|
13. Sonndeg am Joereskrees A - 1./2.7.2023
Léif Matchrëschten! D’Liewen aus dem Glawen u Jesus Christus a seng Botschaft ass an eiser Zäit schonn ee wéineg méi komplizéiert ginn. Dat, wat mir als Chrëschten gleewen a verkënnegen, gëtt net méi esou einfach verstanen. An awer huet des Botschaft vu Christus och eis haut eppes ze soen. Eist Liewen muss vill méi an eng Déift era goen, wou mir net nëmmen vun deem, wat Vierdergrond steet, ofhängeg sinn. Eise Glawe mécht eis fräi vun engem vill ze staarken Festhalen u Materiellem. Ruffe mir zu eisem Här Jesus Christus a froe mir hien ëm seng Gnod: * Här Jesus Christus, du riffs eis eraus aus eiser Nout. Här, erbaarm dech. Dagesgebiet
Gott, unser Vater, du hast uns in der Taufe zu Kindern des Lichtes gemacht. Lass nicht zu, dass die Finsternis des Irrtums über uns Macht gewinnt, sondern hilf uns, im Licht deiner Wahrheit zu bleiben. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Tu as voulu, Seigneur, qu’en recevant ta grâce nous devenions des fils de lumière; ne permets pas que l’erreur nous plonge dans la nuit, mais accorde-nous d’être toujours rayonnants de ta vérité. Par Jésus Christ. Amen. Guter Gott, durch die Taufe sind wir in die Gemeinschaft der Christen gerufen. Wir sind eingeladen, aus der Kraft der Gemeinschaft mit dir zu leben. Hilf uns immer mehr, diese Quellen zu entdecken und für unser Lebenfruchtbar zu machen. Darum bitten wir durch Jesus Christus unseren Herrn und Bruder. Liesungen: 2 Kön 4, 8-11.14-16a / Röm 6, 3-4.8-11 / Evangelium: Mt 10, 37-42 Lesung aus dem zweiten Buch der Könige. Kv.: Von der Huld des Herrn will ich ewig singen. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Ihr seid ein auserwähltes Geschlecht, eine königliche Priesterschaft, ein heiliger Stamm. Verkündet die großen Taten Gottes, der euch in sein wunderbares Licht gerufen hat. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du deuxième livre des Rois. R/ Ton amour, Seigneur, sans fin je le chante! Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Descendance choisie, sacerdoce royal, nation sainte, annoncez les merveilles de Celui qui vous a appelés des ténèbres à son admirable lumière. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! “Wer nicht sein Kreuz auf sich nimmt und mir nachfolgt, ist meiner nicht wert.” (Mt 10, 38) Wien ass een echte Verkënneger vun der Botschaft vu Jesus Christus? An den Deeg ronderëm den 29. Juni, dem Fest vun den Apostelen Péitruss a Paulus, waren schonn zënter laanger Zäit d’Weien vun neie Priister. Vill Mystik ass mat der Wei verbonnen. Duerch Gebiet an Opleeën vun den Hänn schéckt de jeeweilege Bëschof an der Reegel jonk Männer eraus, fir d’Botschaft vu Christus ze verkënnegen. Haut ass dat scho bal eng Seelenheet ginn. Et ginn an eise Géigenden nëmme méi ganz wéineg Männer zum Priister geweit. Eis Kierch, déi esou konzentréiert ass op zölibatär männlech Priister, geréit ëmmer weider an eng onheemlech Krise, wann sech un der Saach näischt ännert. Ech hu mech schonn dacks gefrot, firwat et esou ass, dass haut esou wéineg Männer sech bereet erklären dee Wee ze goen. Vläicht läit et net einfach drun, dass kee Glawe méi do ass. Mä ass et net och eng Fro vum Prestige, dee fréier Priister an der Gesellschaft genoss hunn? Si waren d’Hären am Duerf. Si haten Afloss a Muecht. A genee dat ass awer esou net méi do. Ech hunn och den Androck, dass et grad dësen Ëmstand vu Muecht a Afloss war, dee munch jonk Leit ugezunn huet. Et war eng Méiglechkeet fir Männer, dacks aus klengen familiäre Verhältnisser, zu enger geuechter Positioun an der Gesellschaft ze kommen. War et also wierklech ëmmer eng zudéifst reliéis Iwwerzeegung, déi a fréieren Zäiten Leit ugezunn huet, fir des Positioun an der Kierch un ze striewen? Dorun zweiwelen ech mëttlerweil. Dann op der anerer Säit géif et wuel eng Rei Mënsche ginn, déi sech beruff fillen fir esou een Déngscht an der Kierch auszeüben, awer si dierfen et net, well si net zougelooss ginn, well si bestuet sinn oder well si Frae sinn. Zënter Joerzéngten gëtt iwwer des Punkten an eiser Kierch debattéiert. D’Fro gëtt allerdéngs vu Roum aus nach net emol richteg zougelooss. Mat engem Verbuet driwwer nozedenken ass des Fro reegelrecht beluecht ginn. Et ass scho bal zynesch, wéi krampfhaft un engem Bild vu Priister festgehale gëtt, dat einfach net an eis Zäit passt. Nach ëmmer argumentéieren Theologen, Bëscheef a Kardineel bis erop bäi de Poopst fir d’Zouloossung vum Amt vum Priister kéint et nëmme Männer ginn, well de Jesus schliisslech am Sall vum Abendmahl nëmme Männer ëm sech gesammelt gehat hätt. Dëst Argument ass esou falsch, wéi et topeg ass. Dobäi waren et duerchaus eng Rei vu Fraen, déi um Ufank eng ganz wesentlech Roll gespillt hunn beim Opbau vun der neier Gemeinschaft. Den hellegen Thomas vun Aquin, op deen sech sou gären och nach haut beruff gëtt, bezeechent d’Maria vu Magdala als “Apostola Apostolorum”. Et ginn am NT dann nach eng ganz Rei vu Fraen opgezielt, déi sech bäi der Leedung vun der Verkënnegung een Numm gemaach hunn. Lydia, d’Purpurhändlerin, huet enger Gemeinschaft zu Philippi vir gestanen an si geleet. Wat ass dat anescht u Funktioun, wéi dat, wat ee Priister haut soll maachen? Déi aner Viraussetzung fir d’Priister-Sinn, den Zölibat, ass nach méi däitlech, dass déi net wesentlech ass. Esouguer innerhalb vun der kathoulescher Kierch haten an hu mir bestuete Priister. De Klaus Müller bezeechent den Hiweis op dat besonnescht Zeechen vum Zölibat als réng Ideologie. Wiem kann een et also verdenken, dass ee Mënsch bäi esou engem Bild vum Job einfach Nee-Merci seet? D’Evangelium vun haut ass sécherlech a senger Ausso zimmlech schwéier ze verstoen. Papp a Mamm verloossen, Kanner net méi gär hunn, heescht dat wierklech als zölibatäre Mënsch ze liewen, wéi et ëmmer nees propagéiert gëtt? Dat ass kaum hei esou gemengt. Mä et ass éischter, dass de Verkënneger vun der Botschaft vu Jesus Christus fräi soll sinn vun allen Ofsécherungen vun der Existenz. E soll net ugestréckt sinn. Dofir dierf hien dann awer Mënsche gär hunn, mat hinnen zesumme sinn.1] War de Jesus net ee Mënsch, deen ëmmer an enger Gemeinschaft vu Mënschen gelieft huet? Mir musse ganz kloer haut an der Kierch d’Plaz vun engem Verkënneger an enger Verkënnegerin vun der Botschaft vu Jesus Christus nei denken, nei organiséieren, nei liewen. De Jesus stoung matten am Liewen vun de Mënschen vun deemools. Hien huet mat a fir seng Matmënsche gelieft. Hie stoung also net op engem Troun a war och net ausgezeechent duerch besonnesch Urieden oder Kleeder asw. Bäi der Verkënnegung vun der Botschaft geet et drëm ee Liewen ze verkënnegen, dat mënschlech ass. De Verkënneger erfëllt säin Déngscht net domat, dass hie mat Geboter an Menacen géint déi dach esou béis Welt ugeet, nach duerch “die Besetzung klerikaler Rollen”2], wéi de Klaus Müller schreift. Verkënneger gëtt ee Mënsch eréischt doduerch, dass hien aus dem Vertrauen a Gott, wéi de Jesus et gemaach huet, fräi gëtt an als fräie Mënsch sech selwer ass an net eng Roll. Dat mécht de Verkënneger zu engem Symbol vu Jesus Christus.3] De Verkënneger ass net Här, deen iwwer deenen anere steet, neen, hien ass ee Matmënsch, deen a voller Fräiheet dem Jesus seng Botschaft lieft. Hie lieft si och esou, wéi de Jesus si gelieft huet, ënner de Leit a mat de Leit, ouni speziell Kleedung, ouni besonnesch Positioun an der Gesellschaft. Iwwer eng nei Orientéierung vum Liewen vun engem Verkënneger oder enger Verkënnegerin vun der Botschaft vu Jesus Christus misst eis Kierch a mengen Aen dringend ufänken nozedenken an eppes ze änneren. 1] Vgl. heizou déi interessant Ausféierungen vum Klaus Müller, Gottes ABC. Texte für das Lesejahr A, Aschendorff Verlag Münster 2013, S. 230ff. Fürbitten
Gott hëlleft eis, d’Laascht vum Liewen ze droen an auszehalen. Dofir dierfe mir zu him bieden:
Mir vertrauen op deng Hëllef, gudde Gott. Dofir erhéier elo eis Gebieder. Dech luewe mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Tout en nous invitant à prendre notre croix et à la suivre, le Christ nous assure de son soutien indéfectible. C’est pourquoi nous osons nous tourner vers son Père et, en toute confiance, lui présenter notre prière, en union avec l’Église de partout dans le monde. Gowegebiet
Här, eise Gott, an de Geheimnisser, déi mir feieren, schenks du eis Orientéierung an Heel fir eist Liewen. Gëff, datt mir den Déngscht un dengem Altor würdeg vollzéien, an doduerch nei Kraaft schäffen. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Dieu qui agis avec puissance dans tes sacrements, fais que le peuple assemblé pour te servir soit accordé à la sainteté de tes propres dons. Par Jésus... — Amen. Guter Gott, wir bereiten Brot und Wein, Zeichen des Leben und der Hoffnung. Im Gedächtnis deines Todes und deiner Auferstehung schenkst du uns die Kraft, unser Leben mit allen Höhen und Tiefen durchzutragen und den Glauben daran nicht zu verlieren, daß du uns in dein Reich führen willst. Dafür danken wir dir durch Jesus Christus, unseren Herrn und Bruder. Hochgebet – „Gott des Lebens I“
Sanctus Guter Gott, du hast dich dem Mose als jener offenbart, Du bist kein Gott privater Innerlichkeit, Im Namen und Auftrag Jesu sind wir vor dir versammelt, Wir bitten dich um deinen Geist, damit im Teilen des Brotes Es war in der Nacht vor seinem Leiden. NEHMET UND ESSET ALLE DAVON. Ebenso nahm er in jener Nacht NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS. Geheimnis des Glaubens Treuer Gott, wir gedenken des befreienden Lebens Jesu. Wir bitten um den Heiligen Geist. Erfülle mit deinem Geist auch jene, Gedenke der vielen und namenlosen Opfer lebensfeindlicher Verhältnisse Im Glauben, dass du der Gott des Lebens bist, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Alles, wat mir am Liewen brauchen ass eigentlech ee grousst Geschenk vu Gott. Hien ass wéi ee gudde Papp fir eis. Dofir biede mir: Vater unser ... Friddensgebiet
De Fridden an eiser Welt gëtt ëmmer nees mat Féiss getrëppelt. Mir Mënschen sinn dacks esou schwaach, dass mir et net fäerdeg bréngen een deem aneren ze verzeien. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis alleguer däi Fridden. Schlussgebiet
Gudde Gott, mir verlaangeren dono, datt schonn elo matten an dëser Welt eppes vun dengem Räich opliichte soll; - an dëser Welt, déi esou dacks gepräägt ass vu Willkür, Muechtmëssbrauch an Egoismus. Mir verlaangeren dono, an eisem Liewen Sënn ze entdecken, mir verlaangeren no Gebuergenheet a Fräiheet. Hëllef eis, datt all eis Wënsch fruchtbar ginn an eiser Bereetschaft, Mataarbechter un dengem Räich ze sinn, Gedold a Léift ze üben an eisem Déngscht un aneren. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Guter Gott, das Gedächtnis deines Sterbens und Auferstehens fordert uns heraus, nicht stumm und teilnahmslos zu bleiben, sondern uns einzusetzen, wo es um das Leben von Menschen geht. Als Christen haben wir nicht eine egoistische oder konsumorientierte Wertordnung, sondern wir sind gerufen zu zeigen, daß es Werte gibt, die über die Werte der Wirtschaft und des Vergnügens hinausgehen. Laß uns den Glauben immer wieder als einen solchen Wert erfahren. So bitten wir durch Jesus Christus unseren Herrn und Bruder. Que le corps et le sang de Jésus Christ, offert en sacrifice et reçu en communion, nous donnent la vie, Seigneur : reliés à toi par une charité qui ne passera jamais, nous porterons des fruits qui demeurent. Par Jésus. Amen.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement