Chrëschtdag - d’Komme vu Gott an der Stëllt


Home GoBack Print Kontakt

Im Anfang war das Wort ... (Joh 1,1), sou fänkt d’Johannesevangelium un. Dat ass och deen éischte Saz, deen op Chrëschtdag an der Houmass als Evangelium gelies gëtt. Mat engem wierklech déifgrënnegen „Prolog“ leet de Johannes säin Evangelium an a schwätzt vum Kommen vu Gott an eis Welt. Awer do ass näischt vun enger Krëpp, näischt vun Idylle, näischt vu Romantik. Dësen éischte Saz vum Evangelium léist de Schëpfungsberiicht am Buch Genesis ukléngen: „Gott sprach: Es werde ...“ (Gen 1,3) Et ass Gott, dee schwätzt. Et ass Gott deen handelt. An der Gebuertserzielung vum Lukas um Hellegen Owend, schwätzen just d’Engelen a Vertriedung vu Gott. D’Mënsche bleiwe stomm. Weder d’Hierten nach d’Maria an de Jousef, nach soss ee seet ee Wuert. Dat gëttlecht Wuert ass dat eenzegt, dat gesot gëtt. Dat gëttlech Wuert ass dat eenzegt, dat zielt. Mir Mënsche maache wuel an eisem Liewen vill Wierder. Mir schwätzen iwwer vill, op mir eppes wëssen oder net. Munches ass sécher gutt, wat mir soen. Munches awer ass och grenzwäerteg an et wier besser gewiescht, et wier net gesot ginn. Mir wëssen, dass Wierder och an eisem mënschleche Beräich villes bewierke kënnen, Fridden a Gerechtegkeet, mä och Sträit a Krich.

D’Wuert vu Gott ass d’Wourecht. Et wëll Fridden a Léift bréngen. D’Wuert vu Gott bréngt Liewen. Gott selwer gëtt duerch säi Wuert ee Mënsch am Jesus, deen dann absolutt op der Säit vun de Mënsche steet. Dëst Wuert vu Gott brauch kee Kommentar. Et muss net ausgeluecht ginn. Et schenkt einfach Liewen. Fir mech ass d’Evangelium vun der Houmass vu Chrëschtdag genee dat. Mir ginn drun erënnert, dass nëmmen dat gëttlecht Wuert zielt. Dat konkretiséiert sech am Mënsch Jesus a mir sollten et selwer an eisem Liewen unhuelen. Mir sollten no deem Wuert handelen a fir Wourecht suergen. Dat ass eis Aufgab!

Am Evangelium um Chrëschtmoien, aus der sougenannter Hiertemass, heescht et: „Als sie es sahen, erzählten sie von dem Wort, das ihnen über dieses Kind gesagt worden war.“ (Lk 2,17) Mir héieren do net, wat d’Hierten gesot hunn. Interessant ass awer d’Formuléierung, dass si vun vun dem Wuert erzielen, dat si héieren hunn. Et bleift an der Schwief. D’Wuert vu Gott ass geschwat. Et ass real am Jesus an des Welt komm. Do virdrun kann een nëmmen roueg ginn an ubieden. Loosse mir dach dëst Wuert vu Gott zu Wuert kommen, och haut an eiser Zäit. Loosse mir eis vill Wierder einfach emol op der Säit an des grouss Stëllt vun der Wourecht vu Chrëschtdag an eis ophuelen. Loosse mir Gott net duerch eis eegen vill ze vill Wierder iwwertéinen.

Gott bei uns
In die Krippe gelegt
unsere Sorgen und Ängste
unsere Trauer und Scham
unsere Schwächen und unser Scheitern.
In der Krippe erblickt
unsere Hoffnung und unser Glück
unsere Liebe und Zärtlichkeit
unser Leben verwandelt.
In der Krippe erkannt
Unser Leben wie es sein kann
Unser Leben ganz anders:
Gott nah bei uns.

(Klaus Vellguth in: Judith Lurweg, Klaus Vellguth (HG.), Dem Stern begegnen. Weihnachten, Herder Freiburg 2021, S. 8)

Carlo Morbach

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement