Nationalfeierdag, 23.6.2022

Gedanken iwwer de Fridden


Home Back Print Kontakt

Lesung aus dem Buch des Propheten Micha. (Micha 4, 1-5)
1 Am Ende der Tage wird es geschehen:
Der Berg des Hauses des HERRN steht fest gegründet als höchster der Berge;
er überragt alle Hügel. Zu ihm strömen Völker.
2 Viele Nationen gehen und sagen:
Auf, wir ziehen hinauf zum Berg des HERRN
und zum Haus des Gottes Jakobs.
Er unterweise uns in seinen Wegen,
auf seinen Pfaden wollen wir gehen.
Denn von Zion zieht Weisung aus
und das Wort des HERRN von Jerusalem.
3 Er wird Recht schaffen zwischen vielen Völkern
und mächtige Nationen zurechtweisen bis in die Ferne.
Dann werden sie ihre Schwerter zu Pflugscharen umschmieden
und ihre Lanzen zu Winzermessern.
Sie erheben nicht mehr das Schwert, Nation gegen Nation,
und sie erlernen nicht mehr den Krieg.
4 Und ein jeder sitzt unter seinem Weinstock
und unter seinem Feigenbaum und niemand schreckt ihn auf.
Ja, der Mund des HERRN der Heerscharen hat gesprochen.
5 Auch wenn alle Völker ihren Weg gehen,
ein jedes im Namen seines Gottes,
so gehen wir schon jetzt im Namen des HERRN,
unseres Gottes, für immer und ewig.
Wort des lebendigen Gottes.

Aus menger Studienzäit op der Uni erënneren ech mech, dass an den 1980 Joren aus der DDR ee Patch fir op Kleeder op ze bitzen ganz populär ginn ass: „Schwerter zu Pflugscharen“. Des dräi Wierder hu ronderëm ee Bild gestanen, dat esou typesch fir den Ostblock war. Et ass d’Ofbildung vun enger Skulptur, déi als Geschenk vun der UdSSR un UNO 1957 gemaach gouf. D’Friddensbeweegung notzt dann um Enn vun de 70er Joren eben dëst Bild zesummen mat dem Zitat aus dem Buch vum Prophet Micha. Am Westen ass dann dat Bild iwwerholl ginn an an der Folleg huet d’Benotzen vum Bild ganz séier am Ostblock zum Verbuet an zu Verfolgung gefouert.[1]

Et ass interessant, wat an deene Joren alles gemaach gouf an de Friddensbeweegungen a wéi dann och déi ënnerschiddlechst Reaktiounen dorop waren. Eng Skulptur aus der Sowjetunioun, déi eigentlech fir de Fridde wëll Reklamm maachen an déi dann an engem Bild zesummen mam Zitat vum Micha gebraucht gouf, gëtt verbueden. Dobäi wollten dach nom zweete Weltkrich all Natiounen am Fridde liewen. Oder awer war dat Ganzt mam Fridden no 1945 hei an Europa nëmmen ee verduerwene Fridden? Wann ech mech u meng Jugend- an Studentenzäit erënneren, da war de Fridden deemools guer net esou sécher. Dee sougenannte kale Krich war omnipresent. Ëmmer méi Waffe si produzéiert ginn an de facto ass a ville Länner eng Aart Stellvertrieder-Krich gefouert
ginn. Et war also nëmmen richteg, dass an de 70er an 80er Joren grad déi Jonk sech engagéiert hunn fir de Fridden, dass si demonstréiert hunn, dass si ech agesat hunn fir Ofrëschtung. Net zulescht ass d’Bild da schliisslech zumindest hei am Westen och agaangen an déi politesch Alldagssprooch. 1991 huet och de Michael Jackson a sengem Song „Heal the World“ des Zeil agebaut: „Kuck d’Natiounen verwandelen hir Schwäerter a Pléi“. 1993 huet den deemolegen Präsident vun den USA, de Bill Clinton, beim Besuch vun enger Rëschtungsfirma gemengt: „Dee weltbeschten Fabrikant vu Schwäerter kann a wäert dee weltbeschten Fabrikant vu Pléi ginn.“[2]

An haut? Wéi gesäit et haut an eiser Welt aus? Wéi gesäit et hei an Europa aus? De Prophet Micha entwéckelt an eiser Liesung vun haut eng Utopie vun engem Fridden fir all Vëlker an Natiounen. Déi ethesch Relevanz, déi an esou enger Utopie läit, ass riseg. Och wann si ni kann zu 100 Prozent realiséiert ginn, sou ass sou eng Utopie dach wichteg, dass een op si hikuckt an an hier Richtung schafft. Déi aktuell Situatioun a Realitéit fuerdert, dass mir eis grad eben um Niveau vun der Ethik Gedanke maachen a Froe stellen. Wat ass wichteg am Moment? Wat kënne mir maachen fir zum Fridden zeréck ze fannen? Ass et richteg Waffen ze produzéieren an a Krichsgebidder ze liwweren? Gëtt et keng aner Méiglechkeeten do ze hëllefen?

Deslescht sot ee Mann mir ganz am Eescht, dass et wichteg wier Waffen un d’Ukrain ze ginn, da kéinten si do eben Krich maachen an da kéim de Krich net bis bäi eis. Ass dat déi richteg Ethik, déi richteg Astellung? Hu mir net scho genuch an deene leschten Joerzéngten nom zweete Weltkrich esou gehandelt a ganz Natiounen zu Gronn geriicht mat eise Waffen, jo och mat Stol, dee vu Lëtzebuerg komm ass?

Ech ginn zou, dass ech keng Äntwert weess. An ech fannen och, dass et wuel äusserst schwiereg ass fir Politiker am Moment, fir do déi richteg a gutt Entscheedung ze fannen. Ech sinn awer iwwerzeegt, dass mir bäi allem musse kucken, fir d’Streidereien net nach méi grouss ze maachen.

De Prophet Micha huet schonn deemools ee ganz klore Bléck op déi sozial a politesch Situatioun a Juda gehat. Dofir ass seng Utopie, déi hien hei entwéckelt, och net einfach ze gesinn als eng Fuerderung, fir aus allem einfach esou eraus ze klammen. Mä hien hëlt d’Realitéit eescht. Eng kuerzsiichteg Ofrëschtung ass net einfach de Schlëssel zum Fridden. Mä et muss eng gerecht „Schlichtung“ vun de Ursaache ginn, déi dem Krich zu Gronn leien.[3] Domat ass wuel och eng Richtung gewisen, wéi haut vläicht Streidereien a Krich ze iwwerwanne sinn.

De Schluss vun eiser Liesung dréckt dofir och eng ganz wichteg Siicht aus, déi mir eis hei zu Häerz kënnen a sollten huelen: Déi, déi am Numm vu Gott wëlle goen a liewen, mussen sech an der aktueller Realitéit bewären, déi eben ëmmer nees vu sozialen a politeschen Spannungen beherrscht gëtt an dofir och Onfridden bréngt. Déi, déi u Gott gleewen, jo och mir, kënnen net aus der Realitéit eraus klammen. Awer mir dierfen eis och net einfach offannen domat.[4] Mir mussen eis also ëmmer erëm asetzen, dass et zu Ausgläich a Fridde kënnt fir jiddereen.

Grad haut um Nationalfeierdag soll a muss eis dat een Uleies sinn. Mir mussen eis Aen opmaachen fir d’Realitéit a mir mussen eist Häerz op maachen fir d’Gerechtegkeet ënnert de Mënschen an de Natiounen all an dëser Welt. Amen.

[1] Vgl. Rainer Kessler, Micha, HThKAT, Freiburg 1999, S. 189.
[2] Vgl. ebd.
[3] Vgl. ebd. S. 190.
[4] Vgl. ebd.


Mass vum 19. Juni
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement