
|
20. Sonndeg am Joereskrees A - 20.8.2023
Léif Matchrëschten! Nach ëmmer si mir grad an der kathoulescher Kierch séier do, fir anerer als falsch oder net gleeweg ofzestempelen. Op deenen entspriechenden Internet-Fore ass dat grad erëm haut des Daags ganz in fir Mënschen an der Form erof ze maachen. Domat di mir deene Mënschen awer ganz dacks onheemlech Onrecht. Wie ka scho soen, dass hie richteg gleeft? Wien huet d’Wourecht? Och wann aner Kierchen a Reliounen aner Virstellungen vu Gott a Gottesdéngscht hunn, sou sinn si op kee Fall manner wäert oder méi schlecht wéi mir als Katholicken. Mir all als Mënschen kënnen Gott sichen. A seng Léift gëllt och fir all Mënschen, net nëmmen eise Memberen. Dem Härgott seng Guttheet ass ouni Grenzen, dat gëllt ganz genee och an dësem Kontext. Loosse mir zesummen eisen Här ëm säin Erbaarmen froen: Här Jesus Christus, du bass den Erléiser vun der Welt. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, wat nach keen Aen gesinn a keen Ouer héieren huet, dat häls du fir déi bereet, déi dech gär hunn. Gëff eis dofir en Häerz, dat dech iwwert alles gär huet. Erfëll un eis deng Verspriechen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Pour ceux qui t’aiment, Seigneur, tu as préparé des biens que l’œil ne peut voir: répands en nos cœurs la ferveur de ta charité, afin que t’aimant en toute chose et par-dessus tout, nous obtenions de toi l’héritage promis qui surpasse tout désir. Par Jésus Christ. Guter Gott, du liebst alle Menschen ohne Unterschied. Bewahre uns davor, Mitmenschen gering zu achten und auszugrenzen, die gleich uns Fremdlinge und Pilger auf den Wegen dieser Welt sind. Darum bitten wir dich, den Vater unseres Herrn Jesus Christus, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und Leben schafft in Ewigkeit. Liesungen: Jes 56, 1.6-7 / Röm 11,13-15.29-32 Mt 15, 21-28 Lesung aus dem Buch Jesája. Kv Die Völker sollen dir danken, o Gott, danken sollen dir die Völker alle. – Kv Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Jesus verkündete das Evangelium vom Reich und heilte im Volk alle Krankheiten und Leiden. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre du prophète Isaïe. R/ Que les peuples, Dieu, te rendent grâce ; qu’ils te rendent grâce tous ensemble ! Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Jésus proclamait l’Évangile du Royaume, et guérissait toute maladie dans le peuple. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
“Schick sie fort, denn sie schreit hinter uns her!” (Mt 15, 23b) D’Apostelen wollten sech net belästege loossen vun dëser aarmer Fra, déi ëm Hëllef geruff huet. Si ass nach derbäi eng Friem. Also, wat soll de Jesus an d’Apostelen mat der ze dinn hunn? Dat erënnert mech drun, wéi mir an eisen europäesche Länner reagéieren op all déi Mënschen, déi aus hire Géigenden fortlafen a bäi eis ëm Hëllef froen. Wat hu mir mat all deenen ze dinn? Schéckt si erëm heem, dohin, wou si hier komm sinn! Dat ass bäi villen hei d’Reaktioun. Mir trenne Mënschen no hirem Hierkommen, no hirer Relioun, no hirer Hautfaarf an esou weider. An net nëmmen dat, mir hu scheinbar näischt aus der Geschicht geléiert. Grad déi, déi am grausaamsten verfollegt goufen, hunn et wuel no sou vill Joerzéngten vergiess a maachen elo eng änlech Politik vu Rassismus an Apartheid. An Israel schéngt et am Moment wierklech krass schif ze lafen an der Hisiicht. Mä mir kënnen genausou och bäi eis ëmmer nees Tendenzen feststellen, déi an eng Richtung ginn, déi all Mënschen an den Eck drécken, déi net traditionell aus der Géigend, aus deem Land, aus deem Kulturkrees sinn. Et ass schonn erschreckend, wéi haut erëm Mënschen esou rassistesch kënne sinn. Dobäi wëlle grad déi meescht Mënschen op der Flucht just och een Deel um Räichtum a Wuelstand matkréien. “Ich bin nur zu den verlorenen Schafen des Hauses Israel gesandt.” (Mt 15, 24) Dem Jesus seng Äntwert kléngt natierlech och elo mol an eisen Oueren als ganz haart. Wat soll si bedeiten? Wéi huet hien dat gemengt? Dobäi ass dësen Aussproch schonn net esou wäit ewech vun deem, wat munch Politiker och haut soen, wann et ëm Hëllef fir friem Mënsche geet. Och si verstinn sech all ze dacks just als zoustänneg fir déi eege Leit am Land. An iergendwéi kann een et jo och mol verstoen. Mä … De Jesus hei am Evangelium, an dat ass wuel säin eegent Verständnis an deem Moment vun senger Missioun, ass emol als éischt auserwielt, fir Messias ze sinn fir d’Vollek Israel. Et geet him also drëm dëst Vollek op een neie Wee ze setzen. Dat ass seng Missioun, seng Aufgab. An da kënnt des Fra a stellt dat op eng ganz fein Manéier a Fro. Si léist net lass. Si wëll sech net mat der Äntwert einfach esou zefridde ginn. Si freet no an argumentéiert. De Jesus dréckt jo am Bild mat dem Brout och dat aus, wat mir haut ëmmer nees vu Géigner vun Flüchtlingshëllef an Änlechem héieren: Et kann een net den eegene Leit d’Brout ewech huelen, fir et dann aneren ze ginn. Et ass vläicht verständlech, dass een dat esou gesäit. Awer d’Fra dréckt hei eppes aus, wat all déi Mënschen op der Sich no besserem Liewen och kënne soen: De Jesus huet Recht, mä et bleift an engem Land vun Iwwerfloss ëmmer och genuch fir et un Aarmer weider ze ginn. “Aber selbst die kleinen Hunde essen von den Brotkrumen, die vom Tisch ihrer Herren fallen.” (Mt 15, 27) Dat ass dann dat Wuert, wat de Jesus bekéiert. Hien léiert, dass et net nëmmen seng Siicht hei gëtt. An hie versteet. De Jesus gëtt hei als ee gezeechent, dee léiert. Säin eegent Denken, säi Glawen muss wuessen. An sou ass et bis haut. Och eis Siicht muss sech ëmmer nees veränneren a wuessen, méi offe ginn fir d’Leed an de Misär an der ganzer Welt, net nëmme bäi eis. Warscheinlech spillt sech an dëser Zeen eng Problematik erëm, déi zur Zäit vum Nidderschreiwen vum Matthäusevangelium eng gréisser Roll gespillt huet. Mir wëssen, dass et um Ufank guer net esou evident war, dass dem Jesus seng Botschaft och fir Net-Judden bestëmmt soll sinn. D’Missionéieren bäi den “Heeden” war eng Saach, déi hefteg diskutéiert gouf. D’Begrenzung op Israel gëtt opgehuewen. D’”Heeden” mussen net als éischt Judde ginn, éier si zougelooss ginn zu der neier Gemeinschaft. Eenzeg wat zielt, ass de Glawen u Jesus Christus a seng Botschaft: “Frau, dein Glaube ist groß.” (Mt 15, 28a) Ech iwwerdroen d’Saach elo an eis méi profan Wierklechkeet. Et muss net jidder Mënsch eis Kultur an eis Liewensaart unhuelen, fir ee Recht op Hëllef ze hunn. “Brotkrumen”, déi vun eise räich gedeckten Dëscher eroffalen, déi vun eisem Iwwerfloss iwwreg sinn, sinn esou substanziell, dass mir duerchaus ganz ville Mënschen an der Welt kënnen hëllefen. Mir mussen just léieren méi grouss ze denken. A wa schonn wéi hei am Evangelium de Jesus nei denke léiert, em sou méi wichteg wier et, dass och mir eist Denken veränneren an der Nout vun de Mënschen upassen. Fürbitten
Dem Härgott seng Léift gëllt fir all Mënschen. Zu him komme mir mat eisen Uleies a bieden:
Härgott, mir soen dir Merci fir deng Suerg an deng Presenz a fir deng Léift, déi’s du eis ni ewech hëls. Mir luewen dech elo an ëmmer. Amen. II.
Le Seigneur n’oublie aucun de ses enfants. Avec confiance, tournons-nous vers lui et prenons dans notre prière tous nos frères et sœurs. N’oublie aucun de tes enfants, Seigneur. Gowegebiet
Baarmhäerzege Gott, helleg des Gowen. Huel dëst Affer un, dat dir am Hellege Geescht duerbruecht gëtt, a maach eis selwer zu enger Gowe, déi dir fir ëmmer gehéiert. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Accepte, Seigneur notre Dieu, ce que nous présentons pour cette eucharistie où s’accomplit un admirable échange: en offrant ce que tu nous as donné, puissions-nous te recevoir toi-même. Par Jésus. Herr, wir bringen dir Brot und Wein, unseren Hunger und unsere Sehnsucht, unsere Arbeit und unsere Freude. Du schenkst uns Brot und Wein, die Fülle deiner Schöpfung, deine Liebe, du schenkst uns Leib und Blut unseres Herrn Jesus Christus. Wir danken dir. Er ist mitten unter uns gegenwärtig, er teilt sein Reich mit uns, er teilt unser Leben. Heute und in Ewigkeit. - Amen. Hochgebet – „Glaube“
Sanctus Heilig bist du, Herr der Zeiten, und immer uns Menschen zugewandt. Denn in der Nacht, ehe er ausgeliefert wurde, nahm er inmitten seiner Jünger das Brot, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Er nahm auch den Kelch, füllte ihn mit Wein, dankte dir wieder und reichte ihn seinen Jüngern NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: So erinnern wir uns, wie er, der ohne Sünde war, Wie er in seinem Leben, in seinem Leiden und Sterben, ganz auf dich, den Vater, vertraute, Gib uns, deinem Volk, deinen Geist, Nimm dich besonders derer an, denen in der Kirche große Verantwortung übertragen ist, Rühre die Herzen derer an, die dich noch nicht kennen, Alle aber, die nicht mehr auf Erden unter uns leben, Mit ihnen schenke auch uns, wenn die Zeit dafür gekommen ist, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vater Unser
“Aber selbst die kleinen Hunde essen von den Brotkrumen, die vom Tisch ihrer Herren fallen.” (Mt 15, 27) Huet et am Evangelium geheescht. Mir sinn dacks nach net emol eisen Iwwerfloss ze deelen. Dobäi gehéiert alles allen. Biede mir drëm, dass jidder Mënsch genuch fir säi Liewen kritt, mat deene Wierder, déi Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
D’Iwwerhieflechkeet an eiser Welt ass ganz dacks de Grond, dass et Sträit a Krich gëtt. Fridde kann nëmmen da sinn, wa mir eis all als Mënschen als gläich ugesinn. Loosse mir drëm bieden, dass mir Stëfter vum Fridde ginn an dass eis Welt méi mat Fridden a Gerechtegkeet erfëllt gëtt. Här Jesus schenk eis an der ganzer Welt däi Fridden. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, an dëser helleger Moolzecht schenks du eis Undeel um Liewen vun dengem Jong. Dëst Sakrament soll eis Christus méi no bréngen, fir datt mir zur voller Gemeinschaft mat him kommen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Par cette eucharistie, Seigneur, tu nous as unis davantage au Christ, et nous te supplions encore: accorde-nous de lui ressembler sur la terre et de partager sa gloire dans le ciel. Lui qui règne. Barmherziger Gott,
mit vielen anderen Menschen an vielen Orten, die wir nicht einmal kennen,
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement