E Wuert fir de Mëttwoch, 13.5.2020

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. (Joh 15, 1-8)


Home Back Print Kontakt

In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: 1Ich bin der wahre Weinstock, und mein Vater ist der Winzer. 2Jede Rebe an mir, die keine Frucht bringt, schneidet er ab, und jede Rebe, die Frucht bringt, reinigt er, damit sie mehr Frucht bringt. 3Ihr seid schon rein durch das Wort, das ich zu euch gesagt habe. 4Bleibt in mir, dann bleibe ich in euch. Wie die Rebe aus sich keine Frucht bringen kann, sondern nur, wenn sie am Weinstock bleibt, so könnt auch ihr keine Frucht bringen, wenn ihr nicht in mir bleibt. 5Ich bin der Weinstock, ihr seid die Reben. Wer in mir bleibt und in wem ich bleibe, der bringt reiche Frucht; denn getrennt von mir könnt ihr nichts vollbringen. 6Wer nicht in mir bleibt, wird wie die Rebe weggeworfen, und er verdorrt. Man sammelt die Reben, wirft sie ins Feuer, und sie verbrennen. 7Wenn ihr in mir bleibt und wenn meine Worte in euch bleiben, dann bittet um alles, was ihr wollt: Ihr werdet es erhalten. 8Mein Vater wird dadurch verherrlicht, dass ihr reiche Frucht bringt und meine Jünger werdet.

Léif Kanner, léif Leit, am Evangelium vun haut kréie mir e Bild mat op de Wee, wat eis vertraut ass: De Wäistack, d’Riewen, an de Wënzer. De Jesus ass de Wäistack, seng Jünger sinn d’Riewen a säi Papp, Gott, ass de Wënzer. Sou seet de Jesus senge Frënn, an domat och eis. Mat sengem Wuert, mat senger Léift, mat sengem Beispill ass de Jesus de Wäistack. De Wäistack fënnt seng Kraaft fir ze liewen am Buedem. Liewen gëtt awer och méiglech gemaach duerch d’Aarbecht, d’Fürsorge an d’Léift vum Wënzer. Et ass e Bild, wat eis och an eiser Gemeinschaft ronderëm Jesus Christus leede kann a soll. De Buedem fir eist Liewen als Chrëschten ass d’Botschaft vu Gott, d’Botschaft vu Jesus Christus. Doraus kënne mir Kraaft fanne fir eis Gemeinschaft als Chrëschten lieweg ginn ze loossen. Mir hunn dann de Wënzer, Gott, de mat eis um Wee ass, de mat eis geet, a Suerg fir eis huet, ouni dass mir dat mierken, froen oder eis et verdénge missten. Am Jesus hu mir e liewegt Beispill, dat eis de Wee weist fir gutt Friichten ze droen, ze bréngen. Gutt Friichten ze bréngen, dat ass schonn eng Erausfuerderung a kéint eis souguer Angscht maachen. Kréie mir dat hin? Grat lo an der Zäit vum Confinement, ouni reegelméisseg gemeinschaftlech Momenter? Nu, mir hunn eppes wat eis verbënnt a wat eis Kraaft gëtt, iwwer all raimlech Trennungen ewech, wat eis ganz déif verbënnt, vill méi déif wéi all äusser Gemeinschaft: eist Mënsch-sinn, eis Mënschlechkeet, d’Schwieregkeeten mateneen an d’Léift zoueneen. An dann hu mir d’Léift vu Gott. An dat schaaft eng grouss Gemeinschaft, eng ënnerlech gebonne Gemeinschaft déi staark ass an eis dréit, sou dass mir dach all zesummen um Wee sinn. Mir sinn ënnerwee op Péngschten zou, wou d’Kraaft vu Gott soll op eis, an eis kommen. Mat der Kraaft brénge mir et fäerdeg, en den aneren gären ze hunn an him Guddes ze dinn a gutt Friichten ze sinn an ze bréngen. An dësem Moment schéngt dat schwéier ze sinn. An dach kënne mir all, jiddereen op senger Platz, a sengem Doheem, a senger klenger Gemeinschaft aktiv sinn, einfach a bescheiden. E stëllt Gebiet, e léiwe Gedanken, engem nolauschteren, engem hëllefen, den an Nout ass. Dëst sinn déi gutt Friichten, déi mir brénge kënnen.

Gott hat keine Hände, nur unsere Hände,
um seine Arbeit in der Welt von heute zu tun.

Er hat keine Füße, nur unsere Füße,
um Menschen auf seinen Weg zu führen.

Er hat keine Lippen, nur unsere Lippen,
um Menschen ein gutes Wort zu geben.

Er hat keine Hilfe, nur unsere Hilfe,
um den Menschen zur Seite zu stehen.

Josiane Mirkes
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement