Pilgermass fir d’Dekanat Norden

Donneschdeg, 10. November 2022


Home GoBack Print Kontakt

Willibrordusoktav 2022

Donneschdeg, 10. November 2022
Pilgermass fir d’Dekanat Norden
Texter: Phlm 1,7-20 Ps 146 Lk 17, 20-25

Oktavpriedegt vum Josiane Mirkes



Lesung

Lesung aus dem Brief des Paulus an Philemon
Es hat mir viel Freude und Trost bereitet, dass durch dich, Bruder, und durch deine Liebe die Heiligen ermutigt worden sind.
Obwohl ich durch Christus volle Freiheit habe, dir zu befehlen, was du tun sollst,
ziehe ich es um der Liebe willen vor, dich zu bitten. Ich, Paulus, ein alter Mann, der jetzt für Christus Jesus im Kerker liegt,
ich bitte dich für mein Kind Onesimus, dem ich im Gefängnis zum Vater geworden bin.
Früher konntest du ihn zu nichts gebrauchen, doch jetzt ist er dir und mir recht nützlich.
Ich schicke ihn zu dir zurück, ihn, das bedeutet mein eigenes Herz.
Ich würde ihn gern bei mir behalten, damit er mir an deiner Stelle dient, solange ich um des Evangeliums willen im Gefängnis bin.
Aber ohne deine Zustimmung wollte ich nichts tun. Deine gute Tat soll nicht erzwungen, sondern freiwillig sein.
Denn vielleicht wurde er nur deshalb eine Weile von dir getrennt, damit du ihn für ewig zurückerhälst,
nicht mehr als Sklaven, sondern als weit mehr: als geliebten Bruder. Das ist er jedenfalls für mich, um wieviel mehr dann für dich, als Mensch und auch vor dem Herrn.
Wenn du dich mir verbunden fühlst, dann nimm ihn also auf wie mich selbst!
Wenn er dich aber geschädigt hat oder dir etwas schuldet, setz das auf meine Rechnung!
Ich, Paulus, schreibe mit eigener Hand: Ich werde es bezahlen - um nicht davon zu reden, dass du dich selbst mir schuldest.
Ja, Bruder, um des Herrn willen möchte ich von dir einen Nutzen haben. Erfreue mein Herz; wir gehören beide zu Christus.

Psalmen

Der Herr hat Himmel und Erde gemacht,
das Meer und alle Geschöpfe;
er hält ewig die Treue.
Recht verschafft er den Unterdrückten,
den Hungernden gibt er Brot;
der Herr befreit die Gefangenen.

Der Herr öffnet den Blinden die Augen,
er richtet die Gebeugten auf.
Der Herr beschützt die Fremden
und verhilft den Waisen und Witwen zu ihrem Recht.

Der Herr liebt die Gerechten,
doch die Schritte der Frevler leitet er in die Irre.
Der Herr ist König auf ewig,
dein Gott, Zion, herrscht von Geschlecht zu Geschlecht.

Evangelium*

Aus dem Heiligen Evangelium nach Lukas
In jener Zeit als Jesus von den Pharisäern gefragt wurde, wann das Reich Gottes komme, antwortete er: Das Reich Gottes kommt nicht so, dass man es an äußeren Zeichen erkennen könnte.
Man kann auch nicht sagen: Seht, hier ist es!, oder: Dort ist es! Denn: Das Reich Gottes ist (schon) mitten unter euch.
Er sagte zu den Jüngern: Es wird eine Zeit kommen, in der ihr euch danach sehnt, auch nur einen von den Tagen des Menschensohnes zu erleben; aber ihr werdet ihn nicht erleben.
Und wenn man zu euch sagt: Dort ist er! Hier ist er!, so geht nicht hin, und lauft nicht hinterher!
Denn wie der Blitz von einem Ende des Himmels bis zum andern leuchtet, so wird der Menschensohn an seinem Tag erscheinen.
Vorher aber muss er vieles erleiden und von dieser Generation verworfen werden.

Predigt

Léif Pilgerinnen a Pilger aus dem Dekanat Norden, schéin, dass Dir dësen 10. November um Graf vum Hellege Willibrord mat eis deelt. Wat huet Iech haut heihinner gefouert? Sinn et eegen Suergen? Eege Freed? Ass et d’Gemeinschaft do uewen aus dem Norden déi Iech gesot huet: Zu der Gemeinschaft gehéiers du, also gees du mat? Oder ass et den Hellege Willibrord, säi Graf an d’Basilika? Warscheinlech ass et e bëssi vun allem, sou wéi dat an engem duerchschnëttleche Liewen ass.

Wann Dir den Hellege Willibrord misst beschreiwen, wat géif Dir soen? Hien ass deen Hellegen, deen als Benediktinermönch déi wäit Rees vun Irland bis a Friesland op sech geholl huet fir déi ländlech Géigenden ze missionéieren. War hien en Abenteuerer? Oder huet hien sech op emol gelangweilt an Irland a senger gewinnter Communautéit, sou dass hie mol wollt, dass nees eppes lass wär, an duerfir huet hien sech deemools mat 11 Gefährten op de Wee gemaach?

Ech hu mir fir all Dag iwwerluecht, d’Pilgerinnen an d’Pilger matzehuelen, fir eppes an der Basilika méi genee ze kucken an ze préiwen, ob et eis op e Fundament stéisst, wat Bestand huet: Haut wollt ech Iech froen, emol d’Kräiz ze kucken wat mir fir Karfreideg dëst Joer „enthüllt“ hunn. Et ass en hëlze Corpus, deen op engem „fer forgés“ Kräiz hänkt. Massiv an dach filigran. Deemno wéini een an der Basilika ass, deemno wéi d’Liicht fält, gesäit ee just de Corpus vum Jesus. Hie mécht d’Äerm grouss auseneen, zu de Mënschen hin. Et beandrockt mech all Kéiers, wou ech d’Kräiz bal net gesinn, wou ech just de Jesus gesinn, deen d’Äerm ausenee mécht. Seng Äerm sinn op fir dat, wat komme soll. Si sinn och op fir eis. Mir wëssen, dass hien gekräizegt ginn ass, dass hien grausam aus dem Liewe gerass gi war, an awer schéngt hien iergendwéi ganz nobel d’Äerm auszebreeden. E Spagat: Am Doud ass d’Liewen. Schwéier ze verstoen. Kucke mir dann méi genee, gesi mir d’Kräiz, ëmginn vun engem Liewensbam. Wéi kann am Leiden Liewen entstoen? Deemno wéi d’Liicht fält, gesäit een de Schied vum Kräiz op béide Säite vum Kräiz. D’Kräizer vun deenen, déi mat him gekräizegt gi sinn, d’Kräizer vun de Raiber. Et ass beim Jesus um Kräiz och Plaz fir eis, mat eise Schietsäiten a mat dem, wat eis gefaangen hält a kräizegt. Do si mer dann onweigerlech bäi den Noutsituatioune vun eiser Welt. Do denkt jiddereen direkt un de Krich an der Ukraine, wou mer kënne sou oder sou agestallt sinn, mee et schlicht und ergreifend inadmissible ass, dass een dem Noper säin Terrain iwwerfält a mengt, et wier vëlleg berechtegt. Ob elo d’Waffen d’Léisung sinn? Sécher net. Mee et gëtt keng Léisung. Ohnmächteg sti mer do, wéi sou oft, wou mer gären eppes ännere wéilten an awer net kënnen.

Dat bréngt eis bäi dat bekannten oder onbekannten Leed vu Familljen, wa Krankheet oder den Doud zouschléit, oder soss e Schicksalsschlag kënnt, deen een net verhënnere kann. Villfach wësse mer net méi, wéi et eise Matmënsche geet, oft leiden se ganz nobel an diskret, ouni eis mat hire Kloen ze stéieren. Op eng gewëssen Aart a Weis sinn ech beandrockt, wann ech de Präsident vun der Ukraine gesinn, an Arméisfaarf gekleet, duerzehalen, net opzeginn, un der Säit vu sengem Land. Hien huet säi Land gären. Ob all Decisioune richteg sinn im Nachhinein, well a kann ech net beurteelen, steet mir net zou. „Hindsight“ ass ëmmer méi einfach, herno ass ee meeschtens méi Schlau, well ee jo weess, wat geschitt ass. Ech bewonnere jiddefalls dem Präsident säi Courage, dat Kucken vum Misär an d’Aen. Ech wär schonns längstens fort gelaf.

Dat selwecht gesinn ech oft, wann ech bäi Famillje sinn. Hanner de Kulissen gesäit et oft anescht aus, wéi bäi der viischter Fassad. A vill hunn e ganz nobelen Ëmgank mat Kräiz a Leed. Wou si d’Kraaft hierhuelen?

Sinn sou Mënsche wéi de Willibrord e Virbild ? Oder ass et éischter eng Mamm, wéi d’Maria, d’Muttergottes, déi Mënsche Kraaft gëtt fir duerzehalen? Béid inspiréiere mech ëmmer aus ënnerschiddlechen Grënn. De Willibrord, well hien net gefaart huet, an mat der Bibel de Schwäert ofgewiert huet, der Legend no. Unerschrocken! Kraaft vu Gott?
D’Muttergottes, well si mat gütegem Bléck op eis kuckt. Et lount sech och hei an der Basilika, e Bléck op d’Statue un der Sail heivir ze werfen. Ech denken, eis Gemeinschaft brauch, sou wéi mir am Liewen, déi männlech Säit, ech weess net ob ech se soll väterlech nennen, beim Willibrord, an si brauch och de gütege Bléck vun der Mamm.
Domat si mer natierlech bäi der Fro, wie kann a soll Ämter a Verantwortung an der Kierch iwwerhuelen. Mir sinn all tselwecht gedeeft a gefirmt, firwat géif deen do uewen eis net gläichermoosse beruffen fir Verantwortung ze huelen?

Villäicht kann ee mir dat erklären, sou dass ech et verstinn, well da verstinn och vill anerer et, déi et am Moment mat mir zesummen net verstinn. E Gespréich am Bistum huet mech dach inspiréiert, fir iwwert d’Beruffungen nozedenken. Berifft den Härgott net méi? Oder wëlle mir d’Beruffungen net erkennen well mir dann d’Strukturen ännere missten? Wann ech mir soen, mengen ech d’Entscheidungsträger zu Roum, well ech fille mech nach ëmmer mat der Universalkierch verbonnen.

Ech weess, dat ass en heikelt Thema, wou et ëmmer wäerten Onzefriddener ginn. Entweder déi eng Säit oder déi aner. “Alors c’est le schisme. Voulez-vous ça?“ sot des Lescht eng Fra op engem Mataarbechterdag. Villäicht ass de Schisma schonn iergendwéi do, an eisem déiwen Ënneren, an dat mécht mech traureg. Et ass wéi eng Krankheet, déi am Kierper schweelt, déi mécht, dass d’Kierch net frou do stoe kann. Et kann een se mat engem Bam vergläichen, wou bannendran schonn sou Fäulniserscheinunge sinn, an d’Schuel och ufänkt krank ze ginn.

An awer: am Evangelium seet de Lukas eis, dass d’Räich vum Härgott scho matten ënnert eis ass, an dass et net kënnt, wéi mir et erwaarden. Et ass also do, mir mussen et fannen. Villäicht ass et grad an dem Kranken, an dem Verletzten, wou mir kënnen dru schaffen, sollen, jo mussen, fir et nees gesond ze maachen. Mir erkenne Gott net, a säi Wierken och net a verwerfen hien. Mee grad un all deem, wat net gutt leeft, wat verwerflech ass, do kënne mir dru schaffen, dass et zu neiem Liewen erwächt gëtt. De synodale Wee ass eng Chance dofir. Mir kënnen un eis schaffen, un der Gemeinschaft, an si veränneren. Mir däerfe just net bäi der Bestandsopnam stoe bleiwen. Mee mir mussen weider investéieren. Erkenne, wou mir mat eiser Léift eppes bewierke kënnen. De Willibrord kann e Booster sinn fir eise Glawen, fir eise Courage, fir eis Gemeinschaft. De Paulus weist eis eng Spuer an der Liesung. Hie seet dem Philemon, dee soll den Onesimus ophuelen, net wéi e Sklave, mee wéi e Brudder. Et wier sou, wéi wann hie géif de Paulus selwer ophuelen.

Huele mir een den aneren un an hu mer Vertrauen, dass den aneren och eppes kann? Halen ech déi Mënschen, déi mat mir ënnerwee sinn oder déi ech um Wee begéinen fir gläichwäerteg, fir e Brudder oder eng Schwëster, mat mir zesummen ënnerwee?

Villäicht musse mir de Räichtum vun eiser Gemeinschaft nei entdecken a Fräiheet schafen, fir nei Weeër ze goen. Ech kann net oft genuch soen, dass mir jiddereen eng Aufgab hunn, dass mir se just musse maachen, zesummen! Wann ech gesinn, dass am Norden eng Ekipp „Oppent Ouer” entstanen ass, déi prett ass fir Mënschen, déi eng schwéier Diagnos kruten, oder déi en Deuil hunn, oder déi eleng sinn, ze begleeden, da kann ech just soen: Do ass är Gemeinschaft lieweg! Weider sou. Loosse mer eis inspiréieren a pake mer selwer Hand un.

Dat bréngt mech dann bäi de Corpus vum Jesus den hei säitlech hänkt, wann Dir aus der Krypta kommt, de Corpus, den aus den Iwwerreschter vun der zerstéierter Basilika erausstoung, e Corpus, dee keng Hänn a keng Féiss huet. Mat senger ganzer Verletztheet, mat dem wat him feelt, ass hien all Dag en Opruff un eis, him dach eis Hänn an eis Been ze léinen fir bäi d’Mënschen ze goen an hinnen ze hëllefen, do wou mir sinn. Hien huet just eis Hänn, eis Been a Féiss, eis Oueren, eise Mond, eis Aen an eist Häerz fir ze hëllefen. Hellege Willibrord, schenk eis dofir deng Kraaft.

Qu’est-ce qui fait que notre communauté est vivante ? Si nous regardons voir dans les textes bibliques d’aujourd’hui, Jésus nous dit que le royaume de Dieu est différent de ce que nous attendons, qu’il est déjà parmi nous, que nous devons le découvrir parmi nous. Donc, il ne sera pas juste là où les apparences sont belles, mais il est là où est la souffrance et où les gens essaient de transformer la souffrance, la maladie, les coups de destin, les blessures en nouvelle vie. Le corps du Christ sur le mur à la fin de l’escalier pour monter de la crypte peut nous montrer une piste. Ce corps est mutilé, il n’a ni mains, ni pieds. Il nous invite à lui prêter nos mains et nos pieds pour aller chez les gens et donner l’aide dont ils ont besoin. Saint Willibrord, aide-nous sur ce chemin.


Links:

Willibrordusoktave 2022

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement