|
4. Adventssonndeg A - 17./18.12.2022
Léif Matchrëschten! Mat grousse Schrëtt gi mir op d’Fest vun der Gebuert vum Jesus zou. An eise Lidd biede mir ganz intensiv ëm d’Komme vu Gott an eis Welt. Mä grad eis Zäit brauch och Gott a seng Botschaft vum Fridden an der Léift. Loosse mir haut Christus ëm seng Begleedung froen: Här Jesus Christus, du kënns an eis Welt, fir eist Häerz mat Freed ze erfëllen. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Allmächtege Gott, lee deng Gnod an eis Häerzer eran. Que ta grâce, Seigneur notre Dieu, se répande en nos cœurs : par le message de l’ange, tu nous as fait connaître l’incarnation de ton Fils bien-aimé, conduis-nous par sa passion et par sa croix jusqu’à la gloire de la résurrection. Lui qui règne. Gott, du Geheimnis des Lebens, aus dem Dunkel der Geschichte leuchtet uns dein Licht auf. Jahrhundertealte Träume finden Erfüllung bei dir. Halte in uns wach die Sehnsucht nach dir und deinem Kommen. Mach uns bereit, wie Maria, unser Herz für deine Ankunft zu öffnen. Darum bitten wir durch Jesus Christus, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und wirkt in Ewigkeit. Amen. Liesungen: Jes 7, 10-14 / Röm 1, 1-7 / Mt 1, 18-24 Lesung aus dem Buch Jesaja. Kv Der Herr wird kommen, er ist der König der Herrlichkeit. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Siehe: die Jungfrau wird empfangen und einen Sohn gebären, sein Name wird sein: Immánuel – Gott mit uns. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre du prophète Isaïe. R/ Qu’il vienne, le Seigneur : c’est lui, le roi de gloire ! Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Voici que la Vierge concevra : elle enfantera un fils, on l’appellera Emmanuel, « Dieu-avec-nous ». Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! Den Introitusgesang vum 4. Adventssonndeg ass ee vun deene bekanntste Gesäng vun eiser Kierch: Rorate caeli de super et nubes pluant justum: aperiatur terra, et germinet Salvatorem. (Tauet, ihr Himmel, von oben, und die Wolken sollen regnen den Gerechten. Es tue sich auf die Erde und lasse sprießen den Heiland.) Caeli enarrant gloriam Die, et opera manuum eius adnuntiat firmamentum. (Die Himmel erzählen die Herrlichkeit Gottes, das Firmament verkündet das Werk seiner Hände.) Ville Generatiounen vu Chrëschten ass dëse ganz intensive Ruff ëm d’Komme vu Christus gutt bekannt. An och nach haut gi reegelméisseg a Kierche sougenannten „Rorate-Massen“ an der Adventszäit gefeiert. Wat awer stécht hannert dëse Wierder? Wat bedeiten si a wat kënnen si eis haut soen? Den Introitusgesang vum 4. Adventssonndeg besteet jo aus zwee Deeler, aus enger Antiphon an aus engem Psalmvers. D’Antiphon, vun der och den Numm „Rorate“ kënnt, ass aus dem 45. Kapitel vum Buch vum Prophet Jesaja geholl. De Psalmvers ass aus dem Psalm 19 erausgeholl. Vläicht ass et jo och emol interessant, dass mir eis des Sätz am Kontext vun der Bibel ukucken. De Jesaja gëtt an der Adventszäit intensiv an der Liturgie gebraucht. Den Introitusvers vun haut steet als Ofschloss zu engem Orakel un de Kinnek Kyrus. D’Vollek Israel war deemools an Nout. De frieme Kinnek Kyrus kritt vu Gott den Optrag dem Vollek aus der Nout eraus ze hëllefen. Gott gëtt hei als de Schöpfer vun der Welt presentéiert. Gott mécht eppes ganz Neies. Himmel, Äerd a Wolleken ginn opgefuerdert fir d’Heel vu Gott ervir ze bréngen. Dee kuerzen Text vum Introitus ass gewëssermoossen eng Zesummefaassung vun der Theologie vum Deuterojesaja. Den Haaptsaz vum Glawen u Gott Jahwe ass hei zu Enn geduecht. Weltwäit weist sech Gott duerch seng Schëpfung als deen eenzege Gott. Et geet wuel hei net drëm eng nei Äerd an een neien Himmel ze erschafen, mä déi ganz Welt soll am Ganzen an iwwerall geheelt ginn. Wa mir dann op eis kucken, da musse mir eis froen, wat dat fir eis kann heeschen. Gott gräift duerch säi Wuert an an d’Geschéien vun der Welt a wëll si zu Gerechtegkeet a Fridde féieren. Natierlech ass hei beim Jesaja net u Jesus Christus geduecht ginn. An awer hat grad dëse klenge Saz eng ganz grouss Wierkung. Schonn eleng duerch d’Iwwersetzung an der Vulgata hat de Saz eng nei christologesch-messianesch Deitung kitt. „Rorate caeli de super et nubes pluant justum: aperiatur terra, et germinet Salvatorem.“ Déi laténgesch Iwwersetzung vun der Bibel, déi dann och eis Kierch an eist Verständnis vun der Bibel extreem staark geprägt huet, ass awer eben net ëmmer esou richteg an entsprécht hei och net dem hebräeschen Urtext vum Buch vum Jesaja. Munch Lidder, wéi dem Friedrich Spee säin Adventslidd „O Heiland, reiß die Himmel auf“ hunn de Jesaja dann och esou gedeit. An eben de Gebrauch vum Text als Introitusgesang ënnersträichen déi Deitung. Dat war sécher net ursprénglech vum Jesaja esou geduecht. Bäi him heescht et an der däitscher Iwwersetzung: „Taut, ihr Himmel, von oben, / ihr Wolken, lasst Gerechtigkeit regnen! Die Erde tue sich auf und bringe das Heil hervor, / sie lasse Gerechtigkeit sprießen. / Ich, der HERR, erschaffe es.“ (Jes 45, 8) Awer hie léist et a sengem Text opstoen, wéi da konkret dëst Handelen vu Gott als Schöpfer soll geschéien. An domat ass fir eis dann och eng Deitung méiglech, déi dëst Agräife vu Gott duerch de Jesus ka geschéie loossen. Allerdéngs musse mir eis dobäi bewosst sinn, dass dem Härgott säin Agräifen engersäits scho geschitt ass an anerersäits ëmmer nach a weider muss erwaart ginn. Eis Welt ass net perfekt. Mir mussen ëmmer nees nei doru schaffen. Mir liewen deemno an enger Spannung vun deem, wat schonn do ass a wat nach muss oder soll kommen. Am Jesus ass dem Härgott säi Wuert Realitéit ginn an hien huet eis duerch säin Handelen ee Wee gewisen. Mä eben zu all Zäit mussen d’Mënschen jeeweils dee Wee nei fir sech entdecken a goen. An eben do froen ech mech, op mir eis der Saach wierklech bewosst sinn. Et ass elo un eis, fir dem Härgott säi Wuert konkret ginn ze loossen. Beim Jesaja ass et de Kinnek Kyrus, dee vu Gott beoptraagt gëtt, fir dem Vollek ze hëllefen. De Jesus beoptraagt seng Apostelen an dann och eis, fir dëst Wierke vu Gott an eis Welt ze bréngen. Dat féiert mech, wéi esou dacks, zu der Iddie, dass et net duer geet ze bieden an d’Hänn an de Schouss ze leeën. Mir selwer mussen aktiv ginn an eiser Welt an Zäit. Beispiller, wou mir eis asetze kënnen, ginn et der genuch. Kee muss alles maachen. Awer jiddereen sollt sech engagéieren an hëllefen eis Welt méi mat Gerechtegkeet a Fridden ze erfëllen. Fir mech ass dann de Psalmvers am Introitus och nach ganz wäertvoll. „Die Himmel erzählen die Herrlichkeit Gottes und das Firmament kündet das Werk seiner Hände.“ (Ps 19, 2) Dat ass engersäits ee Luef op Gott als de Schöpfer, well hien alles esou ageriicht huet. Et ass awer dann anerersäits och een Hiweis fir eis als Mënschen des Schëpfung ze betruechten an si als dat grousst Wierk vu Gott unzegesinn. D’Schëpfung selwer ass net gëttlech. Mä duerch si an an hier kënne mir d’Gréisst vu Gott erkennen. D’Schëpfung ass fir eis do. Dat gëtt eis dann ee weideren Optrag. Wa mir si schonn zu eiser Verfügung hunn, da sollte mir si an Éieren halen. Si ass net einfach do fir ausgenotzt ze ginn. Si ass do fir eis am Liewen ze hëllefen, fir eis d’Liewen iwwerhaapt emol ze erméiglechen. De ganzen Introitusgesang vum 4. Adventssonndeg liesen ech net einfach nëmmen als een Uruff u Gott, fir an eis Welt ze kommen. Neen, ech gesinn et ëmgedréint. Et ass een Uruff un eis, dass mir des Welt esou hëllefen ze gestalten, dass si fir all Kreatur zu enger Welt vu Gerechtegkeet a Fridden, vun Heel a Gléck gëtt. An dat hu mir als Mënschen an der Hand. Grad mam Bléck an de Stärenhimmel, an d’Firmament, misst et eis kloer ginn, wéi wichteg et ass, dass mir eis fir d’Erhalen vun dëser grousser a schéiner Schëpfung mussen asetzen. Nach eng Kéier et geet net duer fir sech u Gott ze wenden mat Bittgebieder an hien ëm Hëllef unzeruffen an da selwer näischt ze maachen. Gott ka nëmmen duerch eis a mat eis an dëser Welt agräifen. „Taut, ihr Himmel, von oben, / ihr Wolken, lasst Gerechtigkeit regnen! Die Erde tue sich auf und bringe das Heil hervor, / sie lasse Gerechtigkeit sprießen.“ Jo, d’Äerd soll Heel ervirbréngen an d’Gerechtegkeet opbléie loossen. Wien ass d’Äerd? Si net mir alleguer en Deel vun dëser Äerd? „Da formte Gott, der HERR, den Menschen, Staub vom Erdboden, und blies in seine Nase den Lebensatem. So wurde der Mensch zu einem lebendigen Wesen.“ (Gen 2, 7), sou heescht et am zweete Schëpfungsberiicht an der Genesis. Mir sinn des Äerd. Un eis ass et ganz kloer fir Heel a Gerechtegkeet ervir ze bréngen. Fürbitten
Gott ass eis ganz no. Hien kennt eis an huet eis gär. Zu him dierfe mir och elo mat eisen Uleies kommen a bieden:
Du Härgott bass eis Hoffnung an eisen Trouscht an allen Liewenssituatiounen. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
À quelques jours de Noël, la liturgie nous rappelle que le nom donné au Sauveur, Emmanuel, se traduit par «Dieu-avec-nous». Si Dieu est avec nous, qui sera contre nous? Tournons-nous alors vers lui pour lui confier toutes nos demandes. Gowegebiet
Här, eise Gott, mir leen eis Gowen op den Altor. Que ton Esprit, Seigneur notre Dieu, dont la puissance a fécondé le sein de la Vierge Marie, consacre les offrandes posées sur cet autel. Par Jésus. Gott, mit Brot und Wein bringen wir unser Leben, unsere Hoffnung und unsere Sehnsucht. Lass uns in ihnen deine Gegenwart und deine Hilfe erfahren. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn. Hochgebet - „Menschwerdung“
Menschenfreundlicher Gott, in Jesus willst du Mensch unter Menschen sein, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: DAS IST MEIN LEIB, Dann nahm er auch einen Becher mit Wein in die Hände, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Guter Gott, wenn wir an Jesus denken, kommt uns sein Leben vor Augen, Hilf, gütiger Gott, und steh uns bei, zusammen mit den Verantwortlichen deines Volkes: Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Immanuel, dat heescht Gott ass mat eis. Gott ass mat eis a bäi eis, wa mir ee fir deen aneren dosinn. Dacks kënne mir nëmmen un déi denken, déi an Nout sinn. Loosse mir si all, déi Misär hunn, elo an eist Gebiet mat aschléissen, wa mir mat de Wierder vun eisem Här Jesus viru Gott trieden: Vater unser … Friddensgebiet
Den Numm Jesus bedeit, dass Gott géif retten. Froe mir hien dorëm, dass hien eis Welt vun aller Nout rett an eis säi Fridde schenkt. Gudde Gott, kuck net op eis Feeler an eis Sënden. Kuck op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees däi Fridden. Schlussgebiet
Allmächtege Gott, du hues eis an dëser Moolzecht däin Heel zougesot Nous avons reçu dans ton sacrement, Seigneur, le gage de la rédemption; accorde-nous une ferveur qui grandisse à l’approche de Noël, pour bien fêter la naissance de ton Fils. Lui qui règne. Allmächtiger Gott, in dieser Feier hast du uns ein Zeichen des neuen Lebens geschenkt. Lass in uns Glaube und Liebe wachsen und mach uns um so eifriger in deinem Dienst, je mehr das Geburtsfest des Retters herannaht. Darum bitten wir durch ihn, Jesus Christus, unseren Herrn.
|