|
23. Sonndeg am Joereskrees C - 3./4.9.2022
Léif Matchreschten! “Mir nach, spricht Christus, unser Held. Mir nach ihr Christen alle!“ (Mag 616) Sou heescht et an engem bekannte Lidd am Magnificat. Dëst Lidd beschreift zimmlech gutt, wat Nofolleg vu Christus bedeit. Wa mir dem Jesus seng Opfuerderung eescht huelen an him wierklech wëllen nogoen, dann ass hien eis ee Virbild am Liewen, da kënne mir mir vun senge Beispiller léieren. Natierlech wäerten seng Weeër net déi vun de Masse vun de Leit sinn, scho guer net an eiser aktueller Zäit. Déi, déi him noginn, sinn duerchaus dacks eleng an der Welt, awer vun him selwer begleet. Froe mir hien elo zesummen ëm seng Begleeden fir eis. * Här Jesus Christus, du riffs eis an deng Nofolleg. Här, erbaarm dech. Dee gudde Gott soll sech eiser erbaarmen. Hien soll eis fräi maachen vun allem, wat d’Liewen an dëser Welt verhënnert an hien soll eis an dat éiwegt Liewen, an d’Räich vum Fridden, féieren. Amen. Dagesgebiet
Gudde Gott, du hues eis duerch déi Jong Jesus Christus erléist an als deng Kanner ugeholl. Kuck voll Guttheet op all, déi u Christus gleewen, a schenk hinnen déi echt Freed an déi éiweg Ierfschaft. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Dieu qui as envoyé ton Fils pour nous sauver et pour faire de nous tes enfants d’adoption, regarde avec bonté ceux que tu aimes comme un père ; puisque nous croyons au Christ, accorde-nous la vraie liberté et la vie éternelle. Par Jésus Christ. Gott, wir sind heute wieder Gast in deinem Haus. Du hast uns aufgenommen mit all unseren Nöten und Sorgen. Du hörst uns und trägst unsere Last. Lass uns weiterhin ruhen in dir und schenke uns den Mut, alle jene immer wieder einzuladen, die uns brauchen, damit alle, die uns suchen, dich finden mögen. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Weish 9, 13-19 / Phil 9b-10.12-17 / Lk 14, 25-33 Lesung aus dem Buch der Weisheit. Kv Herr, du bist uns Wohnung von Geschlecht zu Geschlecht. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an Philemon. Halleluja. Halleluja. Lass dein Angesicht leuchten über deinem Knecht und lehre mich deine Gesetze! Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre de la Sagesse. R/ D’âge en âge, Seigneur, tu as été notre refuge. Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre à Philémon. Alléluia. Alléluia. Pour ton serviteur, que ton visage s’illumine: apprends-moi tes commandements. Alléluia. Évangile de Jésus-Christ selon saint Luc. Priedegt
«Welcher Mensch kann Gottes Plan erkennen oder wer begreift, was der Herr will? Unsicher sind die Überlegungen der Sterblichen und einfältig unsere Gedanken.» (Weish 9, 13f.) Ech hunn an deene leschten Deeg zimmlech vill gelies a mech och mat der Geschicht vum Denken innerhalb vun der Theologie beschäftegt. Wat ee méi liest an nodenkt, wat een och méi erkennt, wéi wéineg een eigentlech weess a versteet. Dem Härgott säi Wëllen ass duerch d’Offenbarung an de Schrëften vun der Bibel niddergeluecht. Mir kënnen deen also do liesen a studéieren. Awer versti mir wierklech alles? Genee dat liesen ech haut am Buch vun der Weisheet. Wie ka scho behaapten, dass hien alles versteet? Ee Bléck an eis modern Naturwëssenschaften weist, dass et wierklech esou ass, dass mir als Mënschen wuel Villes erkennen a verstinn. Awer no all nei Entdeckung doen sech erëm weider Froen op. D’Sich no der berüümter Weltformel, déi alles géif erklären, ass bis elo a sécher bis op Weideres ouni Erfolleg. Mir gesinn also net hannert dat Ganzt vun eiser Welt. Fir ee gleewege Mënsch ass deemno de Plang oder de Wëlle vu Gott fir d’Schëpfung onverständlech. An eiser Liesung fanne mir haut am éischte Saz de Begrëff «Plang». Allerdéngs kann een dat griichescht Wuert, dat LXX (Septuaginta = grieschesch Iwersetzung vum AT) hei gebraucht och mat «Wëllen» iwwersetzen. Da géif et hei heeschen: «Welcher Mensch kann Gottes Wille erkennen?» Deemno géif et also drëm goen, fir de Wëlle vu Gott ze erkennen, deen an der Bibel (an der Tora) ausgedréckt ass. Et geet hei am Text dann dorëm, d’Fuerderunge vu Gott ze gesinn, déi onverzichtbar fir de Kinnek Salomo sinn (no dem Buch Weisheet geet et am gesamten Text ëm de Kinnek Salomo), fir säi Vollek regéieren ze kënnen. Déi mënschlech Konditioun an der Welt ass ganz dacks zimmlech schwéier, sou dass de Mënsch keng Zäit a keng Méiglechkeet huet, fir nom Wëlle vu Gott ze froen oder ze sichen. Mir sinn all Dag mat eisem Liewen beschäftegt, dat eis esou Villes ofverlaangt, dass mir einfach net dozou kommen. Eis Liesung dréckt dat esou aus: «Ein vergänglicher Leib beschwert die Seele und das irdische Zelt belastet den um vieles besorgten Verstand.» (Weish 9, 15) Hei kléngt den Platon un. D’Séil vum Mënsch ass esou bestëmmt vun hirer Existenz an engem Kierper, dass si eben och doduerch ageschränkt ass fir sech iwwer déi reng ierdesch Konditioun ze erhiewen. Heiansdo denken ech, dass mir haut genee esou liewen. Wa mir an eise Medien kucken, wat eis do als Neiegkeeten oder Noriichten präsentéiert gëtt, da sinn et zum gudden Deel esou ganz mënschlech-ierdesch Saachen: Party, Amusement, Fräizäit a Villes méi. Iergendwéi kléngt dat ëmmer un déi al Formule vun «panem et circenses - Brot und Spiele». Mir fillen eis gäre geschmeechelt vun deem, wat fir eise ‘Kierper’ interessant ass. De Geescht, d’Intelligenz gëtt hei kaum ugesprach. Och wann vun der Terminologie de Platon ukléngt an eiser Liesung, sou wëll d’Buch vun der Weisheet kengesfalls de Kierper als eppes Schlechtes duerstellen. Mä et schéngt esou ze sinn, dass all eis materiell Suergen vum Liewen eise Geescht esou wäit matrappen, dass mir eis just nach ëm déi Saache suergen a këmmeren an doriwwer Gott a säi Wëllen vergiessen oder einfach net méi zur Kenntnis huelen. Mir liewen haut an enger Welt, wou mat villen a mengen Aen onnéidegen Diskussiounen de Mënsch esou agespaant gëtt, dass hien sech kaum nach ëm echt Saachen Gedanke ka maachen. D’Liesung vun haut aus dem Buch vun der Weisheet ass eigentlech ee Gebiet. De Salomon biet ëm d’Weisheet. Hie biet drëm, dass säi Geescht fräi gëtt, fir déi eigentlech Problemer a Suergen vun der Welt ze gesinn an ze erkennen. Vläicht misste mir grad haut och erëm méi ëm sou eng déif Weisheet bieden. Mir loossen eis ze vill vun Onwichtegem oflenken. Mir loossen eis a Villem och uschmieren. D’Weisheet besteet awer doran ze gesinn, wat wierklech wichteg ass. Si besteet dann och doran de Wëlle vu Gott ze erkennen an deen ëmzesetzen an eisem Liewen. Vläicht kann een et jo och mol esou ausdrécken: De Wëlle vu Gott besteet net einfach a wirtschaftlechem Wuesstem, mä a gerechter Verdeelung vun de Ressourcen. De Wëlle vu Gott besteet net an der Herrschaft een iwwer deen aneren, mä an der Léift an am gemeinschaftlechen Sichen nom Wuel vun allen. De Wëlle vu Gott besteet net an enger gendergerechter Sprooch, mä am Respekt vun all Mënsch an egal wat fir enger Liewenssituatioun. De Wëlle vu Gott besteet net am Ausspillen vun iergendwellechen Rechter op Käschten vun aneren, mä an engem éierlechen Ausgläich. Wa mir bieden, da misste mir ëm des déif Weisheet bieden. Nëmmen dann, wa mir déi hunn, kënne mir eng gutt Welt opbauen. Biede mir haut ganz besonnesch ëm des Weisheet. «So wurden die Pfade der Erdenbewohner gerade gemacht und die Menschen lernten, was dir gefällt; durch die Weisheit wurden sie gerettet.» (Weish 9,18f.) Fürbitten
Jesus Christus berifft jiddereen perséinlech op eng ganz besonnesch Manéier. Voll Vertrauen komme mir bäi hien a bieden:
Här Jesus, du bass eis Hoffnung an eist Liewen. Lauschter op eist Gebiet, elo an ëmmer. Amen. II.
Nos pensées sont parfois chancelantes et nous ne savons pas toujours comprendre la volonté de Dieu. Tournons-nous vers lui pour qu’il nous fortifie par son Esprit qui habite en nous. – Prions pour le Pape et les évêques; qu’ils soient toujours disposés à accueillir chaque membre de l’Église comme un frère, une sœur. – Prions pour les élus qui occupent différentes fonctions au service de tous et toutes; qu’ils soient sans cesse habités par la sagesse. – Prions pour les personnes qui œuvrent en éducation; qu’elles transmettent à tous les jeunes le sens du bien commun. – Prions pour tous les baptisés appelés à suivre le Christ, sagesse éternelle du Père; qu’ils trouvent chaque jour l’inspiration et la détermination pour le faire. – Prions pour nos communautés chrétiennes; qu’elles soit toujours davantage des lieux d’accueil fraternels, ouverts et chaleureux. Dieu notre Père, source de la sagesse, daigne accorder à tes enfants ce qu’ils désirent dans l’Esprit Saint. Nous te le demandons par ton Fils, Jésus, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
Här, eise Gott, du schenks eis de Fridden an du gëss eis d’Kraaft, fir dir opriichteg ze dengen. Looss eis dech duerch eis Gowen éieren a looss eis duerch d’Deelhuelen un deem enge Brout an deem enge Kellech och eng eenzeg grouss Gemeinschaft ginn. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dieu qui donnes la grâce de te servir avec droiture et de chercher la paix, fais que cette offrande puisse te glorifier, et que notre participation à l’eucharistie renforce les liens de notre unité. Par Jésus. Barmherziger Gott, Brot und Wein werden in dieser Feier zu Leib und Blut Jesu Christi, der sich für uns geopfert hat. Wir bitten dich: lass auch uns erfahren, dass wahre Liebe jederzeit zu Opfern bereit ist. Darum bitten wir durch Christus, unseren Heiland und Retter. Hochgebet - „Bescheidenheit“
Gott, wir danken dir für Jesus, unseren Bruder. Wir sind da, um sie zu teilen, um uns miteinander an Jesus zu erinnern, Deine Lebenskraft beseele die Dinge und Geschöpfe – wie am Anfang so am Ende – Darum bitten wir dich: Sende deinen Geist über Brot und Wein, Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er beim Mahl das Brot NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Jesus, bis du wiederkommst, bleibt uns die Erinnerung Jesus, deine Demut, sie hat den Machtlosen die Füße gewaschen, Gott, lass auch uns – gemeinsam mit unserem Papst Franziskus, Eines Tages wird es keine Ersten und keine Letzten mehr geben, Eines Tages wird das Einteilen in oben und unten zu Ende sein und die große Rechnerei vorbei. Alle werden ganz dazu gehören, die Kranken gesunden, die Bekümmerten froh, Auf diesen Tag hin sind wir, deine pilgernde Kirche, unterwegs, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Brénge mir eis perséinlech Uleies, déi vun eiser ganzer Gesellschaft an och vun eiser Kierch viru Gott, eise Papp, mat deene Wierder, déi eisen Här Jesus eis geléiert huet: Vater Unser ... Friddensgebiet
Mir liewen an enger Welt wou vill Onroue a Kricher sinn. Dëser Welt bitt de Jesus awer säi Fridden un. Biede mir drëm, dass all Mënsch am Fridde ka liewen. Här Jesus Christus kuck net op eis Feeler mä op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden. Schlussgebiet
Här, eise Gott, an dengem Wuert a Sakrament gëss du eis Nahrung a Liewen. Looss eis duerch dës grouss Gowen an der Léift wuessen an zur éiweger Gemeinschaft mat dengem Jong Jesus Christus kommen, hien, dee mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen. Par ta parole et ton pain, Seigneur, tu nourris et fortifies tes fidéles: accorde-nous de si bien profiter de ces dons que nous soyons associés pour toujours à la vie de ton Fils. Lui qui règne. Gott, du hast die Kirche auf ein festes Fundament gegründet und „die Mächte der Unterwelt werden sie nicht überwältigen“. Die heiligen Gaben, die wir empfangen durften, seien uns Kraft und Ansporn, uns unbeirrt für die Wahrheit des Evangeliums einzusetzen und das in aller Bescheidenheit. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn.
|