5. Ouschtersonndeg B - 27./28.4.2024 - Héichfest vun der Tréischterin am Leed


Home Back Print Kontakt

5. Ouschtersonndeg B - 27./28.4.2024 - © Carlo Morbach - 24.4.2024

5. Ouschtersonndeg B - 27./28.4.2024 - Héichfest vun der Tréischterin am Leed


Léif Matchrëschten! “fir ze déngen...”, ass d’Thema vun eiser Muttergottesoktav vun dësem Joer. “Déngen”, fir een aneren eppes maachen, ass dat nach aktuell an eiser Zäit? Mir wëllen “herrschen”, “kommandéieren”, “d’Soen hunn”, awer sécher net einfach esou engem “déngen”! Haut wëll jiddereen uewe stoen. Konzepter, déi enger aner Plaz bedeiten, sinn eis net wëllkomm. Wat huet d’Maria gemaach? Wat huet de Jesus gemaach? Jo, wat ass eis Plaz an der Gesellschaft? Et lount sech schonn, fir mol iwwer des Problematik nozedenken. Muss ech wierklech ganz héich uewe stoen? Loosse mir eis haut um Fest vun eiser Tréischterin opmaache fir d'Botschaft vum Jesus. Soe mir eise Merci a ruffe mir säin Erbaarmen un.


* Här Jesus Christus, du bass Mënsch gi vun der Maria, eiser Tréischterin am Leed. Här, erbaarm dech eiser.

* Här Jesus Christus, du hues um Kräiz d’Maria och eis zur Mamm ginn. Christus, erbaarm dech eiser.

* Här Jesus Christus, du lauschters ëmmer nees op d’Wuert vun der Maria, eiser grousser Patréinesch. Här, erbaarm dech eiser.


Dagesgebiet


Härgott, eise Papp, du bass baarmhäerzeg, du gëss äis all Trouscht:

däi Sonn huet um Kräiz Maria, seng Mamm, och äis zur Mamm ginn.

Lauschter op eis Patréinesch, déi fir äis schwätzt,

a schenk äis an all Nout däin Trouscht an déng Hëllef.

Duerfir biede mer duerch Jesus Christus, däi Sonn,

eisen Här an eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht

mat dir lieft an Här ass an all Éiwegkeet. Amen.


Liesungen vum Fest vun der Tréischterin: Jes 49, 13-15 / 2 Kor 1, 3-7 / Joh 19, 25-27


Lesung aus dem Buch Jesaja.

Jubelt, ihr Himmel, jauchze, o Erde, freut euch, ihr Berge! Denn der HERR hat sein Volk getröstet und erbarmt sich seiner Armen. Doch Zion sagt: Der HERR hat mich verlassen, Gott hat mich vergessen. Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht. - Spruch des Herrn.


R. Selig, die in deinem Hause wohnen, o Herr.

Wie liebenswert ist deine Wohnung, du HERR der Heerscharen! +

Meine Seele verzehrt sich in Sehnsucht*

nach den Höfen des HERRN.

Mein Herz und mein Fleisch, *

sie jubeln dem lebendigen Gott entgegen. R

Selig, die wohnen in deinem Haus, *

die dich allezeit loben.

Selig die Menschen, die Kraft finden in dir, *

die Pilgerwege im Herzen haben. R

Sie schreiten dahin mit wachsender Kraft *

und erscheinen vor Gott auf dem Zion.

Ja, besser ist ein einziger Tag in deinen Höfen *

als tausend andere. R

Denn Gott der HERR ist Sonne und Schild. *

Der HERR schenkt Gnade und Herrlichkeit.

Nicht versagt er Gutes denen, die rechtschaffen wandeln. *

HERR der Heerscharen, selig der Mensch, der auf dich sein Vertrauen setzt! R


Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth.

Gepriesen sei der Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus, der Vater des Erbarmens und Gott allen Trostes. Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft haben, alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost, mit dem auch wir von Gott getröstet werden. Wie uns nämlich die Leiden Christi überreich zuteilgeworden sind, so wird uns durch Christus auch überreicher Trost zuteil. Sind wir aber in Not, so ist es zu eurem Trost und Heil. Werden wir getröstet, so ist es zu eurem Trost; er wird wirksam durch Geduld in den gleichen Leiden, die auch wir erleiden. Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich, denn wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch am Trost.


Halleluja. Halleluja. Sei gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit, Mutter der Hoffnung und der Gnade, Jungfrau Maria. Halleluja.


Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.

In jener Zeit standen bei dem Kreuz Jesu seine Mutter und die Schwester seiner Mutter, Maria, die Frau des Klopas, und Maria von Magdala. Als Jesus die Mutter sah und bei ihr den Jünger, den er liebte, sagte er zur Mutter: Frau, siehe, dein Sohn! Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.


Priedegt


Léif Matchrëschten!fir ze déngen...”, heiansdo froen ech mech, wien sech esou Themen ausdenkt a wat si da solle vermëttelen. Mech reizen sou Themen ëmmer nees, fir eist Verhalen an der Kierch an doriwwer eraus ze hannerfroen. Wie wëll schonn déngen? An: wat ass dat iwwerhaapt déngen?


Ech huelen haut d’Evangelium vum Fest vun eiser Tréischterin eescht a kucken op des puer Zeilen. De Jesus hänkt um Kräiz. Hie weess, dass säi Wee als Mënsch elo eriwwer ass. Gewëssermoosse mécht hien hei eng Aart Testament. Zwee Mënschen, déi him ganz no sinn, stinn do: seng Mamm an de Johannes. Als Optrag kréie béid, dass si sech een ëm deen anere solle këmmeren. Ee soll also deem aneren déngen, derfir suergen, dass et him gutt geet. Ech froe mech, op mir net all och ëmmer nees esou Verantwortung iwwerdroe kréie fir en anere. Eist Liewen ass wuel heiansdo zimmlech komplizéiert. Mä ëmmer nees begéine mir Mënschen, fir déi mir kënnen a solle Verantwortung iwwerhuelen. Et ass sécher ee Konzept, dat eisem allgemengen Trend fir ze liewe widdersprécht. An dach begéinen ech och Mënschen, déi genee dat maachen, wat hei am Evangelium ugedeit gëtt.


De Räichtum an eiser Gesellschaft ass grouss. An awer gëtt et Situatiounen, wou Mënschen absolutt ënner d’Rieder kommen. Ganz besonnesch sinn et dacks Kanner, déi vernoléissegt ginn. Eis Gesellschaft ass brutal. Mä da gëtt et genee déi Liichtblécker, déi hei am Evangelium ugedeit ginn. “Frau, siehe, dein Sohn!” Wéi vill Familljen huelen ee Kand op als Adoptivkand oder als Fleegekand a ginn engem Kand esou d’Méiglechkeet um Liewen deel ze huelen? Si si fir des Kanner Elteren. D’Maria hei am Evangelium gëtt d’Mamm vum Johannes. De Jesus gëtt den Optrag, dass si sech ëm dee soll këmmeren. All déi Familljen, déi haut Kanner ophuelen, erfëllen deen Optrag. Vläicht hunn si mat Kierch net allze vill um Hutt, mä si maachen awer genee dat, wat hei am Evangelium ugedeit ass. Si këmmeren sech ëm Kanner, déi soss kaum eng Chance hätten. Ass dat net dat, wat mat „dénge“ gemengt ass? Ech hunn ee grousse Respekt virun all dëse Leit. Si si vläicht méi chrëschtlech, wéi all déi, déi all Dag an d’Kierch lafen.


An der Kierch schwätze mir gäre vum “Déngen”, mir handelen dann awer an der Methode vum “Herrschen”. Nach ëmmer kleede mir eis gäre besonnesch, mat dichtege Kleeder vun all Zort. Mir loossen eis mat Titelen uschwätzen, déi längst op den Tipp gehéieren. Et wier héich un der Zäit endlech emol op dem Jesus säin Niveau zeréck ze fannen. Hie war einfach a bescheiden. Hien huet do gehollef, wou Nout war. Et gëtt mir ëmmer méi schlecht, wann ech all eis Kleriker gesinn, déi just hiren Ego am Bléck hunn, fir de Rescht awer ganz wéineg mat Déngscht um Hutt hunn. An der leschter Zäit stellen ech een enorme Réckschrëtt fest. Wat mir ëmmer manner Geeschtlecher hunn, wat déi ëmmer méi retro ginn an op hier Privileegie pochen, op a Kleedung, an Uried oder a Status. Dat huet mat “déngen” net méi vill ze dinn.


Mä net nëmmen an der Kierch ass dat de Fall. Egal, op a Veräiner, an der Gesellschaft allgemeng, a Betriber, an der Politik, dat wat zielt ass ëmmer nees d’Positioun, déi een un zéit. Eppes Konkretes a Seriéises maache fir anerer ass dacks net ugeduecht. Zielen deet deen eegenen Image. Herrsche wëll jiddereen. Déngen ass ee Konzept, dat aus der Zäit gefall ass. 


Déngen” heescht a mengen Aen net, dass ee Sklavenaarbecht mécht. “Déngen” heescht, dass ech mech fir een aneren asetzen, dass ech engem hëllefen ee gutt Liewen ze féieren, dass ech do sinn, wann et engem schlecht geet. Kënne mir dat nach? Jo, et gi vill Mënschen, déi dat nach kënnen an och maachen. Mä leider gëtt et och déi aner. Dofir ass d’Evangelium vum Fest vun eiser Tréischterin ëmmer nees ee groussen Usproch un eis all. Et fänkt domat un, dass mir eis mat deenen um Rand vun der Gesellschaft, um Rand vun eiser Welt ënnert hiert jeeweilegt Kräiz stellen. Da musse mir eis vum Jesus, deen um Kräiz hänkt opruffe loossen als Mamm/Papp fir déi kleng do ze sinn, als Kanner fir déi do ze sinn, déi eis an der Nout brauchen.


Eng lescht Bemierkung: Interessant ass dem Jesus seng Ausso. Titele ginn et bäi him hei just als familiär Bezéiungen: Mamm oder Papp, Jong oder Duechter. Sollte mir dat net och emol méi eescht huelen an eiser Kierch an an eiser Gesellschaft an all aner Titelen endlech ewech loossen.


Fürbitten


D'Maria ass d'Mamm vum Jesus. Si war seng éischt Jüngerin. Matt Vertrauen dierfe mir eist Gebiet un de Jesus hire Jong riichten:


* Här Jesus, Erléiser vun der Welt, schenk op d'Firsprooch hin vun denger Mamm Maria eis an der ganzer Schëpfung Undeel un denger Herrlechkeet. Christus, héier eis.


* Här Jesus, Erléiser vun der Welt, d'Maria huet mat groussem Courage hiert Liewen an dengem Déngscht ugeholl. Erwäch och an den Häerzer vun de Chrëschten vun haut dëse Courage fir en festen Asaz an dengem Déngscht. Christus, héier eis.


* Här Jesus, Erléiser vun der Welt, deng Mamm huet fir Fridden an hirem Ëmkrees gesuergt. Schenk och eiser Welt vun haut Fridden. Christus, héier eis.


* Här Jesus, Erléiser vun der Welt, du hues deng Mamm an deng Herrlechkeet opgeholl. Huel all eis Verstuerwen bäi dech a maach si glécklech. Christus, héier eis.


Här, eise Gott, du hues Grousses un der Maria gemaach an si eis zum Virbild geschenkt. Erhéier eis Gebieder, déi mir op hir Firsprooch hin un dech riichten. Mir luewen an éieren dech duerch Christus eise Brudder an Här. Amen.


Gowegebiet


Här, looss d'Kraaft vum Hellege Geescht op eis Gowe kommen,

a maach se zum Läif an zum Blutt vun dengem Sonn.

Hien huet vu Maria eis Mënschennatur ugeholl.

An dëser helleger Feier soll hien äis säi gëttlecht Liewe schenken.

Duerfir biede mer duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.


Schlußgebiet


Härgott, du hues all Muecht:

Am Sakrament, dat mer empfaangen hunn,

verkënnege mer den Doud an d'Operstoe vun dengem Sonn.

Gëff äis d'Kraaft, fir mat senger Mamm ënnert dem Kräiz ze stoen
an d'Leed vun hirem Sonn ze deelen,

fir datt mer och deelhuelen u sengem Operstoen.

Duerfir biede mer duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.


Mass vum 21. Abrëll
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 21. Abrëll

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement