Date mat Gott – mol anescht?

Die sieben Geistesgaben


Home Back Print Kontakt

Léif Jugendlech,

An der Zäit vum Confinement hu mir eis net gesinn. Mir kënnen awer een un den aneren denken, an och duerch e gemeinsaamt Gebiet verbonne bleiwen. Wann och villes ongewinnt ass, da maache mir einfach dat Bescht draus.

Mir hu lo Päischte gefeiert, dat Fest wou dem Jesus seng Frënn mat der Hëllef vum Hellege Geescht Kraaft kritt hunn fir raus ze goen an dem Jesus seng Botschaft an der Welt ze liewen. Si hunn et fäerdeg bruecht, fir Zeien ze sinn vun der Botschaft vu Gott, vu Jesus Christus. Déi Aufgab gëtt och eis all uvertraut, Iech alleguer, eis alleguer!

Mir kënnen zesummen iwwerleeën, wéi mir déi Botschaft lieweg gi loossen an eisem Liewen, och lo an dëser Zäit, wou de Covid 19 eist Liewe mat bestëmmt. Ech schloe vir, dass sech jiddereen all Dënschdeg owes bäi sech doheem e Moment hëlt, an nodenkt, wéi seng Woch war, wat gutt gelaf ass, wat méi schwéier war a wou mir d’Kraaft vu Gott brauchen fir besser duerch d’Liewen ze kommen. Sou si mir mateneen verbonnen, och wa mir eis net gesinn an der Basilika.

Ech wäert ëmmer dënschdes um 19.00 Auer un Iech denken.

Mir kënnen ons schreiwen per SMS (621 263256) oder per Mail (josiane.mirkes education.lu). Dir däerft och telefonéieren.

Mat léiwe Gréiss a gudde Wënsch fir Iech!

fir d’Pastoralekipp
Josiane Mirkes
Die sieben Geistesgaben
dargestellt durch die sieben Lichtfarben des Regenbogens.
aus: https://www.andrea-silvennoinen.de/sieben-geistesgaben/

Links:

Top

Jugend / pour les jeunes

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement