
|
5. Ouschtersonndeg B - 1./2.5.2021 - Héichfest vun der Tréischterin am Leed
Léif Matchrëschten! «Op eemol war alles anescht...», ass d’Thema vun eiser Muttergottesoktav vun dësem Joer. Zënter engem Joer huet sech Villes bäi eis geännert. Villes ass wierklech anescht ginn. D’Pandemie huet eis gewisen, wéi ufälleg mir och an eiser moderner Zäit sinn. Et war vun engem Dag op den aneren alles anescht. Et ass eppes geschitt, dat mir eis net erwaart haten. Mä grad des Krankheet léist eis un déi Zäiten zeréck denken, wou d’Mënschen och a schwéierer Nout waren a wou si bäi wäitem net déi medezinesch Méiglechkeeten haten, déi mir haut hunn. Deemools hunn si sech an eiser Géigend un d’Maria, d’Mamm vum Jesus, d’Tréischterin am Leed gewannt an si ëm Hëllef ugeruff. Wa mir haut hei zesumme sinn, da solle mir vläicht dankbar sinn, dass mir dach awer scho munch Hëllef hunn. Niewent der Fro ëm weider Hëllef kënne mir och trotz der Krankheet eise Merci viru Gott bréngen. Loosse mir eis dofir haut um Fest vun eiser Tréischterin opmaachen fir d’Botschaft vum Jesus. Soe mir eise Merci a ruffe mir säin Erbaarmen un. * Här Jesus Christus, du bass Mënsch ginn vun der Maria, eiser Tréischterin am Leed. Här, erbaarm dech eiser. Dagesgebiet
Härgott, eise Papp, du bass baarmhäerzeg, du gëss äis all Trouscht: Liesungen vum Fest vun der Tréischterin: Jes 49, 13-15 / 2 Kor 1, 3-7 / Joh 19, 25-27 Lesung aus dem Buch Jesaja. R. Selig, die in deinem Hause wohnen, o Herr. Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeind ein Korinth. Halleluja. Halleluja. Sei gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit, Mutter der Hoffnung und der Gnade, Jungfrau Maria. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Priedegt
Léif Matchrëschten! Mir feieren haut d’Fest vun eiser Landespatréinësch, der Tréischterin am Leed. D’Thema vun der Oktav dëst Joer ass: "Op eemol war alles anescht!" Jo effektiv war deemools fir d’Maria alles anescht an och fir déi Mënschen, déi sech zum Jesus spéiderhi bekennen, war alles anescht. Eise Glawen setzt aner Ziler a Gedanken an des Welt. Mä Villes, wat mir esou als Glawen bekennen ass dann dach zimmlech komplizéiert. Munches ass eis och ganz friem, eben anescht, wéi dat, wat mir am allgemengen liewen. Grouss Schwieregkeeten bereet eis haut jo och déi Ausso am Glawensbekenntnis, déi d’Maria betrëfft, well si eben esou anescht ass wéi dat, wat eis Welt haut lieft: "Jesus Christus, ... empfangen durch den Heiligen Geist, geboren von der Jungfrau Maria." Hei si gläich zwou Aussoen gemaach, déi eis zimmlech komplex virkommen. Do ass d’Empfängnis duerch de Geescht vu Gott an dann eben d’Gebuert duerch d’Jongfra Maria. Des Aussoen bereeden eis extreemt Kappzerbrieches. Si si dach am héchste Moos net kompatibel mat eisem Verständnis vun der Welt vun haut, jiddefalls net op deen éischte Bléck. Ech schécken viraus, dass ech perséinlech des zwee Glawensartikelen kengesfalls als eng biologesch Realitéit gesinn. An ech wëll och guer net iwwert biologesch Tatsaachen an dësem Punkt diskutéieren. Ech denken, déi sinn an eisem wëssenschaftlechen Verständnis vun der Welt haut gekläert. Et ass duerchaus esou, dass a fréieren Zäiten des Aussoen wuertwiertlech verstane goufen. Et ass awer och genausou kloer, dass deemools op den Konzilien vun der Urkierch, wéi eis Glawensbekenntnisser formuléiert goufen, des Sätz duerchaus net als reng a platt biologesch Tatsaachen gesinn goufen. Dofir ass d’Thema vill ze vill héich theologesch. Et muss een de Grond fir des Formuléierungen kucken. Wat wollten d’Chrëschten deemools soen? Eigentlech geet et an alleréischter Linn an och eenzeg an eleng hei an dësem Deel vum Credo ëm de Jesus. An eben dëse Jesus gouf vun Ufank un als Mënsch mä eben och als Gott gesinn. Wéi kritt een awer des béid Dimensiounen vun der Mënschlechkeet a vun der Gëttlechkeet an eng eenzeg Persoun? Dorëms geet et. Wéi ka Gott an engem Mënsch an des Welt kommen? Wier de Jousef de biologesche Papp vum Jesus, da wier dee kengesfalls Gott. Deemools war d’Wëssen iwwert Zeugung an d’Gebuert jo nach ee ganz anert wéi eist Wëssen haut. Eenzeg an eleng de Papp huet d’Liewen weiderhin. D’Mamm war nëmmen souzesoen de "Brutkasten" fir dat neit klengt Kand. Deemno kann de Jousef net Papp sinn, well soss wier de Jesus een einfache Mënsch. Mat aneren Wierder de Jesus huet missten een aneren Papp hunn. Ech ka mir et nëmmen esou denken, dass einfach eng Entscheedung geholl gouf, déi an d’Weltbild an an d’Wëssen vun deemools eragepasst huet an déi weder Diskussioun nach Zweiwel zougelooss huet iwwert d’Gëttlechkeet vum Jesus. Dofir huet den Hellegen Geescht bäi der Empfängnis missten intervenéieren. Déi zweet Ausso betrëfft jo dann d’Maria direkt. Et ass vun der Jongfra Maria rieds. Wat soll dat heeschen? Och hei ass weder deemools nach haut eng biologesch Tatsaach gemengt. Dat zweet Konzil vu Konstantinopel am Joer 553 definéiert d’Maria als "immerwährend jungfräulich", also virun, wärend an no der Gebuert vum Jesus. Och deemools woussten si an si waren sech do ganz kloer bewosst, dass dat biologesch gesinn eng paradox Ausso wier, fir d’Maria als Jongfra an als Mamm ze gesinn. Schonn deemools also konnt et nëmmen esou sinn, dass d’Iddie vun der "immerwährenden Jungfräulichkeit" eng reng spirituell Iddie war an ass. Jongfralechkeet bedeit ganz einfach, dass sech d’Maria ganz ënnert de Wëllen vu Gott gestalt huet. Si huet hiert Liewen ganz fir Gott ginn. Si huet sech total, mat hirem Wiesen an den Déngscht vu Gott gestalt. Näischt aneres wëll des Iddie soen. An dëser Iddie schwéngt sécherlech eng ganz altertëmlech Virstellung vun der Fra mat. Wéi schonn virdrun gesot, war d’Fra an d’Mamm just do fir d’Kand, dat vum Mann "gezeugt" gouf, an sech ze droen an him Gebuergenheet an deenen éischten Méint vun senger Existenz ze ginn. D’Fra hat an dëser Optik eng reng dréngend Funktioun. D’Maria huet sech also grad eben an dëser Gedankewelt ganz an den Déngscht vu Gott bezéiungsweis vum Jesus gestalt. Wéi gesot, dat ass net eis Gedankewelt. Dat ass net eis Siicht vum Verhältnis tëschent Mann a Fra. Mä et ass eben och keng biologesch Ausso weder deemools nach haut. Mir kënnen eis iwwert esou eng Ausso am Credo haut lëschteg maachen. Dat weist awer dann och nëmmen just, dass mir net versicht hunn ze verstoen, wat d’Chrëschten deemools wollten ausdrécken. Wann ech dat awer bis verstanen hunn, da kann ech ganz gutt liewen mat dësen Aussoen, da kann ech si net nëmmen einfach an der Mass mat bieden, mä da kann ech si och gleewen. Nach ee leschten Gedanken: Egal wéi a wat mir eis virstellen, Gott gëtt Mënsch am Jesus an d’Maria ass bereet fir sech als Mamm fir de Jesus hier ze ginn an him hiert Liewen ze schenken. Si mécht sech op net nëmmen fir ee Mënsch, mä och fir eng Aufgab a fir eng Botschaft. Si léist Gott an hiert Liewen. Si orientéiert hiert weidert Liewen u Gott. Si empfänkt Gott an hirem déifsten Wiesen. Si ass awer fräi an hirer Entscheedung. Si gouf net gezwongen. Si huet an aller Fräiheet hiert Jo-Wuert zu dësem Wee gesot. Och dat ass Jongfralechkeet, des fräi Entscheedung fir dee Wee mat Gott a mat Jesus Christus. D’Maria ass net ouni Wëllen. Si léist sech uschwätzen fir matzeschaffen un enger Saach, déi si zwar eréischt lues a lues begräift, mä déi si awer mat klorem Jo kann ugoen, well si erkennt, dass Gott nëmmen duerch Mënschen an eiser Welt wierkt. Sinn och mir bereet eis esou an den Déngscht vu Gott ze stellen? Si mir bereet fir Gott duerch eis an der Welt vun haut wierken ze loossen? Empfänken och mir Jesus Christus a loosse mir hien nei gebuer ginn an eiser Welt vun haut? Amen. Fürbitten
D’Maria ass d’Mamm vum Jesus. Si war seng éischt Jüngerin. Matt Vertrauen dierfe mir eist Gebiet un de Jesus hire Jong riichten:
Här, eise Gott, du hues Grousses un der Maria gemaach an si eis zum Virbild geschenkt. Erhéier eis Gebieder, déi mir op hir Firsprooch hin un dech riichten. Mir luewen an éieren dech duerch Christus eise Brudder an Här. Amen. Gowegebiet
Här, looss d’Kraaft vum Hellege Geescht op eis Gowe kommen, Schlußgebiet
Härgott, du hues all Muecht:
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement