... träume ich von Flügeln

Jerusalemer Gedichte


Home GoBack Print Kontakt

Fir Leit, déi gären heiansdo ee Gedicht oder ee Gedanken an enger lyrescher Form meditéieren wëllen, kann ech dat neiste Buch vum Stephan Wahl virschloen. De Stephan Wahl huet laang Joren d’Wuert vum Sonndeg geschwat op der ARD. Hie lieft, nodeems hien seng Positioun als Kommunikatiounschef beim Bistum Tréier opginn huet, zu Jerusalem. Als Priister a Schrëftsteller huet hie schonn eng Rei vun Lyrik-Bänn erausginn. Dëst neit Buch meditéiert villfach d’Situatioun an dëser Zäit vu Pandemie zu Jerusalem. Wann ee scho mol zu Jerusalem war, da mierkt een, wéi no een dëser Stad an de Gedichter kënnt. Heiansdo mengt een, et géif ee mam Stephan Wahl duerch des helleg Stad trëppelen. Seng Gedanken sinn ganz no un de Mënschen, deenen hie begéint. Mä och d’Trauer an d’Elengsinn an enger schwiereger Zäit kommen zur Sprooch. Net nëmmen well ech de Stephan Wahl aus eiser gemeinsamer Studienzäit zu Tréier kennen, mä eben och wéinst der Déift vu senge Gedanken kann ech dëst Buch als ee gudde Begleeder an eng Hëllef zum Nodenken ubidden. Hei ee klengen Abléck a seng Gedanken:

corona und das leere grab
in langen schlangen
stehen sie
und warten
für den einen Blick
ins osterleere grab
schon immer
und an jedem tag
jetzt wartet selbst
das osterleere grab
im herzen von jerusalem (S. 53)

Carlo Morbach


Stephan Wahl ... träume ich von Flügeln
Jerusalemer Gedichte
Echter-Verlag Würzburg 2021, 111 Seiten, 12,90- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement