E Wuert fir den Donneschdeg, 7.5.2020

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. (Joh 13, 16-20)


Home Back Print Kontakt

Nachdem Jesus seinen Jüngern die Füße gewaschen hatte, sprach er zu ihnen: 16Amen, amen, ich sage euch: Der Sklave ist nicht größer als sein Herr, und der Abgesandte ist nicht größer als der, der ihn gesandt hat. 17Selig seid ihr, wenn ihr das wisst und danach handelt. 18Ich sage das nicht von euch allen. Ich weiß wohl, welche ich erwählt habe, aber das Schriftwort muss sich erfüllen: Einer, der mein Brot aß, hat mich hintergangen. 19Ich sage es euch schon jetzt, ehe es geschieht, damit ihr, wenn es geschehen ist, glaubt: Ich bin es. 20Amen, amen, ich sage euch: Wer einen aufnimmt, den ich sende, nimmt mich auf; wer aber mich aufnimmt, nimmt den auf, der mich gesandt hat.

Am Johannesevangelium si mir mam Jesus ënnerwee fir an d’Déift vum Glawen ze goen. De Jesus gëtt senge Frënn e Beispill, wéi hien hinnen d’Féiss wäscht, an den Zeile just virun dem Evangelium vun haut. Deemools war et üblech, dass een seng Féiss gewäsch huet, oder vun engem Dénger (Sklav) a räichen Haiser d’Féiss gewäsch krut fir de Stepps vun der Strooss ofzewäschen. Et ass e Geste, wou een sech kleng mécht, wou een en Déngscht vun engem Dénger iwwerhëlt. De Jesus mécht sech kleng viru senge Frënn a kleng viru Gott.

Dëse Geste ass e Beispill, dat de Jesus senge Frënn gëtt. Hie setzt awer net sech selwer an de Virdergrond, mee verweist op den Härgott, setzt den Härgott an den Zentrum an hellt gläichzäiteg och seng Frënn ganz eescht. Hie seet eppes zu senger Platz, zu senger Bedeitung: Den Dénger ass net méi grouss wéi de Meeschter, deen dee geschéckt gëtt, ass net méi grouss wéi deen deen hien geschéckt huet. De Jesus ass am Zesummenhang mat Gott ze gesinn, an hie verweist eis ëmmer nees op den Härgott. Dat schaaft och eng aner Relatioun tëschent him a senge Frënn, eng Relatioun, déi doduerch weider an d’Déift geet. Aus dem Dénger a Meeschter gëtt eng Relatioun tëschent Frënn am 15. Kapitel vum Johannesevangelium, eng Relatioun, déi op Vertrauen a Léift opbaut, eng Relatioun, wou kee méi ass wéi den aneren, wou mir zesummen ënnerwee sinn, an aller Bescheidenheet. De Geste, wou de Jesus senge Frënn d’Féiss wäscht, ass méi wéi een «sech kleng maachen». Et ass e Geste vun der Léift an der Solidaritéit ënnerteneen a viru Gott.

En Text, den eis an der Oktav leede kann? Och d’Maria, eis Mamm, Patréinesch an Tréischterin, féiert eis ëmmer nees zu Jesus Christus, a mat him, zu Gott hin. Gott gëtt eis eng Basis fir eise Glawen, hien ass gläichzäiteg Fundament an Ziel vun eisem Liewen a mir sinn als Gemeinschaft ënnerwee. Mir kënne mat Maria als Mamm, als Weeweiser do stoen an d’Platz vu Gott an eisem Liewen siche, fannen an erkennen. Spiere mir, dass mir als Frënn ënnerwee sinn, als Frënn, déi vum Glawen, der Hoffnung an der Léift gedroe sinn?

Zusammen unterwegs – wohin?
Auf dem Lebensweg.
Auf dem Weg des Glaubens ?
Nicht Herr, nicht Meister.
Freund – Gott,
Freund – Jesus,
Freunde in der Gemeinschaft.
Vertrauen, Freundschaft, und Liebe
verbinden uns, machen uns zu Freunden,
Bescheiden, und doch zusammen auf dem Weg.
Mit einer Mutter im Glauben als Wegweiser.
Maria, unsere Mutter,
Leite uns!

Josiane Mirkes
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement