|
33. Sonndeg am Joereskrees B - 13./14.11.2021
Léif Matchrëschten! Haut op dësem Sonndeg virum Christ-Kinnek-Sonndeg feiere mir de Weltdag vun den Aarmen. Eise Poopst Franziskus mécht eis Mutt eis ëmmer nees a grad haut, eise Bléck besonnesch op déi Aarm an déi, déi Nout leiden, ze riichten. D’Liewenssituatioun vun all dëse Mënschen ass méi wéi bedréckend. Als Schwësteren a Bridder solle mir zesummestoen wéi eng eenzeg grouss Famill an deene Mënschen bäizestoen, déi wierklech um Rand vun der Gesellschaft stinn. De Motto vun dësem Dag ass aus dem Evangelium vum Markus erausgeholl: „Die Armen habt ihr immer bei euch.“ (Mk 14,7) Si gehéieren zu eis. Mat hinnen am Geescht verbonnen ruffe mir zu eisem Här: Kyrie
Dagesgebiet
Gott, du bass den Ursprong vun allem, wat gutt ass. Herr, unser Gott, du bist die Liebe. Accorde-nous, Seigneur, de trouver notre joie dans notre fidélité : Liesungen: Dan 12, 1-3 / Hebr 10, 11-14.18 / Mk 13, 24-32 Lesung aus dem Buch Daniel. Kv Behüte mich, Gott, denn ich vertraue auf dich. Lesung aus dem Hebräerbrief. Halleluja. Halleluja. Wacht und betet allezeit, damit ihr hintreten könnt vor den Menschensohn. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre du prophète Daniel. R/ Garde-moi, mon Dieu, j’ai fait de toi mon refuge. Lecture de la lettre aux Hébreux. Alléluia. Alléluia. Restez éveillés et priez en tout temps: ainsi vous pourrez vous tenir debout devant le Fils de l’homme. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt
Léif Matchrëschten! Grujeleg schéin sinn am Fong eis biblesch Texter, déi mir haut als Liesung an als Evangelium héieren hunn. Vum Enn vun der Welt ass rieds. Am Laf vun der Mënschheetsgeschicht sinn ëmmer nees esou Profezeiungen iwwert d’Enn vun der Welt entstanen. Munch opgekläerten Zäitgenossen weisen esou Saachen direkt zeréck a verbannen si an déi mythologesch Ofgrënn vum mënschlechen Denken. An awer faszinéiert eis esou eppes och haut nach ëmmer. „In jenen Tagen, nach jener Drangsal, wird die Sonne verfinstert werden und der Mond wird nicht mehr scheinen; die Sterne werden vom Himmel fallen und die Kräfte des Himmels werden erschüttert werden.“ (Mk 13, 24f.) Sou rifft eis de Jesus haut zou. Ee perfekten Ënnergangszenario, deen och net besser vun engem moderne Film kéint beschriwwe ginn. Wat wëll eis de Jesus domat soen? Wat ass d’Bedeitung vun dësen Zeilen, jo vun eisem Evangelientext iwwerhaapt vun haut? Op a wéi eis Welt ënnergeet, kee weess et. Awer, och wa mir eis un dëse Biller iergendwéi ergëtzen, sou gleewen mir dach kaum un esou eng Saach. Mir kënnen eis et net virstellen, dass ee Weltënnergang zu eisen Liefzäiten kéint antrieden. Dach mir sinn eis haut méi wéi jeemools virdrun bewosst, dass mir Mënschen net einfach ongestrooft esou weiderliewen kënnen wéi bis elo. Mir verdrecksen eis Ëmwelt. Mir notzen déi natierlech Ressourcen aus a verschwenden Energie am héchste Mooss. Mir beuten Mënschen aus a loossen si an Aarmut dohi vegetéieren. Mir wëssen, dass mir eise Liewensstil missten änneren. Awer et beréiert eis an eisem allgemengen Alldag net besonnesch. Eis geet et jo gutt. D’Aarmut an d’Nout gesi mir net, wëlle mir net gesinn. Weltënnergang ass eng Geschicht, déi net an eisem realen Denkhorizont läit. Dobäi geet fir déi aarm Mënschen praktesch all Dag d’Welt ënner. Eis Welt stoung schonn en etlech mol zimmlech no um absolutten Enn. Kricher an esou weider waren net ëmmer sou harmlos. D’Gespills mat Atomwaffen, déi mir am Endeffekt glat a guer net beherrschen a kontrolléieren kënnen, hu scho méi wéi eng Kéier eis Welt ganz no un d’Enn bruecht. Mir ginn eis warscheinlech nach net emol bewosst, wéi no heiansdo schonn des Katastrophe waren. Haut gesi mir déi endlos Zuel u Mënschen, déi flüchten, well si der Aarmut, der Nout, der Ënnerdréckung, der Mësshandlung an hire Länner wëllen dervu kommen. Mir gesinn et als Bedreeung, dass des Leit bäi eis wëlle kommen. Awer ass d’Bedreeung net op enger anerer Plaz ze sichen? Ass et net eisen Egoismus, deen all des Mënschen an d’Aarmut an an d’Nout gedriwwen huet? All dëse Mënschen hir Welt ass schonn ënnergaangen, well si se hu misste verloossen. Do sinn d’Stäre scho längstens op de Kapp vun de Mënsche gefall. Mir Mënschen brauchen wierklech kee Gott a keen Dämon fir eis Welt an de Ruin an an d’Zerstéierung ze dreiwen. Dat kënne mir scho ganz gutt selwer. Mir weisen dat all Dag op en Neits. Mir schafen Nout an Aarmut, mir beuten aus, mir zerstéieren eis Natur. Mir kënnen duerchaus Angscht hunn an et wier vläicht och net schlecht sech all deene Geforen echt bewosst ze sinn. Allerdéngs: Geet et duer eis als Mënschen just Angscht ze maachen? Wëll eist Evangelium vun haut eis nëmmen Angscht ajoen? Wat ass d’Intentioun vun dësem Text fir eis haut? Ech liesen an dësem Text engersäits sécher eng Warnung. Mä ech gesinn awer och eng ganz hoffnungsvoll Säit an dësen Zeilen. De Vers 31 ass do fir mech entscheedend. Hei heescht et: „Himmel und Erde werden vergehen, aber meine Worte werden nicht vergehen.“ (Mk 13, 31) Mir kënnen eis Welt ruinéieren an zerstéieren. Mir kënnen higoen a Villes einfach futti maachen. Eis gesellschaftlech Strukturen, eis Gemeinschaften kënne mir zerstéieren. Mir kënnen Krich an Terror, Aarmut an Nout an eiser Welt verbreeden. Mir kënnen alles, wat eis bis elo vläicht wichteg a wäertvoll war, hannert eis loossen an et als topeg an iwwerflësseg erklären. Mir kënnen den Himmel entzauberen an alles, wat mat Glawen u Gott ze dinn huet, als puer Mythologie erklären, un déi een net méi brauch ze gleewen. Mir kënnen eis ganz Kultur an eis Geschicht vergiessen. Jo mir kënnen eben och eis selwer als iwwerflësseg gesinn an eis duerch Krich oder Änleches ofschafen. Awer esouguer dann, wa mir alles an dëser Welt zerstéiert hunn, da bleift dach awer d’Wuert vu Gott, dat Wuert, wat Jesus Christus sengerzäit gepriedegt huet, wouer. Géint d’Léift vu Gott, géint säin Erbaarmen, géint säin Verzeien kënne mir eis net stellen, egal wéi mir eis och ëmmer wëllen an eisem Liewen positionéieren a verhalen. Jidderengem seng Zäit an dëser Welt geet zu Enn. Iergendwann si mir eben net méi do. Da falen fir eis perséinlech souwisou d’Stären vum Himmel. Wat also bréngt et fir an dëser Welt ëmmer nees esou no Besëtz ze verlaangeren an sech wëllen ze rächen? Wat bréngt et fir ëmmer nees feindlech ee géint deen aneren ze stoen? Wat bréngt et, dass mir ëmmer nees versichen dat, wat deem engen léif ass, an d’Lächerlechkeet ze zéien? Wat bréngt et, fir ëmmer weider a weider anerer ze bekämpfen? An sou weider an sou weider. Dem Härgott säi wichtegst Wuert war, dass mir eis a Léift solle begéinen, dass mir am Respekt, an der Uechtung virun deem aneren senger Meenung an Iwwerzeegung sollen liewen an handelen, dass mir eis all als Bridder a Schwësteren sollen gesinn. Wat bleift dovunner an enger Welt, déi ëmmer nees sech géint enaner verfeint? Muss dat sinn? Wier et net méi schéin mir géifen d’Wuert vu Gott eescht huelen an eng Gemeinschaft an der Léift opbauen? Vläicht wäerte mir dat ni fäerdeg bréngen, fir eis Welt esou zum Gudden ze veränneren, dass et all Mënsch gutt geet an dass all Mënsch säi Liewensrecht voll a ganz kann genéissen. Awer dem Härgott seng Zousoe un eis all wäert bleiwen. A wann dann fir eis als Eenzeler, wéi eng Kéier fir eis Welt am Ganzen d’Enn usteet, dann ass dem Härgott seng Zousoe nach ëmmer gülteg a wouer. Fürbitten
Gott rett eis all. Hie stréckt eis seng Hänn entgéint fir ze hëllefen. An deem Vertrauen brénge mir elo eis Uleies virun hien:
Gott, du héiers eist Ruffen, wéi’s du och d’Jäizen vun deene Aarmen an der Welt héiers. Du äntwers duerch eise Mond an eis Hänn. Mir soen dir Merci a luewen dech all Dag vun eisem Liewen. Amen. ii.
Nous vivons dans l’attente de la venue définitive du Christ. Prions le Père pour que vienne enfin le jour où éclatera la plénitude de son règne. Seigneur, que ton règne vienne! – Prions afin que les hommes et les femmes d’État sachent lire les signes des temps dans l’exercice de leurs lourdes responsabilités. – Prions afin que celles et ceux qui sont torturés par la souffrance physique et mentale trouvent réconfort et guérison. – Prions afin que les personnes qui ont perdu tout espoir redécouvrent la beauté de la vie et l’espérance de la foi. – Prions afin que les sans-emplois, les sans-abris, les laissés-pour-compte, les marginaux goûtent aux fruits de la solidarité avec les pauvres. – Prions afin que les membres de notre communauté et l’ensemble du peuple de Dieu demeurent attentifs aux signes de la venue du Ressuscité dans sa gloire. Dieu notre Père, toi qui nous apprends le chemin de la vie, reçois avec bonté cette prière que tu suscites toi-même en nos cœurs. Nous te le demandons, par Jésus, le Fils de l’homme, vivant pour les siècles des siècles. Amen. Gowegebiet
Här, eise Gott, déi Gowen, déi mir duerbréngen, Permets, Seigneur notre Dieu, Gott, sieh gütig auf dein Volk, das sich zu deinem Lob versammelt hat. Nimm an, was wir darbringen, und mehre durch diese Feier unsre Liebe. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Vollendung“
Sanctus Gepriesen seist du, heiliger Vater! Denn er nahm am Abend vor seinem Leiden NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Dann nahm er den Kelch mit dem Wein, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Nimm diese Gaben an, Gott, unser Vater, den Leib und das Blut deines Sohnes, Erbarme dich unser und aller, die mit uns auf Erden leben: Gedenke auch aller, die dich noch nicht kennen, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Eisen Här Jesus wollt grad deenen Aarmen hëllefen a fir si do sinn. Säin Optrag ass et, dass mir et him nomaachen. Dacks awer si mir ze wäit ewech, sou dass mir net ëmmer selwer agräife kënnen. Dofir wëlle mir am Gebiet Gott drëm froen, dass hien grad och fir déi Aarm suergt an hinnen hiert deeglecht Brout schenkt duerch gutt mënschlech Hänn. Vater Unser … Fridensgebiet
De Fridden ass ee ganz wäertvollt Gutt fir all Mënsch. Un eis ass et fir Fridden ze maachen an och ze halen. Här Jesus schenk eis ëmmer nees däi Fridden. Schlussgebiet
Allmächtegen Härgott, Nous venons de communier, Seigneur, Unser Vater im Himmel, aus deinem Wort und aus dem Mahl deines Sohnes leben wir. Wirke durch diese großen Gaben, dass ER in uns und wir in IHM und so seine Zeugen im Alltag bleiben. Darum bitten wir durch Christus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement