|
15. Sonndeg am Joereskrees B - 10./11.7.2021
Léif Matchrëschten! Chrëscht ze sinn ass schonn esou eng Geschicht. Eigentlech misste mir all zesummen eng eenzeg grouss Eenheet, eng Famill sinn. Mir missten eis géigesäiteg gär hunn. Mir missten an eisem Häerz Fridden droen grad ee vis-à-vis vun deem aneren. Dat awer ass dacks net ze spieren. Dat, wat mir solle vermëttelen, liewe mir nach laang net ëmmer. Biede mir drëm, dass mir dat maachen, wat eisem Numm als Chrëschten entsprécht. Froe mir eisen Här ëm seng Hëllef. Kyrie
Här Jesus Christus, du riffs eis an deng Gemeinschaft. Dagesgebiet
Dieu qui montres aux égarés la lumière de ta vérité pour qu’ils puissent reprendre le bon chemin, donne à tous ceux qui se déclarent chrétiens de rejeter ce qui est indigne de ce nom, et de rechercher ce qui lui fait honneur. Par Jésus Christ. Gott und Vater unsres Herrn Jesus Christus, du hast uns erwählt vor der Erschaffung der Welt. In Jesus hast du uns die Befreiung geschenkt, die Vergebung aller Schuld aus dem Reichtum deiner Gnade. Unser Leben preise dich und bezeuge deine Herrlichkeit. Darum bitten wir dich durch ihn, Christus, unsern Herrn. Liesungen: Amos 7, 12-15 / Eph 1, 3-14 / Mk 6, 7-13 Lesung aus dem Buch Amos. Kv Lass uns schauen, o Herr, deine Huld und schenke uns dein Heil! Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Ephesus. Halleluja. Halleluja. Der Vater unseres Herrn Jesus Christus erleuchte die Augen unseres Herzens, damit wir verstehen, zu welcher Hoffnung wir berufen sind. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre du prophète Amos. R: Fais-nous voir Seigneur, ton amour, et donne-nous ton salut. Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Éphésiens. Alléluia. Alléluia. Que le Père de notre Seigneur Jésus Christ ouvre à sa lumière les yeux de notre cœur, pour que nous percevions l’espérance que donne son appel. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt
“In Bet-El darfst du nicht mehr prophezeien; denn das hier ist das königliche Heiligtum und der Reichstempel.” Den Amos war ugetrueden fir d’Botschaft vu Gott ze bréngen. Hien huet de Fanger an d’Wonne vun der Zäit geluecht a sécherlech och ganz kritesch op d’Gesellschaft mat all hiren Aspekter gekuckt. Seng Profezeiungen waren der herrschender Schicht ee groussen Där an den Aen. Den Amos huet sech wuel selwer, wéi mir et haut an der Liesung héieren hunn, net als Prophet bezeechent. Hien leent dës Bezeechnung of. Allerdéngs ripostéiert hien net beim Wuert “Seher”, dat den Amazja hei gebraucht. Den Amos war ganz onofhängeg. Hien huet fir säi Liewensënnerhalt mat der eegener Aarbecht gesuergt. Hie gouf also net bezuelt fir seng Visiounen, seng Profezeiungen. Hie war deemno ganz fräi fir d’Botschaft vu Gott bäi d’Leit ze bréngen. Hien huet also keng Uweisungen vun engem Beruffsstand oder engem Virgesaten kritt. Dat, wat hie seet, kënnt just vu Gott selwer. Ech hunn d’Gefill, dass dat et och ass, wat lo hei zum Problem gëtt. Hien huet net iergendengem vun der ieweschter Schicht nom Mond geschwat. Hien huet also och net eng aktuell Ideologie ënnerstëtzt, weder vun der Relioun nach vum Staat. Den Amazja verbitt dem Amos säin Optrieden mat der Begrënnung, dass “das hier das königliche Heiligtum und der Reichstempel ist”. An deem offiziellen Hellegtum vum Staat dierf also och nëmmen dat verkënnegt ginn, wat dem Herrscher passt. Kritik um Herrscher a senger Politik, un der Féierung vum Staat a vun der Gesellschaft, wéi och un der offizieller Relioun dierf net gemaach ginn. Den Amos hat dat allerdéngs gemaach an dofir muss hien elo fort goen. Den Amos hat mat senger Kritik natierlech fir eng gewëssen Onrou gesuergt. Dem héchste Priister vum Staatshellegtum, dem Amazja, geet et bäi dëser “Abschiebung” vum Amos ëm déi politesch Rou. Mat engem Fortgoen vum Amos wier erëm alles an der Rei an de Staat kéint weider funktionéieren wéi bis dohin. Den Amos awer seet, dass hien eben net berufflech profezeit. Seng Visiounen kommen direkt vu Gott selwer. An deem Uruff an Optrag vu Gott kann hien sech net verschléissen. Wiem soll den Amos dann lo follegen? Hei ass ee Konflikt, deen u sech net tëschent dem Amos an dem Amazja besteet, mä tëschent Gott an dem Staat, deen duerch de Kinnek representéiert ass. Wann een et krass ausdrécke wëll, da versicht den héchste Priister am Numm vum Staat Gott selwer d’Rieden an d’Handelen u sengem Vollek ze verbidden. Hate mir net och an der Geschicht vun der Mënschheet, an dat bis haut, ëmmer esou politesch Regimmer, déi genee dat gemaach hunn? Ee Staat wëll sech kaum kritiséiere loossen. Fundamental Kritik an Hiweiser op Ongerechtegkeeten, op Onmënschlechkeeten, op Verweigeren vu Mënscherechter wéi Liewen a Wuelergoen, Gläichheet a Fräiheet, si net gutt gelidden. Hei kéint a misst een op aktuell Situatiounen an eise Gesellschaften oder an eise Staaten agoen. Wann een selwer ë bëssi nodenkt, da fënnt een sécherlech munch Unhaltspunkten, déi wuel deem nokommen, wat an eiser kuerzer Liesung vun haut notéiert ass. Den Amos, mat deene wéinege Sätz vun der Liesung vun haut, ass méi aktuell wéi jeemools. Gott kritt och an eise Gesellschaften des Ëfteren de Mond verbueden. Staatstempelen solle méiglechst fräi bleiwen vu kritesche Priedegten a Rieden. Bezuelte Staatsdénger an enger Reliounsgemeinschaft sollten sech méiglechst net ze wäit vir woen an op Mëssstänn hiweisen. Wéi ech des Gedanken niddergeschriwwen hunn, war grouss an de Medien d’Reportagen iwwer d’Grënnung vun der kommunistescher Partei virun 100 Joer a China duerch de Mao. Relioun gouf hei duerch eng Staatsideologie ersat. All reliéis Manifestatioun gouf zënterhier schif gekuckt a vill Mënschen goufen wéinst hirem Glawen oder hirem Asaz fir Gerechtegkeet bis haut verfollegt. An esou engem Land, wéi a villen aneren Diktaturen war an ass dat offensichtlech. Allerdéngs gëtt et dat och an eisen sougenannten Demokratien. Staatsideologien setzen sech mat quasi gëttlechem Usproch duerch. A sougenannten westleche Länner gëtt wuel kee verfollegt oder eraus geheit, deen net der Ideologie entsprécht. Awer villfach gi Konzepter, déi géint munch Staatsideologie stinn, aus der Ëffentlechkeet verbannt. Et ass och bäi eis deelweis net méi ubruecht sech als Chrëscht ze outen. Den Amos huet deemools wuel zimmlech an een Harespelsnascht gestach. Mir brauchen haut ganz dringend esou Propheten wéi den Amos, déi de Fanger an d’Wonne vun eiser Zäit leeën an deenen, déi herrschen, ëmmer nees de Spigel hinhalen an si op d’Onéierlechkeet an d’Falschheet hiweisen. Eigentlech misste mir als Chrëschten eis andauernd erhiewen a Gerechtegkeet a Baarmhäerzegkeet afuerderen. Dass dann net op eis gelauschtert gëtt, ass sécherlech méiglech. Awer ënnerstëtzen dierfe mir Onrecht op kee Fall. Dofir liesen ech dem Jesus seng Uweisung aus dem Evangelium: „Wenn man euch aber in einem Ort nicht aufnimmt und euch nicht hören will, dann geht weiter und schüttelt den Staub von euren Füßen, ihnen zum Zeugnis.”, och esou, dass mir eis sollen an deene Fäll zeréckzéien a kee Pakt mat dëse Leit schléissen, déi esou ongerecht an onbaarmhäerzeg handelen. Op kee Fall dierf et esou sinn, dass mir als echt Chrëschten déi ganz schro Ongerechtegkeeten an der Welt mat ënnerstëtzen. Eis Aufgab ass et Propheten ze sinn, déi Onrecht opdecken a Mënschen an Nout hëllefen. Och mir als Chrëschten mussen onofhängeg bleiwen an um Wuert vu Gott festhalen, och géint munche Widderstand. Well dat ass d’Kennzeeche vun engem echte Prophet. Fürbitten
Mat dëser Massfeier maache mir eis op de Wee an déi nächst Woch. Mir wëssen, dass Gott eis dobäi begleet. Zu him wëlle mir bieden:
Gott, eise Papp, mat denger Begleedung op eisem Wee kann eist Liewen geléngen. Ënnerwee mat dengem Verspriechen erreeche mir eng Kéier dat grousst Zil mat Christus eisem Här. Amen. II.
Avec confiance, laissons monter notre prière vers Dieu qui remet en nos mains l’avenir de la Bonne Nouvelle. Seigneur, nous te prions. – Afin que le Seigneur envoie des prophètes annoncer la Bonne Nouvelle aux femmes et aux hommes de notre temps, prions. – Afin que le Seigneur nous inspire le désir d’appeler et de soutenir des disciples qui témoignent de sa parole dans le monde, prions. – Afin que le Seigneur accompagne celles et ceux qui partent en vacances, prions. – Afin que le Seigneur veille sur les malades et soit leur force dans l’épreuve et dans l’isolement, prions. Seigneur, toi qui nous envoies dans le monde, donne à chacun et chacune la claire vision de sa mission et la force de l’accomplir. Nous t’en prions par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
Gott, kuck op däi Vollek, dat am Gebiet versammelt ass, an huel eis Gowen un. Maach se helleg, fir datt alleguer déi, déi si empfänken, an denger Léift wuessen an dir ëmmer méi dengen. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Regarde, Seigneur, les dons de ton Église en prière: accorde à tes fidèles qui vont les recevoir la grâce d’une sainteté plus grande. Par Jésus. Gott, du Ursprung aller Dinge, du gibst Speise und Trank für das tägliche Leben. Was du uns in die Hände gelegt hast, nimm entgegen als Zeichen unseres Dankes durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Reich Gottes“
Präfation Sanctus Guter Gott, in deinem Namen verkündete Jesus, Dein Reich verglich er mit einem Fest, auf dem alle satt werden Jesus aber hielt fest an deinem Reich In seinem Namen und Auftrag sind wir jetzt versammelt, Wir bitten dich um deinen Heiligen Geist, damit im Teilen des Brotes Es war in der Nacht vor seinem Leiden. NEHMET UND ESSET ALLE DAVON. Ebenso nahm er in jener Nacht nach dem Essen den Becher mit Wein, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS. Geheimnis des Glaubens: Guter Gott, wir gedenken des Einsatzes Jesu Gib, dass wir nicht aufhören, an eine menschlichere Welt zu glauben Erfülle mit deinem Heiligen Geist jene, die eine besondere Verantwortung Guter Gott, erbarme dich all derer, die uns nahegestanden haben Lass uns hoffen auf das Leben in Fülle in deinem Reich Wenn wir in der Nachfolge Jesu Sauerteig für die Welt sind, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Wa mir am Vater Unser ëm d’Kommen vum Räich vu Gott bieden, brénge mir een Dram, eng Visioun zum Ausdrock. Doranner spigelt sech eis Hoffnung op eng Welt vu Gerechtegkeet a Fridden, eng Welt, an der all Mënsch gutt ka liewen. Dofir wëlle mir zesumme bieden: Vater unser … Friddensgebiet
D’Räich vu Gott, an dat mir all ageluede sinn, ass ee Räich vum Fridden an der Wourecht, vun der Léift an dem Fridden. Mir selwer mussen awer doru matschaffen. Dofir biede mir: Här Jesus gëff eis Kraaft an eiser Welt fir Fridden ze suergen. De Fridde vun eisem Här sief mat iech all. Meditation
Für alle Schlussgebiet
Här, eise Gott, mir soen dir Merci fir déi helleg Gowen. Looss deng Gnod an eis wuessen, allkéiers dann, wa mir dës Moolzecht empfänken. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Nourris de ton eucharistie, nous te supplions, Seigneur: chaque fois que nous célébrons ce mystère, fais grandir en nous ton œuvre de salut. Par Jésus. Gott in unserer Mitte, du erneuerst uns durch deine Sakramente. Gewähre uns deine Hilfe, und lass die Erlösung die wir gefeiert haben, in unserem Leben wirksam sein zum Zeugnis für dein Reich in der Welt. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement