng hunn sech ganz zeréckgezunn, déi huet een praktesch bal net méi gesinn. Déi aner awer hunn alt och nees gemaach, wéi wann alles normal wier. Mënsche liewen ënnerschiddlech, hunn ganz perséinlech Gefiller an esou enger Krise. Dass et Mënsche gëtt, déi eng ganz grouss an déif Angscht hunn, ass kloer. Dee Moment, wou mir vun enger Nout gepaakt ginn, wou een onscheinbare Virus eis am Schach hält, reagéiere mir a versichen eist Liewen esou gutt wéi méiglech ze liewen an ze erhalen. Wéi awer kann een der Angscht begéinen? Eisen Äerzbëschof seet dann, dass eis Kierch iergendwéi net genuch gemaach hätt. Si hätt missten iwwer Doud an Opersteeung vum Jesus schwätzen. Dat sinn a mengen Aen och an engem gewësse Sënn Floskelen, wéi si d’Kierch schonn zënter Joerhonnerten gebraucht. D’Angscht vun de Mënschen an enger Krise ass eng ganz existenziell. Si dréit sech ëm d’Erhale vu Liewen elo an der Welt vun haut. Nëmmen op Doud an Opersteeung vum Jesus ze verweisen hëlleft Villen haut absolut net. An ech hunn de Verdacht, dass dëst duerchaus vläicht berechtegt Uleies, nach net emol bäi eis als Theologen esou gesi ka ginn. Wéi fillt een sech, wann ee krank ass? Wéi fillt een sech, wann ee wierklech existenziell duerch seng Krankheet a Liewensgefor ass? Dat ass sécherlech bäi all Mënsch aneschters. Ech kann aus eegener Erfarung e wéineg esou munch Leit verstoen. Deemools, virun elo schonn 24 Joer, wéi ech viru menger Häerzoperatioun stoung, hunn ech mir vill Gedanke gemaach. Mäi Liewe war do a Gefor. Sécher, ech hat d’Hoffnung an och d’Vertrauen, dass d’Medezin eppes kéint erreechen a maachen. Ech hat och ee Vertrauen a Gott an deem Sënn, dass ech wousst, dass ech net an d’Näischt géif falen, och wann ech géif stierwen. Awer ech war ebe just deemools als Mënsch zudéifst schockéiert iwwer esou munch Aarbechtskolleegen aus eiser Kierch mat hirem Gespréich, dat mech net erreecht huet. E Gespréich iwwer Doud an Opersteeung vum Jesus, ee Gespréich iwwert d’Stierwen, wier deemools dat lescht gewiescht, wat ech gewollt hätt, wat ech erdroen hätt. „Jetzt reden wir mal übers Sterben; das gehört zum Leben dazu. Indem wir bekennen: Wir haben keine Angst vor dem Tod.“ Een, a wier et ee Bëschof oder Kardinol gewiescht, dee mir deemools esou komm wier, hätt ech héichkantegt zur Dier eraus geheit. Ech weess, dat ass meng ganz perséinlech Säit, op des Saach ze kucken. Mä mir allefalls hätten esou Gespréicher a kengem Fall gehollef. Ech hunn och zënterhier eng Aversioun géint Villes, wat mir bis haut an eisem kierchleche Betrib maachen am Fall vun Nout a Krankheet. Ech selwer kann do net méi iwwer méi Schied sprangen. „Warum habt ihr solche Angst? Habt ihr noch keinen Glauben?“, freet de Jesus seng Frënn am Evangelium vun haut. Ech hat dëse Saz deemools op meng Primizbiller drécke gelooss. E begleet mech och zënterhier am Liewen. An ech weess all Kéiers, wann ech Angscht virun eppes hunn, enger neier Aufgab, enger Krankheet oder sou, dann halen ech mir dee Saz virun Aen. Awer de Glawen, deen ech a mir wakereg ruffen an deene Momenter, dréint net ëm déi Geschicht, wéi de Bëschof seet, vu keng Angscht hunn virum Doud. Déi Angscht ass a bleift a mir, bis haut. An esou Gespréicher kënne mir do net hëllefen. Dat, wat meng Angscht ewech hëlt, dat ass, wéi et am Evangelium beschriwwe gëtt, d’Agräife vum Jesus an den Oflaf vun deem, wat Angscht mécht. Natierlech geschitt an eiser Welt kee Wonner vun uewen. Awer esou dacks hunn ech Wonner erlieft, dass Mënschen eng Hand gereecht hunn, dass Mënschen do waren. Mir huet ee frommt Gespréich deemools net gehollef awer déi Hand, déi mir gerecht gouf, dat Dosinn vun engem oder méi gudden a léiwe Mënschen, déi engem d’Gefill ginn, dass een net eleng ass. De Bléck, wann een aus enger Narkose erwächt, an d’Gesiicht vun engem Mënsch, deen ee begleet, zielt, och ouni ee Wuert. Dat, wat am Evangelium wichteg ass, wat mënschlech ass, dat ass d’Presenz vum Jesus am Boot bäi senge Frënn. Hien hält hinne keng laang a gescheit Ried. Hien ass einfach do an erënnert si un säi Matgoen an dësem Stuerm. Näischt méi an och näischt manner zielt. Eis Kierch huet ze laang mat esou inhaltlech eidelen Floskelen operéiert a war trotz hirer Omnipresenz net bäi an net mat de Leit. Dëst Matgoen an der Angscht vun de Mënsche geschitt dofir och ni an der grousser Ëffentlechkeet. Wéi ville Mënschen een am Liewen d’Hänn hält, ass net eng Saach vum grousse Publik. Et ass eng Saach vun der Intimitéit. An genee do geschitt dat Wonner, dass d’Angscht gedeelt gëtt. Dat ass meng kleng a perséinlech Meenung, déi sech aus der eegener Erfarung ergëtt, wéi mat mir ëmgaangen gouf vu Kierchepersonal an der Nout. Ech selwer maachen net alles gutt a richteg. Ech versiche mech awer alt mol nach a Fro ze stellen. Mäi Glawen un d’Begleedung vu Gott am Liewen ass grouss. Dat ass awer net ze verwiesselen mat deem, wat eng kathoulesch Kierch bis haut villfach praktizéiert. Fürbitten
An eiser Feier vun haut wëlle mir viru Gott trieden an him eis Gebieder virleeën fir all déi, deenen hiert Liewen vun der Muecht vum Béisen bedréit ass:
Gott, du bass baarmhäerzeg. Mir soen dir Merci. Gëff eis Mutt a Kraaft fir eis Welt selwer zum Gudden ze féieren. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen. II.
Par solidarité avec nos sœurs et frères humains, demandons à Dieu d’accorder son salut à notre monde. Dieu notre Père, entends nos voix qui montent vers toi. Gowegebiet
Baarmhäerzege Gott, huel dëst Affer vun eisem Luef an eiser Versönung un. Léis eis duerch des Feier aus aller Verstréckung an dat Béist, fir datt mir a ganzer Fräiheet dir ugehéieren. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här an eise Brudder. Amen. Accepte, Seigneur, le sacrifice de louange et de pardon, afin que nos coeurs, purifiés par sa puissance, t’offrent un amour qui réponde à ton amour. Par Jésus. An deinem Tisch, barmherziger Gott, haben wir uns versammelt. Du hast uns eingeladen. Du redest mit uns, du feierst mit uns. Brot und Wein haben wir mitgebracht. Deine Gaben und unseren Hunger nach Leben. Du schenkst uns Jesus, unsere Hoffnung. Auf sein Reich warten wir. Dankbar nehmen wir aus deiner Hand Brot und Wein. Lass uns daraus immer neue Kraft schöpfen für Seele und Leib. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Hochgebet – „Jesus richtet auf“
Zunächst gar nichts Besonderes. Dreißig Jahre ohne Aufsehen arbeiten Messerscharfe Worte werfen, wie ein Chirurg, der aus dem eigenen Leib Und dann: Die Ärmel aufkrempeln: Eine gute Nachricht wurde er, eine frohe Botschaft bis hin nach Syrien, Überall kamen Menschen zu Kräften, lernten den aufrechten Gang, trauten sich, wieder zu leben. Darin war er ein Meister. Man sagte ihm nach, dass er trösten konnte. Viele gingen mit ihm. Unverbindlich, verbindlich: Doch seine Liebe zu den Außenseitern, sein heilender Umgang mit den Kranken, Gott, allmächtiger Vater, wir denken jetzt an Jesu letztes Abendmahl bevor er für uns starb. Und so war es bei seinem letzten Abendmahl: NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Das ist und bleibt ein Geheimnis des Glaubens! Vater Jesu und unser Gott. Wir danken dir für diesen einmaligen Menschen, Uns gab er den Auftrag, seine Liebe weiterzuschenken Darum bitten auch wir um seinen Geist: für uns, die wir jetzt hier sind, Halte du deine Hand über uns alle und tu an uns, wie du an Jesus getan hast. In der Gemeinschaft mit Maria und Josef, den Aposteln und Blutzeugen, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Schlussgebiet
Gudde Gott, du hues eis duerch de Léif an d’Blutt vu Christus gestäerkt. Gëff, datt mir a kenger Situatioun dat verléieren, wat mir a jidder Feier vun der Eucharistie empfänken. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här an eise Brudder. Amen. Renouvelés par le corps et le sang de ton Fils, nous implorons ta bonté, Seigneur: fais qu’à jamais rachetés nous possédions dans ton Royaume ce que nous célébrons en chaque eucharistie. Par Jésus. Ewiger Gott, wir haben noch einen weiten Weg vor uns. Auf manche Wegstrecke freuen wir uns, vor anderen haben wir Angst. Wir bitten dich um deinen Segen. Für uns und für alle Menschen. Besonders für die, die mit Sorgen an die nächsten Schritte denken. Hilf uns, füreinander einzutreten, Freude und Leid miteinander zu teilen und in der Hoffnung zu wachsen bis wir dann sehen, was wir glauben durch unseren Herrn und Bruder Jesus Christus.
|