«Der Herr ist auferstanden, er ist wahrhaft auferstanden. Halleluja!»


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Esou heescht et an engem Vers vun Ouschteren. Wat bedéit dat elo fir eis Chrëschten op Ouschteren? D’Opersteeung ass net esou einfach ze verstoen. An deene verschiddenen Evangeliumstexter geet rieds vun Angscht, vun net verstoen, awer och vu gesinn a vu gleewen. Am apostolischen Glawensbekenntnis biede mir : „Ich glaube an die Auferstehung der Toten und das ewige Leben.“
D’Ouschterbotschaft ass och nëmmen am Glawen ze verstoen. No den Deeg vu Kräiz a Leiden feiere mir a grousser Freed elo d’Opersteeung vum Jesus.

Verschiddener vun eis hunn och an hirem Liewen e Kräiz ze droen oder e Kräizwee hannert sech. No der Angscht an der Onsecherheet fille mir eis erëm glécklech an eisem Liewen. Des Gefiller sinn och sécher um Ouchtermuergen bei de Fraen opkomm wéi si probéiert hunn ze begräifen, wat elo mam Jesus geschitt ass.
Wéi ech iwwer d’ Opersteeung nogeduecht hunn, as mir folgenden Text an d’Hänn gefall. En handelt vum berühmten Physiker Isaac Newton :

Hab ein wenig Geduld!
Newton ging an einem Ostermorgen mit seinen Schülern spazieren. Sie kamen an einem Friedhof vorbei. Da sprach einer der Schüler in leichtem Spott :“ Meister, wer kann glauben, dass der Staub dieser Toten je wieder zu einem Leib und Leben geformt werden soll?“ Newton antwortete nur:“ Hab ein wenig Geduld!“
Während der nächsten Physikstunde ließ sich der Meister u.a. auch eine Handvoll Eisenstaub bringen, mengte ihn unter Erdenstaub und fragte den Spötter: „Wer sammelt diese Stäbchen Eisen wieder aus dem Staub der Erde?“ Als der Schüler keine Antwort wusste, nahm Newton einen Magneten und hielt ihn über die Mischung. Im selben Augenblick kam Leben und Bewegung in den Staub, d.h. im Nu flogen sämtliche Eisenteilchen dem Magneten zu!
Ernst sah der Meister den Spötter und die übrigen Schüler an und sprach :“ Der solche Kraft dem toten Magneten gab, wird er nicht Größeres unserer Seele geben, wenn sie einst am Auferstehungstag der Umkleidung durch den verklärten Staub bedarf?“
Dës Kraaft a Muecht vu Gott musse mir och unhuelen.
• Eise Glawe steet a fällt mat der Ausso, datt Jesus aus dem Räich vun den Doudegen erëmkoum an operstaanen ass.
• Eise Glawe steet a fällt mat der Ausso, datt hien deen éischten war, deen erëmkoum an datt mir him nofollgen.
• Eise Glawe steet a fällt mat der Ausso, datt jidferen vun eis stierwt an awer och wéi Christus rëm opersteet.

Ich bin die Auferstehung
und das Leben.
Wer an mich glaubt,
wird leben,
auch wenn er stirbt.

Johannes 11,26
Sylvie Kinnen, Parassistentin

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement