E Wuert fir de Freideg de 1.5.2020

Fest vum Hl. Jousef, dem Aarbechter


Home Back Print Kontakt

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. (Mt 13, 54-58)
In jener Zeit 54kam Jesus in seine Heimatstadt und lehrte die Menschen dort in der Synagoge. Da staunten alle und sagten: Woher hat er diese Weisheit und die Kraft, Wunder zu tun? 55Ist das nicht der Sohn des Zimmermanns? Heißt nicht seine Mutter Maria, und sind nicht Jakobus, Josef, Simon und Judas seine Brüder? 56Leben nicht alle seine Schwestern unter uns? Woher also hat er das alles? 57Und sie nahmen Anstoß an ihm und lehnten ihn ab. Da sagte Jesus zu ihnen: Nirgends hat ein Prophet so wenig Ansehen wie in seiner Heimat und in seiner Familie. 58Und wegen ihres Unglaubens tat er dort nur wenige Wunder.

Mir all kennen dat schlecht Gefill, wann en a Fro gestalt gëtt oder kritiséiert gëtt. Grat an dëser Zäit si mir besonnesch séier mat eise Kriticken. Jidderee mécht gären wat hien selwer wëllt, oft ouni déi aner ze froen. Mir hunn am léifsten keen, den eis a Fro stellt, stellen awer déi aner gären a Fro. Vläicht hu mir grad ze gutt Zäit, wa mir sou doheem sinn, oder dat villt Doheemsinn bekënnt eis net gutt, sou dass mir villes a Fro stellen an awer net frou sinn, wa mir a Fro gestalt ginn. Duerch de Confinement sinn eis sozial Kontakter ageschränkt, an lo mierkt en op villen Niveau’en, wou en gutt oder manner gutt eens gëtt. An dat werft och e Liicht op déi Zäit virum Confinement. Wéi ass et an der Famill? Op wiem säi Wuert lauschteren ech gären? Wiem säi Rot sichen ech, och iwwer d’Barrièren ewech, déi déi aktuell Situatioun eis operleet? Wéi ass dat am Beruff? Sichen ech de Rot vu mengen Aarbechtskolleegen, oder waarden ech drop, dass si mir einfach Recht ginn, well ech net well a Fro gestalt ginn? Wéi ass et an der aktueller Situatioun vis-à-vis vun der Politik oder soss Instanzen, déi Entscheedungen huelen? Lauschteren ech hinnen no, oder stellen ech alles gläich a Fro? Sécher, wann eng Noutsituatioun ass, da leien bemol dem Stäerksten seng Nerve blank. An eiser Zäit vun haut ass et relativ einfach ze erklären an sou verstinn sech unhalend Kriticken, och an de Medien, ganz vum selwen. Am Evangelium vun haut presentéiert de Matthäus eis e Jesus, den ofgeleent gëtt a senger Heemechtsstad. Et ass net sou, dass si seng Wierder net weis, net intelligent fannen oder, dass si seng Wonner net gesinn. Si erkennen hien net un, well hien de Jong vum Zammermann ass, deem seng Bridder a Schwësteren ënnert hinne wunnen. An eise Wierder: Hien ass e vun eis, also ka vun him näischt Besonnesches kommen. Et ass e relativ onfairt Jugement, wann en engem keng Chance léisst, well den aus dëser oder der Famill kënnt. Ass et den Näid de schwätzt? Ass et d’Bornéiertheet? Firwat trauen ech engem aus mengem Duerf, aus menger Gemeinschaft näischt zou?
Loosse mir eis haut um 1. Mee, dem Festdag vum Hl Jousef, wou hien eis als Aarbechter begéint, ustieche vun der Einfachheet vum Jousef, op aner Mënschen ze lauschteren an hinnen ze vertrauen, ongewéinlech Weeër ze goen, Weeër openaner zou. Wa mir den Dag vun der Aarbecht feieren, dann sollte mir net vergiessen, dass mir op der Aarbecht, wéi och am Liewen net eleng ënnerwee sinn, dass mir Aarbechtsbedingungen zesummen diskutéieren, an dass mir vläicht grad an eisem Ëmfeld d’Prophéite fannen, déi eis leeden um Wee vu Jesus Christus.

Hei e puer Zitater déi eis an eisen Iwwerleeungen a Gebieder leede kënnen:

In jedem Menschen steckt ein König. Sprich zu dem König, und er wird herauskommen.
(däitscht Spréchwuert)

Achte dich selbst, wenn du willst, dass andere dich achten sollen. (A. F. Knigge)

Wenn du die Welt verändern willst, beginne mit dem Menschen, den du jeden Morgen im Spiegel siehst. (Simone Weil)

Josiane Mirkes
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement