|
16. Sonndeg am Joereskrees A – 22./23.7.2023
Léif Matchrëschten! Mir géife jo nawell gären an engem Paradäis wunnen. Awer eis Welt ass dat net. Alles an eiser Welt ass begrenzt a ganz besonnesch mir als Mënschen si nëmme fir kuerz Zäit hei. Awer eisen Egoismus léist eis ëmmer nees versichen des Grenzen op ze briechen an doriwwer eraus ze goen. Mir kënnen dacks net domat ëmgoen, dass et och Réckschléi am Liewe gëtt. Vläicht sinn eis Liesungen vun haut ee gudden Hiweis, dass mir einfach och eis Grenzen kéinten anhalen an da méi zefridde wieren. Loosse mir eis Welt méi geloosse kucken. Froe mir eisen Här Jesus, dass hien eis Gedold a säin Erbaarmen schenkt. Kyrie
Här Jesus Christus, mir hunn dacks net genuch Gedold matenaner. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Herr, unser Gott, sieh gnädig auf alle, die du in deinen Dienst gerufen hast. Mach uns stark im Glauben, in der Hoffnung und in der Liebe, damit wir immer wachsam sind und auf dem Weg deiner Gebote bleiben. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Sois favorable à tes fidèles, Seigneur, et multiplie les dons de ta grâce: entretient en eux la foi, l’espérance et la charité, pour qu’ils soient attentifs à garder tes commandements. Par Jésus Christ. Gott des Lebens, wir danken dir für die vielen guten Erfahrungen, für glückliche Begegnungen und für eine entspannte Zeit. Bewahre uns davor, Menschen schlecht zu machen, Rachegefühle zu hegen und im Unfrieden zu leben. Nimm dich unserer Schwachheit an, und wenn uns die Worte fehlen, dann komm uns mit deinem Geist zu Hilfe. Durch Jesus Christus... Herr, du hast uns alle angenommen. Wir brauchen uns vor dir nicht anders zu geben, als wir sind, denn du kennst uns und hast Geduld mit uns. Du traust uns zu, dass wir noch wachsen und reifen für den Tag deiner Ernte, dass wir noch wachsen auch in der Geduld mit den Menschen, in der Liebe zu allen, die mit uns leben. Lass uns miteinander, aneinander und füreinander wachsen auf das Reich Gottes hin, das mit deinem Kommen schon begonnen hat. Amen. Liesungen: Weish 12, 13.16-19 / Röm 8, 26-27 / Mt 13, 24-43 Lesung aus dem Buch der Weisheit. Kv.: Du, mein Herr, bist gut und bereit zu vergeben. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Sei gepriesen, Vater, Herr des Himmels und der Erde; du hast die Geheimnisse des Reiches den Unmündigen offenbart. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre de la Sagesse. R/ Toi qui es bon et qui pardonnes, Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Tu es béni, Père, Seigneur du ciel et de la terre, tu as révélé aux tout-petits les mystères du Royaume! Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! Wa mir an eis Welt erauskucken, da gesi mir vill Schéines mä eben och vill Traureges. Mir gesinn, dass eis Welt an d’Mënschen sech weiderentwéckelen, dass mir haut an enger Welt liewen, jiddefalls emol bäi eis, déi zimmlech friddlech an erfollegräich ass. Mir hunn een dach groussen Wuelstand erreecht a mir kënnen vill Leed a Misär op ee Minimum reduzéieren. Vill Krankheeten, déi Mënschen a fréieren Zäiten uerg geplot hunn, hu mir am Grëff. Dann awer gesi mir trotzdeem op ville Platzen uechtert d’Welt Misär, Krich an all méiglech elle Situatiounen. An ëmmer nees gëtt d’Fro opgeworf: Firwat? Firwat kann dat esou sinn? Firwat ka Gott, wann et hien da gëtt, dat alles esou zouloossen? Wann ech eist Evangelium vun haut liesen, da muss ech ëmmer erëm un des Froen denken. Eis Welt kéint esou schéi sinn, wann net ëmmer nees Onkraut do wier, dat dëst friddlecht Bild vun eiser Welt géif empfindlech stéieren. De Weess wiisst. Eis Welt entwéckelt sech. Awer et mëscht sech ëmmer nees Onkraut dorënner. Ëmmer nees gëtt dëst Wuessen, dëse Fridden, dëse Wuelstand gestéiert. A Gott, wou bleift hien an deem Ganzen? Kéint hien net de Misär ofstellen? Kéint hien net dëst Onkraut aus der Welt schafen? Dachs gëtt gesot, dass dee meeschte Misär an der Welt ass, well de Mënsch a senger Fräiheet all dat mécht, well hien net perfekt ass an net ëmmer richteg handelt. Gott hätt deemno nëmmen d’Méiglechkeet gehat eng Welt ze schafen, déi entweder absolut ouni Misär wier an dofir awer bis an dee klengsten Detail absolut deterministesch festgeluecht wier, oder awer eng Welt zouzeloossen, déi ee fräit Handelen erméiglecht an déi dann eben och Misär ka produzéieren. Wéi och ëmmer, mir kënnen des Fro op alle Fall net entscheeden. Awer mir gesinn, dass vill Onkraut op eisem Weessefeld vun der Welt wiisst. Solle mir dat erausrappen? Oder solle mir dat weider wuesse loossen, sou wéi et am Gläichnis vum Evangelium gesot gëtt? Ass net eis allgemeng Erfarung genee déi, déi jo och schonn d’Gläichnis beschreift? Da wa mir versichen de Misär aus der Welt ze kréien, da stéiere mir och d’Wuessen vum Weess, jo rappen deen gläich mat eraus. An nees erëm d’Fro no Gott: Wat ass dann elo seng Roll an deem Ganzen? Virun enger Partie Joren hunn ech ee wierklech interessant Buch gelies. De Jean d’Ormesson mécht sech a sengem Buch "Comme un chant d’espérance"1] ganz déif Gedanken iwwert eis Welt, iwwert Gott an iwwert d’Verhältnis vu Gott zu eiser Welt an och zu eis als Mënschen. Interessant fannen ech, dass op eng gewëssen Manéier den Auteur d’Roll vu Gott och esou gesäit wéi de Bauer am Gläichnis. Gott steet fir hien um Ufank vun dëser Welt, déi aus dem absolutten Näischt kënnt. Hien erënnert drun, dass mir haut zwar Villes iwwert d’Fonctionéieren vun eiser Welt wëssen, dass mir och wëssen, wéi sech eis Welt zënter deem berüümten Urknall entwéckelt huet, dass mir awer eben net hannert déi Mauer, déi nom groussen däitschen Physiker Max Planck benannt ass, kucken kënnen. Bis un ee Brochdeel vu milliounstel Sekonn zeréck kënnen mir kucken a berechnen. Awer da steet do des Mauer, déi eis kee weideren Bléck erlaabt. Virun deem éischten Moment vum Kosmos gouf et weder Zäit nach Raum. All Nodenken doriwwer féiert an dat absolut Näischt. "Il n’y avait rien. Et le rien c’était le tout. Le tout et le rien se mêlaient l’un à l’autre et se confondaient l’un avec l’autre. ... Ni de passé. Ni d’avenir. ... Il n’y avait rien. ... Un silence complet. Un vide absolut. ... Avant le monde et son train, il n’y avait pas d’espace et il n’y avait pas de Temps. Il y avait bien quelque chose: c’était l’éternité. L’éternité se confondait avec le tout et avec le rien."2], schreift den d’Ormesson. Awer d’Éiwegkeet fält jo aus der Zäit eraus. D’Éiwegkeet ass keng Zäit. Si léist sech mat kenger vun eisen Kategorien beschreiwen. Fir Gott gëtt et an eiser Bibel vill Nimm. Aner Reliounen hu gläichfalls Nimm fir Gott. Een Numm ass awer ganz besonnesch wichteg an och den Jean d’Ormesson weist dorop hin. Gott gëtt als deen Éiwegen bezeechent, l’ÉTERNEL. A wann ech d’Buch richteg verstanen hunn, da setzt den d’Ormesson Gott eben och mat dësem Éiwegen, mat der Éiwegkeet gläich. An dorausser erginn sech dann och munch ganz wichteg Iwwerleeungen fir eis Welt, an der mir liewen an och leiden. Et ass an et bleift äusserst schwiereg, fir d’Leed an der Welt an och dat Béist, wourun de Mënsch selwer dru schold ass ze erklären an ze akzeptéieren. De Mënsch mécht vill Feeler. Mä de Mënsch mécht och vill Guddes. Un eis ass et, fir ëmmer nees des Welt nei zum Gudden ze féieren, fir nei gudde Som auszeséinen an opzepassen, dass méiglechst wéineg Onkraut sech ënnert eisen Weess mëscht. De Jean d’Ormesson jiddefalls ass iwwerzeegt, dass mir als Mënschen eng wichteg Aufgab hunn am Plang vu Gott: "Dieu a fait sortir le monde du néant pour que l’homme puisse le créer."3] Un eis ass et fir des Welt ze gestalten, fir si schéin a gutt ze maachen, fir si fir all Mënschen zu engem Paradäis ze maachen. Natierlech kënne mir och selwer ëmmer nees Onkraut séinen an als Feinden vu Gott optrieden. A wéi am Gläichnis vum Jesus wiisst dat dann eben mat. Doru kënnen a solle mir och näischt änneren. Mä et gëtt awer eng immens Hoffnung, dass trotz all dem Onkraut dach awer eppes Guddes wuesse kann. Dat kann een elo op all Beräicher vum mënschlechen Liewen an dëser Welt ausdeenen. Ech ka jiddefalls dem Jean d’Ormesson seng Conclusioun als eng déif an iwwerzeegend Hoffnung opfaassen, wann hie schreift: "Parce que Dieu a confié à l’homme le tout tiré du rien pour qu’il en fasse un monde où, grâce à l’espace et au temps, à la nécessité et au hasard, l’absence se change en présence et le mystère en raison."4] Et ass net alles esou schlecht an nach laang net alles verluer. Mir mussen just mat eis selwer, also mat eis als Mënschen selwer Gedold hunn. Gott huet jo och Gedold. Eis Welt hätt sécher ouni eis een anere Verlaf. Awer kee wéist eppes dovunner. "Le monde n’existerait pas sans Dieu et il ne serait rien sans les hommes. Les hommes, nous le savons déjà, ne sont pas le but, ni le sommet, ni la fin dernière de la création. Mais ils sont une étape obligée et les architectes associés."5] Trotz allem Misär, trotz alle Feeler gëtt et Hoffnung op eng erfollegräich Zukunft. Trotz dem Onkraut am Weess wiisst dach awer och de Weess a bréngt seng Fruucht ervir. "Dieu nous a donné la vie pour que nous en profitions. Pour que nous soyons heureux. Pour que nous nous supportions et que nous nous aimions les uns les autres. Et pour que nous chantions les louanges de l’Éternel dans les interstices de la pensée et du mal."6]Ainsi soit-il. Amen. 1] Jean d’Ormesson, Comme un chant d’espérance, Éditions Héloise d’Ormesson, 2014. Fürbitten
Gott ass den Ufank an d’Zil vun eisem Liewen. Hie kennt eis an huet eis gär. Dofir dierfe mir zu him bieden:
II
Vivre selon le royaume de Dieu exige d’avoir l’esprit et le cœur ouverts. Répondons à l’appel de Jésus, en prenant dans notre prière tous nos frères et sœurs de la terre. Gowegebiet
Här, du hues déi vill Affer, déi dir jeemools vu Mënschen duerbruecht ginn, an deem engen Affer vum Neie Bond ofgeschloss. Huel dës Gowen vun denge Gleewegen un a maach si helleg, esou wéi’s du deemools d’Affer vum Abel ugeholl hues; a wat jidder eenzelen zu denger Éier duerbréngt, dat soll allen zum Heel dengen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dans l’unique et parfait sacrifice de la croix, tu as porté à leur achèvement, Seigneur, les sacrifices de l’ancienne loi; reçois cette offrande des mains de tes fidèles et daigne la sanctifier comme tu as béni les présents d’Abel: que les dons offerts par chacun pour te glorifier servent au salut de tous. Par Jésus. Gott und Vater, was die Erde hervorbringt und unsere Arbeit erzeugt, bringen wir vor dich. Sei bei uns in der Kraft deines Geistes, wenn wir das Mahl deines Sohnes feiern, Christus, unseres Herrn. Hochgebet - „Unvollkommenheit“
Gott, wir loben dich um deines Sohnes, um unseres Bruders Jesu willen. Seine Zeichen, sie liegen vor uns. Ein Laib aus Erde, ein Fließen aus Sonne, Deine Lebenskraft beseele die Dinge und Geschöpfe – wie am Anfang, wie am Ende – Darum bitten wir dich: Sende deinen Geist über Brot und Wein, Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er beim Mahl das Brot NEHMT UND ESST ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMT UND TRINKT ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Gott, in bedürftiger und begrenzter Gestalt ist uns Jesus nahegekommen. Das Leben, das das Unrecht in Recht kehrt, das die Tränen abwischt Uns aber bleibt zu arbeiten und dich, Gott, zu bitten: Wenn wir leben, bist du bei uns, wenn wir sterben, sind wir bei dir. In Gemeinschaft mit unserem Papst Franziskus, unserem Bischof N., Halte uns zusammen in deinem Reich mit Maria und Josef, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
„Wir wissen nicht, worum wir in rechter Weise beten sollen; der Geist selber tritt jedoch für uns ein“, heescht haut an der zweeter Liesung. Dofir biede mir mat deene Wierder, déi eisen Här Jesus eis geléiert huet: Vater Unser ... Friddensgebiet
Am ale Bond wëll Gott ëmmer nees sengem Vollek d’Schold ewech huelen. De Jesus huet dann selwer ëmmer erëm d’Schold verzien a Versönung geschenkt. Dofir biede mir: Här Jesus Christus kuck net op eis Schwächten, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer erëm däi Fridden. Schlussgebiet
Här Jesus Christus, eemol méi hues du ons erëm opgeriicht an duerch däi Wuert Courage gemaach. Bleif duerfir bäi ons mat dengem Geescht, datt mir am Leed an an de Suergen vum Alldag nimools vergiessen ons un dir ze orientéieren, deens du liefs an Här bass an all Éiwegkeet. Amen. Dieu trés bon, reste auprès de ton peuple, car sans toi notre vie tombe en ruine; fais passer à une vie nouvelle ceux que tu as initiés aux sacrements de ton Royaume. Par Jésus. Gott, reich an Güte und Erbarmen, du hast uns teilhaben lassen am Mahl deines Sohnes. Lass uns eins sein in ihm und Licht werden für die Welt. Darum bitten wir durch ihn, Christus, unsern Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement