Opléisung vum Parbüro Consdorf

1. Oktober 2017


Home Go Back Print Kontakt Parbüro Eis Par

Am Kader vun de Verhandlungen iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat sinn ech mat der Gemeng Consdorf eens ginn, dass ech als Paschtouer d’Paschtoueschhaus zu Consdorf géif ooftrieden. Dir wësst, dass ech schon eng Zäit praktësch net méi ganz do wunnen. Ech hunn an all deene Joëren dëst Haus ennerhalen, well jo och do déi ganz Pararchiven an Parregesteren deponéiert waren. Ee Paschtoueschhaus ass jo net einfach nemmen d’Wunnecht vun engem Paschtouer, mä eben och ee Büroshaus, wou villes un Akten a Regesteren an eben och un historeschen Archiven leien. Well mir zenter Mee déi grouss nei Par Regioun Iechternach gegrëndt hunn, sinn en Deel vun den Archiven, dat heescht d’Parregesteren an alles, wat domadder zesummenhänkt am Parbüro zu Iechternach. Alles, wat Eegentum vun de Kierchefabriken ass, war bis elo nach zu Consdorf a muss demnächst eng nei Plaatz fannen. Dofir ass och scho gesuergt.

Spéitstens den 1. Oktober 2017 ass d’Paschtoueschhaus komplet eidel an d’Gemeng kann dann domadder maachen wat si well, sou wéi mir an enger feiner a fairer Oofmaachung eens goufen. Dat heescht awer och, dass vun do kee méi un d’Haus schelle ka kommen an och keng Telefonsleitung méi besteet. All Ufroën fir Dafschäiner oder aner Dokumenter sinn dann un de Parbüro zu Iechternach ze riichten. Wann ee mech als Paschtouer brauch, kann ee mech um Handy erreechen. Gespréicher fir Daf an Hochzäit asw. sinn dann an Zukunft zu Iechternach am Parbüro oder bäi de Leit doheem. Post an all aner schrëftlech Korrespondenz sinn un de Parbüro ze riichten.

Ech wees, dass dat eng Emstellung bedeit. Ech wees och, dass munecher lo Angscht hun, et géif da wierklech absolut d’Bach agoen mat der Kierch. Awer grad zu Consdorf hunn sech jo eng Reih Leit déi läscht Zäit extreemst engagéiert an hunn versicht Neies opzebauen. Mir ass et net Baang, dass et och an nächster Zukunft nach kierchlech-chrëschtlech Gemeinschaft zu Consdorf an an deenen aneren Dierfer gëtt. Op ech am Paschtoueschhaus zu Consdorf wunnen oder net, hënnert net drun fir eng Gemeinschaft opzebauen. Op villen Dierfer an eemolegen Paren gëtt et well 20 / 30 Joër kee Paschtouer méi an et funktionéiert trotzdeem. Och wann elo Muneches
nei an aaneschters ass, sou sinn ech dach iwwerzeegt, dass och ënnert dësen neien
Konstellatiounen eis Kierch gudd opgestalt ass.

Vum 1.10.2017 gëtt et kee Paschtoueschaus méi zu Consdorf. All Ufroën sinn ze riichten un:

Parbüro Iechternach, 12, Porte St. Willibrord L-6486 Echternach
(bzw.: Parbüro Iechternach, B.P. 40 L-6401 Echternach)
Telefon: 720149; E-Mail: iechternach cathol.lu

Wann een mat mir perséinlech direkt wëll a Kontakt trieden:
Telefon: 621197083 oder iwer E-mail: carlo.morbach cathol.lu

Konto fir Massintentiounen vun den Dierfer aus de Gemengen Beaufort, Bech, Berdorf a Consdorf: Fabrique d’Eglise Consdorf: IBAN LU84 1111 0133 8192 0000 CCPLLULL

Ech këmmere mech dorems, dass déi entsriechend Gelder op déi zoustänneg Kierchefabriken weidergeleet ginn.

Carlo Morbach, Paschtouer


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement