Dräifaltegkeet - 6./7.6.2020


Home Back Print Kontakt

Aféierung an d’Mass

„Die Gnade Jesu Christi, des Herrn, die Liebe Gottes und die Gemeinschaft des Heiligen Geistes sei mit euch allen.“ - Und mit deinem Geiste.
Léif Matchrëschten! Haut feiere mir mam Fest vun der Dräifaltegkeet Gott selwer. Déi grouss Fro steet allerdéngs am Raum: Wien ass Gott? Wéi ass Gott? Wa mir dem Jesus seng Priedegt lauschteren, da kréie mir ee Gott virgestallt, deen d’Léift ass, dee Freed a Liewen ass. De Jesus schwätzt net vun engem Gott dee strooft an deen eis wëll anengen. Neen, hie schwätz vun engem Gott dee wéi ee gudde Papp oder eng léif Mamm ass. De Jesus seet eis, dass all Angscht iwwerflësseg ass viru Gott. Gott wëll mat eis duerch d’Liewe goen an alle Situatiounen. Dofir huet hien sech och am Jesus selwer ganz mënschlech gewisen. Hien huet Leed a Freed vun eis Mënschen gedeelt. Gott wëll och elo duerch säi Geescht an a mat eis sinn. Gott wëll mat eis an ee Gespréich kommen. D’Iddie vun der Dräifaltegkeet ass zum Deel dëst am Gespréich matenaner sinn. Mir sinn net eleng. Gott ass ëmmer mat eis. Ruffe mir seng Hëllef dofir un.

Kyrie

Loosse mir de Gott vun der Léift ëm säin Erbaarme froen:

Här Jesus Christus, du bass vollkommen eens an der Léift mat Gott dem Papp a mam Hellege Geescht. Du bass komm fir eis ze erléisen. (Här, erbaarm dech eiser.)

Här Jesus Christus, du hues ni een vun denger Léift a Baarmhäerzegkeet ausgeschloss.
(Christus, erbaarm dech eiser.)

Här Jesus Christus, du schenks allen däi Verzéien, déi dech dorëms froen. (Här, erbaarm dech eiser.)

Noloossung, Vergebung a Verzeiung vun eise Sënden a vun eisem Versoen soll eis dee gudden an treie Gott an senger Léift schenken. Hien soll all dat vun eis ewech huelen, wat eis belaascht, fir dass mir eis mat neiem Mutt deem Gudden zouwenden. Amen.

Dagesgebiet
Herr, himmlischer Vater,
du hast dein Wort und deinen Geist in die Welt gesandt,
um das Geheimnis des göttlichen Lebens zu offen-baren.
Gib, daß wir im wahren Glauben
 die Größe der göttlichen Dreifaltigkeit beken-nen
und die Einheit der drei Personen in ihrem machtvollen Wirken verehren.
 Darum bitten wir durch Jesus Christus.

Dreieiniger Gott, du hast dich uns geoffen-bart. Laß uns erkennen, daß wir in dir gebor-gen sind, und laß uns in der Einheit mit dir verbleiben, der du lebst und herrschest 
in Ewigkeit.
Texter: Lesung: Ex 34,4-9 / 2 Kor 13, 11-13 Evangelium: Joh 3, 16-18
Dieu notre Père, tu as envoyé dans le monde ta Parole de vérité et ton Esprit de sainteté pour révéler aux hommes ton admirable mystère; donne-nous de professer la vraie foi en reconnaissant la gloire de l’éternelle Trinité, en adorant son Unité toute-puissante. Par Jéus Christ

Guter Gott, du zeigst uns Menschen dein dreifaches Gesicht, so wie du bist. Im Vater bist du uns Schöpfer, im Sohn bist du uns Leben, im Heiligen Geist bist du uns Liebe. Immer bleibst du im Dialog mit uns Mensch-en. Lass uns das Geheimnis deines Wesens immer tiefer erfassen und den Menschen durch unser Leben von deiner Liebe Zeugnis geben. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn. Amen.
Lesung aus dem Biuch Exodus.
In jenen Tagen stand Mose früh am Morgen auf und ging auf den Sinai hinauf, wie es ihm der HERR aufgetragen hatte. Die beiden steinernen Tafeln nahm er mit. 5 Der HERR aber stieg in der Wolke herab und stellte sich dort neben ihn hin. Er rief den Namen des HERRN aus. 6 Der HERR ging vor seinem Angesicht vorüber und rief: Der HERR ist der HERR, ein barmherziger und gnädiger Gott, langmütig und reich an Huld und Treue: 8 Sofort verneigte sich Mose bis zur Erde und warf sich zu Boden. 9 Er sagte: Wenn ich Gnade in deinen Augen gefunden habe, mein Herr, dann ziehe doch, mein Herr, in unserer Mitte! Weil es ein hartnäckiges Volk ist, musst du uns unsere Schuld und Sünde vergeben und uns dein Eigentum sein lassen!
Lecture du livre de l’Exode.
En ces jours-là, Moïse se leva de bon matin, et il gravit la montagne du Sinaï comme le Seigneur le lui avait ordonné. Il emportait les deux tables de pierre. Le Seigneur descendit dans la nuée et vint se placer là, auprès de Moïse. Il proclama son nom qui est: LE SEIGNEUR. Il passa devant Moïse et proclama: «LE SEIGNEUR, LE SEIGNEUR, Dieu tendre et miséricordieux, lent à la colère, plein d’amour et de vérité. » Aussitôt Moïse s’inclina jusqu’à terre et se prosterna. Il dit: «S’il est vrai, mon Seigneur, que j’ai trouvé grâce à tes yeux, daigne marcher au milieu de nous. Oui, c’est un peuple à la nuque raide ; mais tu pardonneras nos fautes et nos péchés, et tu feras de nous ton héritage.»
Antwortpsalm: Dan 3, 52-56
Gepriesen bist du, HERR, du Gott unserer Väter. Gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit.

Gepriesen bist du im Tempel deiner heiligen Herrlichkeit. Gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit.

Gepriesen bist du, der in die Tiefen schaut und auf Kerubim thront. Gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit.

Gepriesen bist du auf dem Thron deiner Herrschaft.
Gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit.

Gepriesen bist du am Gewölbe des Himmels, gerühmt und verherrlicht in Ewigkeit.
Cantique de Daniel (Dn 3, 52, 53, 54, 55, 56)

R/ À toi, louange et gloire éternellement!
Béni sois-tu, Seigneur, Dieu de nos pères: R/
Béni soit le nom très saint de ta gloire: R/
Béni sois-tu dans ton saint temple de gloire: R/
Béni sois-tu sur le trône de ton règne: R/
Béni sois-tu, toi qui sondes les abîmes: R/
Toi qui sièges au-dessus des Kéroubim: R/
Béni sois-tu au firmament, dans le ciel, R/
Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an dir Gemeinde in Korinth.
11 Im Übrigen, Brüder und Schwestern, freut euch, kehrt zur Ordnung zurück, lasst euch ermahnen, seid eines Sinnes, haltet Frieden! Dann wird der Gott der Liebe und des Friedens mit euch sein. 12 Grüßt einander mit dem heiligen Kuss! Es grüßen euch alle Heiligen. 13 Die Gnade des Herrn Jesus Christus und die Liebe Gottes und die Gemeinschaft des Heiligen Geistes sei mit euch allen!
Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens.
Frères, soyez dans la joie, cherchez la perfection, encouragez-vous, soyez d’accord entre vous, vivez en paix, et le Dieu d’amour et de paix sera avec vous. Saluez-vous les uns les autres par un baiser de paix. Tous les fidèles vous saluent. Que la grâce du Seigneur Jésus Christ, l’amour de Dieu et la communion du Saint-Esprit soient avec vous tous.
Halleluja. Halleluja. Ehre sei dem Vater und dem Sohn und dem Heiligen Geist. Ehre sei dem einen Gott, der war und der ist und der kommen wird. Halleluja.
Alléluia. Alléluia. Gloire au Père, et au Fils, et au Saint-Esprit: au Dieu qui est, qui était et qui vient! Alléluia.
Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
16 Gott hat die Welt so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, damit jeder, der an ihn glaubt, nicht verloren geht, sondern ewiges Leben hat. 17 Denn Gott hat seinen Sohn nicht in die Welt gesandt, damit er die Welt richtet, sondern damit die Welt durch ihn gerettet wird. 18 Wer an ihn glaubt, wird nicht gerichtet; wer nicht glaubt, ist schon gerichtet, weil er nicht an den Namen des einzigen Sohnes Gottes geglaubt hat.
Évangile de Jésus Christ selon saint Jean.
Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique, afin que quiconque croit en lui ne se perde pas, mais obtienne la vie éternelle. Car Dieu a envoyé son Fils dans le monde, non pas pour juger le monde, mais pour que, par lui, le monde soit sauvé. Celui qui croit en lui échappe au Jugement; celui qui ne croit pas est déjà jugé, du fait qu’il n’a pas cru au nom du Fils unique de Dieu.
Priedegt

Léif Matchrëschten! Um Sonndeg vun der Dräifaltegkeet feiere mir eng Virstellung vu Gott, déi eis Chrëschten eegen ass: ee Gott an dräi Persounen, ee Gott an dräi Manifestatiounen. Awer wat bedeit dat fir eis? Wat wëll dës ganz speziell Virstellung vu Gott eis soen?

Mir maachen eis als Mënschen ëmmer nees Virstellungen, jo och Biller vu Gott. All Relioun kennt dat. Vun der Antiquitéit bis haut hu Mënschen sech ëmmer nees mat Biller a Virstellungen ausgemoolt, wéi dann elo dat gëttlecht Wiesen oder déi gëttlech Wiesen kéinte sinn. Dat huet eppes domadder ze dinn, dass schonn ëmmer de Mënsch gespuert huet, dass Gott, wann et hien da gëtt, net an enger Beschreiwung festzeleeën wier. Dee Moment, wou ech Gott bis an dee leschten Detail ka beschreiwen, ass hien net méi Gott. Aus der Definitioun eraus kann ee Gott net erkennen, héchstens e puer Mierkmoler si fir eis asiichteg, awer am Ganzen ass Gott net ze faassen. Firwat elo awer dann dëst besonnescht Fest an och dës Virstellung vu Gott als een dräifaltege Gott am Chrëschtentum? Gott als Papp ass de Schöpfer vun dëser Welt. Hien leet si. Gott als Jong ass am Jesus Mënsch ginn an huet alles, wat mënschlech ka sinn, mat eis gedeelt. Gott als Geescht begleet eis an eisem Liewen vum Alldag.

Mir ass deslescht eng Iddie, fir dëst ze verstoen, an de Kapp komm. Si mir als Mënschen an eisem ganz alldeeglechen Liewen net och eng Aart Dräifaltegkeet? Ech versiche meng verwurrelt Gedanken opzeschlësselen.

Jiddereen vun eis wëll als Mënsch eppes erreechen a maachen. Heiansdo wëlle mir ganz einfach och Meeschter sinn. Mir wëllen Här an eisem Haus, an eisem Kierper, an eisem Ëmfeld sinn. Jidder Mënsch huet eng ganz grouss Portioun „Herrschsucht“ a sech. Hie wëll de Chef sinn. De Mënsch ass vun senger Natur hier bestëmmt, fir säi Wee eegeverantwortlech ze goen. Dat entsprécht am Fong Gott, dem Papp. Mir trounen an eisem Ego iwwert aneren an iwwert dëser Welt.

Da si mir awer eben och Mënschen am Sënn vu Matmënschen. Mir deelen eist Liewen mat villen anere Mënschen. Mir freeën eis mat hinnen. Mir traueren mat hinnen. Krankheet an Nout erliewe mir alleguer. Awer och Freed a Wuelergoen si Gemeinsamkeeten an eisem matmënschleche Liewen. Gott, de Jong, ass am Jesus vun Nazareth ee Matmënsch vun eis all gewiescht. Dëse Jesus huet Freed a Leed mat de Mënsche gedeelt. Hien huet seng Léift verschenkt. Hien huet natierlech och Gedanken lancéiert, wéi mir als Mënsche besser matenaner kënnen eens ginn. Ass dat net och eis Aufgab haut, dëst Deelen vum Liewen, dëst matenaner no neie Weeër am Liewe sichen? De Jesus war net deen, deen einfach kommandéiert huet. Hien huet d’Liewe vu senge Matmënschen mat gelieft an all senge Facetten.

Dann ass do nach de Geescht vu Gott. De Geescht vu Gott manifestéiert sech an der Botschaft, déi de Jesus eis ginn huet. Mä ech denke mir, de Geescht vu Gott weist sech awer och dann, wa mir éierlech nodenken a versichen der Botschaft vu Gott op d’Spuer ze kommen. Mir mussen als Mënsche vun haut, ëmmer nees nei versichen, dem Härgott seng Botschaft fir eis Zäit ze verstoen. Dofir musse mir eise Geescht och asetzen, fir eis un dëse Geescht vu Gott erun ze taaschten.

Dräifaltegkeet ass elo awer, fir a mengem Bild vun engem dräifaltege Mënsch ze bleiwen, net eppes Statesches. Mir Mënschen dierfen och selwer ni nëmmen an engem Beräich liewen an handelen. Weder si mir Diktatoren, déi un der Spëtzt stinn an alles no eisem „Gutdünken“ reegelen an uerdnen, nach si mir eenzeg an eleng Mënschen, déi just an den Dag era liewen an sech keng Gedanken iwwert dat Ganzt vun der Welt maachen. Mir mussen an engem stännegen Austausch an Dialog bleiwen tëschent all deenen Dimensiounen.

Am Credo heescht et, dass de Geescht aus dem Papp an dem Jong ervir geet. Och aus eis als Mënschen muss esou wuel vun eisem ugebuerenen Driff no Herrschaft wéi aus eiser matmënschlecher Konditioun zesummen ee Geescht vu Solidaritéit a Léift, vu Fridden a Gerechtegkeet ervir goen, dee schliisslech hëlleft eis Welt zum Gudden ze féieren. Dräifaltegkeet ass een Operéieren an Handelen, ee Liewen a verschiddenen Dimensioun vun dëser Welt. Alleguer mussen si ëmmer nees an engem liewegen Austausch stoen.

Wéi falsch de Wee vun de Mënsche ka goen, gesi mir jo dee Moment, wou nëmmen eng Säit betount gëtt. All Diktaturen funktionéieren nom Prinzip vum Herrschen. Si hu keng Empathie fir d’Liewen, fir d’Matmënschen. Eréischt dann, wann een als Herrscher sech op den Niveau vun de Matmënschen erof gëtt, erlieft een och hiert Leed, mä och hier Freed. A wann een dann am Geescht vum Gestaltungswëllen a vun der Matmënschlechkeet handelt, da baut een eng Welt op, déi et wäert ass fir dran ze liewen an déi alle Wiesen eng Heemecht bitt.

Mir selwer ginn an eisem Liewen an Handelen vu Gott an enger him änlecher Aart dräifalteg gepräägt. Wa mir als Mënschen schonn nom Bild vu Gott erschafe sinn, da si mir wuel och an deem Sënn dräifalteg Spigelbiller vun him an eiser Welt. D’helleg Edith Stein, déi ech ganz grouss schätzen, huet dëst folgendermoossen ausgedréckt:

„Das göttliche Leben, das sich in der Gott liebenden Seele entfaltet, kann kein anderes sein als das dreifaltige der Gottheit. Es ist ja der Dreieinige, dem sie sich hingibt. Sie übergibt sich dem Vaterwillen Gottes, der gleichsam in ihr aufs Neue den Sohn erzeugt. Sie eint sich dem Sohn und möchte in ihm verschwinden, damit der Vater in ihr nichts mehr sehe als den Sohn. Und ihr Leben eint sich dem Heiligen Geist, es wird zur göttlichen Liebesausgießung.“

Fürbitten
Gott huet vill Nimm, a mir Mënsche maachen eis vill Biller vun him. Hien ass awer ganz sécher deen, deen eis gär huet, deem mir net gläichgülteg sinn, an deem mir eis Gebieder kennen uvertrauen. Dofir riichte mir elo eis Uleies un Gott, eise Papp, u Christus säin eenzege Jong an un den Hellege Geescht.

1) Härgott, Mënschen aus ville verschiddenen Reliounen sichen ee Wee zu dir. Looss si all a géigesäitegem Respekt matenaner liewen, bäi eis an iwwerall op der Welt. Härgott, héier eis.
2) Härgott, mir Mënschen hu verschidde Virstellungen vun dir. Schenk eis all déi Geescht, deen eis hëlleft, dech ëmmer besser ze erkennen an ze respektéieren. Härgott, héier eis.
3) Härgott, Chrëschten aus alle Kierchen gleewen un dech, deen eenzege Gott, an dach streiden si. Féier si an hirer Villfältegkeet zu enger Eenheet. Härgott, héier eis.
4) Härgott, vill Mënschen stellen dech a Fro. Si zweiwelen un dir. Gëff eis d’Kraaft dëse Mënschen ee Wee zu dir ze weisen. Härgott, héier eis.
5) Härgott, vill Mënschen, déi an eiser Welt deng Botschaft solle weiderginn, sinn ouni Mutt a Kraaft. Schenk hinne Geloossenheet an Stäerkt fir datt si neie Mutt an nei Freed fannen. Härgott, héier eis.
6) Härgott, vill Mënschen hunn eis verlooss. Huel all eis Verstuerwen bäi dech. Beloun si all fir hiren Asaz an hir Léift, zu eis. Härgott, héier eis.

Gudde Gott, aus Léift hues du eis erschafen, aus Léift bass du eis no an dengem Jong Jesus, aus Léift leets du eis an eisem Liewen duerch den Hellege Geescht. Dofir soen mir dir Merci elo an an all Éiwegkeet. Amen.
Entrainés dans le mouvement d’amour qui unit le Père, le Fils et le Saint-Esprit, nous pouvons demander à Dieu de veiller aux besoins de notre monde.
Dieu de paix et d’amour, écoute-nous.

  • Prions pour notre Église; que l’Esprit de Dieu, souffle d’unité et de paix, la garde fermement attachée au Christ, à son amour et à son exemple.



  • Prions pour ceux et celles qui ont reçu le don de gouverner; que Jésus, visage du Père, soit pour eux une source d’inspiration quotidienne.



  • Prions pour ceux et celles qui vivent loin de leur famille; que l’amour du Dieu Père, Fils et Esprit leur apporte réconfort et paix du cœur.



  • Prions pour les personnes engagées dans leur communauté chrétienne; que la grâce du Seigneur Jésus Christ, l’amour de Dieu le Père et la communion de l’Esprit Saint soient toujours avec elles pour les soutenir et les dynamiser.



Dieu notre Père, toi qui as montré tout ton amour pour le monde en acceptant l’offrande de ton Fils unique, écoute nos demandes et daigne les exaucer, par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen.
vieliturgique.ca

Gowegebiet
Gott, eise Papp, mir ruffen däin Numm un iwwert Brout a Wäin. Helleg dës Gowen an huel mat hinnen och eis selwer un, fir datt mir fir éiweg dir gehéieren. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Sanctifie, Seigneur notre Dieu, le sacrifice sur lequel nous onvoquons ton nom très saint; et, par cette eucharistie, fais de nous-mêmes une éternelle offrande à ta gloire. Par Jésus.

Gott, in deinem Namen haben wir die Gaben von Brot und Wein gebracht.
Sie sollen für uns zum Zeichen deiner Gegenwart unter uns werden.
Mit diesen Gaben nimm unsere Gemeinschaft an,
damit du auf ewig in unseren Herzen und in den Herzen aller Menschen leben kannst.
Durch Christus unseren Herrn. Amen.

Hochgebet – „Dank sei dir, Gott I“


Präfation
Vater, wir verherrlichen dich in deinem Sohn.
Er schenkt uns durch seine Macht ewiges Leben.
Wir preisen dich, weil wir dich als den einzigen
und wahren Gott erkennen durften
und weil Jesus das Werk vollbracht hat, das du ihm aufgetragen hast.
Wir danken dir, dass du dich in Jesus Christus geoffenbart hast,
der uns alles mitteilte, was du ihm gegeben hast.

V/A: Danket dem Herrn,
denn er ist gut. Halleluja,
danket ihm, Halleluja.

Wir loben dich, Vater, weil du bei Jesus warst
und ihn nicht allein gelassen hast,
als seine Stunde kam, um die Welt zu verlassen
und heimzugehen in deine Herrlichkeit.
Er selbst ist es, in dem wir dich, den Vater, sehen,
der unsere Trauer verwandelt in vollkommene Freude,
die uns niemand nehmen wird.

A: Danket dem Herrn, …

Mit Christus und mit allen Engeln und Heiligen rufen wir zu deiner Ehre:

Sanctus

Gütiger Vater, wir haben erkannt und geglaubt:
Dein Sohn ist in dir, wir sind in ihm, und du lebst in uns.
Du sandtest uns deinen Heiligen Geist,
den Geist der Wahrheit, der immer bei uns ist.
Aus der Fülle Christi schenkt er uns seine Gaben.

Vater, wir bitten dich,
dieser Geist wandle Brot und Wein für uns,
dass sie uns Leib + und Blut Christi werden.

Da er die Seinen liebte, die in der Welt waren,
liebte er sie bis zur Vollendung.
Und als die Stunde kam, da er von dir verherrlicht werden sollte,
nahm er beim Mahl das Brot und sprach den Segen, brach es
und reichte es seinen Jüngern mit den Worten:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB,
DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er nach dem Mahle den Kelch,
dankte wiederum und reichte ihn den Seinen und sprach:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH
DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH
UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Geheimnis des Glaubens

Vater, du hast uns Jesus zu unserem Heil gesandt.
Er ist von dir ausgegangen und in die Welt gekommen.
Er ruht an deinem Herzen und hat uns Kunde gebracht von dir.

A: Danket dem Herrn, …

Du bist allezeit in ihm geblieben,
damit wir zum Glauben kommen und durch ihn das Leben haben.

Wie das Weizenkorn, das in der Erde stirbt und reiche Frucht bringt,
so hat Jesus sein Leben preisgegeben, damit wir ewiges Leben gewinnen.

A: Danket dem Herrn, …

Gott, unser Vater, verbinde uns mit allen,
die den Namen deines Sohnes tragen:
mit Papst Franziskus, unseren Bischöfen
mit unseren Pfarrgemeinden,
mit der ganzen Kirche überall auf der Erde.
Lass uns als Kirche in Einheit zusammenstehen,
durch das Wirken deines Geistes und deine Verbündeten sein,
dein ewiger Bund unter den Menschen.

Wir bitten dich für die Verstorbenen.
Wir wollen ihnen in Liebe über den Tod hinaus
ein treues Andenken bewahren.
Nimm sie zu dir auf und sei du ihnen Licht, Freude und Leben.

Zusammen mit Maria und ihrem Gatten Josef,
mit allen Apostel und Heiligen beten wir dich an
im Geist und in der Wahrheit und bezeugen Jesus Christus, deinen Sohn.

Durch ihn und mit ihm und in ihm
ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes
alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Quelle unbekannt

Vaterunser

Mir éieren de Papp duerch de Jong am Hellege Geescht. Loosse mir zesummen al Kanner vun deem enge Papp bieden: Vater unser im Himmel, …

Friddensgebiet

De Geescht vu Gott weist eis de Wee vum Fridden a vun der Versönung. Vun dësem Geescht ugereegt biede mir eisen Här ëm säi Fridden fir eis a fir d’ganz Welt: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler a Sënden, mä op eise gudde Wëllen. Schenk eis al däi Fridden. De Fridde sief mat iech all.

Schlussgebiet
Dräifaltege Gott. Mir hunn an dëser Feier eppes vun denger Léift erfueren. Begleet du eis mat dengem Geescht, wa mir elo dohinner zeréckginn, wou eist deeglecht Liewen stattfënnt. Sief grad do béi eis, wann villes deng Presenz wëllt verdrängen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Puissions-nous trouver, Seigneur, le salut de l’âme et du corps dans le sacrement que nous avons reçu, tandis que nous affirmons notre foi en la Trinité, éternelle et sainte, comme en son indivisible Unité. Par Jésus.

Dreifaltiger Gott, in deinem Namen sind wir zusammengekommen,
um miteinander zu feiern und die Gemeinschaft zu erleben, um dir zu danken und dich zu bitten.
Schenke uns und allen Menschen Vertrauen zu dir, dass wir bei dir „zu uns“ finden können
und wir bei dir immer geborgen sind – heute und in Ewigkeit. Amen.

Gott, wir nennen dich Vater und Mutter, und doch bist du weit mehr für uns als Vater und Mutter.
Wo Menschen in deinem Namen zusammenkommen, rufen sie zu dir, danken dir und bitten dich.
Du hast dich den Menschen gegenüber auf verschiedene Weise beziehungswillig gezeigt.
In dir finden wir Liebe und Gemeinschaft, weil du Liebe und Gemeinschaft bist.
Schenke allen die an dich glauben, ein unbändiges Vertrauen, in dir zu sich zu finden,
mit dir ihr Leben bestehen zu können. Darum bitten wir....

Segen:

Unser Gott, der Himmel und Erde erschaffen hat,
unser Gott, der in allem lebt und liebt,
unser Gott, der uns den Weg weist und mit uns geht,
unser Gott, der uns Vertrauen schenkt und Mut macht,
unser Gott, der uns Leben und Erde anvertraut, weil wir seine Söhne und Töchter sind -
dieser Gott segne uns und alles, was wir tun in seinem Namen,
im Namen seines Sohnes und unseres Bruders Jesus,
und im Namen seines liebenden Geistes. Amen.

Mass vum 2 Juni
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 14 Juni

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement