Héichwaasserkatastroph an eiser Par


Home Back Print Kontakt

Déi lescht 14. a 15. Juli hat d’Héichwaasser eis Par elle getraff. Vill Wunnengen, Geschäfter an Haiser si beschiedegt. Och virun de Gotteshaiser haten d’Iwwerschwemmunge net halt gemaach. Zu Iechternach wor als éischt ’Muttergotteskapell a spéider och d’Krypta vun der Basilika bis zum Graf vum Hellege Willibrord iwwerschwemmt. Wéint Sanéierungsaarbechten ass d’Krypta dowéinter zur Zäit net zougänglech. Zu Steenem stoung d’Waasser eng 15 cm an der Kierch, déi eigentlech wéi op enger Insel läit. Do wor och de Kierfecht iwwerflut, genee wéi zu Bur déi zwee Griewerfelder, déi méi déif leien. Entgéint dem Androck, deen ee vu munche Fotoen aus der Loft hu kann, blouf d’Kierch zu Bur verschount. Dofir huet d’Uewerflächewaasser no staarke Reeschaueren déi lescht Zäit dräimol bis an d’Mompecher Kierch era gedréckt. Schlëmm getraff ass bei onsen däitschen Noper déi romanesch Kierch vu Mënnen/Minden. Nieft dem grousse Leed konnt een iwwerall e groussen Elan vu Solidaritéit erliewen. Merci all deenen, déi gehollef hunn a weider hëllefen. Bleiwe mir een deem anere verbonnen - duerch konkret Hëllef an duerch d’Gebiet!

Hëllefsaktiounen zu Gonschte vun de Mënschen an eiser Par:

Echternach-Inondations: BGLLLULL LU18 0030 2316 4846 0000
Rouspert-Mompech hëlleft a.s.b.l. BCEELULL LU34 0019 6055 4859 4000

Communication : « Inondation »

Luc Schreiner

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement