|
14. Sonndeg am Joereskrees B - 3./4.7.2021
Léif Matchrëschten! Am Magnifcatlidd Nummer 505 heescht et “Du hast uns Herr gerufen, und darum sind wir hier. Wir sind jetzt deine Gäste und danken dir.” Ee Gottesdéngscht ass eng zimmlech interessant Bezéiungsgeschicht. Mir sinn als éischt emol vu Christus geruff oder agelueden. Am Gewéinlechen freeë mir eis, wann ee léiwe Mënsch eis invitéiert op ee Fest, ee Gebuertsdag, eng Hochzäit asw. Ageluede ginn, heescht, dass mir deem, deen aluet wichteg sinn. Mir sinn seng Frënn. Dat ass dat eent. Dann awer kréie mir bäi dëser Aluedung och eppes selwer geschenkt oder mat op eise Liewenswee. “Du legst uns deine Worte und Taten vor.” Mir kréien Impulser fir eist Liewen. Mä fir déi unzehuelen, brauche mir een oppent Häerz a Gedanken, déi sech op dat konzentréieren, wat mir geschenkt kréien. Froe mir eisen Här ëm seng Gnod. Kyrie
Här Jesus Christus, du bass d’Wuert vun der Léift. Eis Häerz sinn all ze dacks zou dofir. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, duerch d’Erniddregung vun dengem Jong um Kräiz hues du eis erëm opgeriicht a vun all Sënd fréi gemaach. Erfëll eis mat Freed iwwert d’Erléisung a féier eis all an deng éiweg Séilegkeet. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus. Amen. Dieu qui as relevé le monde par les abaissements de ton Fils, donne à tes fidèles une joie sainte : tu les as tirés de l’esclavage du péché ; fais-leur connaître le bonheur impérissable. Par Jésus Christ. Gott, deine Kraft hilft unserer Schwachheit auf, und in deiner Gnade liegt unsere Stärke. Gib, dass wir in unserer Begrenztheit und Ohnmacht nicht verzagen, sondern uns mit all unseren Sorgen und Nöten ganz auf dich werfen. Darum bitten wir dich durch Jesus Christus, deinen Sohn und unseren Bruder, der mit dir und dem Heiligen Geist in unserer Mitte lebt jetzt und in Ewigkeit. Liesungen: Ez 1, 28b - 2,5 / 2 Kor 12, 7-10 / Mk 6, 1b-6 Lesung aus dem Buch Ezechiel. Kv Unsere Augen sind erhoben zum Herrn, unserm Gott, bis er uns gnädig ist. Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Der Geist des Herrn ruht auf mir: Der Herr hat mich gesandt, den Armen die Frohe Botschaft zu bringen. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre du prophète Ézékiel. R/ Nos yeux, levés vers le Seigneur, attendent sa pitié. Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. L’Esprit du Seigneur est sur moi: il m’a envoyé porter la Bonne Nouvelle aux pauvres. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt
„Woher hat er das alles? Was ist das für eine Weisheit, die ihm gegeben ist! … Und sie nahmen Anstoß an ihm.” De Jesus ass doheem zu Nazareth an d’Mënschen hu geduecht, dass si hien géife kennen. „Mir wësse genee, wien dat elo ass. Wéi kann et sinn, dass deen eis elo hei eppes wëll soen?” D’Reaktioun vun de Leit ass eis allen gutt bekannt. Reagéiere mir net och esou, wann een aus eisen eegene Reien eis eppes wëll kloer maachen? „Mir kennen deen dach! Wat kann dee scho bréngen?” An esou ass dann dat Ganzt ofgeschloss an et gëtt net méi nogelauschtert. D’Kommunikatioun gëtt verweigert an an der Folleg kann sech och dem Jesus seng „Muecht” oder „Kraaft” net méi entfalen. „Menschensohn, stell dich auf deine Füße; ich will mit dir reden.“ Dat ass ee beandrockende Saz. Mënsch riicht dech op, ech, Gott, wëll mat dir schwätzen. Den Ezechiel war virun der Gréisst vu Gott nidder gefall op säi Gesiicht, wéi et an der Liesung heescht. Awer dat ass nu mol keng Haltung an der ee mat enaner kann éierlech an um gläichen Niveau schwätzen. Well den Ezechiel soll jo net nëmmen héieren, hie soll och verstoen. Genee déi Verännerung gëtt an eiser Liesung ugeschnidden. Domat hu mir och schonn en éischte Problem vun de Leit vun Nazareth entlarvt. Si hu gesinn an héieren vun den Doten vum Jesus. Awer si hu näischt verstanen. Dofir sinn si him vis-à-vis ofleenend. De Jesus ass ee vun hinnen, een normale Mënsch. Den Ezechiel gëtt an eiser Liesung, wéi och soss iwwer achtzeg Mol, als „Menschensohn“ bezeechent. „Ben Adam“ ass eng bal ausschliisslech poetesch Bezeechnung fir kloer ze stellen, dass de Mënsch vun himmleschen Wiesen ënnerscheet muss ginn. Awer eben dëse Mënsch gëtt vu Gott ugeschwat. „Stell dech op deng Féiss!“, ass eng däitlech Opfuerderung, dass de Mënsch sech muss zesummen huelen. De Mënsch muss sech selwer an der Gewalt hunn, fir dat Wuert vu Gott empfänken ze kënnen. Fir mech ass dat eigentlech ee ganz interessant Bild. Wann ech mat Gott wëll a Kontakt kommen an hien wëll verstoen, dann ass net vu mir verlaangt, dass ech mech op d’Knéie werfen, dass ech mech quasi onscheinbar maachen. Nee Gott wëll ee Partner, een, deen mat Mutt a Kraaft lauschtert an dann dat, wat hie verstanen huet, weider gëtt. Awer natierlech ass als Éischt een Nolauschteren, een opmierksaamt Erfuerschen vun deem verlaangt, wat Gott wëll soen. Ech muss et verstoen. An eiser Liesung spillt den Auteur mat zwou Dimensiounen vum mënschlechen Dosinn viru Gott. Wa vum „Menschensohn“ geschwat gëtt, vum „Ben Adam“, also wuertwiertlech vum Jong vun der Äerd, dann ass kloer gestalt, dass de Mënsch grad just net Gott ass, dass hien een einfacht a klengt ierdescht Wiesen ass, dat och alt emol muss damiddeg seng Konditioun unerkennen. Haut si mir dacks an enger zimmlech iwwerhieflecher Positioun als Mënschen. Mir spillen eis gären op als d’Häre vun der Schëpfung, als déi, déi alles dierfen a kënnen. Ëmmer méi gëtt de Mënsch haut des Daags zu engem Wiesen, dat wëll iwwer Liewen an Doud entscheeden, sou wéi et him grad passt. Awer de Mënsch ass nu mol „Ben Adam“. Hien ass ee klengt ierdescht Wiesen an net Gott. Vläicht war et dat, wat d’Leit deemools zu Nazareth gestéiert huet. De Jesus huet hinne gewisen, wou d’Grenzen vum ierdeschen Dosinn vum Mënsch leien. Ëmmer dann, wann de Mënsch sech selwer vergëttlecht an sech iwwer alles erhieft, geschitt Onrecht a Leed. De Mënsch ass net „das Maß aller Dinge“. An awer gëtt dëse klenge Mënsch vu Gott geruff, an d’Verantwortung geruff. „Stell dech op deng Féiss“, heescht jo och, riicht dech op an huel deng Verantwortung eescht. De Mënsch ass zwar net Gott, awer hien gëtt zum Partner fir Gott an der Welt. Fir Partner ze sinn brauch de Mënsch de Geescht vu Gott. „Da kam Geist in mich“, heescht et an der Liesung. De Mënsch kann nëmmen dann Verantwortung an der Welt iwwerhuelen, wa Gott him des Verantwortung iwwerdréit, wa Gott him seng Kraaft, säi Geescht gëtt. Dëse Geescht bewierkt, dass ee Mënsch sech verännert, dass aus him een anere Mënsch gëtt. Awer dee Geescht ass a bleift ëmmer een Eegentum vu Gott. Nëmmen de Geescht vu Gott bewierkt, dass de Mënsch viru Gott ka stoen a bestoen. Wann de Mënsch sech dësem Geescht vu Gott verweigert, da geschitt dat, wat deemools zu Nazareth geschitt ass: „Er konnte dort keine Machttat tun”. Wichteg ass, dass mir als Mënschen erkennen, dass mir engersäits net selwer Gott sinn, dass mir einfach nëmme Kanner vun der Äerd sinn, mä dass mir anerersäits awer och vu Gott geruff sinn fir an a mat sengem Geescht an dëser Welt ze handelen. Ech hunn den Androck, dass et bäi eis ëmmer da schif geet, wa mir eng oder gläich déi zwou Dimensiounen net eescht huelen. Am Moment ginn et eng Rei ganz bedreelech Entwécklungen an eise Gesellschaften. Mir erhiewen eis als Mënschen iwwer alles an der Welt, jo och iwwer eis Konditioun als Wiesen vun dëser Äerd a spille Gott. Mir hunn eis zum groussen Deel absolut gesat. Verantwortung iwwerhuele mir nëmmen fir eis eegen Entscheedungen awer eben net fir een Handelen am Geescht vu Gott. Mir hunn eis wuel op eis Féiss gestalt, dat awer mam Réck zu Gott. Vläicht nach ee klenge Gedanken. Beim Ezechiel gëtt am Hebräeschen fir dat Wuert „stoen” „´amad” gebraucht. Dëst Wuert bezeechent d’Stoen vun engem Dénger viru sengem Här. De Mënsch wëll haut net méi Dénger sinn. Hie wëll selwer Här sinn. Dat ass dat, wat an der prophetescher Literatur vun der Bibel déi falsch Propheten auszeechent. Déi richteg Propheten stinn „im Rate JHWHs”. Et géif eiser Zäit wuel gutt dinn, wa mir eis och méi erëm an dee Rot vu Gott géife stellen an net nëmmen eis eege Pläng fir des Welt géife versichen ze realiséieren. Déi gréissten Schrecklechkeeten vun der Mënschheet sinn ëmmer da geschitt, wann de Mënsch sech selwer an säi Wuelergoen absolut gesat huet. Fürbitten
Wou de Jesus Glawen fonnt huet, do konnt hien Wonner wierken. Sou ruffe mir elo voll Vertrauen an der Nout vun eiser Zäit:
Papp am Himmel, wa mir op däi Jong kucken, da gesi mir wat fir Weeër zu dir féieren. Fir hien soe mir dir Merci a mir luewen dech haut an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Dieu continue de choisir et d’envoyer des gens qui parlent en son nom, même s’ils ne portent pas le titre de prophètes ou de messagers. Présentons-lui ces hommes et ces femmes en quête de vérité et de justice. Dieu très bon, entends notre prière. – Le Seigneur a besoin de personnes pour diriger son Église, chez nous comme partout dans le monde; que son Esprit leur donne courage et humilité. – Le Seigneur a besoin de personnes qui prennent la défense des plus fragiles et des maltraités; que son Esprit leur apporte sagesse et espérance. – Le Seigneur a besoin de personnes engagées dans l’annonce de sa parole; que son Esprit leur procure persévérance et audace. – Le Seigneur a besoin de personnes qui, par des gestes et des paroles, apportent amour et paix; que son Esprit leur donne patience et sérénité. Seigneur, toi le Dieu d’Ézékiel et de Paul, toi le Père de Jésus et notre Père, accorde à notre temps les prophètes dont il a besoin. Donne-nous aussi de les reconnaître, de les accueillir, de les soutenir, malgré leurs limites. Toi le Vivant pour les siècles des siècles. Amen. Gowegebiet
Härgott, zu denger Éier feiere mir des Eucharistie. Si soll eis fréi maache vun allem Béisen an eis hëllefen, Dag fir Dag dat neit Liewen, dat mir vun dir geschenkt kritt hunn, siichtbar ze maachen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Puissions-nous être purifiés, Seigneur, par l’offrande qui t’est consacrée: qu’elle nous conduise, jour après jour, au Royaume où nous vivrons avec toi. Par Jésus. Guter Gott, dieses Brot und dieser Wein sind schlichte Zeichen für unser Leben. Wir bitten dich, mache sie uns zum Sakrament, das uns unerschöpfliches ewiges Leben zuteil werden lässt. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn. Hochgebet – „Dank sei dir, Gott II“
Sanctus Ja, Gott, dir wollen wir für alles danken. Vater, dein Heiliger Geist komme auf die Gaben von Brot und Wein Denn in der Nacht vor seiner Verurteilung nahm Jesus das Brot, dankte, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm Jesus nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Vor dir, Vater, tun wir, was dein Sohn, unser Bruder, von uns erwartet. Guter Gott, wir bitten dich für uns, für unsere Kirche, für die, Wir gedenken auch all der Menschen, die wir geliebt haben und die gestorben sind, Mit Maria, der Mutter Jesu, ihrem Gatten, dem heiligen Josef Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Gott luet eis an, fir him ze vertrauen an eis och ëmmer nees mat groussem Vertrauen un hien ze wenden. Loosse mir dofir zesummen esou bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser … Friddensgebiet
Eis Oueren, déi zou sinn, eis Aen, déi blann sinn, huelen net wierklech wouer, wat eis eppes fir de Fridde déngt a wat fir d’Eenheet ënner de Vëlker bäidréit. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, schenk du eis däi grousse Fridden. De Fridde sief mat iech all. Meditation
Herr, ich bitte dich für alle, Schlussgebiet
Härgott, du hues eis mat räiche Gowe beschenkt. Looss eis ëmmer erëm Merci soen fir all dat Gutt an eisem Liewen, wat mir geschenkt kréien, a looss eis all eng Kéier bäi dir doheem sinn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Comblés d’un si grand bien, nous te supplions, Seigneur: fais que nous en retirions des fruits pour notre salut, et que jamais nous ne cessions de chanter ta louange. Par Jésus. Gott der Barmherzigkeit und Liebe, wir haben das Gedächtnis des Leidens und der Auferstehung Christi gefeiert und das heilige Sakrament empfangen. Was uns dein Sohn in unergründlicher Liebe geschenkt hat, das helfe uns zum Zeugnis des Evangeliums in unserem Alltag, durch ihn, Christus, unsern Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement