
|
14. Sonndeg am Joereskrees B - 6./7.7.2024
14. Sonndeg am Joereskrees B - 6./7.7.2024
Léif Matchrëschten! De Sonndeg gëllt an eisem chrëschtleche Verständnis als den éischten Dag vun der neier Woch. Et ass den Dag, wou mir un d’Opersteeung vum Jesus denken. Et ass den Dag vum neien Ufank, vum neie Liewen. Natierlech gi mir drun erënnert, dass och mir dierfen erwaarden um Enn an een neit Liewen a Gott kënnen ze kommen. Awer och eng aner Dimensioun soll eis ureegen. En neien Ufank sollte mir och ëmmer nees an eisem aktuelle Liewe setzen. Do ass engersäits munches, wat leie bliwwen ass, wat vläicht och net esou gutt war, an dann och dat, wat eis nei Freed an Hoffnung ka bréngen. Loosse mir also mat Zouversiicht an déi nei Woch kucken an eisen Här ëm seng Gnod froen.
Här Jesus Christus, du bass d’Wuert vun der Léift. Eis Häerzer sinn all ze dacks zou dofir. Här Jesus Christus, du bass de Wee zum echte Liewen. Mir ginn all ze dacks aner Weeër. Här Jesus Christus, du bass eis Hoffnung. Schenk eis neie Mutt, wa mir fäertereg sinn.
Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, duerch d'Erniddregung vun dengem Jong um Kräiz hues du eis erëm opgeriicht a vun all Sënd fréi gemaach. Erfëll eis mat Freed iwwert d'Erléisung a féier eis all an deng éiweg Séilegkeet. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus. Amen.
Dieu qui as relevé le monde par les abaissements de ton Fils, donne à tes fidèles une joie sainte : tu les as tirés de l'esclavage du péché ; fais-leur connaître le bonheur impérissable. Par Jésus Christ.
Gott, deine Kraft hilft unserer Schwachheit auf, und in deiner Gnade liegt unsere Stärke. Gib, dass wir in unserer Begrenztheit und Ohnmacht nicht verzagen, sondern uns mit all unseren Sorgen und Nöten ganz auf dich werfen. Darum bitten wir dich durch Jesus Christus, deinen Sohn und unseren Bruder, der mit dir und dem Heiligen Geist in unserer Mitte lebt jetzt und in Ewigkeit.
Liesungen: Ez 1, 28b - 2,5 / 2 Kor 12, 7-10 / Mk 6, 1b-6
Lesung aus dem Buch Ezechiel. In jenen Tagen schaute ich das Aussehen der Gestalt der Herrlichkeit des HERRN. Und ich fiel nieder auf mein Angesicht. Da hörte ich die Stimme eines Redenden. Er sagte zu mir: Menschensohn, stell dich auf deine Füße; ich will mit dir reden. Da kam Geist in mich, als er zu mir redete, und er stellte mich auf meine Füße. Und ich hörte den, der mit mir redete. Er sagte zu mir: Menschensohn, ich sende dich zu den Söhnen Israels, zu abtrünnigen Völkern, die von mir abtrünnig wurden. Sie und ihre Väter sind von mir abgefallen, bis zum heutigen Tag. Es sind Söhne mit trotzigem Gesicht und hartem Herzen. Zu ihnen sende ich dich. Du sollst zu ihnen sagen: So spricht GOTT, der Herr. Sie aber: Mögen sie hören oder es lassen - denn sie sind ein Haus der Widerspenstigkeit - , sie werden erkennen müssen, dass mitten unter ihnen ein Prophet war.
Kv Unsere Augen sind erhoben zum Herrn, unserm Gott, bis er uns gnädig ist.
Ich
erhebe meine Augen zu dir, *
Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Schwestern und Brüder! Damit ich mich wegen der einzigartigen Offenbarungen nicht überhebe, wurde mir ein Stachel ins Fleisch gestoßen: ein Bote Satans, der mich mit Fäusten schlagen soll, damit ich mich nicht überhebe. Dreimal habe ich den Herrn angefleht, dass dieser Bote Satans von mir ablasse. Er aber antwortete mir: Meine Gnade genügt dir; denn die Kraft wird in der Schwachheit vollendet. Viel lieber also will ich mich meiner Schwachheit rühmen, damit die Kraft Christi auf mich herabkommt. Deswegen bejahe ich meine Ohnmacht, alle Misshandlungen und Nöte, Verfolgungen und Ängste, die ich für Christus ertrage; denn wenn ich schwach bin, dann bin ich stark.
Halleluja. Halleluja. Der Geist des Herrn ruht auf mir: Der Herr hat mich gesandt, den Armen die Frohe Botschaft zu bringen. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. In jener Zeit kam Jesus in seine Heimatstadt; seine Jünger folgten ihm nach. Am Sabbat lehrte er in der Synagoge. Und die vielen Menschen, die ihm zuhörten, gerieten außer sich vor Staunen und sagten: Woher hat er das alles? Was ist das für eine Weisheit, die ihm gegeben ist! Und was sind das für Machttaten, die durch ihn geschehen! Ist das nicht der Zimmermann, der Sohn der Maria und der Bruder von Jakobus, Joses, Judas und Simon? Leben nicht seine Schwestern hier unter uns? Und sie nahmen Anstoß an ihm. Da sagte Jesus zu ihnen: Nirgends ist ein Prophet ohne Ansehen außer in seiner Heimat, bei seinen Verwandten und in seiner Familie. Und er konnte dort keine Machttat tun; nur einigen Kranken legte er die Hände auf und heilte sie. Und er wunderte sich über ihren Unglauben. Jesus zog durch die benachbarten Dörfer und lehrte dort.
Lecture du livre du prophète Ézékiel. En ces jours-là, je regardai la forme de la gloire du Seigneur. À cette vue, je tombai face contre terre, et j’entendis une voix qui me parlait. Elle me dit: «Fils d’homme, tiens-toi debout, je vais te parler.» À cette parole, l’esprit vint en moi et me fit tenir debout. J’écoutai celui qui me parlait. Il me dit: «Fils d’homme, je t’envoie vers les fils d’Israël, vers une nation rebelle qui s’est révoltée contre moi. Jusqu’à ce jour, eux et leurs pères se sont soulevés contre moi. Les fils ont le visage dur, et le cœur obstiné; c’est à eux que je t’envoie. Tu leur diras: “Ainsi parle le Seigneur Dieu...” Alors, qu’ils écoutent ou qu’ils n’écoutent pas – c’est une engeance de rebelles! – ils sauront qu’il y a un prophète au milieu d’eux.
R/ Nos yeux, levés vers le Seigneur, attendent sa pitié.
Vers
toi j’ai les yeux levés,
Comme
les yeux de la servante
Pitié
pour nous, Seigneur, pitié pour nous :
Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Frères, les révélations que j’ai reçues sont tellement extraordinaires que, pour m’empêcher de me surestimer, j’ai reçu dans ma chair une écharde, un envoyé de Satan qui est là pour me gifler, pour empêcher que je me surestime. Par trois fois, j’ai prié le Seigneur de l’écarter de moi. Mais il m’a déclaré : « Ma grâce te suffit, car ma puissance donne toute sa mesure dans la faiblesse. » C’est donc très volontiers que je mettrai plutôt ma fierté dans mes faiblesses, afin que la puissance du Christ fasse en moi sa demeure. C’est pourquoi j’accepte de grand cœur pour le Christ les faiblesses, les insultes, les contraintes, les persécutions et les situations angoissantes. Car, lorsque je suis faible, c’est alors que je suis fort.
Alléluia. Alléluia. L’Esprit du Seigneur est sur moi: il m’a envoyé porter la Bonne Nouvelle aux pauvres. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. En ce Temps-là, Jésus se rendit dans son lieu d’origine, et ses disciples le suivirent. Le jour du sabbat, il se mit à enseigner dans la synagogue. De nombreux auditeurs, frappés d’étonnement, disaient : « D’où cela lui vient-il ? Quelle est cette sagesse qui lui a été donnée, et ces grands miracles qui se réalisent par ses mains ? N’est-il pas le charpentier, le fils de Marie, et le frère de Jacques, de José, de Jude et de Simon ? Ses sœurs ne sont-elles pas ici chez nous ? » Et ils étaient profondément choqués à son sujet. Jésus leur disait : « Un prophète n’est méprisé que dans son pays, sa parenté et sa maison. » Et là il ne pouvait accomplir aucun miracle ; il guérit seulement quelques malades en leur imposant les mains. Et il s’étonna de leur manque de foi. Alors, Jésus parcourait les villages d’alentour en enseignant.
Priedegt
„Denn wenn ich schwach bin, dann bin ich stark.“ (2 Kor 12, 10b) Dat ass schonn ee staarken Ausdrock vum Paulus. Schwaach sinn, ass net grad dat, wat haut eis Gesellschaft präägt, a wat mir wëllen. Et sinn déi Staark, déi sech duerchsetzen. Déi Schwaach bleiwen op der Stréck. Dat ass dat strengt Gesetz vun der Evolutioun. Wa mir an déi eenzel Länner a Gesellschafte kucken, da verfuere mir um politeschen, ekonomeschen an och um mënschleche Plang genee esou. Ouni Gnod kämpfe mir eis no vir. Wéi et anere geet, ass eis meeschtens ganz egal. Haaptsaach mir setzen eis duerch mat eisen Iddien a vergréissere méiglechst ouni Halt eise Räichtum. D’Gesetz vun der Natur a vun der Evolutioun hu mir am Fong och um politeschen a militäreschen, wéi och um ekonomesche Plang iwwerholl.
Deem steet dann allerdéngs déi eigentlech Ethik vum Chrëschtentum entgéint. D’Chrëschten hunn sech vun Ufank un deene Schwaachen zougewannt an hier Würd verdeedegt. De Paulus hei an eiser Liesung erënnert eis drun, dass et ebe fir hien anescht geet. De Paulus hat de Mutt, fir dem Liewen an och sech selwer an d’Aen ze kucken. Hie weess ganz gutt, wéi dacks hie schonn um Buedem louch, wou Krankheet hien niddergedréckt huet a wou och d’Aarbecht bal net ze packe war. Hie kennt seng Schwaachheeten an hëlt si un.[1] Ee Mënsch, dee gesäit, wou hien eppes net esou gutt kann, wou hien iwwerfuerdert ass, wou hien Hëllef brauch, deen ass am Fong staark, well hien domat och kann ëmgoen. Hie leit net un Iwwerschätzen, un Hybris.
Interessant ass, dass dat griichescht Wuert, wat am Däitsche mat „Misshandlungen“ an am Franséische mat „insultes“ iwwersat ass, „hybris (hybresin)“ ass. D’Hybris féiert derzou, dass aner Mënsche mësshandelt ginn. Munch Mënsche leiden ënner engem Realitéitsverloscht, deen derzou féiert, dass anerer ënnerdréckt ginn oder an Nout geroden. Grad de Géigendeel awer bewierkt et, wann een seng eege Schwächt unhëlt an agesäit, dass de Mënsch net perfekt ass an net alles kann. Dann ass een och op, fir deen aneren un ze huelen, wéi en ass, mat senge Feeler an Onzoulänglechkeeten.
„Denn wenn ich schwach bin, dann bin ich stark.“ Kucke mir einfach emol op eis selwer. Firwat fält et eis ëmmer nees esou schwéier, fir unzeerkennen, dass mir och Feeler maachen? Firwat gesi mir an eiser Kierch eis Feeler net? Firwat wëll eis Gesellschaft net gesinn, dass er och do vill Platze gëtt, déi net an der Rei sinn? Ëmmer nees baue mir Façaden op, hannert déi mir eis wëlle verstoppen. Domat deele mir déi echt Wierklechkeet an zwee. D’Schietsäit vum Liewen ass awer och eng Säit vum Liewen. Wann ech allerdéngs nëmmen eng Hallschent weisen an zouloossen, dat sinn ech perséinlech, eis Kierch, eis Gesellschaft awer och nëmmen „halbstrak“ an domat eigentlech echt schwaach. Et ass ganz einfach en Zeeche vu Stäerkt, wann een unerkennt, dass een am Fong net alles kann, dass ee schwaach ass.
Kucke mir op de Jesus. An him huet sech Gott ganz kleng a schwaach gemaach. Hie war domat ee Géigebild zu deenen deemools an och nach haut aktuelle Biller vun engem Held, vun engem omnipotente Gott. Gott huet sech selwer kleng a schwaach gemaach. Hien huet eis mënschlech Konditioun ugeholl an domat gewisen, dass och déi zu deem Ganzen derzou gehéiert. Gott ass eis esou ganz no komm. Awer hie bleift och schwéier doran ze verstoen, vläicht eben och well mir déi Dimensioun vun der Schwaachheet net wëllen akzeptéieren.
Vum Friedrich Hölderlin gëtt et vill zitéierten, mysteriéise Saz: „Nah ist und schwer zu fassen der Gott. Wo aber Gefahr ist, wächst das Rettende auch.“[2] Gott ass eis am Jesus mënschlech gläich ginn. Awer ze verstoen ass hien net, wa mir nëmmen d’Säit vun der Gréisst an der Muecht wëlle gesinn. Gott ass grad deene Schwaache ganz no ginn. Mir gesinn dem Jesus seng Wonnen, säi Scheiteren. Mir sollten also och de Mutt hunn, fir eis eege Wonnen ze gesinn. Mir sollten eis agestoen, dass mir net allmächteg a perfekt sinn. Awer eben do läit de Problem. An eiser eegener Hybris ass Gott esou nëmme ganz schwéier ze faassen.
Ech si kee Kenner a Spezialist vum Friedrich Hölderlin. Awer deen zweeten Deel vum zitéierte Saz léist mech iergendwéi ganz nodenklech ginn. „Wo aber Gefahr ist, wächst das Rettende auch.“ Da wa mir eis agestinn, dass mir kleng sinn, si mir och bereet ze hëllefen. Do, wou Nout ass, si mir bereet anzesprangen. Huet eis de Jesus dat net just ëmmer nees virgemaach? Dat musse mir gesinn.
D’Evangelium ass ee Musterbeispill, wéi Mënsche reagéieren a wéi si sech ee mächtege Gott virstellen. Do kënnt dee klengen domme Bouf Jesus dach net op Nazareth, wou hien opgewuess ass. Dee klenge schwaachen an onscheinbare Jong, wat soll deen da scho kënnen? Ee staarken, dichtegen, räichen Herrscher, dat wier d’Bild vum Messias, awer net esou een! Wéi gesi mir dat? Nach ëmmer liewe mir an deem Modus wéi d’Leit zu Nazareth. Mir kucken op déi Grouss an Dichteg, op déi, déi riede kënnen an eis den Himmel op der Äerd verspriechen. Awer dat ass et net. Dem Jesus säi Wee war et, fir dat Schwaacht, dat Kléngt, dat Krankt, dat, wat ausgestouss ass, an der Welt unzehuelen. Hie selwer huet sech mat deenen um Rand solidariséiert. Wann ee selwer an der Nout an an der Gefor ass, wann ee selwer krank ass, da spiert een, wéi et engem anere geet. A genee da wiisst d’Bereetschaft fir ze hëllefen. „Wo aber Gefahr ist, wächst das Rettende auch.“
Eis Kierch an eis Gesellschaft mussen och haut nei léieren, dass mir ni duerch d’Muecht vun deene Mächtegen erléist ginn, mä duerch d’Deelhuelen un der Ohnmächtegkeet, an der eis de Jesus Gott ganz no bruecht huet.
[1] Vgl. Franz Kamphaus, Der Unbekannte aus Nazaret. Inspirationen zum Markus-Jahr, Patmos Verlag Ostfildern 2024, S. 195. [2] Friedrich Hölderlin, Sämtliche Werke, Brief und Dokumente, hrsg. von D.E. Sattler, München 2004, Band 10, S. 15.
Fürbitten
Loosse mir zu eisem Här Jesus Christus bieden, hien, deen eis hei zesumme geruff huet:
* Fir all, déi bäi der Verkënnegung vun dengem Wuert op Ofleenung treffen. Schenk hinnen ëmmer erëm nei Kraaft an neie Mutt. Christus, héier eis.
* Fir all, déi weltwäit wéinst hirem Glawe verfollegt, gefoltert an ëmbruecht ginn. Stäerk si an hirer Nout a looss si fest bleiwen an hirer Iwwerzeegung. Christus, héier eis.
* Fir all, déi an hirer Liewen op deng Hëllef hoffen. Gëff hinnen dat, wat si sech vun dir froen. Christus, héier eis.
* Fir all, déi Krank, déi Traureg an déi Misär hunn. Riicht si op duerch deng Léift a Baarmhäerzegkeet. Christus, héier eis.
* Fir all eis Verstuerwen. Looss si bäi dir am Fridde sinn. Christus, héier eis.
Här Jesus Christus, op däi Wuert an deng Hëllef ziele mir. Lauschter elo op eis Gebieder an erhéier si, elo an ëmmer. Amen.
II.
Dieu continue de choisir et d’envoyer des gens qui parlent en son nom, même s’ils ne portent pas le titre de prophètes ou de messagers. Présentons-lui ces hommes et ces femmes en quête de vérité et de justice. Dieu très bon, entends notre prière.
– Le Seigneur a besoin de personnes pour diriger son Église, chez nous comme partout dans le monde; que son Esprit leur donne courage et humilité.
– Le Seigneur a besoin de personnes qui prennent la défense des plus fragiles et des maltraités; que son Esprit leur apporte sagesse et espérance.
– Le Seigneur a besoin de personnes engagées dans l’annonce de sa parole; que son Esprit leur procure persévérance et audace.
– Le Seigneur a besoin de personnes qui, par des gestes et des paroles, apportent amour et paix; que son Esprit leur donne patience et sérénité.
Seigneur, toi le Dieu d’Ézékiel et de Paul, toi le Père de Jésus et notre Père, accorde à notre temps les prophètes dont il a besoin. Donne-nous aussi de les reconnaître, de les accueillir, de les soutenir, malgré leurs limites. Toi le Vivant pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Härgott, zu denger Éier feiere mir des Eucharistie. Si soll eis fréi maache vun allem Béisen an eis hëllefen, Dag fir Dag dat neit Liewen, dat mir vun dir geschenkt kritt hunn, siichtbar ze maachen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Puissions-nous être purifiés, Seigneur, par l'offrande qui t'est consacrée: qu'elle nous conduise, jour après jour, au Royaume où nous vivrons avec toi. Par Jésus.
Guter Gott, dieses Brot und dieser Wein sind schlichte Zeichen für unser Leben. Wir bitten dich, mache sie uns zum Sakrament, das uns unerschöpfliches ewiges Leben zuteil werden lässt. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn.
Hochgebet – „Dank sei dir, Gott II“
Präfation
für
unsere Eltern, Verwandten und Freunde.
Sanctus
Ja,
Gott, dir wollen wir für alles danken.
Vater,
dein Heiliger Geist komme
auf
die Gaben von Brot und Wein
Denn
in der Nacht vor seiner Verurteilung
nahm
Jesus das Brot, dankte,
NEHMET
UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso
nahm Jesus nach dem Mahl den Kelch,
NEHMET
UND TRINKET ALLE DARAUS:
Geheimnis
des Glaubens
Vor
dir, Vater, tun wir, was dein Sohn, unser Bruder, von uns
erwartet.
Guter
Gott, wir bitten dich für uns, für unsere Kirche, für die,
Wir
gedenken auch all der Menschen, die wir geliebt haben und die
gestorben sind,
Mit
Maria, der Mutter Jesu, ihrem Gatten, dem heiligen Josef
Durch
ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
De Paulus schwätzt vu senger Schwaachheet. Mir all hunn och eis Momenter, wou mir Hëllef brauchen. Am Gebiet vum Jesus leeë mir dofir elo all dat eran, wat eis net geléngt a mir froen eise Papp ëm dat, wat fir eist Liewe wichteg ass: Vater unser …
Friddensgebiet
Ëmmer dann, wann een eis net nom Mond riet, fille mir eis net eescht geholl a fänke ganz gären ee Sträit un. De Fridde briechen, dat fänkt dacks am Kléngen un. Mir hunn et selwer an der Hand, fir friddlech ze wierken an ze handelen. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, schenk du eis däi grousse Fridden. De Fridde sief mat iech all.
Schlussgebiet
Härgott, du hues eis mat räiche Gowe beschenkt. Looss eis ëmmer erëm Merci soe fir all dat Gutt an eisem Liewen, wat mir geschenkt kréien, a looss eis all eng Kéier bäi dir doheem sinn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Comblés d'un si grand bien, nous te supplions, Seigneur: fais que nous en retirions des fruits pour notre salut, et que jamais nous ne cessions de chanter ta louange. Par Jésus.
Gott der Barmherzigkeit und Liebe, wir haben das Gedächtnis des Leidens und der Auferstehung Christi gefeiert und das heilige Sakrament empfangen. Was uns dein Sohn in unergründlicher Liebe geschenkt hat, das helfe uns zum Zeugnis des Evangeliums in unserem Alltag, durch ihn, Christus, unsern Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement