
|
31. Sonndeg am Joereskrees C - 29./30.10.2022
Léif Matchrëschten! „Alles wirkliche Leben ist Begegnung. Wenn wir aufhören, uns zu begegnen, ist es, als hörten wir auf zu atmen.“ (Martin Buber) Begéinungen gehéieren zum Liewen a maachen eist Liewen wäertvoll. Begéinungen veränneren eis awer och. Do ass jo jeeweils een anere Mënsch, deen dann och ëmmer en Afloss op mech, op meng Iddien a Gedanken huet. Dee mech eventuell och ureegt, fir dëst oder dat ze maachen oder anescht ze maachen. Begéinungen mat anere Mënschen si ganz wichteg fir eis Weiderentwécklung. Gott wëll och ëmmer nees eis Mënschen begéinen. An eisem Gottesdéngscht maache mir eis lo selwer op fir eng Begéinung mat Gott. Loosse mir hien an eist Häerz, an eist Denken a Fillen. Loosse mir eis vun him uschwätzen. Froe mir hien ëm seng Zouwendung an ëm seng Gnod. * Här Jesus Christus, du riffs d’Mënschen, fir sech op d’Begéinung mat dir anzeloossen. Den allmächtegen Härgott soll sech eiser erbaarmen, hie soll äis d’Sënde verzeien an äis an d’éiwegt Liewe féieren. Amen. Dagesgebiet
Allmächtegen a baarmhäerzege Gott, et ass däi Wierk, wann däi gleewegt Vollek dir opriichteg a mat Würd déngt. Huel alles vun eis ewech, wat eis um Wee zu dir ophält, fir dass mir ouni Hënnernes de Freeden entgéint ginn, déi’s du versprach hues. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Dieu de puissance et de miséricorde, c’est ta grâce qui donne à tes fidèles de pouvoir dignement te servir ; accorde-nous de progresser, sans que rien nous arrête, vers les biens que tu promets. Par Jésus Christ. Guter Gott, wenn wir uns als Gemeinde zum Gottesdienst versammeln, begegnest du uns in den Sakramenten des Wortes und des Tisches, Zeugnis deiner Liebe zu uns. Erfülle uns in dieser Feier wieder mit deiner Liebe und stärke uns, damit wir diese Liebe weitergeben an die Menschen, die danach mit Leib und Seele hungern. Darum bitten wir dich durch Christus, deinen geliebten Sohn und unseren Bruder, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und Liebe schenkt in Ewigkeit. Liesungen: Weish 11, 22 - 12, 2 / 2 Thess 1, 11- 2,2 / Lk 19, 1-10 Lesung aus dem Buch der Weisheit. Kv Ich will dich erheben, meinen Gott und König. Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Thessalonich. Halleluja. Halleluja. So sehr hat Gott die Welt geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, damit jeder, der glaubt, in ihm das ewige Leben hat. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre de la Sagesse. R/ Mon Dieu, mon Roi, je bénirai ton nom toujours et à jamais! Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Thessaloniciens. Alléluia. Alléluia. Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique, afin que ceux qui croient en lui aient la vie éternelle. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. Priedegt (30.10.2022)
Léif Matchrëschten! Deemools virun iwwer 30 Joer, wéi d’DDR zesummegebrach ass, ass eppes geschitt, wat fir déi meescht Mënschen extreem erstaunlech war. Den evangeleschen Paschtouer Uwe Holmer, huet den Erich Honecker a seng Fra bäi sech opgeholl. Déi stounge jo quasi vun engem Moment zum aneren op der Strooss. Fir déi meescht Mënschen waren si déi absolutt Verbriecher, déi d’Vollek ausgebeut a belunn haten. Dësen evangeleschen Paschtouer awer huet Erbaarmen och mat dëse Mënschen, déi esou vill Schold op sech gelueden haten, a bitt hinnen een Ënnerdaach un. Dat ass bäi Villen ganz béis ukomm. Mä firwat huet den Uwe Holmer dat gemaach. Seng eege Kanner haten ënnert dem DDR-Regime ze leiden an hunn net dierfte studéieren, well si Chrëschte waren. War dat also domm vun deem Paschtouer? War et chrëschtlech? Oder ass chrëschtlech esou vill wéi domm? Eng ganz Rei Mënsche konnten dat net verstoen. Dobäi huet den Uwe Holmer d’Evangelium vu Christus just wiertlech geholl. 1] Den Evangelist Lukas erzielt eis ëmmer nees, dass de Jesus sech mat den "Zölner" an de Sënner ofginn huet, dass hien mat hinne geschwat a giess huet. Dat war deemools fir vill fromm Judden ee Skandal. Si hunn sech doriwwer opgereegt. Dat huet un hirem Weltbild gekraazt. Mä de Jesus huet ëmmer nees dorop higewisen, dass Gott ebe just och déi verluere Mënsche sicht. Gott wëll, dass och déi, déi ganz vill Schlëmmes op sech gelueden hunn, erëm de Wee zu him fannen. Hie selwer wëll si sichen. De Jesus wëll keen einfach esou fale loossen, och wann deen sech offensichtlech vun sech aus géint hie stellt. Am Evangelium vun haut erzielt de Jesus net einfach ee Gläichnis. Hien inzenéiert eent. Do ass jo den Zollpiechter Zachäus, vun deem gëtt gesot, dass hie ganz räich war. Dat kënnt dohier, dass hien fir d’Réimer geschafft huet a mat dem Anzéien vun de Steieren och an déi eegen Täsch gewirtschaft huet. Hien war ee Kollaborateur. Hie war fir d’Leit een reegelrecht Eekel, mat deem een näischt wollt ze dinn hunn. Wéi de Jesus dann eng Kéier dohi kënnt, wëll dësen Zachäus natierlech aus Virwëtz och de Jesus emol gesinn. De Jesus bemierkt dëse klenge Mann. Hie waart net drop, dass dee vun sech aus op de hien zoukënnt. Neen, de Jesus mécht de Schrëtt. Weder eng Moralpriedegt hält de Jesus, nach fuerdert hien, dass den Zachäus sech bessert. De Jesus vermëttelt dem Zachäus just, dass eben och hien als Sënner et wäert ass, fir Zouwendung a Léift ze kréien. Beim Iessen un deem gemeinsamen Dësch gëtt dat dann däitlech. Mä huet de Jesus mat sengem Zougoen op den Zachäus domat deem seng Feeler verharmloost oder esouguer unerkannt? Sécherlech net! De Jesus huet elo mol just säi Jo zu dem Zachäus gesot, esou wéi deen eben ass, mat all senge Feeler a Sënden. De Jesus weess, wat de Mënsch als éischt brauch, fir dass en de Wee zur Ëmkéier ka fannen, nämlech d’Zouwendung an d’Begéinung. Wann ee Mënsch mat Feeler a Sënden gehaasst, veruecht, net ugeholl an net mat Léift betruecht gëtt, kann en sech net änneren. Genee déi Zouwendung huet de Jesus dem Zachäus ginn. Dat mécht, dass den Zachäus sech selwer ka fräi maachen vun deem ale Wee an ëmkéieren. Den Zachäus huet een neie Ufank gesat, selwer, vun sech aus, well hien vum Jesus mat Léift ugekuckt gouf. Am Lukasevangelium ginn et nach eng ganz Rei esou Erzielungen, déi eis drop hiweisen, dass et als éischt wichteg ass, fir ee Mënsch, deen op engem falsche Wee ass, als éischt als Mënsch ze gesinn an hien einfach emol sou ze huelen, wéi en ass. Eréischt da, wa mir een aneren a grad deen, deen eis net geet, mat Léift ukucken, maache mir de Wee op zu engem neien Ufank, zu Bekéierung, zu Verännerung. Mir mussen awer och gesinn, dass dee wichtegste Punkt an dëser Erzielung net einfach d’Bekéierung vum Zachäus ass. Neen, dat interessantst ass d’Reaktioun vun deenen, déi sech selwer fir gutt a gerecht halen. Si, jo mir, mussen aus eisen Denkmusteren eraus klammen. Et ass net un eis ze urteelen an ze mengen mir hätten d’Recht op eiser Säit. Wa mir haut esou kucken, wat an eise Medien gesot a geschriwwe gëtt, dann ass dat meilewäit vun deem ewech, wat de Jesus hei mécht. Mir kréien do ëmmer nees ganz eendeiteg gesot, wie falsch läit, wie Feeler gemaach huet, wien ze verurteelen an auszeschléissen ass. Eis Medien liewen dovun, fir anerer ze verurteelen a kleng ze maachen. D’Geschicht vum Zachäus ass eng Basisgeschicht fir ze léieren, wéi mir och haut kéinten mat deenen ëm goen, déi mir als Sënner oder Mënschen mat Feeler ugesinn. Wat biede mir eigentlech an all Gottesdéngscht am Vater Unser? „Vergib uns unsere Schuld, wie auch wir vergeben unseren Schuldigern!“ Wéi steet et also domat? Kënne mir wierklech verzeien? Kënne mir wierklech engem d’Hand reechen, deen zwar an der Vergaangenheet Mëscht gebaut huet an elo awer de Wee fonnt huet all dat Schlecht hannert sech ze loossen? Ech wees net, op deemools den Honecker jeemools dat bereit huet, wat hie gemaach huet. Awer d’Angebot, fir him de Wee zur Erkenntnis vun der Schold ze bidden an hien als Mënsch ze behandelen duerch de Paschtouer Holmer, war schonn echt chrëschtlech an huet dem Jesus sengem Wee entsprach. Baarmhäerzegkeet ass dat, wat eis als Chrëschten misst auszeechnen. Mir sollten dofir och ëmmer da frou sinn doriwwer, wann een engem aarmen Däiwel des Baarmhäerzegkeet zoukomme léist. Et fällt wuel net ëmmer liicht dat esou ze gesinn. Awer: „Missgönnte Barmherzigkeit zerstörte die selbst schon empfangene.” Ech wënschen eis all, dass mir ëmmer nees esou fräi an eisem Denke kënne sinn, dass mir all Mënsch respektéieren an him och duerch eng baarmhäerzeg Zouwendung de Wee zur Ëmkéier opmaachen an him verzeien. vergebung - ich muss vergeben sondern deshalb muss ich vergeben 1] Vgl. Klaus Müller, Gottes ABC. Gedanken und Texte zum Lesejahr C, Aschendorff Verlag Münster 2015, S. 304. Fürbitten
Jesus Christus ass komm, fir eis d’Léift vu Gott virzeliewen. Zu him ruffe mir mat Vertrauen:
Här Jesus Christus, du gees net laanscht eis Nout an du bass och dann bäi eis zu Gaascht. Stäerk eis duerch däi Wuert a Beispill. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Tout comme pour Zachée, Dieu s’invite chez chacun et chacune d’entre nous, qui que nous soyons, afin de demeurer avec nous. Forts de cette présence, ouvrons nos cœurs à la dimension du monde pour que notre prière descende dans le cœur de Dieu et atteigne toute personne. Gowegebiet
Härgott, mir sinn deng Kanner. Du leets eis duerch eist Liewen. Als Merci lee mir eis Gowen virun dech a mir bieden dech: Huel eis selwer mat dëse Gowen un. Schenk eis eng offen Hand fir eis Matmënschen a gëff eis de Mutt iwwerall do ze hëllefen, wou mir gebraucht ginn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eis Brudder an eisen Här. Amen. Seigneur, que cette eucharistie soit pour toi une offrande pure, et pour nous, le don généreux de ta miséricorde. Par Jésus. Gott und Vater, nimm uns mit diesen Gaben an und schenke uns durch die Feier unserer Erlösung Anteil an deinem Heil durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – Vergebung
Heiliger Gott, wir danken dir, für die Botschaft von der Vergebung, So bitten wir dich, allmächtiger Gott: Er nahm am Abend vor seinem Leiden das Brot in seine Hände, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Das ist und bleibt ein Geheimnis des Glaubens! Gott, unser Vater, wir gedenken deines Sohnes: Gott, wir bitten dich: Gib uns einen neuen Geist, den Geist der Buße und der Geduld. Gedenke unserer Verstorbenen, die uns mit dem Siegel des Glaubens vorangegangen sind. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Gott ass eise Papp. Mir kënnen him ëmmer nees begéinen an him eis Wënsch soen. Loosse mir bieden, wéi eisen Här Jesus eis et geléiert huet. Friddensgebiet
Begéine solle mir eis an der Léift an am Respekt. Mä heiansdo fält et ganz schwéier dat ze realiséieren. Mir sinn eis bewosst, dass mir net perfekt sinn an eisem Striewen no Fridden an der Welt. Grad dofir musse mir ëmmer erëm ëm de Fridde bieden. Schlussgebiet
Du eise Gott, op dech hoffen a vertraue mir. Du bass et, deen eis Kraaft gëtt. Wann’s du net op eiser Säit stees, dann ass alles ëmsoss. Schenk eis deng Léift, datt mir denken, wat’s du denks, dat rieden a maachen, wat’s du wëlls. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. De plus en plus, Seigneur, exerce en nous ta puissance: afin que, fortifiés par tes sacrements, nous devenions capables, avec grâce, d’entrer en possession des biens qu’ils promettent. Par Jésus. Du unser Gott, Quelle und Ursprung aller Liebe. In dieser Feier hast du uns Anteil daran geschenkt. So gehen wir hinaus in deinem Namen: Hilf uns, einander zu achten als Teilhaberinnen und Teilhaber deiner Liebe, und lass unser Verständnis füreinander wachsen, auf dass sie auch durch uns wirken kann in dieser Welt und für alle Menschen. Du hast unser Herz berührt, damit wir dich lieben können aus ganzer Kraft und dir allein die Ehre geben. Öffne uns die Augen für die Not derer, die unsere Hilfe brauchen und mach uns bereit für die gute Tat. In dir ist die Kraft und die Herrlichkeit, in Ewigkeit. Amen.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement