
|
|
11. Sonndeg am Joereskrees A - 13./14.6.2026
11. Sonndeg am Joereskrees A - 13./14.6.2026
"Ihr habt gesehen, wie ich euch auf Adlerflügeln getragen (habe)." Sou heescht et an der éischter Liesung haut am Buch Exodus. Gott, deen eis hält an dréit, dat ass wuel ee schéint Bild. Awer an all de Suergen, déi mir perséinlech hunn, an all deem Misär, dat mir an eiser Welt gesinn, musse mir eis d'Fro stellen, wou dann do dëst Droe vu Gott ass. Heiansdo kann ee mengen, dass Gott guer net no eis kuckt. Et ass eng Erfarung, déi Mënschen ëmmer nees maachen. Et gëtt awer och erëm sou Momenter, wou mir eis wierklech gedroe spieren. Gott hëlleft a begleet eis an deene Mënschen, déi gutt zu eis sinn. Mä et ass dat dann och een Optrag un eis selwer. Mir mussen aneren duerch eisen Asaz d'Gefill ginn, dass Gott hinnen no ass. Nëmmen duerch eis ka Gott wierken. Loosse mir eis dofir elo zum Ufank virun eisen Här stellen an hien ëm seng Gnod froen.
Här Jesus Christus, du weis eis dee Gott, deen eis gär huet. Här Jesus Christus, du schwätz vun deem Gott, dee fir eis suergt. Här Jesus Christus, du féiers eis zu deem Gott, deen och eise Papp ass.
Dagesgebiet
Gott, du unsere Hoffnung und unsere Kraft, ohne dich vermögen wir nichts. Steh uns mit deiner Gnade bei, damit wir denken, reden und tun was dir gefällt. Darum bitten wir durch Jesus Christus.
Dieu tout-puissant, force de ceux qui espèrent en toi, sois favorable à nos appels : puisque l'homme est fragile et que sans toi il ne peut rien, donne-nous toujours le secours de ta grâce ; ainsi nous pourrons, en observant tes commandements, vouloir et agir de manière à répondre à ton amour.
Härgott, du bass eis Hoffnung an eis Kraaft. Ouni dech kenne mir deng Botschaft vun der Léift net an eisem Liewen verwierklechen. Gëff eis all deng Gnod, esou datt mir ëmmer an iwwerall schwätzen a maachen, wat dir gefält, an eiser Beruffung als Chrëschten entsprécht. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, déi Jong, eisen Här, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen.
Liesungen: Ex 19, 2-6a / Röm 5, 6-11 / Mt 9, 36 - 10, 8
Lesung aus dem Buch Exodus. In jenen Tagen kamen die Israeliten in die Wüste Sinai. Sie schlugen in der Wüste das Lager auf. Dort lagerte Israel gegenüber dem Berg. Mose stieg zu Gott hinauf. Da rief ihm der HERR vom Berg her zu: Das sollst du dem Haus Jakob sagen und den Israeliten verkünden: Ihr habt gesehen, was ich den Ägyptern angetan habe, wie ich euch auf Adlerflügeln getragen und zu mir gebracht habe. Jetzt aber, wenn ihr auf meine Stimme hört und meinen Bund haltet, werdet ihr unter allen Völkern mein besonderes Eigentum sein. Mir gehört die ganze Erde, ihr aber sollt mir als ein Königreich von Priestern und als ein heiliges Volk gehören.
Kv Wir sind das Volk des Herrn die Herde seiner Weide.
Jauchzt
dem Herrn,
alle Lande! /
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Schwestern und Brüder! Christus ist, als wir noch schwach waren, für die zu dieser Zeit noch Gottlosen gestorben. Dabei wird nur schwerlich jemand für einen Gerechten sterben; vielleicht wird er jedoch für einen guten Menschen sein Leben wagen. Gott aber erweist seine Liebe zu uns darin, dass Christus für uns gestorben ist, als wir noch Sünder waren. Nachdem wir jetzt durch sein Blut gerecht gemacht sind, werden wir durch ihn erst recht vor dem Zorn gerettet werden. Da wir mit Gott versöhnt wurden durch den Tod seines Sohnes, als wir noch Gottes Feinde waren, werden wir erst recht, nachdem wir versöhnt sind, gerettet werden durch sein Leben. Mehr noch, ebenso rühmen wir uns Gottes durch Jesus Christus, unseren Herrn, durch den wir jetzt schon die Versöhnung empfangen haben.
Halleluja. Halleluja. Das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um und glaubt an das Evangelium. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit, als Jesus die vielen Menschen sah, hatte er Mitleid mit ihnen; denn sie waren müde und erschöpft wie Schafe, die keinen Hirten haben. Da sagte er zu seinen Jüngern: Die Ernte ist groß, aber es gibt nur wenig Arbeiter. Bittet also den Herrn der Ernte, Arbeiter für seine Ernte auszusenden! Dann rief er seine zwölf Jünger zu sich und gab ihnen die Vollmacht, die unreinen Geister auszutreiben und alle Krankheiten und Leiden zu heilen. Die Namen der zwölf Apostel sind: an erster Stelle Simon, genannt Petrus, und sein Bruder Andreas, dann Jakobus, der Sohn des Zebedäus, und sein Bruder Johannes, Philippus und Bartholomäus, Thomas und Matthäus, der Zöllner, Jakobus, der Sohn des Alphäus, und Thaddäus, Simon Kananäus und Judas Iskariot, der ihn ausgeliefert hat. Diese Zwölf sandte Jesus aus und gebot ihnen: Geht nicht den Weg zu den Heiden und betretet keine Stadt der Samariter, sondern geht zu den verlorenen Schafen des Hauses Israel! Geht und verkündet: Das Himmelreich ist nahe! Heilt Kranke, weckt Tote auf, macht Aussätzige rein, treibt Dämonen aus! Umsonst habt ihr empfangen, umsonst sollt ihr geben.
Lecture du livre de l'Exode. C’est en partant de Rephidim qu’ils arrivèrent dans ce désert, et ils y établirent leur camp juste en face de la montagne. Moïse monta vers Dieu. Le Seigneur l’appela du haut de la montagne : « Tu diras à la maison de Jacob, et tu annonceras aux fils d’Israël : “Vous avez vu ce que j’ai fait à l’Égypte, comment je vous ai portés comme sur les ailes d’un aigle et vous ai amenés jusqu’à moi. Maintenant donc, si vous écoutez ma voix et gardez mon alliance, vous serez mon domaine particulier parmi tous les peuples, car toute la terre m’appartient ; mais vous, vous serez pour moi un royaume de prêtres, une nation sainte.” Voilà ce que tu diras aux fils d’Israël. »
R/ Il nous a faits, et nous sommes à lui, nous, son peuple, son troupeau.
Acclamez
le Seigneur, terre entière,
Reconnaissez
que le Seigneur est Dieu :
Oui,
le Seigneur est bon,
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alors que nous n’étions encore capables de rien, le Christ, au temps fixé par Dieu, est mort pour les impies que nous étions. Accepter de mourir pour un homme juste, c’est déjà difficile ; peut-être quelqu’un s’exposerait-il à mourir pour un homme de bien. Or, la preuve que Dieu nous aime, c’est que le Christ est mort pour nous, alors que nous étions encore pécheurs. À plus forte raison, maintenant que le sang du Christ nous a fait devenir des justes, serons-nous sauvés par lui de la colère de Dieu. En effet, si nous avons été réconciliés avec Dieu par la mort de son Fils alors que nous étions ses ennemis, à plus forte raison, maintenant que nous sommes réconciliés, serons-nous sauvés en ayant part à sa vie. Bien plus, nous mettons notre fierté en Dieu, par notre Seigneur Jésus Christ, par qui, maintenant, nous avons reçu la réconciliation.
Alléluia. Alléluia. Le règne de Dieu est tout proche. Convertissez-vous et croyez à l’Évangile. Alléluia.
Évangile de Jésus-Christ selon saint Matthieu. Voyant les foules, Jésus fut saisi de compassion envers elles parce qu’elles étaient désemparées et abattues comme des brebis sans berger. Il dit alors à ses disciples : « La moisson est abondante, mais les ouvriers sont peu nombreux. Priez donc le maître de la moisson d’envoyer des ouvriers pour sa moisson. » Alors Jésus appela ses douze disciples et leur donna le pouvoir d’expulser les esprits impurs et de guérir toute maladie et toute infirmité. Voici les noms des douze Apôtres : le premier, Simon, nommé Pierre ; André son frère ; Jacques, fils de Zébédée, et Jean son frère ; Philippe et Barthélemy ; Thomas et Matthieu le publicain ; Jacques, fils d’Alphée, et Thaddée ; Simon le Zélote et Judas l’Iscariote, celui-là même qui le livra. Ces douze, Jésus les envoya en mission avec les instructions suivantes : « Ne prenez pas le chemin qui mène vers les nations païennes et n’entrez dans aucune ville des Samaritains. « Allez plutôt vers les brebis perdues de la maison d’Israël. Sur votre route, proclamez que le royaume des Cieux est tout proche. » Guérissez les malades, ressuscitez les morts, purifiez les lépreux, expulsez les démons. Vous avez reçu gratuitement : donnez gratuitement. »
Priedegt
"Geht und verkündet: Das Himmelreich ist nahe! Heilt Kranke, weckt Tote auf, macht Aussätzige rein, treibt Dämonen aus!" (Mt 9, 7-8a) De Jesus schéckt seng Frënn eraus. Si kréie konkret Aufgaben opgedroen. Bäi mir kommen elo allerdéngs, wann ech d'Evangelium vun haut liesen, eng Rei vu Froen op.
Am Evangelium gëtt als éischt festgestallt, dass do vill Mënsche sinn, déi midd sinn, déi keen hunn, deen si leet an uféiert. Wann ech haut kucken, dann ass dat genee esou. Vill Mënsche ginn duerch d'Liewen, wéi Gedriwwener, déi kaum Orientéierung hunn. Eist Liewen ass voll vun Hetz a Stress a mir loossen eis iwwer wäit Strécke just nach oflenke vun allem méiglechem. Awer een echte Sënn ass dacks net do. Wat gëtt eisem Liewe Richtung? U wat an u wiem kënne mir eis orientéieren?
De Jesus gëtt senge Frënn deemools eng däitlech Aufgab. "Heilt Kranke, weckt Tote auf, macht Aussätzige rein, treibt Dämonen aus!" (Mt 9, 8a) Hu mir net och haut an eiser Gesellschaft ëmmer nees dëser Mënschen, déi krank sinn, Mënschen, déi am Liewe scho wéi dout sinn, well si aus der Gemeinschaft ausgeschloss sinn aus diverste Grënn, Mënschen, déi mir wéi Aussätzeger behandelen, well si net an eist Liewenskonzept era passen, Mënschen, déi gefaange sinn an dämonesche Strukturen, déi si futti maachen? All des Noutsituatioune fanne mir massiv an eiser Gesellschaft. Wien hëlleft do? De Jesus gëtt eis allen, sou mengen ech emol, d'Aufgab fir eis do anzesetzen, fir all deene Leit an Nout an a Misär ze hëllefen. Et wier eis Aufgab als chrëschtlech Gemeinschaft genee dat ze maachen. Mä da kënnt mir ganz séier och eng nei Fro: Ass net och eis chrëschtlech a kierchlech Gemeinschaft ee Sammelsurium vu Mënschen, déi Hëllef bréichten? Si mir an eiser Kierch net och iwwer wäit Strécken ewech krank a wéi dout? Gëllen net och bäi eis muncher als net gewollt? Lafe mir net och ville komeschen "Dämonen" no? Iwwerall do misste mir eis engagéieren an hëllefen. Mä wéi?
De Jesus geet dervun aus, dass seng Frënn, déi hien eraus schéckt, dat kënnen. Wou a wéi hunn si sech déi Fäegkeeten ugëeegent?
Wann ech déi biblesch Erzielunge liesen, dann denken ech, dass d'Äntwert einfach ass. D'Apostelen an d'Frënn vum Jesus hu bäi him geléiert, wéi een all dëse Mënschen hëlleft. De Jesus war ganz no beim Mënsch, ganz no un de Suerge vun de Leit. Hien huet mat hinne gelieft. Seng Schoul an esou och d'Schoul fir seng Frënn war dat konkret Liewen am Kontakt mat de Mënschen. Hie wousst an hie gesäit, wou de Schong géif drécken. Hien huet dofir kënnen Äntwerte ginn an Hëllef ubidden, déi konkret an direkt waren. Genee dat haten seng Frënn och geléiert. Genee dat sollten si elo och selwer praktizéieren.
D'Apostele waren also duerch dem Jesus seng Liewensschoul gaangen. Mä wéi steet et mat den "Apostele" vun haut? Duerch wat fir Schoul gi si, wann si spéider sollen dem Jesus säin Optrag unhuelen an erfëllen?
Deslescht hunn ech een Artikel gelies, deen sech mat dëser Thematik befaasst.[1] D'Ausbildung vu Priister fir de pastorale Beruff ass an deene leschte Jore staark ënner Drock geroden. Ech muss och soen, dass deemools, wéi ech am Hierscht 1979 ugefaangen hunn Theologie ze studéieren, d'Ausbildung fir déi konkret Aarbecht an der Pastoral dach awer extreem weltfriem war. Wéi een als Priister soll virgoen a schaffen, war net grad staark vermëttelt ginn. Op perséinlech Spiritualitéit ass grousse Wäert geluecht ginn. Allerdéngs dat Eigentlecht vum pastoralen Handelen ass kaum virkomm. Et war ganz däitlech keng Liewensschoul. Et war keng Schoul, wou ee konnt léieren, wéi een de Suergen a Problemer vun de Mënsche begéint. Et war jiddefalls net dat, wat d'Apostele beim Jesus konnten erliewen a léieren. Bis haut ass dat an der Ausbildung vun de Priister esou bliwwen.
Ech hu mir schonn dacks Gedanke gemaach, wéi een eng änlech Schoul fir d'Liewe fir d'"Apostele" vun haut kéint organiséieren. Wier et net gutt, wa mir dee ganze System vun der Virbereedung op ee pastorale Beruff komplett nei géifen opstellen?
Ech gesinn als éischt emol de Jesus selwer a seng Frënn. Dat waren alles Leit, déi selwer am Liewe stoungen, déi selwer mat hiren Hänn hiert Liewe verdéngt hunn, déi geschafft a gelieft hu wéi all aner Leit och. Doraus géif sech a mengen Aen eng éischt Iddi erginn, déi mir duerchaus och haut kéinte verwierklechen. Jiddereen, op Priister oder Pastoralreferent an eiser Kierch sollt ee Beruff ausüben, wou e säi Liewe verdéngt mat senger eegener Aarbecht. Doduerch géifen des Leit och d'Mënschen insgesamt mat hire Suerge besser verstoen. Si stéinge genee esou wéi de Jesus a seng Frënn am Liewe vun de Mënschen.
Da misst wierklech och jiddereen, deen ee pastorale Beruff wéilt ergräifen, mol eng länger Zäit esou geschafft hunn. De Jesus war bis zu sengem 30. Liewensjoer, wa mir den Erzielunge gleewe kënnen, bäi sengem Papp oder bäi soss Leit an der Aarbecht. Do huet hien d'Liewe kënne studéieren. Do huet hien seng Gedanke kënne sammelen, déi hien da spéider zu senger Botschaft gemaach huet. Änlech war et bäi all den Apostelen. Si stoungen net niewent der Aarbechts- a Liewenswelt vun de Mënschen, sou wéi dat bis haut bäi eis als Priister ass. Sou een Aarbechtsliewe mécht de Mënsch op fir alles, wat einfach Mënschen am Alldag beweegt.
Ee weideren Effekt vun sou engem Beruff wier dann och, dass pastoral Mataarbechter net ofhängeg wiere vun enger Staatspei oder vun iergendwelleche Spende vun de Leit. Si hätten ee gereegelt Akommes. Grad mat dem Bléck op d'Zukunft hei ze Lëtzebuerg wier et wuel héich un der Zäit, fir sech nei a konkret Weeër ze iwwerleeën, wéi Mataarbechter an der Pastoral kéinten hiert Liewe finanzéieren.
Wann ee wëll, dass een dem Jesus säin Optrag vum Evangelium vun haut erfëllt, da muss een als éischt einfach emol d'Nout gesinn. Mënschen, déi an enger Parallelwelt liewen, déi nëmmen d'Liturgie an déi prachtvoll Gewänner kennen, déi nach ëmmer den Här am Duerf spillen, gesi ganz dacks déi Nout net wierklech oder nëmme gefiltert. Fir an der Nout ze hëllefen, muss ee selwer ee Gefill fir d'Nout hunn. Ech weess selwer, dass dat net einfach ass. Et ass och eppes, dat net jidderengem läit. Allerdéngs hunn ech an dee ville Joren zënter menger Häerzoperatioun vun 1997 bis haut ëmmer nees ganz komesch Erliefnisser gehat, déi mir gewisen hunn, dass dach muncher kaum eng Anung a kaum ee Gefill hu fir d'Nout, déi krank Mënschen erliewen. Et geet eben net duer mat fromme Spréch oder fir engem eng Hostie an de Mond ze leeën. Dat ass net dat, wat de Jesus fuerdert.
"Heilt Kranke, weckt Tote auf, macht Aussätzige rein, treibt Dämonen aus!" (Mt 9, 8a) Dat ass een Optrag, deen an d'Déift vum Mënsch geet, deen deen anere Mënsch a senger Nout gesäit an eescht hëlt. A genee dofir misst d'Ausbildung vu pastorale Mataarbecht komplett nei orientéiert ginn. Et misst ganz einfach eng Liewensschoul ginn. Orientéiere kéint een sech wierklech um Jesus selwer an u senge Frënn.
[1] https://katholisch.de/artikel/68857-sellmann-zu-priesterausbildung-mir-fehlt-weiter-etwas-entscheidendes - An och dësen Artikel ass interessant: https://katholisch.de/artikel/53368-sellmann-zu-studie-den-priesterberuf-nicht-musealisieren (béid Artikelen gesinn de 4.6.2026 - 10:20)
Fürbitten
Leeë mir am Gebiet all eis Suerge viru Gott, eise Papp:
* Mir biede fir all Mënschen, déi ëm hiert Liewen an hier Gesondheet fäerten; fir all, déi viru weideren Ugrëff an de Kriseregiounen Angscht hunn; a fir all, déi sech weltwäit fir de géigesäitege Respekt asetzen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all Mënschen, déi sech an hirer Nout eleng gelooss fillen, déi no gudde Perspektive fir sech an hier Kanner sichen; a fir all, déi hëllefen, anstatt ewech ze kucken. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all Mënschen, déi ouni Schold inhaftéiert a verfollegt ginn; fir all, déi wéinst hirem Glawe verfollegt ginn a keng Rechter hunn; fir all Politiker, déi sech fir de Schutz vun dëse Mënschen asetzen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all Mënschen an de Krichsregiounen an der Ukrain, am Iran, an Israel a soss an der Welt; fir all, déi ënnert Sanktiounen a Bedrounge leiden; a fir all, déi d'Leed vun den Affer deelen a versiche méi kleng ze maachen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all eis Verstuerwen; fir all, déi an deene ville Konflikter vun eiser Welt hiert Liewe loossen; fir all, déi duerch Krankheeten an Epidemie stierwen. Härgott, héier eis.
Dir, Härgott, Papp am Himmel, gëllt eise Merci an eise Luef, elo an ëmmer. Amen.
II.
Comme Moïse au sommet de la montagne, ouvrons-nous à la présence du Seigneur et présentons-lui les besoins et aspirations de nos frères et sœurs d’ici et d’ailleurs. – Pour l’Église, appelée à œuvrer à la moisson du royaume des Cieux; prions afin qu’elle accomplisse cette mission avec toujours plus de ferveur. – Pour les chefs d’État partout dans le monde; prions afin que la justice et le bien-être de la population soient toujours leur principale préoccupation. – Pour les nations éprouvées par la guerre; prions afin que soient trouvées des solutions qui favoriseront la paix. – Pour nos communautés chrétiennes; prions afin qu’elles sachent accueillir et encourager les nouveaux ouvriers et nouvelles ouvrières qui désirent travailler à la moisson du Royaume. Dieu tout-puissant, toi dont l’amour est éternel, écoute la prière de ton peuple rassemblé en ce jour et conduis-le sur les chemins de réconciliation et de justice. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Härgott, duerch des Gowen niers du dee ganze Mënsch. Du léiss eis als deng Kanner an dëser Welt liewen, an du gëss eis dofir alles, wat mir brauchen. Looss eis doraus nei Kraaft schäffen, esou datt mir och mat eisem Liewen a Wierken deng Botschaft bezeien. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eisen Här a Brudder. Amen.
Tu as voulu que nous trouvions, Seigneur, dans les biens que nous te présentons les nourritures de cette vie et le sacrement d'une vie nouvelle; fais que nos corps et nos âmes puissent toujours en bénéficier. Par Jésus
Hochgebet – „Nachfolge“
Präfation In ihm, Jesus Christus, sind wir mehr als Frauen und Männer,
wir alle sind Schwestern und Brüder, die seinem Beispiel folgen
wollen.
Wir danken dir, denn deine frohe Botschaft ruft uns Menschen So danken wir dir, Gott, für die Berufung und das Leben,
das du einem jeden von uns geschenkt hast.
Ja, guter Gott, du bist heilig und du
schenkst Heil,
Als Christen sind wir oft sprachlos, wenn wir dann das eine Wort
sagen sollen,
Um dennoch nicht aufzugeben im Einsatz für Gerechtigkeit und
Frieden,
Deshalb, guter Gott, feiern wir jetzt
Eucharistie
Wir tun zeichenhaft, was er wirklich getan hat,
denn ihn hat sein Tun das Leben gekostet.
So bitten wir dich, allmächtiger Gott: Segne diese Gaben von Brot
und Wein durch deinen Geist
Damals brach Jesus das Brot. Er dankte dir und gab es seinen Jüngern
mit den Worten:
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch,
dankte wiederum,
NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
Geheimnis des Glaubens:
Darum bitten wir dich, Vater, für deine
Kirche:
Gedenke in deiner Güte auch der Menschen, die in unserem Herzen
einen besonderen Platz haben.
Bleib all jenen treu, die der Tod uns in diesem Leben genommen hat. Mit deinem ganzen Volk, mit Maria, der Mutter des Herrn, dem heiligen Josef,
mit den Aposteln und Märtyrern, und all deinen heiligen Frauen und
Männern,
Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott,
allmächtiger Vater, (Quelle unbekannt)
Vaterunser
Wat an eisem Liewe wierklech dréit, wat all Angscht iwwerwënnt, dat ass dat grousst Vertrauen, dass Gott bäi eis ass an eis wéi ee gudde Papp beschützt. Zu him wëlle mir bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
Festgefuere Meenungen, Vertrauen dat net do ass a Virurteeler bréngen de Fridden ënnert de Mënschen a Gefor. Loosse mir bieden ëm de Fridden an d’Versönung an enger zerrappter Welt.
Schlussgebiet
Härgott, des helleg Moolzecht ass en Zeechen, datt mir ënnert eneen a mat dir Gemeinschaft hunn. Looss des helleg Feier elo wierksam ginn an eisem alldeegleche Liewen, a looss eis selwer zu iwwerzeegten Zeie vun denger grousser Léift ginn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Cette communion à tes mystères, Seigneur, préfigure l'union des fidèles en toi; fais qu'elle serve à l'unité dans ton Église. Par Jésus.
Wir danken dir, guter Gott, für die Begegnung mit dir und miteinander in dieser Feier. Wir bitten dich: Gib uns Hoffnung und Zuversicht, wenn wir nun hinausgehen, um deinen Samen zu säen, damit wir nicht müde werden oder enttäuscht aufgeben. Lass deine Saat der Liebe, des Friedens und der Gerechtigkeit wachsen und reifen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



