|
12. Sonndeg am Joereskrees A - 24./25.6.2023
Léif Matchrëschten! Am 21. Joerhonnert mat sengen villen grousse wëssenschaftlechen an technologeschen Fortschrëtter ass bal net ze verstoen, dass a villen Deeler vun dëser Welt d’Mënscherechter, an dorënner d’Recht op Ausübung vun de reliéisen Iwwerzeegungen, ëmmer nach ganz krass a brutal mat Féiss getrëppelt ginn. Och Chrëschte gi wéinst hirem Glawen ugefeint, diskriminéiert, verfollegt an ëmbruecht. Mir iwwersinn all dat an eisem alldeeglechen Schaffen. Vläicht sollte mir eis grad dofir haut vun de bibleschen Texter oprësele loossen. Si gräifen dëst Thema vun der Verfolgung op. Froe mir d’Erbaarmen vu Christus un. Kyrie
Här Jesus Christus, du hues d’Schold an d’Sënd vun de Mënschen op dech geholl. Dagesgebiet
Fais-nous vivre ä tout moment, Seigneur dans l’amour et le respect de ton saint nom, toi qui ne cesses jamais de guider ceux que tu enracines solidement dans ton amour. Par Jésus Christ. Herr, unser Gott, du hast immer wieder Propheten berufen, um dein Volk vor Unheil und vor dem Fall zu bewahren. Oft jedoch wurden sie angefeindet und sogar misshandelt. Auch wenn wir Menschen uns gegen dein Wort stellen, so behältst du am Ende doch Recht. Schenke uns die Weisheit, uns von deiner Botschaft korrigieren und orientieren zu lassen, damit wir leben! Darum bitten wir in Jesus Christus, unserem Herrn. Guter Gott, du entziehst keinem deine väterliche Hand, der fest in deiner Liebe verwurzelt ist. Liesungen: Jer 20, 10-13 / Röm 5, 12-15 / Mt 10, 26-33 Lesung aus dem Buch Jeremia. Kv.: Gott, in deiner großen Huld erhöre mich, mit deiner rettenden Treue! Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Der Geist der Wahrheit wird Zeugnis geben für mich; und auch ihr sollt Zeugen sein. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre du prophète Jérémie. R/ Dans ton grand amour, Dieu, réponds-moi. Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. L’Esprit de vérité rendra témoignage en ma faveur, dit le Seigneur. Et vous aussi, vous allez rendre témoignage. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! „Ich hörte die Verleumdung der Vielen: Grauen ringsum! Zeigt ihn an!“ (Jer 20, 10), sou hu mir et an der éischter Liesung vun dësem Sonndeg gelies / héieren. Ech hat lo an der Woch op enger sougenannter kathoulescher Internet-Säit, déi nawell zimmlech almoudesch Iddien vertrëtt, an engem Artikel gelies, dass sech doriwwer opgereegt gouf, dass an enger däitscher Par am Bistum Essen Pastoralreferentinnen an der Pressessioun vun Härläichendag d’Sakrament gedroen hunn.1] An engem Kommentar zum Artikel schreift dann een: „In Liebe zur Wahrheit bzw. zur Kirche den Nuntius über diesen Missstand informieren und um Abhilfe bitten. Danke!“2] Mellt dat also op Roum! Zitéiert des Geschicht virun ee Kierchegeriicht! Ech sinn zudéifst erschreckt iwwer des Manéier an eiser Kierch. Wat mir ëmmer méi an eng Krise geroden, wat mir och ëmmer méi esou Leit hunn, déi mengen, dass si missten un uralen Traditiounen festhalen a schonn géif erëm alles gi wéi fréier. Ech respektéieren am Fong jiddereen, dee wëll versichen, dass eist Liewen an der Kierch weidergeet. All Säiten hu wuel hier Argumenter. Firwat awer muss ëmmer nees direkt een ugeschwäerzt ginn zu Roum? Sinn net och déi, déi versichen mat neie Weeër eis Kierch aus der Krise eraus ze féieren, déi eng Meenung dierfen hunn? Well ech eben duerch deen zitéierten Artikel Blutt geleckt hat, sinn ech ee bëssi op d’Sich gaangen. Ech hu mir Fotoen vun der Pressessioun ugekuckt. Et war eng ganz normal Pressessioun, just dass zwou Pastoralassitentinnen deelweis d’Monstranz gedroen hunn. Eng vun dësen Damen ass iwwregens vum Essener Bëschof beoptraagt ginn, fir d’Sakrament vun der Daf ze spenden. Firwat soll si also net kënnen eng Monstranz droen? An eise Massen deelen och net zum Priister geweit Leit d’Kommunioun aus an dorënner dann eben och Fraen. Firwat ass dat esou ee groussen Sakrileg, wann eng Fra oder iwwerhaapt een net geweite Mënsch d’Monstranz mat deem Allerhellegsten duerch eng Stad dréit? Mir erwaarden, dass Fraen a Männer sech engagéieren an eiser Gemeinschaft, dass si de Glawe weider ginn, dass si Mënschen fir Jesus Christus begeeschteren. An da si mir esou klengkaréiert a mengen just ee Priister dierft eng Monstranz droen fir de Leit dobaussen Christus ze weisen. Wa mir da schonn eppes sollen zu Roum denoncéieren, da wier et dach wuel éischter, dass mir op déi horrend desolat Situatioun hiweisen. Eis Kierch ass an enger extrem schlechter Verfassung, net well Fraen eppes wëllen ze soen hunn, mä well et iwwerhaapt kaum nach Leit gëtt, déi sech wëllen engagéieren fir mat ze schaffen an der Verkënnegung vun der Botschaft vu Jesus Christus. Wat ass méi wichteg, froen ech mech, dass mir vergaangen Reegelen a Gesetzer anhalen oder dass mir endlech mat neie Weeër versichen dem Jesus seng Botschaft och an eiser Zäit ze vermëttelen. Wa keng zölibatär männlech Priister méi do sinn, da musse mir ganz einfach nei denken an de ganze System Kierch reforméieren. „Fürchtet euch nicht vor denen, die den Leib töten, die Seele aber nicht töten können, sondern fürchtet euch eher vor dem, der Seele und Leib in der Hölle verderben kann!“ (Mt 10, 28), sou hu mir et am Evangelium haut héieren. Ech weess, dass ech elo dësem Text duerchaus eng gewësse Gewalt undinn mat der folgender Interpretatioun. An awer denke ech, dass mir eis et emol sollten iwwerleeën. D’Séil vun der Kierch ass d’Botschaft vu Jesus Christus. De Läif vun der Kierch ass d’Organisatioun vun der Kierch, all dat, wat zënter Joerhonnerten gewuess ass, wat sech awer och ëmmer nees verännert huet. De Läif vun der Kierch huet sech ëmmer nees der Zäit an der Situatioun ugepasst. Méi wéi eng Kéier ass dee Läif och gestuerwen. Vill fréier Formen vu Kierch sinn ënnergaangen. Awer d’Séil, d’Botschaft huet Bestand gehat. Mir brauchen sécherlech net ze fäerten, wann deen aktuelle Läif vun der Kierch ofstierft. Et ass een normale Prozess am Liewen vun der Welt. D’Botschaft vum Jesus ass do an si bleift. Lo ass a mengen Aen awer, sou wéi ech et virdrun ugeschnidden hunn, eng ganz Rei vu Mënschen der Iwwerzeegung, dass dee Läif vu Kierch, wéi en haaptsächlech jo eréischt nom éischte vatikaneschen Konzil entstanen ass, den „nec plus ultra” vu Form vu Kierch. Si ass absolutt. Si muss ënner allen Ëmstänn erhale bleiwen. Mir kënnt et vir, wéi wa mir ee Mënsch op enger Intensivstatioun leien hätten, dee mir mat kënstlecher Beootmung an Ernierung um vegetativen Liewen erhalen. Dobäi huet d’Séil scho längstens de Kierper verlooss. Eng verstengert Form vu Kierch ass ouni Séil. Si ass dann och dout. Virun esou Leit muss een sech da wuel, wéi de Jesus et haut seet, an Uecht huelen. Ëm wat geet et an eiser Kierch? Geet et ëm Formen, ëm Ritualer, ëm Reegelen a Gesetzer? Oder geet et net dach ëm ee Bekenntnis zu Jesus Christus a senger Botschaft vun der Léift? „Jeder, der sich vor den Menschen zu mir bekennt, zu dem werde auch ich mich vor meinem Vater im Himmel bekennen.“ (Mt 10, 32) Dat ass Originaltoun vum Jesus! Wann eng Fra an enger Pressessioun op Härläichendag d’Monstranz dréit, ass dat net ee Bekenntnis grad och vun hier, dass si zu Christus steet? Wa mir net ufänken nei Weeër ze denken, da maache mir d’Séil an de Läif vun der Kierch dout. Wëlle mir dat wierklech? Kënne mir net ufänken éierlech ze sinn an zesummen no enger neier Form, engem neie Läif vu Kierch ze sichen an deem da jiddereen eng Plaz huet? Sou laang mir allerdéngs am Modus bleiwen vum „Zeigt ihn an!“ kënne mir wuel kaum eis Kierch retten. „Fürchtet euch also nicht!“ (Mt 10, 31) Dat misst och fir eis gëllen. Fäert net, ech si bäi iech. Ech gi mat iech. De Jesus ass ouni Virurteeler op vill Leit zougaangen. Fir hie gouf et keng Reegelen a Gesetzer, déi Mënschen aus iergend engem Déngscht un der Verkënnegung ausgeschloss hätten. Liturgesch a kiercherechtlech Reegelen géif hien eis wuel all ausradéieren, wann en erëm kéim. Si si réngt Wierk vu Mënschen an hu mat senger Botschaft räichlech wéineg ze dinn. Also wat fäerte mir oder esou Leit, déi nëmmen an der Vergaangenheet liewen, dass mir eise Mutt net an d’Hand huelen a versichen zäitgeméiss dem Jesus seng Botschaft ze liewen? Wéi sot eisen Här Äerzbëschof: „L’Église synodale n’a de sens que si c’est une Église synodale missionnaire, et pour cela, il nous faut parler un nouveau langage.“ Schwätze mir dach eng nei Sprooch, eng Sprooch vun haut an net déi vu Gëscht oder Virgëscht! 1] https://kath.net/news/81836 - gesinn den 19.6.2023 um 16:00 Auer. Fürbitten
Vill Mënschen verbréngen hiert Liewen an Angscht a Suergen a fäerten ëm hiert Liewen, well si um chrëschtleche Glawen festhalen. Mir bréngen hier Angscht an de Fürbitten virun eisen Här a Gott:
Du, Härgott, stees op der Säit vun deene Schwaachen an Ënnerdréckten. Du schenks Trouscht an Zouversiicht. Dech luewe mir an all Éiwegkeet. Amen. II.
«Le Seigneur écoute les humbles», dit le psaume d’aujourd’hui. Tournons-nous maintenant vers lui et prions-le humblement au nom de nos frères et sœurs du monde entier. Gowegebiet
Baarmhäerzege Gott, huel dëst Affer vun eisem Luef an eiser Versönung un. Léis eis duerch dës Feier aus aller Verstréckung an dat Béist, fir datt mir a ganzer Fräiheet dir ugehéieren. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här an eise Brudder. Amen. Accepte, Seigneur, le sacrifice de louange et de pardon, afin que nos coeurs, purifiés par sa puissance, t’offrent un amour qui réponde à ton amour. Par Jésus. Barmherziger Gott, in den Gaben von Brot und Wein, im Fundamentalsten, was unser Leben ausmacht, suchen wir die Begegnung mit dir. Du kommst zu uns durch diese Gabe, die du selbst wandelst und heiligst. Wir danken dir und glauben an dein großes Geschenk des Lebens durch dieses Opfer und Mahl, das uns stets ein Geheimnis bleiben wird. Durch Christus, unseren Herrn. Amen. Hochgebet - „Gottes Nähe“
Ihre Ahnung wird zur Gewissheit, Er zeigt ihnen, dass es für dich, unseren Gott, Er selbst ließ sich für sie zum Nicht-Menschen machen, Wir danken dir, dass dieser Zertretene lebt, Deshalb fangen wir an zu hoffen: Du unser Gott, lass diesen Heiligen Geist Jesu unter uns lebendig werden, Denn er nahm am Abend vor seinem Tod NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Am Ende des Mahles nahm er auch einen Kelch mit Wein, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Darum verkünden wir den Tod unseres Bruders Jesus von Nazaret Wir bitten dich für die Kirche, für den Papst Franziskus, Treuer Gott, deinem Herzen vertrauen wir Zusammen mit Maria, der Mutter Jesu, dem heiligen Josef und allen Heiligen Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Och wa mir als Mënschen ëmmer nees eng aner Virstellung hunn vum Glawen a vu Gott, sou ass et dach ee schéint Bild fir hien als Papp unzeschwätzen. Biede mir, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser … Friddensgebiet
Et gëtt wuel kaum ee Mënsch, deen sech net een dauernde Fridde wënscht, a sengem Häerz, mat de Matmënschen, ënnert den Natiounen oder de Reliounen. Fridden ass nu mol d’Grondlag vun engem gudden a sënnvolle Liewen. Fridden ass d’Zil vun eisem Striewen a vun eisem Existéieren an dëser Welt. E soll och d’Zil vun eisem reliéise Beméie sinn. Dofir biede mir: Här Jesus kuck op eise Gudde Wëllen a schenkt eis all däi Fridden. Schlussgebiet
Gudde Gott, du hues eis duerch de Léif an d’Blutt vu Christus gestäerkt.Gëff, datt mir a kenger Situatioun dat verléieren, wat mir a jidder Feier vun der Eucharistie empfänken. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här an eise Brudder. Amen. Renouvelés par le corps et le sang de ton Fils, nous implorons ta bonté, Seigneur: fais qu’à jamais rachetés, nous possédions dans ton Royaume ce que nous célébrons en chaque eucharistie. Par Jésus. Herr, unser Gott, der Prophet sagte einst zu dir: deine Gedanken sind nicht unsere Gedanken und deine Wege sind nicht unsere Wege (vgl. Jes 55,8). Doch in Jesus hast du diesen Abstand überwunden, in seinem Geist erkennen wir deine Gedanken und sie werden zu den unseren. In ihm erkennen wir deinen Weg und er wird zu dem unseren. Dein Geist bewirke den Freimut in uns, dass wir überzeugt als Christin und als Christ leben in dieser Zeit. Darum bitten wir in Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn.
|