22./23.6.2024
– Nationalfeierdag - © Carlo Morbach - 16.6.2024
22./23.6.2024
– Nationalfeierdag
Usprooch
I
Léif
Matchrëschten! Mir feieren eisen nationale Feierdag. Dat ass alles
ganz schéin a sécher och ganz richteg. Allerdéngs stellen ech mir
heiansdo Froen, op wat mir eigentlech wëlle kucken a wat esou een
Dag nach ka bedeiten. Mir hunn hei an Europa ëmmer nees d’Tendenz
fir eis als Mëttelpunkt vun der Welt ze gesinn. Mir sinn esou op eis
an eis Kultur zentréiert, dass mir de Rescht vun der Welt kaum nach
wouer huelen. An do an deem klengen Europa hu mir och nach eenzel
kleng Länner, déi vun sech ageholl sinn a mengen si kéinten anere
soen, wat si ze dinn an ze loossen hätten. Mir liewen am Fong nach
ëmmer an enger Situatioun vu Kolonialhären. Iwwer vill Joren hu mir
vun Europa aus d’Welt regéiert, hu mir d’Welt kommandéiert, hu
mir gesot, wéi et ze lafen huet. Mir hunn eis Welt ausgebeut a fir
eise Räichtum ausgenotzt. Wa mir emol éierlech sinn, dann hu mir
eise Räichtum op der Aarmut vun de Länner an der drëtter Welt
opgebaut. Sécher mir hunn am Laf vun deene ville Joerhonnerten
duerch eis wëssenschaftlech Fuerschung Villes erreecht. Mir hunn
allerdéngs kaum doriwwer nogeduecht, wat mir an all der Zäit anere
Länner, Natiounen, Vëlker a Mënschen gedinn hunn duerch eis
Gurmangsegkeet. Mir hunn a mir notzen, jo mir mëssbrauchen nach
ëmmer Mënschen an der drëtter Welt quasi als Sklaven. All Kéiers,
wa mir hei fir ultra bëlleg Geld een T-Shirt kafen, dat am
Bangladesch oder soss wou gemaach gouf, misste mir eis bis an den
déifst Gronn vum Buedem schummen. Haut wonnere mir eis, dass
Mënschen als Flüchtlinge bäi eis wëlle kommen. Mir wonneren eis,
dass aus der Nout eraus Mënsche rebelléieren an eis an eisem
Selbstverständnis a Fro stellen.
Ech
weess, dass mir haut solle feieren. Awer iergendwéi kann ech kaum
nach mat Freed eise Räichtum, eis Fräiheet, eise Fridde feieren,
wann ech weess, dass mir ganz einfach op Käschte vu Milliounen Anere
liewen. Jo mir liewen a Fräiheet. Mir hunn eis dat opgebaut. Jo mir
liewen an engem System, dat op Gerechtegkeet a Gläichberechtegung
opgebaut ass. Jo mir hu warscheinlech och Villes duerch eis Relioun
vum Chrëschtentum un etheschen Normen opgebaut. Jo mir hunn och op
der Basis vu ville groussen Denker aus dem Beräich vun der
Philosophie, vun deenen ale Griichen un, ee Staatswiesen opgebaut,
dat respektvoll versicht mat senge Leit ëm ze goen. Awer, wéi hu
mir gekuckt a kucke mir haut op all déi Mënschen erof, déi an all
deene Länner liewen, déi net an eiser Kultur, Philosophie a Relioun
grouss gi sinn? Haut sinn opstriewend Länner wéi Indien a China a
vill anerer net méi bereet alles einfach esou vun eis ze
iwwerhuelen. Och hier Geschicht, och hiert Denken ass genee esou
wäertvoll wéi eist. An all des Mënsche wëllen en Deel vun de
Gidder vun eiser Welt hunn.
Heiansdo
denken ech drun, dass schonn am Laf vun der Geschicht vill Kulturen a
staatlech Organisatioune verschwonne sinn. Wann een iwwerleet, wéi
een et an der leschter Zäit an esou klenge Spréch ëmmer nees emol
konnt liesen, dass zum Beispill eng Persoun wéi déi berüümte
Kleopatra als Pharaonin vun Ägypten eiser Zäit zäitlech méi no
ass wéi der Zäit, wou d’Pyramide gebaut goufen. Doriwwer no ze
denke lount sech mol eng Kéier a léist eis dann och ee wéineg
manner iwwerhieflech ginn iwwer eis staatlech a gesellschaftlech
Instanzen. Dat, wat mir haut feieren um nationale Feierdag, ass
gekuckt op d’ganz Geschicht vun eiser Welt ee „Wimperschlag“.
Mir feieren all ze dacks, als wéi wann alles schonn ëmmer do
gewiescht wier, wat mir haut ervir sträichen. Dat ass et awer net.
Weder eis Gesellschaft, nach eise Staat, nach eis Relioun sinn éiweg.
All dat ass eréischt viru kuerzem entstanen. Op et Bestand huet a
wéi laang et wäert do sinn, wësse mir haut net. Eis Welt huet sech
ëmmer nees verännert a wäert sech veränneren. Dass mir dankbar
sinn iwwer dat Gutt, wat mir erreecht hunn, ass ok. Dass mir awer
mengen, mir wieren elo um Héichpunkt a mir kéinten ëmmer an éiweg
esou weider fueren, ass sécherlech falsch. Europa ass net den
Zentrum vun der Welt a Lëtzebuerg ass och net den Zentrum vun der
Welt. Mir sollen eis Wäerter uechten. Mir sollen awer net mengen,
dass si déi eenzeg an déi fir d’ganz Welt richteg wieren.
Bescheidenheet musse mir nei léieren. Mir musse Respekt léiere
virum Denke vun deenen, déi a ganz anere Kulture grouss gi sinn.
Denke mir och ëmmer nees drun, dass mir nëmme Gaascht sinn an dëser
Welt. Si gehéiert eis net. „Da
ihr Fremde und Gäste seid in dieser Welt.“ (1 Petr 2, 11a), wéi
de Péitruss seet, misste mir eis all Dag eng Kéier virsoen. Eis
Welt géif warscheinlech ee gutt Stéck besser ausgesinn.
Usprooch
II
Mir
feieren also haut eisen nationale Feierdag. Ech well ufänke mat
enger klenger Beobachtung. Annerhallwe Meter vu mir ewech läit
gemittlech op engem schéine gepolsterte Stull ee vu menge Kuederen.
E schléift an e léist et sech gutt goen. Hien ass wuel net fräi,
well hien am Haus agespaart ass. Awer hien huet alles, wat hie
brauch, a virun allem huet hien eng Sécherheet fir säi Liewen, déi
hien an der Natur esou kaum hätt. Ech sinn iwwerzeegt, wann ech eng
Kéier géif vergiessen d’Dier zou ze maachen, da wier hie fort a
géif versichen d’Fräiheet ze genéissen.
Lo
si mir dann och schonn Deeg laang an Otem gehale ginn an hunn
d’Geschicht verfollegt ëm de Sammy, de Känguru, deen eben och
fort gelaf war. Dat Déier hat ganz sécher eng gutt Betreiung, huet
Iessen zerwéiert kritt, huet d’Léift vu senge Besëtzer gespuert
a Villes méi. Et war gutt versuergt. Awer wéi mäi Kueder hat de
Sammy eben och net déi absolutt Fräiheet.
Lo
kann ee laang a breet iwwer d’Hale vun Déieren, op exotesch oder
heemesch, diskutéieren. Wéi hält een en Déier aartgerecht? Mä
dat ass net mäin Thema. Ech denken éischter haut iwwer Fräiheet
oder Net-Fräiheet no. All eis Déieren, déi mir esou halen a
versuergen, jo och gutt behandelen, hu vläicht ee gutt Liewen. Mä
si sinn net onbedéngt fräi. A grad do sinn ech och bäi eis selwer.
Mir Mënsche liewen an hunn et an eise Géigenden a Länner zimmlech,
wann net esouguer richteg gutt. Alles ass do. Et feelt un näischt.
Jo, mir fillen eis eigentlech och nach fräi.
Awer
si mir wierklech fräi? Si mir net och ëmmer agebonnen a verschidde
Reegelen a Konventiounen, déi eis iergendwéi ustrécken? Mäi
Kueder ass gefaangen a mengem Haus. De Sammy hat seng Plaz an ass
versuergt ginn, mä konnt net fräi iwwer all sprangen. Kënne mir
maache, wat mir wëllen? Kënne mir eis alles fräi erlaben?
Mir
mengen an eise Gesellschaften dacks, dass mir absolutt fräi wieren.
Dat si mir awer kloer net. Jiddereen huet sech u gewësse Reegelen ze
halen, well soss géif eis Gesellschaft net méi funktionéieren. Mir
hunn deemno och ee Kader, innerhalb vun deem mir mussen eens ginn. Do
si mir als Mënschen am Enn net aneschters dru, wéi de Sammy oder
mäi Kueder doheem. A wa mir dat gutt a gemitterlecht Liewe wëlle
bäi behalen, da musse mir och domat liewen an eens ginn, dass eis
net alles méiglech an erlaabt ass.
Natierlech
géife mir och gären ausbriechen aus all deene Konventiounen. De
Sammy huet et versicht. Et ass gutt ausgaangen. De Sammy ass net vun
engem Auto iwwerfouer ginn oder soss zu Schued komm. Mir Mënsche
stierwe ganz dacks un eise Versich, fir aus eise Grenzen
auszebriechen, well mir eis vun enger gewësser Zort vu Fräiheet
vill méi erwaarden, wéi et dann a Realitéit méiglech ass. De
Sammy huet warscheinlech säi Liblingsiessen vermësst. Mäi Kueder
géif wuel och séier mierken, dass et guer net esou einfach ass,
stonnelaang op der Lauer ze leien, fir eng Maus ze fänken. A mir
selwer géifen eis wonneren, wa mir net all déi Virdeeler kéinte
genéissen, déi eis eise Staat an eis dach fräiheetlech
Gesellschaft bitt.
Kloer
gëtt mir hei, dass Fräiheet ee grousst Gutt ass. Mä eng absolutt
Fräiheet kann et esou net ginn. Mir hunn ëmmer nees och
Konventiounen an ze halen, Grenzen ze uechten an eis einfach ee mat
deem aneren ze verdroen, fir dass eist gutt Liewe méiglech ass a
bleift. De Wonsch ass ëmmer nees do, an ech gesinn et an Europa ganz
erschreckend, fir aus ze briechen aus all deem. Mä eleng iwwerliewe
gëtt extreem schwéier.
Wa
mir haut eisen nationale Feierdag feieren, da sollte mir eis ville
Saache bewosst sinn. Mir wëssen, dass et Reegelen a Konventioune
gëtt, déi eis wuel ustrécken. Dat kann eis vläicht nerven. Mä si
garantéieren awer och ee Liewen, dat Villes u Guddem bitt.
Ausbriechen a versichen sech eleng duerch ze schloen, bréngt aner an
deelweis vill méi existenziell Suerge mat sech.
Hei
an Europa liewe mir insgesamt op engem ganz klenge Raum. Et ass
vläicht de Wonsch do, fir aus ze briechen. Awer wat géif eis dat
bréngen? De Sammy war wuel schonn eleng do a Gefor, dass hie kaum
weess, wat
fir
Planzen hien dierf iessen, wou hien alles fënnt fir ze iwwerliewen
an esou weider. Nëmmen op sech ze kucken, op seng eege Fräiheet,
geet eben net duer. Jiddereen hänkt ëmmer och vun aneren of. Mir
als Gesellschaft kënnen nëmmen dann iwwerliewen, wa mir zesumme
stinn an ee fir deen aneren do sinn. D’Mënschheet huet dat iwwer
vill Joerdausenden ewech geléiert. Haut grenzt dat a mengen Aen un
eng extreem geschichtlech Vergiessenheet, wa mir mengen, dass mir
eleng kënnen an der Welt iwwerliewen. Mir all setzen an engem Haus,
sou wéi mäi Kueder, oder an enger Perch, wéi de Sammy. Nëmmen do
kënne mir zesummen iwwerliewen. Loosse mir dach einfach agesinn,
dass all dat Gutt, wat mir hunn, nëmmen an enger Gemeinschaft
méiglech ass. Déi Gemeinschaft setzt eis Grenzen. Awer genee déi
Grenze beschützen eis och. Loosse mir also dankbar si fir dat, wat
mir hunn a sinn. Uechte mir een deen aneren, well mir och ëmmer nees
een deen anere brauche fir eist gemeinsaamt Liewen.
Links: