Oeuvres Saint-Jean Berdorf a.s.b.l .

Dezember 2017


Home GoBack Print Kontakt

Dir frot Iech secher, wourëms et sech bäi där Associatioun handelt?

Kuerz gesot, ass dëst eng Méiglechkeet sécherzestellen, datt no der Ofschafung vun de Kierchefabrécken, déi sech bis elo em den Ënnerhalt vun de Kierche gekëmmert hunn, och an Zukunft “d’Kierch(en) am Duerf bleiwe” kënnen. Den aktuelle Regierungsprojet gesäit vir, datt d’Kierchefabrécken an e nationale Fong zesummegeluecht ginn. Fir déi Kierchen, déi, wéi an der Gemeng Berdorf, an de Besëtz vun der Gemeng iwwerginn, gesäit de Projet vir, datt d‘Gemeng souguer forcéiert ass, der Par e Loyer fir d’kal Benotzung vum Kierchegebai ze froen. Selbstverständlech kommen do all aner Fonctionnementskäschten nach derbäi.

Dës A.s.b.l. ass derzou geduecht, souwäit wéi méiglech, déi finanziell an organisatoresch Noutwendegkeeten zesummenzebréngen, fir datt eis lokal Gemeinschaft och an Zukunft ka virufonktionnéieren.

Gäre kënnt dir och d’Aarbecht vum eise Fräiwëllegen am Interêt vum Fonctionnement vun eise lokale Kierchen duerch en Don ënnerstëtzen Kontonummer CCRA LU08 0099 7800 0065 8096.
Mir géifen eis freeën, Iech op enger vun eise nächsten Aktivitéite begréissen ze kënnen.

De Comité vun der Oeuvres Saint-Jean Berdorf a.s.b.l.


Links:

ŒUVRES SAINT-JEAN
Kierch vu Bäertref

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement