Evolution und Schöpfung in neuer Sicht


Home Back Print Kontakt

Reegelméisseg kommen ech an Diskussioune mat Leit iwwer d’Verhältnis tëschent Relioun a Wëssenschaft. Fir lescht elo erëm an eiser Virbereedung op d’Firmung huet eng Jugendlech dono gefrot. Sinn d’Texter iwwer d’Schëpfung aus der Bibel, hei besonnesch déi éischt Kapitele vum Buch Genesis, wuertwiertlech ze huelen oder muss een si an eiser héich wëssenschaftlecher Zäit als Märercher klasséieren a vergiessen?

An deene leschte Joerzéngten si ganz vill Bicher zu dësem Thema geschriwwe ginn. Mol schreiwe reliéis Fundamentalisten a behaapten, dass et zimmlech genee esou gewiescht ass, wéi et elo an der Bibel steet. Gott huet vläicht net a reale 7 Deeg d’Welt gemaach mä awer an enger gewësser Zäitspan, déi symboliséiert gëtt duerch dëst Siwen-Deeg-Schema vum éischte Kapitel vun der Genesis. Kreationiste behaapten dass all Wiese genee esou vu Gott gewollt an och geformt goufen.

Genee esou fundamentalistesch argumentéieren dann awer och munch Wëssenschaftler, déi absolutt keng Anung vun der Sprooch a vun der Gedankewelt vun der Bibel hunn. Si interpretéieren déi biblesch Texter zur Schëpfung genee esou wuertwiertlech wéi d’Kreationisten a setzen sech esou an een änlecht Abseits wéi déi.

Mä wéi soll a kann een des Texter aus der Bibel haut verstoen. D’Bibelwëssenschaft huet an de leschte Joerzéngte ganz vill Efforte gemaach, fir des Fro ze klären. Der Erfuerschung vun der Bibel an dem Nodenken iwwer des Texter musse mir haut Rechnung droen, fir d’Bibel wierklech kënnen ze verstoen. Natierlech leien och bis haut vill Feeler an eisem eegene Lager. Munch héich gestalten Theologen, Bëscheef an anerer si bis haut an deem Punkt op engem ganz nidderegen Niveau vu Wëssen. De „Katechismus der katholischen Kirche“, deen 1993 publizéiert gouf mécht do keng Ausnam a propagéiert bis haut Virstellungen, déi reliéis wéi wëssenschaftlech net ze hale sinn.

Mat all deenen Theme beschäftegt sech den Hans Kessler a sengem Buch. Och wann déi éischt Ausgab schonn 2009 eraus komm ass, sou ass a bleift dëst Wierk ee ganz gudden a wäertvolle Beitrag, dee jiddereen kann ureegen, fir mat Seriositéit a mat Hannergrondwëssen iwwer dat Thema vun Evolutioun a Schëpfung ze schwätzen. Et ass ee Buch, dat vill falsch Meenungen entlarvt an dat dann och Weeër weist, wéi een an ee gutt Gespréich ee mat deem anere ka kommen. Dëst Buch misst eigentlech jidder Theolog, jidder Chrëscht an och jidder Naturwëssenschaftler gelies a studéiert hunn. Et geet eben net, dass vun egal wat fir enger Säit mat Platituden a mat Virurteeler operéiert gëtt. Et ass eigentlech erschreckend, wéi desinforméiert an deelweis och desinteresséiert vill Mënschen haut sinn. Opklärung an dësem héich sensibele Beräich un der Grenz tëschent Relioun a Wëssenschaft ass batter néideg. Den Hans Kessler leet mat sengem Buch eng Schëpfungsléier vir, déi op der Héicht vun der naturwëssenschaftlecher Debatt steet. Ech denken, si soll wierklech zur Kenntnis geholl gi vu ganz Villen.

Carlo Morbach


Hans Kessler Evolution und Schöpfung in neuer Sicht Topos plus, Neuausgabe 2017 (5. Auflage), 234 Seiten, 17,95 €


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement