Leo XIII. Papst und Staatsmann

Jörg Ernesti


Home GoBack Print Kontakt Mir liesen

Sou steet et op der leschter Säit vum Aband vum Buch vum Jörg Ernesti. De Poopst Leo XIII. huet mat 25 Joer a 5 Méint dat drëtt längst Pontifikat vun der Geschicht gehat. Eréischt am héijen Alter vun 68 Joer den 3. Mäerz 1878 zum Poopst gewielt, huet hien säin Amt gefouert bis den 20. Juli 1903. Am Alter vun 93 Joer ass hien gestuerwen. Haut nach bekannt ass hien fir seng bedeitend Enzyklika „Rerum novarum“, wou hien sech mat der sozialer Fro beschäftegt a bis haut wichteg Pisten opweist, wéi mir eis an der Gesellschaft gerecht a gutt kënnen organiséieren. D’Léisung vun der sozialer Fro gëtt net an der chrëschtlecher Mildtätegkeet oder an Almosen gesicht, mä a strukturellen Reformen vun der Gesellschaft. Rechter a Flichten gëtt et op béiden Säiten, bäi den Aarbechter wéi bäi de Patronen, bäi den Aarmen wéi bäi de Räichen. Weder Gewalt nach Ëmstuerz vun der Gesellschaft si laut him de Wee zu enger méi gerechter Welt, mä eben eng géigesäiteg Uechtung. Respekt an Unerkennung vun deem jeeweils aneren stinn ganz uewen. De Leo XIII. ass mat sengen 86 Enzykliken dee Poopst, deen dëst Medium konsequent notzt fir seng Botschaft an d’Welt ze droen. Et kann een hien wuel och als deen éischten Medienpoopst bezeechnen, deen alles genotzt huet, wat sech him gebueden huet, fir sech ze manifestéieren. Op ganz villen Gebidder huet hien sech an senge laange Joren als Poopst agesat. Déi international Politik wéi déi jonk Kierchen oder och déi getrennten Chrëschten waren fir hien Thema vun sengem Engagement. Do derniewent huet hien sech fir eng Erneierung vun der Gesellschaft wéi och vun der Kierch selwer agesat. De Jörg Ernesti versicht a sengem 480 Säiten decke Buch ee gudden Iwwerbléck iwwert dësen interessanten Poopst ze ginn, deen an enger duerchaus stiermescher Zäit d’Geschécker vun eiser kathoulescher Gemeinschaft geleet a versicht huet ëmmer nees no vir ze kucken an d’Botschaft vu Jesus Christus an déi modern Zäit eriwwer ze bréngen.
Natierlech kënnen an engem eenzegen Buch net all Aspekter adequat beliicht ginn. Awer dës gutt Biographie zeechent schonn een bedeitend Bild vum Leo XIII. Jiddereen, deen sech ee wéineg fir d’Geschicht vun eiser Kierch interesséiert, gëtt hei ganz gutt informéiert an ugereegt weider ze liesen an ze studéieren. Ech kann iech dëst Buch nëmme wäermstens un d’Häerz leeën.

Carlo Morbach

Jörg Ernesti, Leo XIII. Papst und Staatsmann Herder Freiburg 2019, 480 Säiten, 38,- €


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement