Gottesanbieterin


Home GoBack Print Kontakt

Dëser Deeg (18.1.2021) ass d’Lyrikerin Nora Gomringer mat der Carl-Zuckmayer-Medaille geéiert ginn. Ech hu mech dunn un een Essay an der Zäitschrëft „Stimmen der Zeit“ (Nr 7 vun 2020, S. 506-509) erënnert, deen ech gelies hat a wou dëst Buch och virgestallt ginn ass. Den Philipp Adolphs beschreift a sengem Essay „Glutamat des Seins“ déi déifgrënneg Poesie vum Nora Gomringer. Et ass schonn interessant ze gesinn, wéi och aktuell Lyriker sech mam Thema vum Glawen beschäftegen. Munches ass wuel fir eis déif fromm Oueren zimmlech provokant an dann awer och erëm extrem ureegend, fir selwer mol erëm nozedenken. Mir sinn an eisem Liewen als Chrëschten all ze dacks gefaangen an eisen Traditiounen, an eise Riten an an eise Virstellungen. Awer kann ee Gott net och mol aneschters denken a gesinn. D’Nora Gomringer huet sécherlech e ganz eegenen Zougang zum Thema Relioun. Munch schrecklech Opdeckungen vun deene leschte Joren maachen hier et och net liicht. An dach kann all dat net hire Glawen huelen, wéi si an engem Interview gesot huet. Si ass sécher eng ganz kritesch Chrëschtin, awer eng mat engem groussen Häerz. Ech hat de Summer hiren neisten Gedichtband gelies. Dës Gedichter beréieren. Si loossen een oplauschteren. Si rappen een aus Gewinntem eraus. Si sinn vläicht och fir munch Oueren absolut frech. Awer si sinn a mengen Aen esou erfrëschend nei, dass een si onbedéngt soll a muss liesen a genéissen. Hei nëmmen zwee Beispiller:

[...] Jesus, ein Fremder an einem Holzkreuz, hat einen schlimmen Schnitt in der Seite. Seit tausenden Jahren verbindet den keiner. Das ist schon fahrlässig. [...] (S. 80)

[...] Ich bin die Christin, die beim Weltuntergang und im Höllenfeuer besonders gut angezogen sein möchte. Ich bin die Christin, die an zu viel Weihrauch, nicht an zu wenig sterben möchte. Ich bin die Christin, die die weißen Westen der Diener Gottes anschwärzt. [...] (S. 95)

D’Relioun ass an alle fënnef Kapitelen vum Buch present. D’Lyrikerin setzt sech ganz intensiv domadder a mat hirem perséinlechen Glawen ausenaner. Munchmol ass et net direkt ze erkennen. Mä et spiert een, dass déi reliéis Thematik si ganz grouss interesséiert.

Ech kann iech dëst kléngt awer héich poetescht an äusserst androcksvollt Buch nëmmen recommandéieren. Ech sinn der Meenung, dass et heiansdo ganz gutt deet, mol sou een onkonventionellt Buch an d’Hand ze huelen. Trotz dem ganz eegene Wee bitt d’Autorin Gott un, wéi den Titel „Gottesanbieterin“ et seet. Wann dir net selwer liese wëllt, sou kenn dir d’Texter lauschteren. Am Buch ass eng CD, wou d’Autorin selwer all Texter drop geschwat huet.

Carlo Morbach


Nora Gomringer Gottesanbieterin
Verlag Voland & Quist, Berlin 2020, 96 Seiten, 20,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement