D’Uergel an der Becher Kierch gouf 1980 ugeschaaft an ass am Laf vun der Zäit schon e puermol reparéiert ginn, mee si wäert et net méi ganz laang packen. Duerfir hunn sech e puer Membere vum Kiercherot zesummegesat an decidéiert, eng ASBL ze grënnen mat deem Zil, Suen fir eng nei Uergel ze sammelen, déi ongeféier 20.000€ kaschte wäert.
D’Grënnungsversammlung vun dësem neie Veräin ass Dënschdes, de 5. Oktober 2021 um 20.00 Auer zu Bech am Sall Hanner Bra.
Dir sidd all häerzlech agelueden, un der Versammlung deelzehuelen an deem Veräin bäizetrieden an esou derfir ze suergen, dass och an Zukunft zu Bech an der Kierch feierlech Massen oder Concerten kënne stattfannen.
Merci am Viraus fir Ären Intressi.
Marc Weides
Links: