|
16. Sonndeg am Joereskrees C - 16./17.7.2022
Léif Matchrëschten! Wat ass wichteg an eisem Liewen? Wat ass wichteg an eisem Alldag? Geet et nëmmen drëm, dass mir schaffen, oder ginn et och nach aner Wäerter, déi fir eis zielen? Gëtt et nëmmen dat Materiellt, oder erkenne mir och an eise Matmënschen déi gëttlech Dimensioun? Kyrie
Dagesgebiet
Härgott, eise Gott, du hues Glawen, Hoffnung a Léift an eis entfacht. Verdéif dëse Glawen an eis, a looss eis bereetwëlleg dat maachen, wat’s du eis opdréis. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, déi Jong, eisen Här a Gott, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen. Sois favorable à tes fidèles, Seigneur, et multiplie les dons de ta grâce: entretient en eux la foi, l’espérance et la charité, pour qu’ils soient attentifs à garder tes commandements. Par Jésus Christ. Barmherziger Gott, Gastfreundschaft wird im Orient groß geschrieben, zumal die Umgebung oft unwirtlich oder lebensbedrohlich ist. Wir bitten dich, öffne uns Geist und Herz, damit wir dein Wort hören und verstehen, was du uns mit deiner Gastfreundlichkeit hier vermitteln willst. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Gen 18, 1-10a / Kol 1, 24-28 / Lk 10, 38-42 Lesung aus dem Buch Genesis. R Herr, wer darf Gast sein in deinem Zelt, wer darf weilen auf deinem heiligen Berg? - R Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Kolossä. Halleluja. Halleluja. Selig, die das Wort mit aufrichtigem Herzen hören und Frucht bringen in Geduld. Halleluja. + Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre de la Genèse. R/. Seigneur, qui séjournera sous ta tente? Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Colossiens. Alléluia. Alléluia. Heureux ceux qui ont entendu la Parole dans un cœur bon et généreux, qui la retiennent et portent du fruit par leur persévérance. Alléluia. Évangile de Jésus-Christ selon saint Luc. Priedegt
Léif Matchrëschten! „Aber nur eines ist notwendig.“ Eist Evangelium vun haut weist eis zwee Mënschen, zwou Schwësteren. D’Marta ass ganz dervunner agespaant, fir am Haushalt ze schaffen, fir alles op d’Réi ze kréien an d’Gäscht ze bedéngen. D’Maria dogéint mécht näischt, jiddefalls op deen éischte Bléck. Si sëtzt beim Jesus a lauschtert op säi Wuert, wéi et eis erzielt gëtt. Ganz dacks an der Geschicht ass dës Erzielung esou ausgeluecht ginn, dass sech dat aktiivt Liewen an der Welt, also dat konkret Schaffen op der enger Säit, an d’Liewen an engem kontemplativen Uerden, an engem Klouschter géint iwwer stoungen. Wat ass besser? Wat ass méi wichteg? Dacks gouf dës Erzielung esou gedréint, dass d’Maria, stellvertriedend fir dat geweite Liewen an engem Klouschter, eben soll de Virrang hunn iwwert eist normaalt an alldeeglecht Liewen an der Welt. An da kucke mir jo och nach aus der Perspektiv vun deenen, déi all Dag schaffen mat hiren Hänn. Mir sinn da vläicht ee wéineg opbruecht, wa mir héieren, dass déi Schwëster, déi just gelauschtert huet, lo och nach dee besseren Deel gewielt huet. Awer kann een dat esou hei erausliesen? Den Evangelist Lukas féiert hei seng Iwwerleeungen aus dem Gläichnis vum baarmhäerzege Samariter weider. Hien thematiséiert eent vu villen Hindernissen, nämlech d’Suergen, déi dem Mënsch d’Lauschteren op d’Wuert vu Gott onméiglech maachen. Wat hënnert eis an der Welt haut drun, fir d’Wuert vu Gott ze lauschteren an et opzehuelen? Mir sinn ëmmer an ëmmer mat iergendeppes beschäftegt. Mir sinn ëmmer an ëmmer drun an eiser Aarbecht, an eise Verflichtungen, an eisen Hobbyen, sou dass mir kaum Zäit fannen, fir eis iergendwéi ze besënnen an nozedenken. Dacks genuch funktionéieren mir just nach als Mënschen op eiser Aarbecht oder bäi eiser Fräizäitgestaltung. Awer mir liewen net méi. Mir maachen einfach - an dat eben dacks ouni grouss nozedenken. Wat ass eis Motivatioun vum Handelen? D’Marta steet och haut fir all déi vill Mënschen, déi sech vun hiren Suergen a Méien beherrsche loossen. Eis Aufgaben dreiwen eis duerch d’Liewen. Mir sinn ëmmer nees gehetzt a gestresst vun all deem, wat mir ze erleedegen hunn. Mir sinn, obwuel mir stänneg dru sinn, äusserst passiv. Mir loossen eis dreiwen. Mir loossen eis eist Liewen liewen. Mir bestëmmen villfach guer net méi selwer iwwert eist Liewen. Ass et net just dat, wat hei am Evangelium zum Virschäin kënnt? D’Marta geet op an hirer Aarbecht. Awer si lieft net méi sech selwer. Dat ass ee Gefill, wat mir als Mënschen vun eiser Zäit ëmmer méi spieren a fillen. An dat ass eben net gutt. D’Maria steet hei an der Erzielung fir dee Mënsch, deen eegeverantwortlech entscheet, deen lauschtert, deen nodenkt an dann sech un säi Wierk setzt. Am Evangelium vun haut geet et ëm d’Nofolleg vu Jesus Christus. Dës Nofolleg brauch ee radikalen Entschloss, ee radikalen Schrëtt am Liewen vum Mënsch. Dat eent, wat noutwendeg ass, ass d’Lauschteren op Jesus Christus an dann aus dësem Lauschteren eraus säi Liewen gestalten, selbstbestëmmt a kloer. Déi gutt Friichten vun der Gaaschtfrëndschaft an der Nächsteléift mussen aus dësem Lauschteren eraus kommen. Aus dem Wuert vu Gott eraus solle mir als Mënschen handelen. Eigentlech hu mir an eise Schwësterkongregatiounen, déi sech bäi eis engagéiert hunn an der Suerg ëm déi krank an eeler Mënschen genee dat. Wéi sech zum Beispill eis Zithaschwesteren als Uerden gegrënnt hunn, hunn si aus hirem Lauschteren op d’Botschaft vu Jesus Christus eraus dee Wee ageschloen, deen dëst Lauschteren op d’Wuert vu Christus verbënnt mat dem Déngscht um Nächsten, mat dem Déngscht um Mënsch an der Nout. (Mir steet dëst Beispill eben besonnesch virun Aen, well zu Consdorf d’Altersheim eng Grënnung vun den Zithaschwësteren ass.) An der leschter Zäit gëtt ëmmer nees Kritik geüübt un der Kierch, un de Chrëschten, wat si dann alles esou u Schlechtem gemaach hätten, dass si sech iwwerall agemëscht hätten asw. Dës Woch hu mir den 11. Juli an der Kierch d’Fest vum hellegen Benedikt gefeiert, dem Begrënner vum Benediktineruerden. Wa mir op Iechternach kucken, op déi al Abtei, da gëtt eis séier däitlech, wa mir net grad total verblent sinn, dass eben dësen Uerden vill geleescht huet iwwert all déi Joerhonnerten ewech fir d’Kultur an d’Bildung. Déi éischt Schoulen goufen vu Leit an engem Uerden gegrënnt. Zu Iechternach gouf geléiert liesen a schreiwen, laang éiere iergend een „Humanist“ opgetrueden ass fir d’Mënschheet vum Joch vun der Relioun ze befreien. Genausou ass et mat eise Schwësterkongregatiounen. Si hu Klinicken opgebaut laang éier esou dichteg Leit opgetrueden sinn, déi haut alles wëlle besser maachen. Deemools ass kee vun deenen an hire Virgänger op d’Iddie komm, fir esou aus hirer Iwwerzeegung eraus sech anzesetzen fir aner Mënschen. Aus dem Lauschteren op d’Wuert vu Gott eraus awer hunn dës Leit deemools dat gemaach. Dass vläicht am Laf vun der Zäit net ëmmer alles riicht gelaf ass an dass et munch Feelverhalen gouf, ass sécher. Awer si hu wéinstens versicht eppes ze maachen an si hunn och eppes opweises, wat all déi Kritiker vun haut an am Laf vun der Geschicht grad net kënnen vun sech behaapten. Haut natierlech sinn all dës Saachen an d’Hänn vun Profien gaangen. Mir organiséieren eis Schoulen, eis Klinicken, eis Altersheimer héich professionell. Awer, an dat gëtt mir ze denken, villfach geet et eis do wéi der Marta am Evangelium. Mir maachen gutt a seriéis Aarbecht. Si ass wéi gesot professionell. Awer dacks feelt dann do eppes. Dat ass genee dat, wat de Jesus hei seet. Dës Aarbecht, dësen Asaz muss aus dem Lauschteren op déi wesentlech Botschaft kommen. Ech muss handelen aus Léift, aus Nächsteléift an net eenzeg an eleng fir Geld ze verdéngen. Ech muss vu mengem Häerz hir handelen a mech asetzen. Dëst Häerz, also eis Léift muss geformt ginn. Genee dat wëll d’Lauschteren op d’Wuert vum Jesus bewierken. Mäin Handelen a Schaffen muss eng Réckbindung hunn, déi deem Ganzen ee Fong an ee Sënn gëtt, deen de Matmënsch am Bléck huet. Amen. Fürbitten
Triede mir virun eisen Här leeë mir him eis Uleies vir:
Här, Jesus Christus, bäi dir fanne mir Rou a mir wëssen, dass eis Gebieder bäi dir gutt opgehuewe sinn. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen. II.
En toute sérénité, confiants en la bonté infaillible de Dieu le Père, présentons-lui les besoins de notre monde et de notre temps. Gowegebiet
Här, du hues déi vill Affer, déi dir jeemools vu Mënschen duerbruecht ginn, an deem engen Affer vum Neie Bond ofgeschloss. Huel dës Gowen vun denge Gleewegen un a maach si helleg, esou wéi’s du deemools d’Affer vum Abel ugeholl hues; a wat jidder eenzelen zu denger Éier duerbréngt, dat soll allen zum Heel dengen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dans l’unique et parfait sacrifice de la croix, tu as porté à leur achèvement, Seigneur, les sacrifices de l’ancienne loi; reçois cette offrande des mains de tes fidèles et daigne la sanctifier comme tu as béni les présents d’Abel: que les dons offerts par chacun pour te glorifier servent au salut de tous. Par Jésus. Guter Gott, wie Abraham die drei Fremden bewirtet hat, so hast auch du uns geladen, deine Gäste zu sein. Brot und Wein sind nun bereitet und wir bitten dich: Lass uns aus diesen Gaben die Kraft und den Mut erwachsen, deine Liebe bedingungslos zu leben. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Hochgebet - „Sehnsucht“
Sanctus Hab Dank für Jesus, ihn, unseren Bruder, den wahren Menschen, Hab Dank für den Tisch, der uns sammelt, Wohl und Weh, Segen und Sorge wohnen ihnen inne. Deine Lebenskraft beseele die Dinge und Geschöpfe – Darum bitten wir dich: Sende deinen Geist über Brot und Wein, Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er beim Mahl das Brot NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Unsere Erinnerung geht zu Jesus, zu seiner Gestalt voller Menschlichkeit, Und doch steht noch etwas aus: Mögen die Soldaten dieser Welt innehalten, wir selber die Spiele beenden, Gott, wir glauben, dass noch etwas aussteht, wir halten Ausschau nach deiner Zeit Vaterunser
Gott luet eis an, fir op hien ze vertrauen an eis dann och esou un hien ze riichten mat eisem Gebiet. Loosse mir dofir esou bieden, wéi eisen Här Jesus eist et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Fridden entsteet do, wou mir opriichteg an éierlech ëm ee gutt Handelen beméit sinn. Ganz déiwe Fridden gëtt et, wa mir da Gott ëm säi Fridden froen. Här Jesus Christus kuck net op eist Versoen, mä op eist Beméien fir gutt ze sinn a schenk eis all däi Fridden. De Fridden sief mat iech all. Schlussgebiet
Här Jesus Christus, eemol méi hues du ons erëm opgeriicht an duerch däi Wuert Courage gemaach. Bleif duerfir bäi ons mat dengem Geescht, datt mir am Leed an an de Suergen vum Alldag nimools vergiessen ons un dir ze orientéieren, deens du liefs an Här bass an all Éiwegkeet. Amen. Dieu trés bon, reste auprès de ton peuple, car sans toi notre vie tombe en ruine; fais passer à une vie nouvelle ceux que tu as initiés aux sacrements de ton Royaume. Par Jésus. Guter Gott, du sendest uns, wie du deine Jünger ausgesandt hast, deine Botschaft zu verkünden und zu leben. Begleite uns auf unserem Weg und lass uns immer wieder zu dir zurückkehren bis wir bei dir bleiben dürfen im Reich deines Vaters in alle Ewigkeit. Amen.
|