Turbulenter Aufbruch: Die 60er Jahre zwischen Konzil und konservativer Wende

Peter Neuner


Home GoBack Print Kontakt Mir liesen

E weidert Buch, wat ech gelies hunn, befaasst sech och mat der Geschicht vun eiser Kierch, allerdéngs mat der jonker Geschicht. Et geet ëm den Opbroch an de 60er Joren vum 20. Joerhonnert. Villen sinn d’Studenteprotester aus den 68er nach ee Begrëff. Villes ass deemools un d’Rulle komm a munchen Mief aus fréieren Zäiten ass iwwer Bord geheit ginn. Mä och an der kathoulescher Kierch huet et kräfteg rumouert. Dat Zweet Vatikanescht Konzil war ee reegelrecht Äerdbiewen innerhalb vun der Kierch. Mat groussem Elan ass versicht ginn d’Weichen fir eng nei Zäit ze setzen. Villes ass hannerfrot ginn. D’Texter an d’Konstitutiounen, déi vum Konzil deemools erschafft goufen ootmen de Geescht vun enger neier Zäit. Natierlech gouf et och heftegen Widderstand grad vu konservativen Kreesser am Vatikan selwer, wéi och ausserhalb bäi Beschef. Dofir sinn a villen Texter Sätz a Formuléierungen agebaut ginn, déi et eben dëse konservativen Kreesser och erlaabt huet d’Konzilsdokumenter matzeënnerschreiwen. Leider sinn nom Konzil awer dunn grad esou Formuléierungen erausgepickt ginn a villfach domadder d’Reformen gestoppt ginn, déi vum Konzil ugestouss waren. Den Perter Neuner beschreift an sengem Buch ganz interessant, wéi sech d’Kierch no engem groussen Opbroch an Opootmen an de Konzilsjoren erëm virun allem ënnert dem Poopst Jean-Paul II. zu ganz konservativen Positiounen zeréckentwéckelt huet. Natierlech muss een an eiser Kierch ëmmer versichen all Richtungen iergendwéi zu Wuert kommen ze loossen.
Et muss een dann awer och erkennen, wat de Laf vun der Welt ass. Wann ech op dat éischt Buch kucken, wat ech hei beschriwwen hunn, da gesi mir an der éischter Zäit vum Chrëschtentum, wéi sech d’Chrëschten mat hirer Welt vun deemools arrangéiert hunn a wéi si lues a lues dës Welt vun hinnen aus ëmgestalt hunn. Mir dogéint haut zéien eis villfach erëm zeréck aus der Welt a verschanzen eis an al Positiounen a schmollen, well keen eppes vun eis well wëssen. D’Konzil hat do eppes aneres vir. D’Konzil wollt een Opbroch, ee Wee an d’Welt vun haut. Et ass a mengen Aen genee dat, wat mir als Kierch haut am 21. Joerhonnert misste versichen. Net d’Notraueren vun alen a scheinbar besseren Zäiten misst eis beweegen, mä eben een Opbroch, ee Matgoen an d’Zukunft eran. Dat soll net heeschen, dass mir eis allem missten ubidderen. Awer mat oppen Aen d’Zukunft gestalt ass eis Aufgab, net de Reckbleck an d’Verfalen an klerikalistësch Iwwerzeegung.
De Peter Neuner beschreift ganz interessant, wéi sech d’Konzil d’Verhältnis vun de Chrëschten am allgemengen zu deenen, déi geweit sinn, virgestallt huet. Net méi vum Weiheamt hier ass d’Kierch ze verstoen, mä vun de Chrëschten hier. Dass et Beschef a Priister an Diakone soll a vläicht muss ginn, ass net a Fro gestalt. Awer hier Positioun sollt schon eng aner sinn, wéi sengerzäit virum Konzil. Grad do fäerten ech si mir erëm op engem ganz geféierlechen Wee, deen eis eventuell och d’Genéck ka briechen fir d’Zukunft. D’Analyse vum Peter Neuner ass beandrockend. Et muss ee sécher net mat allem averstane sinn. Awer doriwwer nodenken misste mir als kierchlech Gemeinschaft vun haut ganz sécher. Ech sinn iwwerzeegt, dass et vill Problemer a Skandaler an eiser Kierch net misst ginn, wa mir erëm ee wéineg méi esou géifen denken an handelen, wéi d’Konzil et wollt. Och Tabuthemen sollten méi offenhäerzeg ugeschwat ginn, op dat elo den Zölibat vun de Priister ass oder och Sexualmoral an d’Familljeplanung, op et d’Matsproocherecht vun de Leit aus eise Gemeinschaft ass oder och wien a wou dierf Gottesdéngscht feieren.
All dat misste mir nei bedenken an d’Reformen, déi Konzil ugestouss hat, och elo endlech emol ugoen. Et ass schued, dass eis Kierch iwwer 50 Joer an deem Sënn verpasst huet fir sech ze erneieren an trotz alle gudde Virsätz an virkonziliar Machenschaften zeréckgefall ass.

Peter Neuner, Turbulenter Aufbruch: Die 60er Jahre zwischen Konzil und konservativer Wende, Verlag Herder, Freiburg 2019, 310 Seiten, 32,- €

Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement