Editorial aus dem Parbréif 5/23

„Fäert net! Ech si bäi iech“


Home GoBack Print Kontakt

Lo ass schonns erëm ee laangt Aarbechtsjoer eriwwer. D’Kanner an déi Jugendlech dierfen sech op 2 Méint Vakanz freeën a munch Erwuessener genéissen an der nächster Zäit hire verdéngte Congé. Mä vläicht ass et dann och gutt, fir eng Kéier op dat ze kucken, wat an deene leschte Méint lass war an eiser Par an an eiser chrëschtlecher Gemeinschaft oder och an eisem perséinleche Liewen. Vill frou Momenter niewent sécher och ganz trauregen waren do. Op vill grouss Feieren, wou mir Freed haten, kënne mir kucken. Iwwerdeems, wou een vun engem Fest zum aneren geet, wou een Termin deen anere jot, vergeet d’Zäit ganz séier. Heiansdo denkt een et hätt een net vill gemaach. Wann een awer sou iwwerleet, da falen engem vill Ereegnisser an. Dir all huet bestëmmt munches, op dat dir elo mat groussem Merci zeréck kuckt. Loosst all dat emol en Revue passéieren. Eventuell kenn dir dann och ee klenge Merci viru Gott bréngen, fir alles, wat iech frou gemaach huet.

No der Vakanz steet dann erëm een neit Aarbechtsjoer un. An dat fuerdert vun eis Entscheedungen. Munchmol mécht dat Angscht. Jonker, déi elo op eng Uni ginn, oder eng éischt Aarbechtsplaz untrieden, Kanner, déi am Hierscht an ee Lycée ginn, eeler Leit, déi hier Pensioun untrieden, si all hu vläicht ee Gefill vun Onrou an Angscht, wat dann dat nächst Joer brénge wäert. „Fürchtet euch also nicht!“, seet de Jesus (Mt 10, 31a).

Mir brauchen eis keng Suergen ze maachen iwwer dat, wat op eis zoukënnt. Wa mir dem Jesus vertrauen, da brénge mir et fäerdeg, fir eis Aufgaben gutt ze erfëllen. Awer vläicht brauche mir eng Haltung zu deem, wat op eis zoukënnt. Dëst ass eng Haltung vu Léift, vu Léift zu de Mënschen, déi eis begéine wäerten, a vu Léift zu den Aufgaben, déi op eis duer kommen.

Furcht ist nicht in der Liebe, sondern die vollendete Liebe treibt die Furcht aus, sou heescht et am 1. Johannesbréif (1 Joh 4, 17f.). Et gi vill Saachen, déi eis kënnen Angscht ajoen. D’Krise vum Weltklima, de Krich, déi verschidden Staatscheffen, déi sou gären mat Atomwaffen spillen an och dreeën, fir se anzesetzen, di vill Mënschen op der Flucht. Et gi scho vill Saachen, déi an eis een déift bedréckend Gefill ausléisen. Angscht spillt wuel am Liewe vum Mënsch eng ganz grouss Roll. Jo och an eiser Kierch spillt d’Angscht mat, wa mir un d’Zukunft denken. Wéi soll et weider goen? Ëmmer manner Personal an ëmmer manner Leit, déi matmaachen!

D’Wuert aus dem Johannesbréif „Furcht ist nicht in der Liebe“ ass vläicht mat dat wichtegst Wuert vun eisem chrëschtleche Glawen. Do misste mir als Kierch dann och Virreider sinn, andeems mir net ängschtlech un Alem festhalen, mä mat Mutt an d’Zukunft ginn: zum Beispill am Punkt vun der Zouloossung vu Mënschen zu engem geeschtlechen Amt an der Kierch. Firwat hu mir sou vill Angscht virun de Fraen an sou enger Positioun? Firwat Angscht viru bestuete Männer als Priister? Firwat Angscht viru neien, jo och méi onkonventionelle Weeër? Wa mir méi wäert sinn, wéi déi vill Spatzen (Mt 10, 31b: „Ihr seid mehr wert als viele Spatzen.“), da kënne mir dat dach ganz labber hikréien, oder?

Een neit Aarbechtsjoer steet no der Vakanz un. Gi mir lo mol an eis verdéngte Paus a versiche mir duerno zesummen nei Weeër ze goen an eiser Kierch an och an eisem perséinleche Liewen. Ech wënschen iech eng gutt a schéin Zäit.

Carlo Morbach

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement