Um Wee mat den Hellegen


Home GoBack Print Kontakt

Ech well iech an dësem Parbréif e puer Gedanken iwwer all déi Helleg mat op de Wee ginn.

Mir wëssen alleguer, datt Waasser biergof leeft. Mat engem onheemlechen Drang mécht esouguer déi klengsten Drëps sech op de Wee an dat grousst Mier. Mä fänken mir mol vir un. Et ass jo heiansdo interessant, fir den Drëpsen an der Fënster nozekucken. Et zitt all eenzel Drëps no ënnen. Wann sech der zwou fannen, geet et méi séier. Et ginn der awer och, déi hänke bleiwen. Dat sinn déi kleng Drëpsen, déi net genuch Gewiicht hunn, si bleiwe pechen an verdréchnen. Et kéint een hinnen och mol hëllefen, an et freet een sech, wann se awer nach mat enger grousser Drëps erwëscht ginn an erof lafen.

Esou wéi den Drëpsen sollt et eis och vu Gebuert un aus goen. Mat der Daf als Chrëscht sollt eng Sehnsucht an ons geluecht ginn, déi eis beweegt. Bei eis ass et net anescht, wéi bei den Drëpsen. Mir kennen de Wee, awer et si vill Hindernisser do. Verschiddener vun eis packen et, anerer verdréchnen. Si ginn op, an awer bleift bei jidderengem eng gewëssen Onrou.

Wéi sot schonn den Hellegen Augustinus: „ Auf dich hin hast du uns geschaffen, Gott, und unruhig ist unser Herz, bis es Ruhe findet in dir.“ All déi helleg Fraen an Männer, deene mir gedenken, haten eppes gemeinsam: hir Sehnsucht war grouss a si hu sech vun deem grousse Geheimnis vun Gott unzéien gelooss. Si waren net dovun ofzebréngen. Si hunn hiren Wee gemaach, sief et am Déngscht vum Kranken, vum Aarmen, ...

Si hunn oft e Leiden erdroen, awer hu sech net vum Zil ofbréngen gelooss. Si hunn et och oft fäerdeg bruecht anerer matzerappen, an esou hu si enger grousser Drëps geglach, déi anerer matgeholl huet an zu engem grousse Floss ginn ass. Si hunn hir Matmënsche beréiert an déi hunn sech opgemaach fir matgerappt ze ginn.

Genee dat ass et, wat eng helleg Fra oder en hellegen Mann ausmécht. Si bréngen et fäerdeg eist Verlaangeren no Gott wakereg ze halen, ouni datt mir verdréchnen. Si bréngen et fäerdeg eis Léift zu Gott ze stäerken, sou datt aus enger klenger Baach e grousse Floss gëtt. Mir musse nëmmen op si fir déi Helleg aus der Geschicht, esou datt si eise Wee virginn an mir eis hinnen uschléissen, eis matrappen loossen. Esou kommen mir am Alldag ëmmer méi no un déi Sehnsucht, déi mir an ons droen. Esou kënne mir villes och an eisem Liewenan an eisem Glawen ëmsetzen, an esou spierbar ginn duerch dat, wat de Jesus op Allerhellegen am Evangelium seet: „Selig seid ihr!“

Selig, die arm sind vor Gott; denn ihnen
gehört das Himmelreich.
Selig die Trauernden; denn sie werden
getröstet werden.
Selig die Sanftmütigen; denn sie werden
das Land erben.
Selig, die hungern und dürsten nach der
Gerechtigkeit;
denn sie werden gesättigt werden.
Selig die Barmherzigen; denn sie werden
Erbarmen finden.
Selig, die rein sind im Herzen; denn sie
werden Gott schauen.
Selig, die Frieden stiften; denn sie werden
Kinder Gottes genannt werden.
Selig, die verfolgt werden um der
Gerechtigkeit willen;
denn ihnen gehört das Himmelreich.
Selig seid ihr, wenn man euch schmäht
und verfolgt
und alles Böse über euch redet um
meinetwillen.
Freut euch und jubelt: Denn euer Lohn
wird groß sein im Himmel. Mt 5,3-12a

Elo am November hu mir och besonnesch wärend der Willibrordusoktav Geleeënheet, eis vun deem Hellegen matrappen ze loossen, deen esou vill an onser Géigend bis haut bewierkt huet. Loossen mir eis opmaachen, fir dat missionarescht Wierken vum Hellege Willibrord, a probéieren mer et och an onsem Liewen ëmzesetzen.

An deem Sënn wënschen ech iech eng besënnlech Zäit.

Sylvie Kinnen

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement