|
22. Sonndeg am Joëreskrees A - 2./3.9.2023
22. Sonndeg am Joëreskrees A - 2./3.9.2023
Léif Matchrëschten! Et deet gutt, wa mir heiansdo eisen Alldag ënnerbriechen an ee Fest feieren. All Sonndeg ass dat am Fong de Fall. Dëse Sonndeg allerdéngs si mir och agelueden eis Kathedral an der Stad ze feieren. Den 29. August ass d’Fest vun der Wei vun der Kathedrale. Um Sonndeg duerno solle mir eis all uschléissen a gemeinsam des wichteg Kierch vun eiser Diözes feieren. Eng Kathedrale ass net einfach nëmmen Bëschofskierch, also do, wou d’Kathedra vum Bëschof steet. Si ass och d’Mamm vun alle Kierchen an der Diözes. Si soll eng Plaz sinn, wou mir all zesummen hikucken an eis Orientéierung huelen. Loosse mir dofir haut all zesummen frou sinn an eis virun eise Här Jesus stellen an hien ëm seng Gnod fir eis Gemeinschaft froen.
Kyrie
* Här Jesus Christus, du hues däi Liewen ganz am Vertrauen op Gott gelieft, looss eis och esou an däi Papp vertrauen. Här, erbaarm dech eiser. * Här Jesus Christus, bäi dech dierfe mir kommen, wéi mir sinn, an eis Uleies virun dech leeën. Christus, erbaarm dech eiser. * Här Jesus Christus, du bass d’Quell vun eisem Liewen, wou mir nei Kraaft fannen fir eis Wee am Glawen. Här, erbaarm dech eiser.
Dagesgebiet
Kirchweihe Allmächtiger Gott, du hast gewollt, daß dein Volk Kirche heiße, denn wir sind das Haus, in dem deine Herrlichkeit wohnt. Gib, daß deine Gläubigen, die sich in deinem Namen versammeln, dich ehren, dich liebe und dir gehorchen, damit sie unter deiner Führung das ewige Erbe erlangen. Darum bitten wir durch Jesus Christus.
22. Sonntag im Jahreskreis Allmächtiger Gott, von dir kommt alles Gute. Pflanze in unsere Herzen die Liebe zu deinem Namen ein. Binde uns immer mehr an dich, damit in uns wächst, was gut und heilig ist. Wache über uns und erhalte, was du gewirkt hast. Darum bitten wir durch Jesus Christus.
Dieu puissant de qui vient tout don parfait, enracine en nos cœurs l’amour de ton nom; resserre nos liens avec toi, pour développer ce qui est bon en nous; veille sur nous avec sollicitude, pour protéger ce que tu as fait grandir. Par Jésus Christ.
Liesungen vum 22. Sonndeg: Jer 20, 7-9; Ps 63; Röm 12, 1-2 / Mt 16, 21-27
Lesung aus dem Buch Jeremía. Du hast mich betört, o Herr, und ich ließ mich betören; du hast mich gepackt und überwältigt. Zum Gespött bin ich geworden den ganzen Tag, ein jeder verhöhnt mich. Ja, sooft ich rede, muss ich schreien, „Gewalt und Unterdrückung“ muss ich rufen. Denn das Wort des Herrn bringt mir den ganzen Tag nur Hohn und Spott. Sagte ich aber: Ich will nicht mehr an ihn denken und nicht mehr in seinem Namen sprechen!, so brannte in meinem Herzen ein Feuer, eingeschlossen in meinen Gebeinen. Ich mühte mich, es auszuhalten, vermochte es aber nicht.
Kv Meine Seele dürstet nach dir, mein Gott. Gott,
mein Gott bist du, dich suche ich, *
Lesung
aus dem Brief des Apostels Paulus an die Römer.
Halleluja. Halleluja. Der Vater unseres Herrn Jesus Christus erleuchte die Augen unseres Herzens, damit wir verstehen, zu welcher Hoffnung wir berufen sind. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit begann Jesus, seinen Jüngern zu erklären: Er müsse nach Jerusalem gehen und von den Ältesten und Hohepriestern und Schriftgelehrten vieles erleiden, getötet und am dritten Tag auferweckt werden. Da nahm ihn Petrus beiseite und begann, ihn zurechtzuweisen, und sagte: Das soll Gott verhüten, Herr! Das darf nicht mit dir geschehen! Jesus aber wandte sich um und sagte zu Petrus: Tritt hinter mich, du Satan! Ein Ärgernis bist du mir, denn du hast nicht das im Sinn, was Gott will, sondern was die Menschen wollen. Darauf sagte Jesus zu seinen Jüngern: Wenn einer hinter mir hergehen will, verleugne er sich selbst, nehme sein Kreuz auf sich und folge mir nach. Denn wer sein Leben retten will, wird es verlieren; wer aber sein Leben um meinetwillen verliert, wird es finden. Was nützt es einem Menschen, wenn er die ganze Welt gewinnt, dabei aber sein Leben einbüßt? Um welchen Preis kann ein Mensch sein Leben zurückkaufen? Der Menschensohn wird mit seinen Engeln in der Herrlichkeit seines Vaters kommen und dann wird er jedem nach seinen Taten vergelten.
Lecture du livre du prophète Jérémie. Seigneur, tu m’as séduit, et j’ai été séduit ; tu m’as saisi, et tu as réussi. À longueur de journée je suis exposé à la raillerie, tout le monde se moque de moi. Chaque fois que j’ai à dire la parole, je dois crier, je dois proclamer : « Violence et dévastation ! » À longueur de journée, la parole du Seigneur attire sur moi l’insulte et la moquerie. Je me disais : « Je ne penserai plus à lui, je ne parlerai plus en son nom. » Mais elle était comme un feu brûlant dans mon cœur, elle était enfermée dans mes os. Je m’épuisais à la maîtriser, sans y réussir.
R/ Mon âme a soif de toi, Seigneur, mon Dieu! Dieu,
tu es mon Dieu, Je
t’ai contemplé au sanctuaire, Toute
ma vie je vais te bénir, Oui,
tu es venu à mon secours :
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Je vous exhorte, frères, par la tendresse de Dieu, à lui présenter votre corps – votre personne tout entière –, en sacrifice vivant, saint, capable de plaire à Dieu : c’est là, pour vous, la juste manière de lui rendre un culte. Ne prenez pas pour modèle le monde présent, mais transformez-vous en renouvelant votre façon de penser pour discerner quelle est la volonté de Dieu : ce qui est bon, ce qui est capable de lui plaire, ce qui est parfait.
Alléluia. Alléluia. Que le Père de notre Seigneur Jésus Christ ouvre à sa lumière les yeux de notre cœur, pour que nous percevions l’espérance que donne son appel. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. En ce temps-là, Jésus commença à montrer à ses disciples qu’il lui fallait partir pour Jérusalem, souffrir beaucoup de la part des anciens, des grands prêtres et des scribes, être tué, et le troisième jour ressusciter. Pierre, le prenant à part, se mit à lui faire de vifs reproches: «Dieu t’en garde, Seigneur! cela ne t’arrivera pas.» Mais lui, se retournant, dit à Pierre : «Passe derrière moi, Satan! Tu es pour moi une occasion de chute : tes pensées ne sont pas celles de Dieu, mais celles des hommes.» Alors Jésus dit à ses disciples: «Si quelqu’un veut marcher à ma suite, qu’il renonce à lui-même, qu’il prenne sa croix et qu’il me suive. Car celui qui veut sauver sa vie la perdra, mais qui perd sa vie à cause de moi la trouvera. Quel avantage, en effet, un homme aura-t-il à gagner le monde entier, si c’est au prix de sa vie? Et que pourra-t-il donner en échange de sa vie? Car le Fils de l’homme va venir avec ses anges dans la gloire de son Père; alors il rendra à chacun selon sa conduite.»
Priedegt
An eiser éischter Liesung vun dësem Sonndeg hu mir een eegenaartegen Text vum Prophet Jeremia héieren. (Jer 20, 7-9) „Du hast mich betört, o Herr, und ich ließ mich betören.“ (Jer 20 7a) Dat klengt nach net emol esou staark. No enger anerer Iwwersetzung allerdéngs gesäit dat schonn anescht aus: „Du hast mich in die Irre geführt, JHWH, und ich habe mich in die Irre führen lassen.“[1] Dat ass schonn hefteg. Ka Gott eis op ee falsche Wee leeden?
Virun eiser Liesung erzielt d’Buch vum Jeremia, dass hien prophezeit hat an dass dat net besonnesch gutt ukomm war. De Jeremia ass dorop hin kierperlecher Gewalt ausgesat duerch de Priister Paschur. De Jeremia huet duerchaus d’Priisterschaft an hire Kult kritiséiert. Warscheinlech war dat den Ausléiser, dass hien elo hei agespaart a bestrooft gouf.[2] Mä de Jeremia léist et dann och no senger Bestrofung net dobäi. An de Versen 3-6 just virun eiser Liesung äntwert hien op des Gewalt him vis-à-vis mat enger weideren Ukënnegung vun Onheel fir de Priister Paschur a seng Famill. Hie prophezeit d’Deportatioun an den Doud am Exil. Et ass also schonn eng massiv Kritik, déi de Jeremia ausschwätzt.
Mä da schwenkt de Jeremia ëm op eng Klo. Dovun hu mir haut den Ufank als Liesung héieren. Ass et net verständlech, dass de Jeremia elo Gott uklot? Deen huet him schliisslech den Optrag ginn, fir all dat ze soen, wat hien nu mol gesot huet. An eben dofir och déi staark Wieder vis-à-vis vu Gott. Firwat huet Gott de Jeremia an esou eng prekär Situatioun era lafe gelooss? De Jeremia fillt sech als een, dee vu Gott selwer op ee falsche Wee geleet gouf. Well säi Liewen a Gefor ass oder war, fillt hien sech vu Gott getäuscht. Hien erlieft also ee Gott, deen ambivalent ass, deen engersäits seng Ënnerstëtzung versprach hat, deen hien, de Jeremia, awer lo dem Spott an der Verfolgung aussetzt.[3]
De Jeremia ass deemno ënnerlech zimmlech opgewullt an zerrappt. Dem Härgott säi Wuert bréngt him perséinlech nëmmen Hohn a Spott an. An dach wëll sech de Jeremia net vu Gott trennen. Hie wëll duerchhalen a weider maachen. Mä seng Kraaft ass ze schwaach. Hie kann net méi. „Ich mühte mich, es auszuhalten, vermochte es aber nicht.“ (Jer 20, 9c)
Des Geschicht vum Jeremia geschitt bis haut ëmmer nees. Wann ech gesinn, wéi vill gutt Leit versichen dem Härgott säi Wuert an eiser Zäit ze liewen an ze verkënnegen, da gesi mir do ganz vill Spott an Ofleenung. Jo op ville Platzen an der Welt gi Mënschen, déi d’Wuert vu Gott liewen a priedegen och gewaltsam verfollegt an ëmbruecht. Wann ech schonn nëmme kucken wat an der leschter Zäit am Nicaragua geschitt, da kann een dat duerchaus mat dem Jeremia vergläichen.[4] Op anere Platzen an der Welt geschéien änlech Saachen. Priedeger, net nëmmen Chrëschten, gi verfollegt wéinst hirem Glawen, wéinst hirem Asaz fir Gerechtegkeet a Fridden. Am Laf vun der Geschicht ass et ëmmer erëm dozou komm, dass „Propheten“, fir si mol sou ze nennen, net gäre gesi waren, well si d’Fanger an d’Wonnen geluecht hunn. Politesch Regimmer, wéi och reliéis Institutiounen reagéieren extreem empfindlech, wann een si op Feeler hiweist. Dat geet et dëse „Propheten“ wéi dem Jeremia. Etabléiert Gesellschaften wëllen sech net gären kritiséiere loossen. Dat war an dat bleift esou.
Lo froen ech mech awer nach ëmmer, wéi de Saz vum Jeremia gemengt ass: „Du hast mich betört, o Herr, und ich ließ mich betören.“ bzw. „Du hast mich in die Irre geführt, JHWH, und ich habe mich in die Irre führen lassen.“ (Jer 20 7a) Huet Gott getäuscht? Jo an Neen, géif ech mengen.
Jo, well Gott mat senger Botschaft de Jeremia iwwerzeegt huet. De Jeremia ka schliisslech net anescht, wéi fir dat Wuert vu Gott an ze stoen. Hien ass zudéifst vun der gudder Botschaft iwwerzeegt. Hie muss si soen, soss géif hien sech selwer verroden. Hien ass deemno schonn ënnerlech zimmlech zerrass.
Neen, well Gott selwer ëmmer och seet a kloer mécht, dass seng Botschaft net vu jidderengem ugeholl gëtt. An och neen, well Gott de Jeremia trotz senger Nout, trotz senger Verfolgung, trotz sengen Zweiwel, trotz senger Klo unhëlt a begleet.
An eben och haut, sou mengen ech, an do schwätzt duerchaus meng eegen Erfarung mat, ass dat esou. Jiddereen, dee versicht dem Härgott säi Wuert ze liewen an ze priedegen, stéisst ëmmer nees op Zoustëmmung an och op Ofleenung. Dat kann een Trauma ausléisen, aus deem een net ëmmer einfach eraus kënnt. Awer dem Jeremia seng Erfarung an säi Wee, grad am Ëmfeld vun eiser haiteger Liesung, kënnen och haut Mënschen, déi sech an den Déngscht fir Gott ruffe loossen, Mutt maachen. Si weisen, dass duerchaus ee Wee eraus féiert an dass Gott dee Wee matgeet.[5] Wichteg ass wuel och, dass een sech ëmmer nees deenen eegene Grenzen a Schwächten bewosst ass. Et kann een net alles an et erreecht een net alles. Munches bleift leien an erreecht net dat Zil, wat ee wollt. Aneres awer funktionéiert och. Mä ass dat net iwwerall esou an eisem Liewen?
[1] Christl M. Maier, Jeremia 1-15, IEKAT, Verlag Kohlhammer Stuttgart 2022, S. 357. D’Mme Maier begrënnt an hirem Kommentar des Iwwersetzung. (Vgl. ebd. S. 358 an 361f.) [2] Vgl. ebd. 360. [3] Vgl. ebd. S. 362. [4] https://de.catholicnewsagency.com/news/13895/nicaragua-entzieht-jesuiten-rechtsstatus-beschlagnahmt-gesamtes-vermogen - gesinn de 27.8.23 / 19:30 [5] Ech kann hei der Mme Maier duerchaus zoustëmmen: „Im jetzt vorliegenden Text wird Gott sehr ambivalent charakterisiert, und die verletzte und gedemütigte Jeremiafigur repräsentiert ein traumatisiertes Individuum, das versucht, die Folgen des Traumas zu bewältigen. Das Schwanken zwischen Anklage Gottes und Zuversicht in dessen Wirken, zwischen Gewalterfahrung und Rachewünschen ist typisch für gläubige Menschen, die traumatisiert sind. Für nachexilische und heutige Leser*innen kann Jeremias Ringen als Versuch gelesen werden, trotz traumatisierender Erfahrung an Gott festzuhalten und im Glauben erste Schritte zur Heilung zu gehen.“ Ebd. S. 366.
Fürbitten
Voll Vertrauen dierfe mir eis Uleies viru Gott bréngen an zu him bieden:
* Fir déi, déi keng Hoffnung méi hunn, dass si nei Quelle vu Kraaft fir sech entdecken an dem Liewen mat neiem Mutt kënne begéinen. Härgott, héier eis.
* Fir déi, déi keng Rou fannen, dass si trotz alle Verflichtungen Momenter vun Entspanung fir sech fannen. Härgott, héier eis.
* Fir déi, déi keng Perspektiven méi an hirem Liewe gesinn, dass hinnen nei Weeër opginn, déi eng gutt Richtung weisen. Härgott, héier eis.
* Fir déi, déi keng Heemecht hunn, dass si Mënsche begéinen, déi hinne Gebuergenheet ginn. Härgott, héier eis.
* Fir all eis Verstuerwen, dass si bäi dir a Léift opgehuewe sinn. Härgott, héier eis.
Härgott, du bass ee Gott vum Liewen. Mir soen dir ëmmer erëm Merci fir alles, wat’s du eis gëss. Lauschter op eist Gebiet an erhéier eis. Dech luewe mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.
II.
Des
hommes et des femmes de partout sur la planète portent des croix qui
leur paraissent bien lourdes. Manifestons notre solidarité dans la
prière en invoquant le nom de notre Dieu. Seigneur,
écoute-nous; Seigneur, exauce-nous. — Prions pour les chefs spirituels et religieux qui nous guident; que leur désir de faire ce qui est bien soit un modèle pour nous. — Prions pour les plus faibles au milieu de nous; que nous entendions l’appel qu’ils nous adressent et que nous y répondions généreusement. — Prions pour les enfants et les jeunes qui rentrent à l’école; qu’ils se sentent appuyés par leurs parents et les adultes autour d’eux. — Prions
pour notre communauté; qu’elle retrouve sa ferveur et son
dynamisme pour entreprendre cette nouvelle année.
Gowegebiet
Kirchweihe Herr und Gott, nimm unsere Gaben an, schenke uns durch deine Sakramente Kraft und Zuversicht und erhöre alle, die an deiner heiligen Stätte zu dir beten. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
22. Sonntag im Jahreskreis Herr, unser Gott, diese Opfergabe bringe uns Heil und Segen. Was du jetzt unter heiligen Zeichen wirkst, das vollende in deinem Reich. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
Que l’offrande eucharistique, Seigneur, nous apporte toujours la grâce du salut ; que ta puissance accomplisse elle-même ce que nous célébrons dans cette liturgie. Par Jésus.
Hochgebet – "Jesus ist der Herr"
Präfation Er
war dir gleich, hielt aber nicht daran fest, wie du zu sein In
Jesus haben wir dich als unseren Vater erkannt, Darum
preisen wir dich vereint mit der ganzen Schöpfung und rufen zu
deiner Ehre: Sanctus
Er
hat uns gerufen aus allen Ländern und Völkern, aus allen Sprachen
und Nationen, Sende deinen Heiligen Geist auf Brot und Wein herab und
lass uns diese Gaben im Glauben empfangen
NEHMET
UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso
nahm er nach dem Mahl den Kelch,
NEHMET
UND TRINKET ALLE DARAUS:
Geheimnis
des Glaubens: Seiner
gedenken wir, der heilig und mächtig wie Gott war, Seiner
gedenken wir, der in Knechtsgestalt ein Mensch unter Menschen
wurde.
Seiner
gedenken wir, der das Leben eines Menschen lebte Seiner
gedenken wir, der von dir,
Gott,
führe deine Kirche auf dem Weg durch die Zeit. alle
Frauen und Männer im Dienst in deiner Kirche und alle Christen auf
der Welt. Gedenke
auch jener, die wir geliebt haben und die uns im Tod vorausgegangen
sind. Zusammen
mit Maria, mit allen Engeln und Heiligen Durch
ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
Vaterunser
Mir all si Bridder a Schwësteren. Grad op dem Fest, wou mir eis Kathedral feieren, sollte mir eis bewosst sinn, dass mir zesumme gehéieren. Dofir biede mir esou, wéi eisen Här Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
Eis Welt kéint effektiv ganz schéi sinn, wa mir eis géife verdroen an am Fridde géife liewen. Awer dat ass dacks onheemlech schwéier. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler. Kuckt op dat, wat mir gutt maachen a schenk eis däi Fridden.
Schlussgebiet
Kirchweihe Allmächtiger Gott, du hast uns in der Kirche auf Erden ein Abbild des himmlischen Jerusalem geschenkt. Mache uns durch diese heilige Kommunion zum Tempel deiner Gnade und laß uns dorthin gelangen, wo deine Herrlichkeit thront. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
22. Sonntag im Jahreskreis Allmächtiger Gott, du hast uns gestärkt durch das lebendige Brot, das vom Himmel kommt. Deine Liebe, die wir im Sakrament empfangen haben, mache uns bereit, dir in unseren Brüdern und Schwestern zu dienen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
Rassasiés par le pain de la vie, nous te prions, Seigneur : que cette nourriture fortifie l’amour en nos cœurs, et nous incite à te servir dans nos frères. Par Jésus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement