29. Sonndeg am Joereskrees B - 16./17.10.2021


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! Am Evangelium vun dësem Sonndeg gëtt vun Herrscher a vun Ënnerdréckung geschwat. Muecht ass ee brisant Thema och an eiser Zäit. Wéi vill Mënschen sinn haut ënnerdréckt an agespaart? Wéi vill Mënschen kënnen net fräi liewen an sech esou beweegen, wéi mir et hei kënnen? Et lount sech schonn emol doriwwer éierlech nozedenken. Mir sinn zimmlech dacks um Knadderen, dass hei oder do eppes an eise Länner net funktionéiert. Mä eigentlech leide mir an deem Punkt keng Nout. De Bléck op aner Géigenden an der Welt misst eis engersäits dankbar maachen an anerersäits d’Aen opmaachen fir de Mangel u Fräiheet, déi ganz vill Mënschen hunn. Loosse mir dofir och op eis Schold kucken, déi dacks mat un der Wuerzel ass vun de Mëssstänn an der Welt.

Kyrie

* Här Jesus Christus, du bréngs Liicht an d’Däischter vun deenen, déi Schold op sech gelueden hunn. Här, erbaarm dech eiser.
* Här Jesus Christus, du bass deene Mënsche besonnesch no, déi an eiser Gesellschaft ausgegrenzt ginn, deenen déi op der Flucht sinn a verfollegt ginn wéinst hirem Glawen un Dech. Christus, erbaarm dech eiser.
* Här Jesus Christus, Du hues eis ee Beispill ginn, wéi mir een deem anere sollen déngen andeems mer eis op de Matmënsch aloossen mat Respekt an Matgefill. Här erbaarm dech eiser.

Dagesgebiet

Allmächtege Gott, du bass eisen Här.
Maach eise Welle bereet, denge Geboter ze follegen,
a gëff eis een Häerz, dat dir an eise Matmënschen opriichteg déngt.
Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här, déi Jong, hien,
dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen.

Père éternel et tout-puissant, fais-nous toujours vouloir ce que tu veux et servir ta gloire d’un cœur sans partage. Par Jésus Christ.

Liesungen: Jes 53, 10-11 / Hebr 4, 14-16 / Mk 10, 35-45

Lesung aus dem Buch Jesaja.
Der HERR hat Gefallen an dem von Krankheit Zermalmten. Wenn du, Gott, sein Leben als Schuldopfer einsetzt, wird er Nachkommen sehen und lange leben. Was dem HERRN gefällt, wird durch seine Hand gelingen. Nachdem er vieles ertrug, erblickt er das Licht. Er sättigt sich an Erkenntnis. Mein Knecht, der gerechte, macht die Vielen gerecht; er lädt ihre Schuld auf sich.

R: Lass deine Huld über uns walten, o Herr!
Das Wort des Herrn ist redlich,
all sein Tun ist verlässlich.
Er liebt Gerechtigkeit und Recht,
erfüllt von der Huld des Herrn ist die Erde. - (R)
Siehe, das Auge des Herrn ruht auf denen,
die ihn fürchten, die seine Huld erwarten,
dass er ihre Seele dem Tod entreiße
und, wenn sie hungern, sie am Leben erhalte. - (R)
Unsre Seele hofft auf den Herrn;
er ist unsere Hilfe und unser Schild.
Lass deine Huld über uns walten, o Herr,
wie wir auf dich hofften! – R

Lesung aus dem Hebräerbrief.
Schwestern und Brüder! Da wir nun einen erhabenen Hohepriester haben, der die Himmel durchschritten hat, Jesus, den Sohn Gottes, lasst uns an dem Bekenntnis festhalten. Wir haben ja nicht einen Hohepriester, der nicht mitfühlen könnte mit unseren Schwächen, sondern einen, der in allem wie wir versucht worden ist, aber nicht gesündigt hat. Lasst uns also voll Zuversicht hinzutreten zum Thron der Gnade, damit wir Erbarmen und Gnade finden und so Hilfe erlangen zur rechten Zeit!

Halleluja. Halleluja. Der Menschensohn ist gekommen, um zu dienen und sein Leben hinzugeben als Lösegeld für viele. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Markus.
In jener Zeit traten Jakobus und Johannes, die Söhne des Zebedäus, zu ihm und sagten: Meister, wir möchten, dass du uns eine Bitte erfüllst. Er antwortete: Was soll ich für euch tun? Sie sagten zu ihm: Lass in deiner Herrlichkeit einen von uns rechts und den andern links neben dir sitzen! Jesus erwiderte: Ihr wisst nicht, worum ihr bittet. Könnt ihr den Kelch trinken, den ich trinke, oder die Taufe auf euch nehmen, mit der ich getauft werde? Sie antworteten: Wir können es. Da sagte Jesus zu ihnen: Ihr werdet den Kelch trinken, den ich trinke, und die Taufe empfangen, mit der ich getauft werde. Doch den Platz zu meiner Rechten und zu meiner Linken habe nicht ich zu vergeben; dort werden die sitzen, für die es bestimmt ist. Als die zehn anderen Jünger das hörten, wurden sie sehr ärgerlich über Jakobus und Johannes. Da rief Jesus sie zu sich und sagte: Ihr wisst, dass die, die als Herrscher gelten, ihre Völker unterdrücken und ihre Großen ihre Macht gegen sie gebrauchen. Bei euch aber soll es nicht so sein, sondern wer bei euch groß sein will, der soll euer Diener sein, und wer bei euch der Erste sein will, soll der Sklave aller sein. Denn auch der Menschensohn ist nicht gekommen, um sich dienen zu lassen, sondern um zu dienen und sein Leben hinzugeben als Lösegeld für viele.

Lecture du livre du prophète Isaïe.
Broyé par la souffrance, il a plu au Seigneur. S’il remet sa vie en sacrifice de réparation, il verra une descendance, il prolongera ses jours : par lui, ce qui plaît au Seigneur réussira. Par suite de ses tourments, il verra la lumière, la connaissance le comblera. Le juste, mon serviteur, justifiera les multitudes, il se chargera de leurs fautes.

R/ Que ton amour, Seigneur, soit sur nous comme notre espoir est en toi !
Oui, elle est droite, la parole du Seigneur ;
il est fidèle en tout ce qu’il fait.
Il aime le bon droit et la justice ;
la terre est remplie de son amour. R
Dieu veille sur ceux qui le craignent,
qui mettent leur espoir en son amour,
pour les délivrer de la mort,
les garder en vie aux jours de famine. R
Nous attendons notre vie du Seigneur :
il est pour nous un appui, un bouclier.
Que ton amour, Seigneur, soit sur nous
comme notre espoir est en toi ! R

Lecture de la lettre aux Hébreux.
Frères, en Jésus, le Fils de Dieu, nous avons le grand prêtre par excellence, celui qui a traversé les cieux ; tenons donc ferme l’affirmation de notre foi. En effet, nous n’avons pas un grand prêtre incapable de compatir à nos faiblesses, mais un grand prêtre éprouvé en toutes choses, à notre ressemblance, excepté le péché. Avançons-nous donc avec assurance vers le Trône de la grâce, pour obtenir miséricorde et recevoir, en temps voulu, la grâce de son secours.

Alléluia. Alléluia. Le Fils de l’homme est venu pour servir, et donner sa vie en rançon pour la multitude. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Marc.
En ce temps-lä, Jacques et Jean, les fils de Zébédée, s’approchent de Jésus et lui disent : « Maître, ce que nous allons te demander, nous voudrions que tu le fasses pour nous. » Il leur dit : « Que voulez-vous que je fasse pour vous ? » Ils lui répondirent : « Donne-nous de siéger, l’un à ta droite et l’autre à ta gauche, dans ta gloire. » Jésus leur dit : « Vous ne savez pas ce que vous demandez. Pouvez-vous boire la coupe que je vais boire, être baptisé du baptême dans lequel je vais être plongé ? » Ils lui dirent : « Nous le pouvons. » Jésus leur dit : « La coupe que je vais boire, vous la boirez ; et vous serez baptisés du baptême dans lequel je vais être plongé. Quant à siéger à ma droite ou à ma gauche, ce n’est pas à moi de l’accorder ; il y a ceux pour qui cela est préparé. » Les dix autres, qui avaient entendu, se mirent à s’indigner contre Jacques et Jean. Jésus les appela et leur dit : « Vous le savez : ceux que l’on regarde comme chefs des nations les commandent en maîtres ; les grands leur font sentir leur pouvoir. Parmi vous, il ne doit pas en être ainsi. Celui qui veut devenir grand parmi vous sera votre serviteur. Celui qui veut être parmi vous le premier sera l’esclave de tous : car le Fils de l’homme n’est pas venu pour être servi, mais pour servir, et donner sa vie en rançon pour la multitude. »

Priedegt

Léif Matchrëschten! „Lass in deiner Herrlichkeit einen von uns rechts und den andern links neben dir sitzen!“ Dëst Wuert aus dem Evangelium, dëst Begieren vun deenen zwee Frënn vum Jesus ass scho ganz mënschlech oder net? Wien vun eis wënscht sech net och esou eng gutt Plaz am Liewen? Wie wënscht sech net och déi éischt an déi bescht Plaz? Mir all sinn ëmmer nees bestrieft, fir méiglechst gutt do ze stoen virun deenen aneren. Kaum een trëtt zu Gonschten vun engem aneren an den Hannergrond, jiddefalls net fräiwëlleg. Kuckt, wéi geet dat bäi politesche Walen? Et verdréit kaum een et gutt, wann en net als éischten do ervir geet. An an eise chrëschtleche Reien ass dat kaum besser. Et gëtt ee Kämpfen mat alle Mëttelen just fir no vir ze kommen. Awer ass dat echt chrëschtlech? Ass dat richteg fir ee Gleewegen?

Mir hunn haut dräi Sätz aus dem 4. Kapitel vum Hebräerbréif héieren. Des Sätz si sécherlech net liicht ze interpretéieren. An dach kënnen si eis eng Rei Pisten opzeechnen, déi fir eis haut wichteg sinn. Déi dräi Sätz definéieren tatsächlech eist „Chrëscht-sinn“. D’Fro, déi am Raum steet ass déi hei: Firwat lount et sech, ee Chrëscht ze sinn?

Ech hu meng perséinlech Gefiller zu enger Äntwert. An ech ginn heiansdo doduerch net esou richteg eens mat deem, wat un offiziellen Matdeelungen kënnt. A grad haut gi mir jo nawell dacks ganz kräfteg duerchgerëselt an eiser Gesellschaft fir dat, wat scheinbar eist Chrëscht-sinn ausmécht. Wéi dacks gi mir reduzéiert op eng Rei vun Sätz a Meenungen? An eis Kierch ass dorun duerchaus selwer schold. Wann ech kucken, wéi och nach haut op esou eenzel Sätz gepocht gëtt, déi allem Uschäin no wichteg sinn, da ginn ech ganz skeptesch. Besteet Chrëscht-sinn just aus dem Bekennen vun eenzelen Glawenssätz? Am Chrëscht-sinn geet et net isoléiert ëm wouer Sätz vun engem Bekenntnis, ethesch Moossstief, al Bräich, korrekt Riten, politesch Uspréch ze erhiewen, kierchlech Loyalitéit an zweckméisseg Verwaltung. Dat alles kann, jo muss et vläicht ginn, fir am Alldag ee Liewen an enger Gemeinschaft vu Chrëschten ze organiséieren. Mä awer dann, wann dat ganz ouni Christus geschitt a quasi als dat Wesentlecht vum Chrëscht-sinn betruecht gëtt, dann ass et einfach ouni Séil an domat hifälleg. A genee do setzt meng Kritik haut un. Si mir net scho längstens an eiser Kierch genee op deem Punkt? Mir organiséieren, mir sammele Geld fir Projeten, mir maache Pläng fir Gottesdéngschter, mir versiche Gesangsveräiner nei ze uerdnen a mat Statuten aus ze stafféieren, mir investéieren Geld, mir kafen Uergelen. Jo mir maachen ee grousse Betrib aus allem, wat esou ze maachen ass. Awer eben dat passéiert meeschtens ganz ouni iergend ee Bezuch zu Gott oder Jesus Christus. Mir sangen fir ee Gottesdéngscht ze „verschéineren“. Fir wien sange mir, fir eis oder fir Gott? Wie stellt sech nach déi Fro beispillsweis? All eist kierchlecht Gedeessems, all eist Organiséieren ass wäertlos an ouni Séil, wann et net an enger lieweger Relatioun zu Jesus Christus steet. An all deene ville Joren hunn ech ni an engem Verwaltungsrot vun enger Par oder an engem Comité vun engem Gesank héieren, dass mir dat jo maachen, well mir Christus bzw. Gott éieren. Wa mir dee Bezuch net gesinn an net uechten, dann ass et kee Chrëscht-sinn.

Chrëscht-sinn ass als éischt an zulescht ee Begrëff fir eng Bezéiung, een onverwiesselbaart perséinlecht, biographescht an onmëttelbaart Verhältnis zu der Persoun vu Jesus Christus an duerch hien zu Gott an zu eisem Nächsten. Des Bezéiung muss do sinn. Ouni si ass all Wierken an a ronderëm eise kierchleche Betrib, och wann et nach esou gutt gemengt ass, hifälleg, eben ouni Séil, ouni Fong.

Chrëscht ass een, wann een säi Glawen Wierklechkeet gi léist am Alldag an a sengem Handelen. De Glawen muss sech an eng konkret Liewenskultur iwwerdroen. Huele mir ee konkret Beispill. Ech hu scho vum Sangen geschwat. Firwat sange mir an de Gottesdéngschter? Eist Sangen an engem Gottesdéngscht ass net dofir do fir eis selwer ze bestätegen an eisem kulturelle Kënnen, net fir eis selwer ze Gefalen, net fir eis gutt a grouss ze fillen. Et geet also net drëm fir méiglechst een Dichtegen ze sinn an op sech selwer ze weisen an seng „Selbstverwirklichung“ ze sichen. Eist Sangen ass ee Luef vu Gott. Dat muss mäin Uleies sinn. Eréischt dann ass d’Sangen en Ausdrock an eng Manifestatioun vum Glawen.

„Wir haben ja nicht einen Hohepriester, der nicht mitfühlen könnte mit unseren Schwächen, sondern einen, der in allem wie wir versucht worden ist, aber nicht gesündigt hat.“ Den Hebräerbréif weess ëm eis Schwächten. Déi versichen eis ëmmer nees an eng egoistesch an egozentresch Richtung ze lenken. De Jesus, an dorop deit den Hebräerbréif hin, gouf och vum Béisen a Versuchung gefouert. Hien huet awer widderstanen. Mir musse selwer ëmmer nees déi Versuchungen am Liewe gesinn an erkennen. Et geet an der Welt net einfach nëmmen ëm eis selwer an ëm eist „Gutt-do-stoen“. Et geet net drëm, dass mir déi bescht Platzen hunn, wéi d’Evangelium et undeit. Et geet drëm, dass mir déi Mëtt fannen, déi eise Glawen ausmécht. Dat ass Jesus Christus a seng Botschaft. Des Mëtt bitt eis de Moossstaf, fir dat eegent „Ech“, déi eege Perséinlechkeet ze entfalen an esou och dat richtegt Moos ze fannen, dat ech brauch, fir dass dat eegent Liewen als Deel vun engem grousse Ganze ka geléngen.

Vläicht nach eng kleng Iddie: Den Hebräerbréif schwätzt vum „Hohepriester“. An der laténgescher Iwwersetzung gëtt dëse Begrëff zënter alen Zäiten mat „Pontifex“ erëm ginn. „Pontifex“ heescht wuertwiertlech „Bréckebauer“. Christus baut eng Bréck tëschent Gott an eis, tëschent Mënschen a Mënschen. Een echte Chrëscht, deen dësen Titel zu Recht huet, misst och esou ee Bréckebauer sinn. Hien dierf net nëmmen op sech kucken, mä eben eng Relatioun, eng Bréck bauen zu de Matmënschen an och zu Gott. Dat awer sollt am Alldag geschéien, an eisem Handelen, an eise Begéinungen mat eise Matmënschen.

Fürbitten

„Wer bei euch groß sein will, der soll euer Diener sein.“, seet eis de Jesus. Am Vertrauen op hien, deen seng Muecht am Déngscht un de Mënsche weist, wëlle mir bieden:

  • Fir all déi een Amt vun der Leedung an eiser Kierch oder an der Gesellschaft hunn, dass ëmmer nees d’Wuel vun de Mënschen am Bléck hunn an si mat Respekt behandelen. Christus, héier eis.
  • Fir all déi sech an eiser Welt géint den Honger engagéieren, dass hiren Asaz Friichten dréit. Christus, héier eis.
  • Fir all déi ënner Ënnerdréckung, Muechtmëssbrauch a Verdreiwung leiden, dass si Hëllef an hirer Nout fannen. Christus, héier eis.
  • Fir all déi sech a Konflikter beméien fir eng Deseskalatioun vun der Gewalt ze erreechen. Christus, héier eis.
  • Fir all eis Verstuerwen, dass si fräi vun aller Nout bei dir liewen. Christus, héier eis.

Jesus Christus, du bass komm, fir däi Liewen hierzeginn, fir dass mir kënne fräi liewen. Dofir soe mir Merci a luewen dech elo an ëmmer. Amen.

II.

Jésus a assumé sa mission de serviteur pour l’humanité entière en lui ouvrant le chemin vers le Père. Supplions Dieu pour nos frères et sœurs du monde entier. Père très bon, reçois notre prière.
– Prions pour les couples, les familles et les peuples, déchirés par des luttes de pouvoir et des jalousies.
– Prions pour les hommes et les femmes qui siègent aux gouvernements des pays partout dans le monde, avec le souci du bien-être général.
– Prions pour les jeunes qui cherchent leur voie en notre monde de plus en plus complexe.
– Prions pour notre communauté, appelée à témoigner sans cesse de la joie de l’Évangile.
Seigneur notre Père, tu es fidèle en tout ce que tu fais. Puisque tu as accepté le sacrifice de ton Fils, entends la prière que nous t’adressons, par lui qui vit avec toi, dans les siècles des siècles. Amen.
(http://www.vieliturgique.ca)

Gowegebiet

Hëllef eis, Härgott, datt mir dësen Déngscht um Altor
mat fréiem Häerz a mat Würd vollzéien.
Maach eis duerch des Feier fréi vun aller Schold,
esou datt mir dir gefalen an ee Beispill fir eis Matmënsche kenne sinn.
Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Accorde-nous, Seigneur, de te servir à cet autel en toute liberté d’esprit; ainsi ta grâce pourra nous purifier dans le mystère que nous célébrons. Par Jésus.

Hochgebet: Jesus, der Bruder aller

Wir danken dir, Vater, Herr des Himmels und der Erde,
und preisen dich durch unseren Herrn Jesus Christ
Durch ihn, dein Wort, hast du die Welt geschaffen
und lenkst sie in deiner Weisheit.
Ihn, deinen menschgewordenen Sohn, hast du uns zum Mittler gegeben.
Er hat deine Botschaft verkündet und uns gerufen, ihm zu folgen.
Er hat uns erlöst durch sein Kreuz und mit deinem Geiste besiegelt.
Er ist der Weg, der uns zu dir führt, er ist die Wahrheit, die uns frei macht;
er ist das Leben und erfüllt uns mit Freude.
Durch ihn führst du deine Söhne und Töchter zusammen zu einer einzigen Familie.
Darum rühmen wir jetzt und in Ewigkeit dein Erbarmen

SANCTUS

Ja, du bist heilig, großer Gott.
Du liebst die Menschen und bist ihnen nahe.
Gepriesen sei dein Sohn, der immer mit uns auf dem Weg ist
und uns um sich versammelt zum Mahl der Liebe.
Wie den Jüngern (von Emmaus) deutet er uns die Schrift und bricht das Brot für uns.
So bitten wir dich, gütiger Vater:
Sende deine Heiligen Geist über die Gaben von Brot und Wein.
Er heilige sie, damit sie uns werden Leib + und Blut unseres Herrn Jesus Christus

Am Abend vor seinen Leiden nahm er beim Mahl das Brot und sagte Dank,
brach das Brot, reichte es seinen Jüngern und sprach:

Nehmet und esset alle davon:
Das ist mein Leib, der für euch hingegeben wird.

Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum,
reichte den Kelch seinen Jüngern und sprach:

Nehmet und trinket alle daraus:
Das ist der Kelch des neuen und ewigen Bundes,
mein Blut, das für euch und für alle vergossen wird zur Vergebung der Sünden.
Tut dies zu meinem Gedãchtnis.

Geheimnis des Glaubens.

Darum, gütiger Vater, feiern wir das Gedächtnis deines Sohnes, der uns erlöst hat.
Durch sein Leiden und seinen Tod am Kreuz
hast du ihn zur Herrlichkeit der Auferstehung geführt und ihn erhöht zu deiner Rechten.
Wir verkünden dieses Werk deiner Liebe, bis er wiederkommt,
und bringen dir das Brot des Lebens und den Kelch des Segens dar.
Wir feiern das Opfer Christi, das er uns anvertraut hat.
Er hat sich für uns hingegeben und schenkt uns Anteil an seinem Leib und Blut.
Wir bitten dich: Schau gütig auf die Gabe deiner Kirche,
und gib, daß wir im Geist deiner Liebe
für immer verbunden bleiben mit ihm und untereinander.
Barmherziger Gott, schenke uns durch die Teilnahme
an dieser Feier den Geist, der uns mit Leben erfüllt.
Erneuere uns nach dem Bild deines Sohnes.
Stärke unsere Einheit mit deinem ganzen Volk,
mit unserem Papst N. und unserem Bischof N.,
mit allen Bischöfen, Priestern und Diakonen und mit allen Männern und Frauen,
die zu einem Dienst in der Kirche bestellt sind.
Laß die Gläubigen die Zeichen der Zeit verstehen
und sich mit ganzer Kraft für das Evangelium einsetzen
Mache uns offen für das, was die Menschen bewegt,
daß wir ihre Trauer und Angst, ihre Freude und Hoffnung teilen
und als treue Zeugen der Frohen Botschaft mit ihnen dir entgegengehen.

Vater, erbarme dich unserer Brüder und Schwestern (N. und N.),
die im Frieden Christi heimgegangen sind,
und aller Verstorbenen, deren Glauben du allein kennst.
Laß sie dein Angesicht schauen, und schenke ihnen das Leben in Fülle.
Wenn unser eigener Weg zu Ende geht, nimm auch uns für immer bei dir auf,
und laß uns zusammen mit der seligen Jungfrau und Gottesmutter Maria,
mit den Aposteln und den Märtyrern (mit dem/ der heiligen N., mit den heiligen N. und N.)
und mit allen Heiligen dich loben und preisen durch unseren Herrn Jesus Christus.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit. Amen

Vaterunser

Dat deeglecht Brout, déi deeglech Nahrung brauche mir selwer a brauchen och déi vill Mënschen an der Welt. Dacks ass et allerdéngs esou, dass dat noutwendegst fir ze iwwerliewen net do ass. Wa mir elo zesummen bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet, da soll dat eng Ureegung sinn, dass mir selwer derfir suerge sollen, dass all Mënsch säin deeglecht Brout a Fräiheet an och esou vill wéi noutwendeg kann iessen: Vater unser ...

Friddensgebiet

Muecht ass eppes, wat eis all ëmmer nees a Sträit féiert. Biede mir ëm de Fridden fir eis all. Biede mir och drëm, dass mir selwer matschaffen un dësem Fridden. Loosse mir jidderengem en Zeechen vu Fridden schenken, ee Bléck voller Léift. De Fridden vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all.

Schlussgebiet

Allmächtege Gott, mir des Mass zesumme gefeiert.
Si soll Fruucht bréngen an eisem Alldag.
Schenk eis Dag fir Dag dat, wat mir fir eist Liewe brauchen,
a féier eis Welt zum Fridden an zur Gerechtegkeet.
Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Seigneur, fais-nous trouver des forces neuves dans cette communion aux réalités du ciel: assure-nous tes bienfaits ici-bas et instruis-nous des richesses de ton Royaume. Par Jésus.


Mass vum 10. Oktober
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 24. Oktober

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement