14. Sonndeg am Joereskrees A - 4./5.7.2020


Home Back Print Kontakt

Aféierung

Léif Matchrëschten! Eis Gesellschaft ass haut des Daags komplett op Leeschtung hin orientéiert engersäits an anerersäits si mir awer ëmmer nees gären derbäi fir ze feieren. Iergendwéi ass grad déi aktuell Kris do eng ganz grouss Brems. Iwwer Méint schonn kann net esou geschafft ginn wéi virdrun an och eis Partylandschaft ass uerg deziméiert. Wéi mir an deene leschten Deeg gemierkt hunn, ass grad dee leschte Punkt dann awer och, deen eis elo nei Suerge mécht, well vill Leit erëm all Virsiichtsmoossnamen vergiessen.

„Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid!“ Dat ass d’Aluedung vum Jesus am Evangelium vun haut. Bäi him, duerch seng Botschaft, solle mir fräi ginn vun de Suergen an der Laascht vum Alldag, jo och vläicht grad elo vun der Laascht vun der Krankheet. De Mënsch brauch ëmmer erëm Zäiten, wou hien nei optanke kann, wou Läif a Séil zur Rou kommen. Dat ass jo schonn eng al bekannte Saach an eiser Relioun. De Sonndeg soll engersäits fir Gott reservéiert sinn an anerersäits awer och fir eis, sou dass mir zur Rou fannen a raschte kënnen.

D’Kris ëm d’Covid-19-Krankheet huet eis vläicht ganz däitlech un eis Grenze bruecht an eis gewisen, dass mir dach vläicht emol deen een oder anere Gang sollten zeréckschalten. „Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid!“ Dat ass elo och eisem Här seng Aluedung un eis all. Froe mir hien, dass hien eis stäerkt.

Kyrie-Ruffer

Här Jesus Christus, du bass eis Hoffnung an de Froen vun eisem Liewen.
Här Jesus Christus, du bass d’Hoffnung an Zäiten vun Trauer a Verzweiwlung.
Här Jesus Christus, du méchs eis fräi vun allem, wat eis nidder dréckt.

Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, duerch d’Erniddregung vun dengem Jong um Kräiz hues du eis erëm opgeriicht a vun all Schold fräi gemaach. Erfëll eis mat Freed iwwer d’Erléisung a féier eis all an deng éiweg Séilegkeet. Dorëms biede Christus, eisen Här. Amen. Dieu qui as relevé le monde par les abaissements de ton Fils, donne à tes fidèles une joie sainte; tu les as tirés de l’esclavage du péché; fais-leur connaître le bonheur impérissable. Par Jésus Christ.

Gott, du hast Himmel und Erde erschaffen. Wir preisen dich und danken dir, dass du uns nahegekommen bist in Jesus, deinem Sohn. Befreie uns von allem, was uns niederdrückt, und lass uns deine Barmherzigkeit und Güte erfahren. Darum bitten wir dich durch ihn, unsern Herrn.

Liesungstexter: Lesung: Sach 9, 9-10 / Röm 8,9.11-13 Evangelium: Mt 11, 25-30

Lesung aus dem Buch Sachárja.
So spricht der Herr: Juble laut, Tochter Zion!
Jauchze, Tochter Jerusalem! Siehe, dein König kommt zu dir. Gerecht ist er und Rettung wurde ihm zuteil, demütig ist er und reitet auf einem Esel, ja, auf einem Esel, dem Jungen einer Eselin. Ausmerzen werde ich die Streitwagen aus Éfraim und die Rosse aus Jerusalem, ausgemerzt wird der Kriegsbogen. Er wird den Nationen Frieden verkünden; und seine Herrschaft reicht von Meer zu Meer und vom Strom bis an die Enden der Erde.
Lecture du livre du prophète Zacharie.
Ainsi parle le Seigneur: «Exulte de toutes tes forces, fille de Sion! Pousse des cris de joie, fille de Jérusalem! Voici ton roi qui vient à toi: il est juste et victorieux, pauvre et monté sur un âne, un ânon, le petit d’une ânesse. Ce roi fera disparaître d’Éphraïm les chars de guerre, et de Jérusalem les chevaux de combat; il brisera l’arc de guerre, et il proclamera la paix aux nations. Sa domination s’étendra d’une mer à l’autre, et de l’Euphrate à l’autre bout du pays.»
Antwortpsalm
Kv: Ich will dich erheben, meinen Gott und König.

Ich will dich erheben, meinen Gott und König, *
ich will deinen Namen preisen auf immer und ewig.
Jeden Tag will ich dich preisen *
und deinen Namen loben auf immer und ewig. – (Kv)

Der Herr ist gnädig und barmherzig, *
langmütig und reich an Huld.
Der Herr ist gut zu allen, *
sein Erbarmen waltet über all seinen Werken. – (Kv)

Danken sollen dir, Herr, all deine Werke, *
deine Frommen sollen dich preisen.
Von der Herrlichkeit deines Königtums sollen sie reden, * von deiner Macht sollen sie sprechen. – (Kv)

Treu ist der Herr in seinen Reden, *
und heilig in all seinen Werken.
Der Herr stützt alle, die fallen, *
er richtet alle auf, die gebeugt sind. – Kv
PSAUME (Ps 144 (145), 1-2, 8-9, 10-11, 13cd-14)
R/ Mon Dieu, mon Roi,
je bénirai ton nom toujours et à jamais!

Je t’exalterai, mon Dieu, mon Roi;
je bénirai ton nom toujours et à jamais!
Chaque jour je te bénirai,
je louerai ton nom toujours et à jamais.

Le Seigneur est tendresse et pitié,
lent à la colère et plein d’amour.
La bonté du Seigneur est pour tous,
sa tendresse, pour toutes ses œuvres.

Que tes œuvres, Seigneur, te rendent grâce
et que tes fidèles te bénissent!
Ils diront la gloire de ton règne,
ils parleront de tes exploits.

Le Seigneur est vrai en tout ce qu’il dit,
fidèle en tout ce qu’il fait.
Le Seigneur soutient tous ceux qui tombent,
il redresse tous les accablés.
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.
Schwestern und Brüder! Ihr seid nicht vom Fleisch, sondern vom Geist bestimmt, da ja der Geist Gottes in euch wohnt. Wer aber den Geist Christi nicht hat, der gehört nicht zu ihm. Wenn aber der Geist dessen in euch wohnt, der Jesus von den Toten auferweckt hat, dann wird er, der Christus von den Toten auferweckt hat, auch eure sterblichen Leiber lebendig machen, durch seinen Geist, der in euch wohnt. Wir sind also nicht dem Fleisch verpflichtet, Brüder und Schwestern, sodass wir nach dem Fleisch leben müssten. Denn wenn ihr nach dem Fleisch lebt, müsst ihr sterben; wenn ihr aber durch den Geist die sündigen Taten des Leibes tötet, werdet ihr leben.
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains.
Frères, vous, vous n’êtes pas sous l’emprise de la chair, mais sous celle de l’Esprit, puisque l’Esprit de Dieu habite en vous. Celui qui n’a pas l’Esprit du Christ ne lui appartient pas. Mais si l’Esprit de celui qui a ressuscité Jésus d’entre les morts habite en vous, celui qui a ressuscité Jésus, le Christ, d’entre les morts donnera aussi la vie à vos corps mortels par son Esprit qui habite en vous. Ainsi donc, frères, nous avons une dette, mais elle n’est pas envers la chair pour devoir vivre selon la chair. Car si vous vivez selon la chair, vous allez mourir; mais si, par l’Esprit, vous tuez les agissements de l’homme pécheur, vous vivrez.
Halleluja. Halleluja. Sei gepriesen, Vater, Herr des Himmels und der Erde; du hast die Geheimnisse des Reiches den Unmündigen offenbart. Halleluja. Alléluia. Alléluia. Tu es béni, Père, Seigneur du ciel et de la terre, tu as révélé aux tout-petits les mystères du Royaume! Alléluia.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus.
In jener Zeit sprach Jesus: Ich preise dich, Vater, Herr des Himmels und der Erde, weil du das vor den Weisen und Klugen verborgen und es den Unmündigen offenbart hast. Ja, Vater, so hat es dir gefallen. Alles ist mir von meinem Vater übergeben worden; niemand kennt den Sohn, nur der Vater, und niemand kennt den Vater, nur der Sohn und der, dem es der Sohn offenbaren will. Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid! Ich will euch erquicken. Nehmt mein Joch auf euch und lernt von mir; denn ich bin gütig und von Herzen demütig; und ihr werdet Ruhe finden für eure Seele. Denn mein Joch ist sanft und meine Last ist leicht.
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu.
En ce temps-là, Jésus prit la parole et dit: «Père, Seigneur du ciel et de la terre, je proclame ta louange: ce que tu as caché aux sages et aux savants, tu l’as révélé aux tout-petits. Oui, Père, tu l’as voulu ainsi dans ta bienveillance. Tout m’a été remis par mon Père; personne ne connaît le Fils, sinon le Père, et personne ne connaît le Père, sinon le Fils, et celui à qui le Fils veut le révéler. Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau, et moi, je vous procurerai le repos. Prenez sur vous mon joug, devenez mes disciples, car je suis doux et humble de cœur, et vous trouverez le repos pour votre âme. Oui, mon joug est facile à porter, et mon fardeau, léger.»
Priedegt (2020)

Léif Matchrëschten! Ech weess net, wéi et iech dëser Deeg ergaangen ass. Mir allerdéngs ass et schonn e bëssi Angscht ginn. D’Zuelen vun den Neiinfektiounen mat der neier Krankheet sinn erëm zimmlech an d’Luucht gaangen. Wourun dat läit, sief emol dohi gestalt. An awer, si mir Mënschen an eisem Verhalen net selwer och mat schold, dass mir et net fäerdeg bréngen zesummen dës Kris ze léisen. Et gëtt ëmmer nees un de gesonnte Mënscheverstand appelléiert. Awer grad dee schéngt dann dach dacks net esou do ze sinn, wéi e warscheinlech misst.

Jiddereen war an deene laange Wochen, wou alles zeréckgefouert war, zimmlech agespaart an ageschränkt an sengen Aktivitéiten. Dat ass sécherlech net schéin a muncher hunn sech wuel och nëmme ganz schwéierer domadder zu Recht fonnt. Elo awer, wou „endlech“ Villes erëm méiglech war, si mir da mat vollem Elan duergefuer. D’Resultat schéngt sech an enger neier Well vu Krankheet unzekënnegen.

Wat kann een dozou soen? Wéi ech dëser Deeg d’Liesungen an d’Evangelium vum Sonndeg ugekuckt hunn, si mir spontan eng ganz Rei, an ech muss éierlech zouginn, net ganz frëndlech Gedanken duerch de Kapp gaangen.

Kucke mir als éischt an dem Paulus säi Réimerbréif. Do heescht et haut direkt am éischte Saz: „Ihr seid nicht vom Fleisch, sondern vom Geist bestimmt, da ja der Geist Gottes in euch wohnt.“ (Röm 8,9) De Klaus Wengst iwwersetzt dëse Saz mat. „Ihr jedoch seid nicht in menschlicher Schwäche befangen, sondern lebt im Geist, wenn anders Gottes Geist in eich wohnt.“ De Paulus kuckt hei op déi, déi Chrëscht sinn. Si sinn net méi wéi d’Mënschen vun virun Christus. Si hunn eng Botschaft ugeholl, déi elo hiert Liewe bestëmmt. De Geescht vu Gott begleet si a seet, wéi si kënne gutt liewen an dëser Welt. D’Géintiwwerstellung vun de Begrëffer „Fleisch“ a „Geist“ weist hei drop hin, dass dëse Geescht aus der Schwaachheet erausféiert an eng „messianische Antriebskraft“ ass. Mir Mënsche vun haut, mir sinn eben och vun eiser Schwaachheet geleet, sou kann ee soen. Mir kucken eigentlech ëmmer nees no eisem materielle Wuelstand, no eisem Besëtz, no eiser sougenannter Fräiheet. Mir wëllen eis net aschränke loossen. Mir wëllen eigentlech net emol bescheiden op eppes verzichten. Mir loossen eis ganz dacks net vun der Vernonft leeden, mä vun eisem Egoismus. Genee dat awer féiert an de Ruin. Eis Partygesellschaft vun haut gëtt natierlech vun der Krankheet a Fro gestalt. Awer genee dat wëlle mir net héieren. Mir si vum „Fleesch“ geleet.

De Paulus seet an eiser Liesung positiv vun de Chrëschte vu Roum, dass si net méi vum Fleesch bzw. vun hirer Schwaachheet geleet wieren an lueft si dofir. Kann een eis haiteg wéinstens zum Deel nach chrëschtlech Gesellschaft och nach luewen? Dat ass grad an dësen Deeg déi ganz grouss Fro.

An der Liesung aus dem Buch vum Prophet Sacharja vun haut heescht et: „Gerecht ist er und Rettung wurde ihm zuteil, demütig ist er und reitet auf einem Esel, ja, auf einem Esel, dem Jungen einer Eselin.“ (Sach 9,9b) Si mir wierklech haut damiddeg? Ech hunn an deene laange Wochen, wou alles roueg war, esou vill schéi Momenter vu rou erlieft, wéi eigentlech virdrun a mengem ganze Liewen net. Mir huet am Fong absolut näischt gefeelt. Wou bleift haut eis Bescheidenheet, eis Rou, eis Demut virun all deem, wat an eiser Welt lass ass. Mir haten trotz de Beschränkungen alles, wat noutwendeg war an nach vill méi. A ville Géigenden vun der Welt hu Mënschen absolut näischt. Mir jéimeren a kloen, wa mir lo mol fir e puer Wochen oder Méint eis mussen aschränken. Do feelt mir perséinlech all Verständnis. Ech weess, ech sinn duerch meng perséinlech Geschicht vläicht e bëssi haart am Urteel. Mä wann ee mol 3 Méint an enger Klinik war an net eraus konnt, da gëtt een scho bescheiden a villen Hisiichten. An déi Mënschen, déi an dëse Wochen op der Intensivstatioun waren an ëm hiert Liewe gekämpft hunn, gesinn dat wuel och aneschters wéi de Gros vun de Leit am Land. Mir mussen net ëmmer um héije Päerd sëtzen. Ee klengen Iesel geet och duer a bréngt eis dann dach un d’Zil. Denke mir mol iwwert dëst Bild no an hale mir einfach fir ëmmer nei Fuerderungen ze stellen. D’Liewe geet och mat e bëssi manner Party a Spaass.

Ech kommen zum Schluss. De Jesus huet deemools absolut Léift an Demut, Fridden a Gerechtegkeet gepriedegt an och gelieft. Säi Wee war zimmlech schwéier. Mä seng Botschaft ass déi vun der absolutter Gerechtegkeet a Mënschlechkeet. Fir dës Botschaft ze realiséieren musse mir natierlech bescheide sinn. Dat gefält eis vläicht net, grad an eiser Zäit net. An dach, ass et net dat, wat hien haut seet, wat wichteg wier fir eis Zäit: „Nehmt mein Joch auf euch und lernt von mir; denn ich bin gütig und von Herzen demütig.“ (Mt 11, 29a) Guttheet, Bescheidenheet, Récksiicht op mäi Matmënsch, Fridden, Gerechtegkeet, all dat si Saachen, déi net vum selwe kommen. Déi musse mir schafen. Grad mir als Chrëschten sollen eis vum Geescht vu Gott leede loossen. Dës Zäit vu Krankheet weist, op mir Chrëschte sinn oder och net. Et weist sech an eisem Verhalen.

An engem Essay an den „Stimmen der Zeit“ vum Juli vun dësem Joer, deen iwwerschriwwen ass "Heilige ohne Gott? Albert Camus’ ’Die Pest’ in Corona-Zeiten, kennt den Auteur Martin Dieckmann zum Schluss, dass dem Camus säin Uleies an sengem Roman ’La Peste’ et eigentlech ass fir eng Uklo vis-à-vis vun der Gläichgëltegkeet vun de Mënschen ze maachen. Net den Haass steet der Léift entgéint mä d’Gläichgëltegkeet. Eist Verhalen iwwert wäit Strecken, jo och eist Verhalen als Chrëschten, ass ganz dacks eng déif Gläichgëltegkeet vis-à-vis vun der Nout an dem Leed vu Matmënschen. Dat ass eis Schwächt. Dat ass eis vum eegene Fleesch bestëmmten Konditioun, déi de Paulus schonn am Réimerbréif ugeschwat huet. Dat gläichgültegt Verhalen féiert derzou, dass mir eis entgéint alle Reegelen behuelen an esou eis Matmënschen a Gefor bréngen. Genee dat dierfte mir awer als Chrëschten net. Grat elo an dëser Zäit ass et wichteg, dass mir eis all esou behuelen, dass mir keen aneren a Gefor bréngen. Mir dierfen net nëmmen no eis kucken an esou handelen, wéi et eis an de Krom passt. Schalte mir eis Geescht an. Loosse mir dem Härgott säi Geescht vu Matgefill a Respekt zu eise Matmënschen opliewen an eisem Handelen a Schwätzen. Ass dat wierklech esou schwéier fir Mënschen, déi sech ëmmer wëllen als esou dichteg a gutt duerstellen? Amen.

Fürbitten
Loosse mir zu Jesus Christus bieden, deen en Häerz fir d’Nout an d’Suerge vun de Mënschen huet:

  • Fir all, déi ënnert der Laascht vun hirem Liewen leiden an dorun ze zerbriechen dreeën: ëm Zouversiicht an Liewensmutt. Christus, héier eis.



  • Fir all Volleksgruppen an Vëlker, déi zerstridde sinn: ëm Fridden a Versönung. Christus, héier eis.



  • Fir all, déi sech fir Fridden, Versönung a Gerechtegkeet asetzen: ëm Kraaft an Ausdauer. Christus, héier eis.



  • Fir all, déi traueren: ëm Hëllef an Trouscht an hirem Leed. Christus, héier eis.



  • Fir all eis Verstuerwen: ëm Gebuergenheet a Liewen an denger Léift. Christus, héier eis.



Well du, Här, bass gutt a voller Demut. Du schenks eis Rou a Gebuergenheet bäi dir. Dofir soe mir Merci elo an an all Éiwegkeet. Amen.

«Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau», nous invite Jésus. Et prenons dans notre prière tous nos frères et sœurs qui cherchent aussi un lieu de réconfort. Fais-nous voir ta bonté, Seigneur.

  • Prions pour les personnes qui s’engagent au service de leurs concitoyens et concitoyennes; qu’elles respectent leur dignité et leur liberté, à la manière de Jésus.



  • Prions pour les disciples de Jésus qui forment l’Église partout dans le monde; qu’ils portent le message de la bonté de Dieu, à la manière de Jésus.



  • Prions pour les personnes qui souffrent dans leur corps ou dans leur cœur; qu’elles soient soutenues par leurs proches et mettent leur confiance en Dieu, à la manière de Jésus.



  • Prions pour notre communauté, habitée par l’Esprit; qu’elle témoigne de l’amour de Dieu pour les humbles et les pauvres, à la manière de Jésus.



Oui, Seigneur, nous le croyons, il n’y a de véritable repos qu’en toi. C’est pourquoi notre espérance est ferme et nous proclamons ta louange. Garde-nous dans la confiance et la paix. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils bien-aimé. Amen. vieliturgique.ca

Gowegebiet
Härgott, zu denger Éier feiere mir dës Eucharistie. Si soll eis fräi maache vun allem Béisen an eis hëllefen, Dag fir Dag dat neit Liewen, dat mir vun dir geschenkt kritt hunn, siichtbar ze maachen. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här. Amen. Puissions-nous être purifiés, Seigneur, par l’offrande qui t’est consacrée: qu’elle nous conduise, jour après jour, au Royaume où nous vivrons avec toi. Par Jésus.

Unser Gott, wir haben den Tisch bereitet für die Feier des heiligen Mahles.
Du selbst machst uns fähig, diese Feier würdig zu begehen durch Christus, unsern Herrn.

Hochgebet – „Jesus, der Befreier“

Präfation
Ja, guter Gott, wir haben allen Grund, dir zu danken.
Denn du hast in unserer Menschengeschichte
immer neu angesetzt, uns zu befreien.
Du hast Abraham gerufen,
aus seiner Heimat fortzuziehen in das Land deiner Verheißung.
Du hast das Volk Israel aus Ägypten und in die Freiheit geführt.
Du hast immer wieder Zeichen der Befreiung gesetzt
und wirst sie setzen bis ans Ende der Zeiten,
denn in Jesus, deinem Sohn, hast du alles befreit, was gefangen war.
Er hat in deinem Namen das tödliche Netz zerrissen,
das gestrickt wird aus den Fäden menschlicher Zwänge und Ängste.
In Christi Namen sind wir neu geboren.
Wir haben angefangen, neu zu leben. Dafür danken wir dir.
Als Erlöste und Befreite wollen wir mit allen Menschen guten Willens
und mit deiner ganzen Schöpfung einstimmen in das Lob deiner Herrlichkeit:

Sanctus

Gott, du bist heilig, und du willst in unserem Herzen wohnen.
In Jesus hast du dies kundgetan. Er war erfüllt von dir.
Darum ging er auf Sünder zu und hat sie mit dir und mit sich selbst versöhnt.
Er hat sie zur Freiheit befreit. Er hat Menschen aufgerichtet,
die gebückt waren unter den Krankheiten ihrer Seele und ihres Leibes.
Und er hat sich verschenkt an seine Jünger,
so wie er sich jetzt verschenkt an uns in den Gaben von Brot und Wein.

So bitten wir dich jetzt, guter Gott:
Sende uns deinen Heiligen Geist, den Lebensatem,
damit die Gaben von Brot und Wein
zu Jesu Leib + und Blut werden und wir erfahren: Jesus ist mitten unter uns.

Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er das Brot und sagte Dank,
brach es, reichte es seinen Jüngern und sprach:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum,
reichte den Kelch seinen Jüngern und sprach:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH
DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH
UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Geheimnis des Glaubens

Vater, wir danken dir für Jesus, der unter uns ist.
Er lädt uns ein, das Leben bei ihm zu finden.
Er fordert uns auf, dass wir uns für ein Leben entscheiden,
das diesen Namen auch verdient.
Aber wir sind nicht allein gelassen. Wir haben seinen Geist.

Um diesen Geist bitten wir für unsere Kirche,
für die Verantwortlichen in den Diensten der Kirche,
für unseren Papst Franziskus, die Bischöfe, die Priester,
die Ordensleute und für alle Menschen,
die mit uns den Weg des Glaubens gehen.
Mach uns hellhörig, damit wir spüren, wohin du uns führen willst.

Um diesen Geist bitten wir für unsere Welt,
damit Frieden einkehrt, wo Hass regiert,
wo Terror und Krieg das Wort haben.

Wir legen dir auch die Geschichte all derer in die Hand,
die vor uns den Weg zu dir gegangen und nicht mehr unter uns sind.

Guter Gott, rufe uns immer neu auf den Weg, den Maria, Josef, die Apostel
und all die anderen Heiligen gegangen sind und der zu deinem Reich führt.
Denn dort ist das Ziel unseres Lebens, in deinem Sohn Jesus Christus.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes
alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Quelle unbekannt

Vaterunser

An der Nofolleg vum Jesus lieft kee fir sech eleng. An der Gemeinschaft vun de Frënn vum Jesus soll et normal sinn, een Aen fir d’Schwëster oder de Brudder ze hunn an si oder hien erëm mat allem Respekt op de gudde Wee ze begleeden. Biede mir zesummen zu eisem Papp, dass wierklech säi Wëlle soll geschéien an eiser Welt. Vater unser im Himmel, …

Friddensgebiet

Fridde kann nëmme do entstoen, wou mir eis Verantwortung géigeniwwer vun eise Matmënschen iwwerhuelen. Datt dat eis awer esou munches ofverlaangt, ass jidderengem kloer. Dofir biede mir: Här Jesus Christus looss eis ëmmer nees wéi gutt Bridder a Schwëstere sinn a schenk eis dofir däi grousse Fridden.

Meditatioun
Wenn Du mich rufst

Gott!
An jenem Tag,
an dem Du mich rufst:
„Komm!“,
werde ich zu dir kommen,
zu Dir,
den ich in diesem Dasein
millionenmal aufblitzen sah
wie Sonnenstrahlen auf Meereswogen.
Ich werde kommen
mit allen Tränen,
die ich geweint habe;
ich werde kommen
mit den Erinnerungen
an die Gespräche mit Menschen;
an die Auseinandersetzungen
mit den Fragen,
die keine Antwort zuliessen.
Ich werde kommen
und nur eines sagen: DU
Martin Gutl, Nachdenken mit Martin Gutl.
Texte, Meditationen, Gebete. Styria, Graz 2004, 5.4
Schlussgebiet
Härgott, du hues eis mat räiche Gowe beschenkt. Looss eis ëmmer erëm Merci soen fir all dat Gutt an eisem Liewen, wat mir geschenkt kréien, a looss eis all eng Kéier béi dir doheem sinn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Comblés d’un si grand bien, nous te supplions, Seigneur: fais que nous en retirions des fruits pour notre salut, et que jamais nous ne cessions de chanter ta louange. Par Jésus.

Liewege Gott, mir hunn dierfen Gemeinschaft mat dir erliewen. Dofir soe mir Merci.
Begleet eis elo, wa mir an eisen Alldag zeréckginn. Looss däi Wuert an däi Brout an eis hir Kraaft entfalen, fir datt mir deng Presenz an deng Léift zu de Mënsche bréngen - an dat am Schwätzen wéi am Maachen. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Gott der Barmherzigkeit und Liebe, wir haben das Gedächtnis des Leidens und der Auferstehung Christi gefeiert und das heilige Sakrament empfangen. Was uns dein Sohn in unergründlicher Liebe geschenkt hat, das werde uns nicht zum Gericht, sondern helfe uns zum ewigen Heil, durch ihn, Christus, unsern Herrn.


Mass vum 28 Juni
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 12 Juli

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement