|
28. Sonndeg am Joereskrees A - 10./11.10.2020
Aféierung an d’Mass
Léif Matchreschten! Mir sinn agelueden fir d’Räich vu Gott. Mir sinn agelueden, fir un engem grousse Fest deel ze huelen. Mir sinn agelueden, fir all Dag drun ze schaffen, dass dëst Räich vu Gott sech an eiser Welt vun haut weist, dass et Wierklechkeet gëtt. Wat awer ass noutwendeg dozou? Wat musse mir maachen? Wéi musse mir eis do engagéieren, wéi behuelen? Räich vu Gott ass eigentlech ee Räich vum Fridden, vun der Gerechtegkeet a vun der Léift. Mir erwaarden eis dat ëmmer nees vu Gott, also, dass hien an deem Sënn an eis Welt agräift. Awer sinn et net mir, déi mir mussen an déi Richtung handelen? Dass dëst gëttlecht Räich, dass dës gëttlech Welt Realitéit gëtt scheitert villfach un eisem Onverméigen, fir eis deem entspriechend ze behuelen an ze engagéieren. Ruffe mir Christus ëm säin Erbaarmen un: Kyrie-Ruffer
Dagesgebiet
Gudde Gott, ouni dech kenne mir näischt ufänken a fäerdegbréngen. Gott und Vater, unser Leben liegt offen vor dir. Schenke uns den Geist der Einsicht und Weisheit, damit wir nach deinen Geboten leben und die Befreiung erfahren, die du uns schenkst durch Jesus, deinen Sohn und unsern Bruder, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und wirkt in Ewigkeit. Nous t’en prions, Seigneur, que ta grâce nous devance et qu’elle nous accompagne toujours, pour nous rendre attentifs à faire le bien sans relâche. Par Jésus Christ. Liesungen: Liesung: Jes 25, 6-10a / Phil 4, 12-14.19-20 / Evangelium: Mt 22, 1-14 Lesung aus dem Buch Jesája. Kv Im Haus des Herrn werde ich wohnen für immer und ewig. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Philippi. Halleluja. Halleluja. Der Vater unseres Herrn Jesus Christus erleuchte die Augen unseres Herzens, damit wir verstehen, zu welcher Hoffnung wir berufen sind. Halleluja. + Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus Lecture du livre du prophète Isaïe. PSAUME (Ps 22 (23), 1-2ab, 2c-3, 4, 5, 6) Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Philippiens. Alléluia. Alléluia. Que le Père de notre Seigneur Jésus Christ ouvre à sa lumière les yeux de notre cœur, pour que nous percevions l’espérance que donne son appel. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! Et ass scho ganz faszinéierend, wat een esou an eiser Bibel liest a wéi dat sech dann mat eiser Aktualitéit ka verbannen. Haut hu mir nees ee Stéck aus dem Philipperbréif vum Paulus als Liesung héieren. Déi puer Sätz missten eis all ënner d’Haut goen, wa mir eis ee wéineg domadder beschäftegen. Do stécht esou Villes dran u mënschlecher Erfarung, un Hoffnung a Vertrauen, un Zouversiicht a Glawen. „Ich weiß Entbehrungen zu ertragen, ich kann im Überfluß leben. In jedes und alles bin ich eingeweiht: in Sattsein und Hungern, Überfluß und Entbehrung.“ De Paulus huet Villes erlieft, Zäiten, wou et him gutt gaangen ass, an Zäiten vun Nout a Gefaangenschaft. De Paulus huet wuel all mënschlech Situatiounen duerchgemaach. Awer hien steet iergendwéi doriwwer. Hien beklot sech net fir dat, wou et him schlecht ergaangen ass. Alles, wat hien erlieft huet, war een Deel vun sengem Liewen. Hien huet geléiert sech vun allem onofhängeg ze maachen. Weder Nout nach Luxus kënnen hien a sengem Handelen an Dosinn esou beaflossen, dass hien sech elo ënnerlech ganz misst änneren. Eréischt seng total Onofhängegkeet vun allem Materiellen an och vu Bindungen u Gemeinschaften a Mënschen, u stänneg wiesselend Liewensëmstänn bewierken bäi him déi total Offenheet fir d’Wierke vu Gott. Hien kennt alles an ass awer eben absolut fräi vun allem. De Paulus seet eis elo wéi hien dat hikritt: „Alles vermag ich durch ihn, der mir Kraft gibt.“ Wat de Mënsch ass oder kann, dat verdankt hien ganz dem Handelen vu Gott. Déi Kraaft vu Gott, déi „dynamis“, wéi et am Griicheschen heescht, geet eis als Mënschen ëmmer viraus. Gott gëtt eis domadder sécherlech kee Liewen ouni Menace an Nout, mä Gott weist sech eis an der Nout wéi och am Wuelergoen. Wa mir dee griicheschen Text vun eiser Liesung kucken, dat steet Verb „dynamein“, also iwwersat „Kraaft ginn“ am Präsens. Dat seet eis, dass de Paulus d’Kraaft vu Gott net einfach iergend eng Kéier ee fir allemol kritt huet an dann dovunner lo muss zieren, neen, de Paulus kritt dës Kraaft vu Gott ëmmer dann, wann hien si brauch, an och genee esouvill, wéi hien brauch. De Paulus ass also iwwerzeegt, dass Gott eis ëmmer an ëmmer begleet an eis dann och déi Kraaft gëtt, déi mir dee Moment just brauchen. Vum Dietrich Bonhoeffer, dee jo selwer als Märtyrer an KZ gestuerwen ass, ass seng Iwwerzeegung iwwerliwwert, déi seet, dass Gott vum Mënsch ni méi fuerdert, wéi deen eben droe kann. Awer d’Kraaft gëtt Gott net am Viraus an souzesoen als Reserve, mä Gott gëtt eis seng Kraaft ëmmer dann an der jeeweileger Situatioun. Ass dat, léif Matchrëschten, net eigentlech ee ganz schéine Gedanken? Gott ass ëmmer do a gëtt eis Kraaft, wa mir si brauchen. Wat kann dat fir eis konkret heeschen? Ech denken lo beispillsweis un eis aktuell Situatioun an der Welt. Mir sinn zimmlech ugespaant duerch d’Krankheet a mir fillen eis onsécher, wéi et weider soll goen. Et ass eis laang Joren zimmlech gutt gaangen. Et gouf well bal éiweg keng sou eng Epidemie méi bei eis. Lo awer si mir gefuerdert a mir all mussen eis zesummen huelen fir dës schwiereg Zäit ze meeschteren. Dat fält net jidderengem liicht. Wéi reagéieren op all déi Moossnamen, déi geholl musse ginn? De Paulus seet eis haut: „In jedes und alles bin ich eingeweiht:in Sattsein und Hungern, Überfluß und Entbehrung.“ Sat-sinn an Iwwerfloss kenne mir an eiser Gesellschaft. Mir mussen, esou wéi et och deet, elo vläicht dann déi aner Säit kenneléieren: Honger an Entbierung. Dat mécht sécherlech Angscht. Dobäi leide mir jo keen Honger. Just mir mussen eis neierdéngs un eng Rei ongewinnten Reegelen halen. Awer ass eise Glawen, ass eist Vertrauen an d’Kraaft vu Gott esou kleng ginn, dass mir lo dorunner verzweiwelen? An der Geschicht gouf et ëmmer nees dëser Zäit vu Nout a Krankheet an esouguer vu Verfolgung. Jo et gëtt si och haut a munche Länner. Firwat solle mir jéimeren? Firwat solle mir Angscht hunn? Wann eise Glawen echt ass a wa mir iwwerzeegt sinn vun eisem Wee als Chrëschten, da kann eis och eng Zäit vun Entbierung net ofhalen weider d’Botschaft vu Christus ze liewen an ze verkënnegen. An och wann déi äusser Ëmstänn méi komplizéiert sinn, sou kënne mir si dach meeschteren. Deemools huet de Paulus net vill u Materiellem gebraucht, keng Kierch, keng dichteg Massgewänner, keng gëllen Kellecher. D’Botschaft lieft och ouni all dat. Ech sinn dovunner fest iwwerzeegt. Dat, wat mir haut musse léieren, ass, dass mir no neie Weeër musse sichen. Eng Krankheet kann net den Ausléiser sinn, dass elo alles verschwënnt. Och wann et Aschränkunge gëtt, esou kann eise Glawen an eist Vertrauen a Gott dach weider bestoen. Oder ass eise Glawen vläicht esou winzeg kleng, dass hien un all deem materiellen Brimborium hänkt, un all deem Äusserlechen? Mir mussen onbedéngt léieren, wéi de Paulus ze denken: „Näischt hat hien an der Hand, awer mat der Kraaft vu Christus war him alles méiglech.“ Dee klenge Saz aus eiser Liesung vun haut: „Alles vermag ich durch ihn, der mir Kraft gibt.“ Ass näischt manner wéi de Liewensmotto vum Paulus. Wann dëse Saz och eise Liewensmotto als kierchlech Gemeinschaft wéi als Gesellschaft insgesamt wier, da wiere mir op der gewonnener Säit. Ech weess, dass dat ganz schwéier ass. Aus der perséinlecher Erfarung vu mengen elo iwwer 35 Joer als Priister weess ech, dass een dee Glawen heiansdo verléisst oder zumindest ganz schwaach gëtt. Ech hat deemools op meng Primizbiller ee Saz aus dem Markusevangelium drecke gelos: “Warum habt ihr solche Angst? Habt ihr noch keinen Glauben?” (Mk 4, 40) E staamt aus der Geschicht vum Séistuerm, wou de Jesus geschlof huet an dunn seng Apostelen eben mat dësem Saz tadelt an erënnert, dass si dach op hien sollen a kënnen vertrauen, eben just och an der gréisster Nout. Wou ass eise Glawen an eist Vertrauen? Ech hu mech dacks un dëse Saz am Laf vun deenen 35 Joer misste selwer erënneren, fir erëm nei Kraaft ze hunn. An ech muss soen, et funktionéiert. Ech sinn och ganz fest iwwerzeegt, dass eis Gesellschaft trotz aller aktueller Nout eng gutt Zukunft huet. De Paulus huet säi Liewen net ofhängeg gemaach vun deenen äusseren Ëmstänn. Loosse mir dofir och eist Liewen vun an an der Kierch net ofhängeg maachen vun deene Saachen, net vun enger Krankheet an net vu materiellen Ofhängegkeeten. Konzentréiere mir eis op dat Wesentlecht, op d’Botschaft vu Christus, a loosse mir déi verkënnegen a liewen. Amen. Fürbitten
Vum Räich vu Gott ass an eiser Zäit, an der mir liewen, dacks net vill ze spieren. Dofir biede mir Gott ëm seng Hëllef:
Däi Räich soll kommen, sou biede mir, Gott, Papp am Himmel. Däi Räich kënnt, doropper vertraue mir. Däi Räich ass munchmol schonn ënnert eis. Dofir soe mir dir Merci duerch eisen Här Jesus Christus, dee mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen. II.
Le Seigneur invite tous ses enfants au banquet éternel. Il veut que tous revêtent le vêtement de la noce. Ensemble, présentons-lui dans la prière toutes les personnes qui sont encore prisonnières du linceul de la tristesse et du désespoir.
vieliturgique.ca Gowegebiet
Härgott, huel eis Gebieder an eis Affergowen un. Gott, unser Heil, du schenkst uns den Frieden und gibst uns die Kraft, dir aufrichtig zu dienen. Lass uns dich mit diesen Gaben ehren und die Gemeinschaft mit deinem Sohn und miteinander erfahren. Darum bitten wir dich durch ihn, Christus, unsern Herrn. Avec ces ofrandes, Seigneur, reçois les prières de tes fidèles; que cette liturgie célébrée avec amour nous fasse passer ä la gloire du ciel. Par Jésus. Hochgebet - „Lebensfülle“
Sanctus Wunder und Zeichen – wieder und wieder! Was uns nährt und was uns freut, Deine Lebenskraft beseele die Dinge und Geschöpfe – Darum bitten wir dich: Denn am Abend vor seinem Leiden NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Jesu Wort hat die Menschen aufgeweckt, sein Leben sie aufgerichtet, Blinde haben die Schönheit der Dinge und der Menschen geschaut. Überall dort, wo Jesus Menschen begegnet ist. Wir bitten dich, hilf uns und der ganzen Kirche, Mit Maria, der Mutter Jesu, mit Josef, ihrem Gatten, In dieser Hoffnung sind unsere Lieben von uns gegangen Bis dahin aber wollen wir tun, was Jesus uns sagt. Durch ihn und mit ihm und in ihm Vaterunser
Gott suergt fir eis wéi ee gudde Papp oder eng gutt Mamm. Hie wëll, dass mir liewen, a schenkt eis all Dag seng Gowen. Sou wëlle mir eis un hie wenden a bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Mir sinn all Agelueden op d’Hochzäit bäi Gott. Do kënnt et net op eis Kleedung un sech un, mä dorop, dass mir d’Kleed vun der Versönung a vum Fridden un hunn. Biede mir eisen Här, dass hien eis hëlleft déi passend Kleeder fir eis Zäit ze fannen. Loosse mir eis dofir och elo hei ee Bléck vu Léift a Versteesdemech zouwenden. De Fridden vun eisem Här sief mat iech. Schlussgebiet
Gott, eisen Här, an dëser helleger Feier hues du deng Gleeweg Gott der Barmherzigkeit und Güte, schon jetzt schenkst du uns im heiligen Mahl Anteil am Leben deines Sohnes. Bewahre in uns das Feingefühl für die rechte Kleidung, mache uns Christus immer ähnlicher und vollende unsere Gemeinschaft mit ihm, damit wir ihn zu den Menschen tragen können. Darum bitten wir durch ihn, unseren Bruder und Herrn. Dieu souverain, nous te le demandons humblement: rends-nous participants de la nature divine, puisque tu nous as fait communier au corps et au sang du Christ. Lui qui règne.
|