D’Kierch, eng lieweg Gemeinschaft?


Home Back Print Kontakt

Werk der Barmherzigkeit | Schetzelfenster in Burglinster von Emile und Joseph Probst
© Tom Osborne

Wa mir vu Kierch schwätzen, menge mir oft d’Gebai vun der Kierch. Sécher ass d’Gebai vun der Kierch eng Aart Zentrum, en Treffpunkt vun der Gemeinschaft. Et geet awer net duer, en Haus ze hunn, wat schéin ass. Et mussen en dat Haus och beliewen, well soss kënnen d’Steng villäicht schéi sinn, mee ouni mënschlecht Liewe sinn se dout.

Fir dass d’Gemeinschaft lieweg ass, mussen d’Membere vun der Gemeinschaft d’Liewen deelen. Si musse sech kennen, wëssen, wat d’Liewen ausmécht, wat se als Gemeinschaft vereenege kann a wat se trennt. An den Dierfer konnt een iwwer laang Jore gesinn a spieren, wéi lieweg d’Gemeinschaft ronderëm Jesus Christus war. An eiser Zäit steet d’Kierch awer um Rand vun der Gesellschaft. Wourunner kann dat leien? D’Äntwerte wäerten ënnerschiddlech sinn, zum Deel richteg an zum Deel falsch. Och dës Iwwerleeunge wäerten onvollstänneg sinn.

Kucke mer zesummen an d’Bibel op dat einfacht Bild vum Hiert mat de Schof. Dat Bild schwätzt eis un, et gëtt ons eng konkret Aufgab. Mir all kënne souwuel d’Roll vum Hiert wéi och déi vun de Schof iwwerhuelen, vun der Situatioun ofhängeg an der Zäit ugepasst.

Wéi ass haut e gudden Hiert? Wéi en Hiert brauchen d’Schof an eiser Zäit? A wéi sinn d’Schof hautdesdaags? Mir mussen no Äntwerte sichen, déi fir eis Zäit gutt sinn, Äntwerten, déi den Hierten an de Schof vun haut op hirem Wee hëllefen. Wärend laange Joren huet d’Kierch sech ëm de Mënsch gesuergt op eng Aart a Weis, déi dem Mënsch vun haut net méi gutt deet. De Mënsch krut theologesch Iddie proposéiert a mat moraleschen Uspréch gouf en an der Gitt gehalen. De Mënsch brauch wuel eng Stäip, e Gelänner, e Kader an deem en sech beweegt. Mee kënne mir net grad de Kader fannen an den Texter vun der Bibel, dem Ursprong, dem Fundament op dem sech d’Kierch opgebaut huet? Wär dat keng Iddi an eiser Zäit? Lenken déi theologesch Konstrukter an Iddien net méi vun der eigentlecher Botschaft of, wéi dass se hëllefen zu engem gegléckten oder mindestens sënnvolle Liewen?

Fir et mam Matthäus ze soen: Dir sollt den Härgott gären hu mat ärem ganzen Häerz, ärer ganzer Séil an ärem ganzen Denken an ären Nächste gären hu wéi Iech selwer. (Mt 22, 37.39) Alles wat Dir wëllt, dass d’Mënsche fir Iech maachen, dat maacht och fir si. (Mt 7,12) Wat’s Du net wëlls, dass een Dir deet, dat do also och kengem aneren. Dës gëlle Reegel ass sou einfach a gläichzäiteg och sou komplizéiert. Eng Erausfuerderung!

Domat gëtt kloer, dass d’Gemeinschaft méi ass wéi liturgesch Handlungen. D’Liewe solle mer deelen, op d’Wuert aus der Bibel ucken, eis dorunner orientéieren, an dann eréischt solle mer liturgesch aktiv ginn. Déi liturgesch Feier ass wéi eng Kiischt, déi een op e Kuch setzt. Et kann een dobäi net op de Kuch verzichten. Deele mir also fir d’éischt d’Liewen. Kucke mer een no dem aneren. Si mir bereet dozou?

Vläicht ass et besonnesch wichteg, dass mir keen eleng loossen, den eleng ass, dass mir Kranker besichen, dass mir do hëllefen, wou eis Hëllef néideg ass. Et wär flott, wa mir zesumme kéinten d’Texter aus der Bibel deelen an se an eisem Liewe konkret gi loossen.

Fir dass de Glawe bäi eise Kanner eng Bedeitung behält, ass et wichteg, dass déi Erwuessen dee Wee mat hinne ginn. Mir leeën Iech ganz besonnesch den Déngscht bäi de Kranken, bäi den Eeleren, bäi deenen, déi eleng sinn, un d’Häerz. Mir leeën Iech awer och d’Katechees vun de Kanner un d’Häerz.

Eng lieweg Par ass nëmme lieweg, wa se solidaresch a sozial ass, wa se zesummenhält an zesummelieft, zesumme feiert an zesumme biet. Si mir eng lieweg Gemeinschaft?

Op jidderee kënnt et un!

Josiane Mirkes


aus dem Parbréif 1/24


Links:

Meditatiounen

Parbréif-Archiv

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement