|
2. Sonndeg am Joereskrees C - 15./16.1.2022
Léif Matchrëschten! Lo ass dat neit Joer schonn 2 Wochen al. D’Chrëschtzäit ass och eriwwer. Haut fänkt dann erëm an der Liturgie d’Zäit am Joreskrees un. Wat huet sech geännert? D’Suergen an d’Problemer, déi mir am leschte Joer haten si bliwwen. Kee weess, wéi et weider geet. All eist Plangen, all eis Wënsch kënnen an engem klenge Moment erëm futti gemaach ginn. Heiansdo gëtt ee scho midd. Mä mir dierfen elo virun eisen Här trieden an him alles virleeën, wat eis plot. Hie schenkt eis Rou a Fridden. Ruffe mir hein un a froe mir ëm säin Erbaarmen. Kyrie
Här Jesus Christus, du hues bäi der Hochzäit zu Kana deng Herrlechkeet gewisen. Kyrie eleíson. Dagesgebiet
Här, allmächtege Gott, du stees iwwert dem Himmel an iwwert der Äerd. Du hues Muecht iwwert d’Häerzer vun de Mënschen. Dofir komme mir mat Vertrauen béi dech; stäerk all, déi sech em d’Gerechtegkeet an d’Léift an eiser Welt beméien, a schenk eiser Zéit déi Fridden. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Dieu éternel et tout-puissant, qui régis l’univers du ciel et de la terre : exauce, en ta bonté, les prières de ton peuple et fais à notre temps la grâce de la paix. Par Jésus Christ. Herrlicher Gott, du bist bei uns in den Freuden und Leiden, in den Hoch- und Tiefzeiten unseres Lebens. Stärke uns durch dein Leben spendendes Wort und das Mahl der Liebe. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Herrn. Liesungen: Jes 62, 1-5 / 1 Kor 12, 4-11 / Joh 2, 1-11 Lesung aus dem Buch Jesaja. Kv Kündet den Völkern die Herrlichkeit des Herrn! Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Durch das Evangelium hat Gott uns berufen zur Herrlichkeit Jesu Christi, unseres Herrn. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre du prophète Isaïe. R/ Racontez à tous les peuples les merveilles du Seigneur! Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Dieu nous a appelés par l’Évangile à entrer en possession de la gloire de notre Seigneur Jésus Christ. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt
Eng al bekannte Geschicht gouf eis am Evangelium erzielt, d’Hochzäit vu Kana. De Jesus mécht en éischt „Wonner“ a verwandelt Waasser a Wäin. Bis haut sinn esou „Wonnergeschichten“ ee grousse Bestanddeel vun der Relioun. Awer geet et hei ëm ee platt „Wonner“, ëm een iwwernatierlecht Agräife vun der Gëttlechkeet an eis Welt? Hänkt eise Glawe just un esou „Wonnergeschichten“? Fir mech perséinlech sinn dës Erzielungen keng „Wonnergeschichten“. Si sinn Hiweiser op eng Dimensioun, déi mir eréischt lues a lues mussen entdecken. Versiche mir eis op eng kleng Rees ze maachen an eis ze froen, wat des Erzielung vun der Hochzäit vu Kana fir eis haut kéint bedeiten. Als éischt gesinn ech hei eng Erzielung iwwer ee Mangel. Et feelt eppes. Op der Hochzäit, déi ee frout Fest sollt sinn fir d’Leit, geet op emol de Wäin aus. D’Freed dreet op ze halen. D’Stëmmung kéint ëmschloen an Trauer. Da steet do eng gewëssen Aart vun Zréckweisung vum Jesus vis-à-vis vu senger Mamm. Zimmlech graff weist hien si op d’Plaz. Et kléngt net ganz esou frëndlech. Weider sinn do déi eidel stenge Kréi. Nach net emol Waasser ass do, och wann dat fir dat rituellt Wäschen virgesinn ass. Wann ech des Aspekter dann elo op eis Zäit iwwerdroen, da kann ech haut och esou munch Mängel gesinn. Si mir net grad an deene leschten zwee Joer extreem vun eiser „Hochzäitsfeier“, dat heescht vun eisem frouen a gudde Liewen zeréck geruff ginn? Ee Virus huet bewierkt, dass eis vläicht materiell gesinn näischt feelt. Awer mir mussen eist Feieren zeréck huelen. D’Freed um Liewen ass zimmlech ageschränkt. An dann, wéi behuele mir eis vis-à-vis vu Leit, vun deene mir eis erhoffen, datt d’Situatioun sech verbessert? Mir erwaarden eis vun „deenen do Uewen“ och ëmmer erëm quasi Wonner, déi d’Nout solle léisen. An och vun do kënnt dann eng gewëssen Zréckweisung, well d’Zäit nach net do ass, fir een Enn vun der Nout an ze leeden. Déi eidel Kréi soe mir, dass mir a viller Hisiicht eist einfacht Liewe scho verbraucht hunn. Hei kéint ee vläicht och op déi natierlech Ressourcen an eiser Welt hiweisen. Sinn do net schonn esou munch Kréi zimmlech eidel? D’Geschicht am Evangelium hëlt dann eng erstaunlech Wend. Déi stenge Kréi gi mat einfachem Waasser gefëllt. Dat verwandelt sech a Wäin. Si mir net ëmmer op der Sich no deem Groussen an Dichtegen. Mir fëllen eis Kréi als éischt gären mat deem Extravaganten. Dat Einfacht an Alldeeglecht reizt eis net. Eis Kréi bleiwen laang eidel. Mir ginn hinnen net d’Chance, dass si voll ginn an dass si sou kéinten hiren Inhalt verwandelen. Bäi eiser Sich no deem Besonneschen iwwersi mir dat, wat virun eis ass. Ass net dacks dat Einfacht dat, wat eis liewe léist? A verwandelt sech dat net all ze dacks an eppes ganz Groussaarteges, wa mir frou domat sinn? Iergendwéi gesinn ech dee Gedanken och an der graffer Zréckweisung vum Jesus vis-à-vis vu senger Mamm. Si hat dat Grousst gefrot. A genee dat kënnt net einfach esou. Fir d’éischt muss dat Klengt, dat Bescheident, dat Einfacht do sinn. Eréischt duerno an engem zweete Schrëtt stellt sech dann dat Groussaartegt an. De Jesus setzt sech op Distanz zu allen ierdeschen oder vu eegenen Interessen geleeten Erwaardungen. Et geet hei net ëm ee platt Wonner. Et geet ëm Jesus Christus, ëm seng Botschaft, ëm dat Liewen, dat hien eis schenkt. De Wäin steet fir säi Liewen, säi Blutt vum Liewen. Déi eidel Kréi mussen nei gefëllt ginn mat der ganzer Wourecht vu Jesus Christus. Fir eis huet dat dann allerdéngs och munch Konsequenzen. Mir mussen eis eidel Kréi opfëllen an si sech da verwandele loossen duerch des Botschaft vu Christus. Mir kënnen awer ëmmer nëmmen eisen Alldag afëllen. Mir mussen eis och emol bescheiden ëm dat Einfacht an dat Alldeeglecht beméien. De Jesus weist d’Dénger an der Geschicht un, fir d’Kréi mat einfachem Waasser ze fëllen. Et gëtt net gesot, wou et hier kënnt. Warscheinlech awer huet et missten ee Stéck erbäi geschleeft ginn. Ech gesinn an dem Opfëllen d’Aarbecht, d’Méi vun eisem alldeegleche Schaffen an der Welt. An eréischt no dësem Asaz kënnt d’Verwandlung an d’Fest ka weider goen. Eist Liewen ass net eng éiweg Party. Et muss och geschafft ginn an d’Schaffen erméiglecht dann, dass Neies kënnt. Fürbitten
Zu Gott eisem Papp wëlle mir bieden:
Gott, eise Papp, an dengem Jong Jesus Christus hues du eis deng Léift geschenkt. Dir soe mir Merci, elo an ëmmer. Amen. II.
Comme la mère de Jésus s’est adressée à son fils pour lui signaler le manque de vin, tournons-nous vers le Seigneur en toute confiance. Présentons-lui les hommes, les femmes et les enfants de ce monde en évoquant ce qui manque à leur bonheur. Seigneur, nous te prions. – Pour son peuple divisé qui cherche à rétablir l’unité, prions le Seigneur. – Pour les nations qui aspirent à la paix et au respect de leur dignité, prions le Seigneur. – Pour les personnes qui souffrent et vivent dans la solitude au milieu de nous, prions le Seigneur. – Pour nos communautés chrétiennes appelées à vivre d’importantes transformations dans leurs pratiques, leurs structures et leurs habitudes, prions le Seigneur. Seigneur notre Dieu, tu as voulu rassembler en un seul peuple les hommes et les femmes que tu as créés. Que ton Esprit fasse de nous des artisans d’unité dans nos milieux. Ainsi nous pourrons partager la joie de ton règne, avec Jésus Christ, ton Fils, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
Härgott, schenk eis d’Gnod, des Feier mat Eescht ze vollzéien. All Kéiers, wou mir d’Eucharistie feieren, léis du eis deng Léift a Presenz spieren. Looss eis aus dësem Affer nei Kraaft schäffen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Seigneur, accorde-nous la grâce de vraiment participer à cette eucharistie; car chaque fois qu’est célébré ce sacrifice en mémorial, c’est l’oeuvre de notre rédemption qui s’accomplit. Par Jésus. Herr, Gott des Lebens, dein Sohn hat in der Hochzeit zu Kana Wein in Wasser verwandelt. Wandle mit den Gaben, die wir dir darbringen, auch unser Leben, dass es zu einem Leben in Fülle wird. Das bitten wir durch Jesus Christus, unseren Herrn. Hochgebet – Du Gott der Menschen I
Der du die Sterne rufst und ihre Zahl bestimmst, Du sagst uns Freiheit zu und schenkst uns Leben im Überfluss. Sanctus Du kommst, uns zu befreien, Gott, du bist gekommen in Jesus. Wir danken dir für ihn, der Frauen und Männer zu seinen Jüngerinnen und Jüngern macht, Darum bitten wir dich, Gott, unser Vater, sende deinen Geist, Am Abend vor seinem Leiden nahm er Brot in seine Hände, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens! Darum setzen wir hier dieses Zeichen unseres Glaubens Sende deinen Geist, Gott, in unsere Mitte – Freundschaft und Wahrheit, und überfließendes Leben. Gib uns allen, die an diesem Mahl teilnehmen, Gedenke auch all unserer Schwestern und Brüder, die im Frieden Christi entschlafen sind. Stärke uns mit deinem Geist, der den Frieden wirkt. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Gott schenkt eis dat, wat mir fir d’Liewe brauchen. Dacks ass et awer esou, dass mir net gerecht matenaner deelen. Loosse mir all déi Mënschen aschléissen, déi Nout a Suergen hunn. Biede mir mat him zu Gott, eisem Papp: Vater Unser ... Friddensgebiet
Gerechtegkeet ass e Wee zum Fridden. Suerge mir fir Gerechtegkeet a maache mir esou de Wee fräi fir de Fridden ënner de Mënschen. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, du hues eis mat dem Brout vum Liewen gestäerkt. Erfëll eis mat dem Geescht vun denger Léift, fir datt mir all een Häerz an eng Séil ginn. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Pénètre-nous, Seigneur, de ton esprit de charité, afin que soient unis par ton amour ceux que tu as nourris d’un même pain. Par Jésus. Herrlicher Gott, neu hast du uns das Wunder der Wandlung erfahren lassen. Dafür danken wir und bitten: Segne unseren Weg durch die kommende Woche. Schenke uns Aufmerksamkeit für die kleinen und großen Wunder des Alltags. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn. Amen.
|