|
11. Sonndeg am Joereskrees B - 12./13.6.2021
Léif Matchrëschten! Viru Kuerzem hunn ech gelies, dass een Theolog virun enger Rei Joren virgeschloen hat, dat Wuert vun der "Sonndespflicht" mat "Sonndestrei" ze ersetzen. Flicht ass jo éischter negativ beluecht. Wa mir echt Chrëschte sinn, da sollt et eis eng Éier sinn, och u Gott ze denken an e wéineg Zäit fir hien ze reservéieren. Mir sollten him also trei sinn. Kyrie
Dagesgebiet
Gott, du unsere Hoffnung und unsere Kraft, ohne dich vermögen wir nichts. Steh uns mit deiner Gnade bei, damit wir denken, reden und tun was dir gefällt. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Dieu tout-puissant, force de ceux qui espèrent en toi, sois favorable à nos appels : puisque l’homme est fragile et que sans toi il ne peut rien, donne-nous toujours le secours de ta grâce ; ainsi nous pourrons, en observant tes commandements, vouloir et agir de manière à répondre à ton amour. Härgott, du bass eis Hoffnung an eis Kraaft. Ouni dech kenne mir deng Botschaft vun der Léift net an eisem Liewen verwierklechen. Gëff eis all deng Gnod, esou datt mir ëmmer an iwwerall schwätzen a maachen, wat dir gefält, an eiser Beruffung als Chrëschten entsprécht. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, déi Jong, eisen Här, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen. Liesungen: Ez 17, 22-24 / 2 Kor 5, 6-10 / Mk 4, 26-34 Lesung aus dem Buch Ezechiel. Kv Gut ist es, dem Herrn zu danken. Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Der Samen ist das Wort Gottes, der Sämann ist Christus. Wer Christus findet, der bleibt in Ewigkeit. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre du prophète Ézékiel. R/ Il est bon, Seigneur, de te rendre grâce ! Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. La semence est la parole de Dieu ; le semeur est le Christ ; celui qui le trouve demeure pour toujours. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt
"So spricht GOTT, der Herr: Ich selbst nehme vom hohen Wipfel der Zeder und setze ihn ein." (Ez 17, 22) Eng mysteriéis Erzielung ass eis haut an der Liesung aus dem Buch vum Prophet Ezechiel presentéiert ginn. Et ass de Schluss vum 17. Kapitel. An dësem Kapitel wéi och an senger ganzer Schrëft spigelt sech seng Kritik um Vollek Israel an un deenen eenzelen Acteuren an der Gesellschaft erëm. Israel erschéngt dem Ezechiel als total degeneréiert. Et ass sengem eegenen Wiesen als Vollek vu Gott friem ginn. Déi wichtegst Gréisst am Vollek war vum David un de Kinnek. De Kinnek sollt dem Härgott seng gutt Herrschaft an d’Géigewaart bréngen, andeems hien "den Armen befreit, der um Hilfe schreit, den Elenden und den, der keinen Helfer hat." (Ps 72,12) De Kinnek hat deemno als éischt sech ëm déi Kleng an déi um Rand ze suergen. Wat awer, wann hien dat net gemaach huet? Genee do setzt dem Ezechiel seng Kritik un. Am Kapitel 17 beschreift hien d’Situatioun mat enger Fabel. Et ass duerchaus interessant dëst Kapitel mol eng Kéier ze liesen an ze meditéieren. An de Sätz just virun eiser Liesung gëtt et däitlech. De Kinnek gëtt bestrooft fir säi Verhalen, fir seng Ontrei vis-à-vis vu Gott. Mat dem Scheiteren vun de Kinneken ass elo déi davidesch Dynastie un hiert Enn komm. Si sinn op engem Null-Punkt ukomm. "Wir sind – so mein Eindruck – an einem gewissen „toten Punkt“, der aber auch, das ist meine österliche Hoffnung, zu einem „Wendepunkt“ werden kann." Eis Kierch ass wuel a villen Fäll op engem doudege Punkt ukomm. Villes ass schif gelaf, verursaacht duerch Missmanagement, duerch Iwwerhieflechkeet, duerch net kucken op déi eigentlech Botschaft a Villes méi. Ganz laang hu mir an de leedende Reien vun eiser Kierch "geherrscht". Mir hunn kommandéiert anstatt mat de Mënschen ze liewen. Et muss een sech wuel selwer bäi der eegener Nues huelen. De Reinhard Marx, Kardinol vu München, huet agesinn, dass et esou net ka weidergoen. Géint de Wëllen an d’Gefill vun de Mënschen kann een net vum Wuert vu Gott schwätzen. Dëst Wuert vu Gott verschwënnt an deem ganzen Duercherneen vun Uweisungen, vun Egoismen an der eegener "Nabelschau". Genee dat muss ophéieren. Deemools, wéi den Ezechiel seng prophetesch Wierder formuléiert huet, war d’Situatioun wuel änlech verfuer. Villes war schif gelaf a grad déi, déi d’Soen haten, haten sech wäit vu Gott ewech gemaach. Heiansdo hunn ech den Androck, dass et och dat ass, wat eis an der Kierch vun haut plot. Mir kucken no eise Privileegien, no eisen Posten a Mäntelcher, awer dat, wat eis Missioun ass, leeschte mir dann net onbedéngt. Firwat si mir do? Wat ass eis Missioun? Natierlech dierf een och haut op d’Gesellschaft an op d’Politik kucken. Den Ezechiel huet sech jo grad mat deene politesche Führer vu senger Zäit. Si hunn just sech gekuckt, hier Iddien, hier Wënsch a Bedürfnisser an de Virdergrond geréckelt. Wéi ass dat haut? Gëtt haut nach no dem klenge Mann op der Strooss gekuckt? Vläicht ass et wichteg fir eis all, op an der Kierch oder an der Gesellschaft, op an der Politik oder an der Wirtschaft, dass mir heiansdo esou "Nullpunkt-Erfarunge" maachen. Dat bréngt eis erëm zeréck an eng nei Realitéit. Et erënnert eis un dat Wesentlecht. D’Weltgeschicht ass voll vun esou Erfarungen. An ass net och am leschte Joer d’Corona-Kris esou eng "Nullpunkt-Erfarung" gewiescht? Beim Ezechiel hëltelo d’Geschicht an deenen Zeilen, déi mir haut héieren hunn, en neie Wee. "Ich selbst nehme vom hohen Wipfel der Zeder und setze ihn ein." (Ez 17, 22) Gott setzt en neien Ufank. Hie selwer mécht et. Aus dësen Zeilen schwätzt déi déif Iwwerzeegung, dass mat engem neien Ufank och eng wierklech echt nei Gesellschaft ka kommen. An der Kierch ass dat sécherlech héich noutwenneg. Awer et dierfen net erëm déi al Beem just op eng aner Plaz geplanzt ginn. Neen et mussen nei Beem geziicht ginn. Dëst Bild vun der neier Zeder, déi Gott op engem héije Bierg nei aplanzt, gëllt och haut. Net al Konzepter bréngen Neies, mä echt nei Konzepter mussen lues a lues wuessen. Dëst Bild schwätzt fir sech an et gëllt an alle Beräicher vun eiser mënschlecher Liewenswelt. Munches deet wéi. Wann ech ee klengen Zweig un der Spëtzt vun engem ale Bam ofbriechen, ass dat ee schmäerzlechen Agrëff. All Neierung ass schmäerzlech, well Ales a Gewinntes verluer geet, well Privileegien a Poste verschwannen. Mä et geet kaum aneschters. "Dann werden alle Bäume des Feldes erkennen, dass ich der HERR bin. Ich mache den hohen Baum niedrig, den niedrigen Baum mache ich hoch. Ich lasse den grünenden Baum verdorren, den verdorrten Baum lasse ich erblühen. Ich, der HERR, habe gesprochen und ich führe es aus." (Ez 17, 24) Fürbitten
Zu Gott, deen eis gär huet wéi ee Papp oder eng Mamm, dierfe mir mat eisen Uleies a Gebieder kommen.
Gott, du lauschters op eis Gebieder. Erhéier si, elo an ëmmer. Amen. II.
Quand nous regardons notre monde, nous nous disons que nous aurions bien besoin que le Seigneur nous aide à le comprendre. Prions avec confiance pour que son royaume, encore en germe, grandisse et soit accueilli par tous nos frères et sœurs. Gowegebiet
Härgott, duerch des Gowen niers du dee ganze Mënsch. Du léiss eis als deng Kanner an dëser Welt liewen, an du gëss eis dofir alles, wat mir brauchen. Looss eis doraus nei Kraaft schäffen, esou datt mir och mat eisem Liewen a Wierken deng Botschaft bezeien. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eisen Här a Brudder. Amen. Tu as voulu que nous trouvions, Seigneur, dans les biens que nous te présentons les nourritures de cette vie et le sacrement d’une vie nouvelle; fais que nos corps et nos âmes puissent toujours en bénéficier. Par Jésus Hochgebet – Bescheidenheit
Sanctus Gott, wir danken dir für Jesus, unseren Bruder. Darum bitten wir dich: Sende deinen Geist über Brot und Wein, Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er beim Mahl das Brot NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Jesus, bis du wiederkommst, bleibt uns die Erinnerung Jesus, deine Demut, sie hat den Machtlosen die Füße gewaschen, Gott, lass auch uns bestärken, was klein ist, Eines Tages wird es keine Ersten und keine Letzten mehr geben, Eines Tages wird das Einteilen in oben und unten zu Ende sein und die große Rechnerei vorbei. Alle werden ganz dazu gehören, die Kranken gesunden, die Bekümmerten froh, Auf diesen Tag hin sind wir unterwegs. Vater Unser
Den Härgott ass wierklech wéi ee gudde Papp oder eng gutt Mamm. Hie schenkt eis ëmmer nees dat, wat mir brauchen. Biede mir mat de Wierder vum Jesus, dass och an eiser Zäit jiddereen alles kritt, wat hie brauch am Liewen. Denken a biede mir ganz besonnesch fir déi Vill, déi dat am Moment net hunn a leiden: Vater Unser ... Friddensgebiet
Kleng wéi ee Moschterkär ass de Fridden an eiser Welt, munchmol ass hie glat net ze gesinn, an eise Familljen, an eiser Gesellschaft, an eiser Kierch. Eisen Optrag ass et, fir dat ze maachen, wat an eiser Kraaft steet, sou dass de Fridden ëmmer méi grouss gëtt. Weise mir eis Bereetschaft dozou. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all. Besinnung
Säen wir unsere senfkornkleine Glaubenskraft, Schlussgebiet
Härgott, des helleg Moolzecht ass en Zeechen, datt mir ënnert enee a mat dir Gemeinschaft hunn. Looss des helleg Feier elo wierksam ginn an eisem alldeegleche Liewen, a looss eis selwer zu iwwerzeegten Zeien vun denger grousser Léift ginn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Cette communion à tes mystères, Seigneur, préfigure l’union des fidèles en toi; fais qu’elle serve à l’unité dans ton Église. Par Jésus. Wir danken dir, guter Gott, für die Begegnung mit dir und miteinander in dieser Feier. Wir bitten dich: Gib uns Hoffnung und Zuversicht, wenn wir nun hinausgehen, um deinen Samen zu säen, damit wir nicht müde werden oder enttäuscht aufgeben. Lass deine Saat der Liebe, des Friedens und der Gerechtigkeit wachsen und reifen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
|