Fir den Abbé Fernand Reuter huet och e neie Liewensofschnëtt ugefaangen. Hien ass viru kuerzem an eng kleng Wunneng vum Klouschter vun den Schwësteren "vom armen Kinde Jesu" geplënnert, wou hie sech ganz gutt opgehuewe spiert. Mir si ganz dankbar, datt hien nieft der Aumônerie am Klouschter och weiderhin wäert Déngschter iwwerhuelen an eiser Par, virun allem an den Eechternoacher Altersheimer, souwäit seng Gesondheet an d’Corona-Pandemie dat zouloossen. An der Muttergotteskapell ass de Moment (wéinst de Schutzmesuren Covid-19) leider keng Mass méiglech.
Francis Erasmy