5.
Ouschtersonndeg B - 27./28.4.2024 - © Carlo Morbach - 24.4.2024
5. Ouschtersonndeg B -
27./28.4.2024 - Héichfest vun der Tréischterin am Leed
Léif Matchrëschten! “fir
ze déngen...”,
ass d’Thema vun eiser Muttergottesoktav vun dësem Joer. “Déngen”,
fir een aneren eppes maachen, ass dat nach aktuell an eiser Zäit?
Mir wëllen “herrschen”, “kommandéieren”, “d’Soen hunn”,
awer sécher net einfach esou engem “déngen”! Haut wëll
jiddereen uewe stoen. Konzepter, déi enger aner Plaz bedeiten, sinn
eis net wëllkomm. Wat huet d’Maria gemaach? Wat huet de Jesus
gemaach? Jo, wat ass eis Plaz an der Gesellschaft? Et lount sech
schonn, fir mol iwwer des Problematik nozedenken. Muss ech wierklech
ganz héich uewe stoen? Loosse mir eis haut um Fest vun eiser
Tréischterin opmaache fir d'Botschaft vum Jesus. Soe mir eise Merci
a ruffe mir säin Erbaarmen un.
* Här
Jesus Christus, du bass Mënsch gi vun der Maria, eiser Tréischterin
am Leed. Här, erbaarm dech eiser.
* Här Jesus Christus, du hues
um Kräiz d’Maria och eis zur Mamm ginn. Christus, erbaarm dech
eiser.
* Här
Jesus Christus, du lauschters ëmmer nees op d’Wuert vun der Maria,
eiser grousser Patréinesch. Här, erbaarm dech eiser.
Dagesgebiet
Härgott, eise
Papp, du bass baarmhäerzeg, du gëss äis all Trouscht:
däi Sonn huet um Kräiz Maria,
seng Mamm, och äis zur Mamm ginn.
Lauschter op eis Patréinesch,
déi fir äis schwätzt,
a schenk äis
an all Nout däin Trouscht an déng Hëllef.
Duerfir biede mer duerch Jesus
Christus, däi Sonn,
eisen Här an eise Gott, deen an
der Eenheet vum Hellege Geescht
mat dir lieft an Här ass an
all Éiwegkeet. Amen.
Liesungen
vum Fest vun der Tréischterin: Jes 49, 13-15 / 2 Kor 1, 3-7 / Joh
19, 25-27
Lesung aus dem Buch Jesaja.
Jubelt, ihr Himmel, jauchze, o
Erde, freut euch, ihr Berge! Denn der HERR hat sein Volk getröstet
und erbarmt sich seiner Armen. Doch Zion sagt: Der HERR hat mich
verlassen, Gott hat mich vergessen. Kann denn eine Frau ihr Kindlein
vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und
selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht. - Spruch des
Herrn.
R. Selig, die in deinem Hause
wohnen, o Herr.
Wie liebenswert ist deine
Wohnung, du HERR der Heerscharen! +
Meine Seele verzehrt sich in
Sehnsucht*
nach den Höfen des HERRN.
Mein Herz und mein Fleisch, *
sie jubeln dem lebendigen Gott
entgegen. R
Selig, die wohnen in deinem Haus,
*
die dich allezeit loben.
Selig die Menschen, die Kraft
finden in dir, *
die Pilgerwege im Herzen haben. R
Sie schreiten dahin mit
wachsender Kraft *
und erscheinen vor Gott auf dem
Zion.
Ja, besser ist ein einziger Tag
in deinen Höfen *
als tausend andere. R
Denn Gott der HERR ist Sonne und
Schild. *
Der HERR schenkt Gnade und
Herrlichkeit.
Nicht versagt er Gutes denen, die
rechtschaffen wandeln. *
HERR der Heerscharen, selig der
Mensch, der auf dich sein Vertrauen setzt! R
Lesung aus dem zweiten Brief
des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth.
Gepriesen sei der Gott und Vater
unseres Herrn Jesus Christus, der Vater des Erbarmens und Gott allen
Trostes. Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft
haben, alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost, mit dem
auch wir von Gott getröstet werden. Wie uns nämlich die Leiden
Christi überreich zuteilgeworden sind, so wird uns durch Christus
auch überreicher Trost zuteil. Sind wir aber in Not, so ist es zu
eurem Trost und Heil. Werden wir getröstet, so ist es zu eurem
Trost; er wird wirksam durch Geduld in den gleichen Leiden, die auch
wir erleiden. Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich, denn
wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch
am Trost.
Halleluja. Halleluja. Sei
gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit, Mutter der Hoffnung und der
Gnade, Jungfrau Maria. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium
nach Johannes.
In jener Zeit standen bei dem
Kreuz Jesu seine Mutter und die Schwester seiner Mutter, Maria, die
Frau des Klopas, und Maria von Magdala. Als Jesus die Mutter sah und
bei ihr den Jünger, den er liebte, sagte er zur Mutter: Frau, siehe,
dein Sohn! Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von
jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.
Priedegt
Léif
Matchrëschten!
“fir
ze déngen...”,
heiansdo froen ech mech, wien sech esou Themen ausdenkt a wat si da
solle vermëttelen. Mech reizen sou Themen ëmmer nees, fir eist
Verhalen an der Kierch an doriwwer eraus ze hannerfroen. Wie wëll
schonn déngen? An: wat ass dat iwwerhaapt déngen?
Ech
huelen haut d’Evangelium vum Fest vun eiser Tréischterin eescht a
kucken op des puer Zeilen. De Jesus hänkt um Kräiz. Hie weess, dass
säi Wee als Mënsch elo eriwwer ass. Gewëssermoosse mécht hien hei
eng Aart Testament. Zwee Mënschen, déi him ganz no sinn, stinn do:
seng Mamm an de Johannes. Als Optrag kréie béid, dass si sech een
ëm deen anere solle këmmeren. Ee soll also deem aneren déngen,
derfir suergen, dass et him gutt geet. Ech froe mech, op mir net all
och ëmmer nees esou Verantwortung iwwerdroe kréie fir en anere.
Eist Liewen ass wuel heiansdo zimmlech komplizéiert. Mä ëmmer nees
begéine mir Mënschen, fir déi mir kënnen a solle Verantwortung
iwwerhuelen. Et ass sécher ee Konzept, dat eisem allgemengen Trend
fir ze liewe widdersprécht. An dach begéinen ech och Mënschen, déi
genee dat maachen, wat hei am Evangelium ugedeit gëtt.
De
Räichtum an eiser Gesellschaft ass grouss. An awer gëtt et
Situatiounen, wou Mënschen absolutt ënner d’Rieder kommen. Ganz
besonnesch sinn et dacks Kanner, déi vernoléissegt ginn. Eis
Gesellschaft ass brutal. Mä da gëtt et genee déi Liichtblécker,
déi hei am Evangelium ugedeit ginn. “Frau, siehe, dein Sohn!”
Wéi vill Familljen huelen ee Kand op als Adoptivkand oder als
Fleegekand a ginn engem Kand esou d’Méiglechkeet um Liewen deel ze
huelen? Si si fir des Kanner Elteren. D’Maria hei am Evangelium
gëtt d’Mamm vum Johannes. De Jesus gëtt den Optrag, dass si sech
ëm dee soll këmmeren. All déi Familljen, déi haut Kanner
ophuelen, erfëllen deen Optrag. Vläicht hunn si mat Kierch net
allze vill um Hutt, mä si maachen awer genee dat, wat hei am
Evangelium ugedeit ass. Si këmmeren sech ëm Kanner, déi soss kaum
eng Chance hätten. Ass dat net dat, wat mat „dénge“ gemengt
ass? Ech hunn ee grousse Respekt virun all dëse Leit. Si si vläicht
méi chrëschtlech, wéi all déi, déi all Dag an d’Kierch lafen.
An
der Kierch schwätze mir gäre vum “Déngen”, mir handelen dann
awer an der Methode vum “Herrschen”. Nach ëmmer kleede mir eis
gäre besonnesch, mat dichtege Kleeder vun all Zort. Mir loossen eis
mat Titelen uschwätzen, déi längst op den Tipp gehéieren. Et wier
héich un der Zäit endlech emol op dem Jesus säin Niveau zeréck ze
fannen. Hie war einfach a bescheiden. Hien huet do gehollef, wou Nout
war. Et gëtt mir ëmmer méi schlecht, wann ech all eis Kleriker
gesinn, déi just hiren Ego am Bléck hunn, fir de Rescht awer
ganz wéineg mat Déngscht um Hutt hunn. An der leschter Zäit
stellen ech een enorme Réckschrëtt fest. Wat mir ëmmer manner
Geeschtlecher hunn, wat déi ëmmer méi retro ginn an op hier
Privileegie pochen, op a Kleedung, an Uried oder a Status. Dat huet
mat “déngen” net méi vill ze dinn.
Mä net nëmmen an der Kierch ass
dat de Fall. Egal, op a Veräiner, an der Gesellschaft allgemeng, a
Betriber, an der Politik, dat wat zielt ass ëmmer nees d’Positioun,
déi een un zéit. Eppes Konkretes a Seriéises maache fir anerer ass
dacks net ugeduecht. Zielen deet deen eegenen Image. Herrsche wëll
jiddereen. Déngen ass ee Konzept, dat aus der Zäit gefall ass.
“Déngen” heescht a mengen
Aen net, dass ee Sklavenaarbecht mécht. “Déngen” heescht, dass
ech mech fir een aneren asetzen, dass ech engem hëllefen ee gutt
Liewen ze féieren, dass ech do sinn, wann et engem schlecht geet.
Kënne mir dat nach? Jo, et gi vill Mënschen, déi dat nach kënnen
an och maachen. Mä leider gëtt et och déi aner. Dofir ass
d’Evangelium vum Fest vun eiser Tréischterin ëmmer nees ee
groussen Usproch un eis all. Et fänkt domat un, dass mir eis mat
deenen um Rand vun der Gesellschaft, um Rand vun eiser Welt ënnert
hiert jeeweilegt Kräiz stellen. Da musse mir eis vum Jesus, deen um
Kräiz hänkt opruffe loossen als Mamm/Papp fir déi kleng do ze
sinn, als Kanner fir déi do ze sinn, déi eis an der Nout brauchen.
Eng
lescht Bemierkung: Interessant ass dem Jesus seng Ausso. Titele ginn
et bäi him hei just als familiär Bezéiungen: Mamm oder Papp, Jong
oder Duechter. Sollte mir dat net och emol méi eescht huelen an
eiser Kierch an an eiser Gesellschaft an all aner Titelen endlech
ewech loossen.
Fürbitten
D'Maria ass d'Mamm vum Jesus. Si
war seng éischt Jüngerin. Matt Vertrauen dierfe mir eist Gebiet un
de Jesus hire Jong riichten:
* Här Jesus, Erléiser vun der
Welt, schenk op d'Firsprooch hin vun denger Mamm Maria eis an der
ganzer Schëpfung Undeel un denger Herrlechkeet. Christus, héier
eis.
* Här Jesus, Erléiser vun der
Welt, d'Maria huet mat groussem Courage hiert Liewen an dengem
Déngscht ugeholl. Erwäch och an den Häerzer vun de Chrëschten vun
haut dëse Courage fir en festen Asaz an dengem Déngscht. Christus,
héier eis.
* Här Jesus, Erléiser vun der
Welt, deng Mamm huet fir Fridden an hirem Ëmkrees gesuergt. Schenk
och eiser Welt vun haut Fridden. Christus, héier eis.
* Här Jesus, Erléiser vun der
Welt, du hues deng Mamm an deng Herrlechkeet opgeholl. Huel all eis
Verstuerwen bäi dech a maach si glécklech. Christus, héier eis.
Här, eise Gott, du hues Grousses
un der Maria gemaach an si eis zum Virbild geschenkt. Erhéier eis
Gebieder, déi mir op hir Firsprooch hin un dech riichten. Mir luewen
an éieren dech duerch Christus eise Brudder an Här. Amen.
Gowegebiet
Här, looss d'Kraaft vum Hellege
Geescht op eis Gowe kommen,
a maach se zum Läif an zum Blutt
vun dengem Sonn.
Hien huet vu Maria eis
Mënschennatur ugeholl.
An dëser helleger Feier soll
hien äis säi gëttlecht Liewe schenken.
Duerfir biede mer duerch hien,
Christus, eisen Här. Amen.
Schlußgebiet
Härgott, du hues all Muecht:
Am Sakrament, dat mer empfaangen
hunn,
verkënnege mer den Doud an
d'Operstoe vun dengem Sonn.
Gëff äis d'Kraaft, fir mat
senger Mamm ënnert dem Kräiz ze stoen
an d'Leed vun hirem Sonn
ze deelen,
fir datt mer och deelhuelen u
sengem Operstoen.
Duerfir biede mer duerch hien,
Christus, eisen Här. Amen.
Links: