Monseigneur Emile Seiler

Februar 2021


Home Back Print Kontakt

Zënter dem Confinement huet den Här Professer Emile Seiler keng Mass méi an der Basilika kënnen zelebréieren. Vill Leit vermëssen hien, besonnesch an der 9-Auer Mass, déi hie déi lescht sechs Joer reegelméisseg Sonndes an Dënschdes gefeiert huet. Mat sengem grousse Wëssen iwwert Liturgie, Willibrord an Iechternach huet hien eis sou vill matginn. Awer seng Gesondheet huet him et leider net méi erlaabt. Hie wunnt elo zënter e puer Méint mat senger Schwëster am Eechternoacher Spidol an ass den Ëmstänn no ganz zefridden a monter. Mir wënschen him eng gutt Gesondheet an nach en etlech schéi Joren an eiser Mëtt.

Francis Erasmy

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement