Duerch-Ootmen

Editorial aus dem Parbréif 5/2018


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

A verschidde Gespréicher, an der leschter Zäit, ass ëmmer nees de Saz gesot ginn: et gëtt Zäit datt de 15. Juli kënnt. Elo ass en do, deen Dag op deen der vill gewaart hunn, den Ufank vun der grousser Vakanz.

Dat Wuert „Vakanz“ kënnt aus dem laténgeschen, vacare an et bedeit: fräi sinn, net beschäftegt, seng Aktivitéiten ënnerbriechen. No engem intensiven Aarbechtsjoer, op dat an der Schoul, an der Katechese, an der Por, oder op der Aarbecht wor, mierken der vill datt d’Energie ufänkt ze feelen, an d’Kraaft noléisst; et ass wichteg fir eng Paus ze maachen, Vakanz ze huelen.

Gläich am Ufank vun der Vakanz, Sonndes, den 22. Juli héieren mir en Ausschnëtt aus dem Markus-Evangelium:
„In jener Zeit versammelten sich die Apostel, die Jesus ausgesandt hatte, wieder bei ihm und berichteten ihm alles, was sie getan und gelehrt hatten. Da sagte er zu ihnen: Kommt mit an einen einsamen Ort, wo wir allein sind, und ruht ein wenig aus.“ Mk 6,30
Och fir ons gëllt dës Invitatioun:

Komm a rou Dech e bëssen aus:
Huel Dir Zäit fir dat wat’s Du dëst Joer erlieft hues, ze verschaffen, an einfach an der Stëllt ze sinn. Huel Dir déi Zäit, d’Spuren vu Gott an dengem Liewen ze erkennen, déi munchmol duerch déi vill Aktivitéiten verstoppt woren.

Komm a rou Dech e bëssen aus:
Lee Deng Aktivitéiten neier, schalt of an huel Dir Zäit fir ze rouen, fir dat ze maachen wat Dir gutt deet, wat der Freed mécht. Zäit fir Dech, Zäit fir Deng Frënn. Bleif stoen, maach eng Paus an otem duerch.

Komm a rou Dech e bëssen aus:
Huel Dir déi Zäit, lass ze loossen, deng Hänn op ze maachen, fir nei beschenkt kënnen ze ginn, fir dat Schéint an dengem Liewen ze gesinn an ze genéissen.

D’Vakanz ass eng besonnesch a wichteg Zäit am Rhythmus vun onsem Liewen, eng Zäit déi ons geschenkt gëtt fir nei Kraaft ze fannen.


„Herr, lass uns langsamer gehen.
Entlaste die eiligen Schritte unseres Herzens
durch das Stillwerden der Seele.
Lass unsere hastigen Schritte stetiger werden
mit dem Blick auf die weite Zeit der Ewigkeit.
Gib uns inmitten der Verwirrung des Tages
die Ruhe der ewigen Berge.
Löse die Anspannung unserer Nerven
durch die sanfte Musik der singenden Wasser.
Lass uns die Zauberkraft des Schlafes erkennen,
der uns erneuert.
Lehre uns die Kunst des freien Augenblicks.
Lass uns langsamer gegen,
um die Blume zu sehen,
ein paar Worte mit dem Freund zu wechseln,
ein paar Zeilen in einem Buch zu lesen.
Lass uns langsamer gehen, Herr,
und gib uns den Wunsch,
unsere Wurzeln tief in den ewigen Grund zu senken,
damit wir empor wachsen zu unserer wahren Bestimmung.“


Mat dësem Gebiet aus Südafrika, wënschen ech Iech eng schéin an erhuelsam Vakanz!

Anise Metz

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement